Privateigentum
E puer intressant Interventiounen op der Vollversammlung
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Här Lucien SEYWERT (…) Mir kommen elo un ee vun den Haaptpunkten vun der Viirlag
(…), un dat, wou mer versiche kloerzestellen, wéiwäit d’Fuer-
derungen vum sozialen Engagement vum Chrëscht gin. Do gët et natiirlech e bësse méi
köplizéiert, wéi een dat à première vue kéint mengen. Ech si ganz mam Här Pauly
averstan, wann hie seet, datt de Besëtz en tout cas nët däerf Selbstzweck sin. Da s
kloer. ‚T as grad esou kloer, datt en eng sozial Dimensioun muss hun. Mä do fänkt
d’Saach schon erëm eng Kéier un mi problematesch ze gin. Wann ech soen, en huet eng
sozial Funktioun, da muss en se och kënne réaliséiren. Dat heescht, da komme mer an
déi ondéfinéiert Situatioun, datt en eng sozial Funktioun fir aner Leit kann hun,
datt mer dann eng gewëssen Optimierung vun eise Besëtz- an Eegentumsverhältnesser,
a folglech och vun eise Profitverhältnesser, (…) musse kréien, déi nët nëmmen op
eis, op eis Famill, op eis Gesellschaft, mä ebe just op d’ganz Welt mussen ausge-
riicht sin (…). Do musse mer oppassen, wou mer hiwëllesteiren. Da kann ech nët
méi soen wat eng maximal a wat eng minimal Fuerderung just bei Eegentum a Besëtz as.
(…) A wa mer da wëlle konkret formuléiren, da komme mer just dohinner, wat mer
gëschter eigentlech oofgestridden hun. Da komme mer bis op eemol zu engem sozial-
politesche Bild vun der Gesellschaft. Dat sief ganz kloer gesot, wann een déi Punk-
ten, déi deen Antrag hei (226) opwerft, durchdiskutéire wëllt.(…)
Le "droit de propriété", dans l’ensei-
nement de l’Eglise, est toujours affec-
té d’une dimension sociale. Mieux, il
doit s’entendre à l’intérieur et sous
la dépendance du droit le plus fondamen-
tal de l’accession de tous aux biens de
la terre."
Commission sociale de l’épiscopat fran-
çais, La spéculation foncière en milieu
urbain.
Pater J.KLOPP Wann ech den Här
Pauly gutt verstan hun, da wëllt en
zu engem Zoustand kommen, wu jidde-
reen nëmmen de Minimum zur Verfü-
gung hätt, wou en alles, wat iwer-
flësseg wir, géif ooflehnen.
(Tëscheruff Pauly: Nët jiddereen e
Minimum, mä jiddereen datselwecht!)
Datselwecht, datgläicht, jo also …
eh …, mëng Bemiirkung as op där-
selwechter Grondlag. Nu loosse mer
ee Moment di Verhältnesser vum Ee-
gentum iwerkucken, wéi se haut do
leien. Mir hun de Moment eng Viel-
falt vun Eegentumsverhältnesser. Et gët Aktiegesellschaften, déi iwer grousse Besëtz
verfügen. Et gët Proprietären, et gët Salariëen asw. Ech wëll keng Analys man (…).
Ech froen elo den Här Pauly: Wéi gesi Dir den Iwergank vun deem, wat elo do as, vun
der Gesellschaft, wéi se elo matt all hire Besëtzverhältnesser besteet, op Äre Sys-
tem, op Ärt Gesellschaftsbild. Ech geséich dat nëmme méiglech duerch eng ongeheier
Kontroll an duerch e System vu Bestrofung a vun enger ongeheirer Macht – a wien huet
déi ? Wie kann déi Besëtzverhältnesser, wéi se hei elo bestin, an eiser demokrates-
cher Gesellschaft, zu Ärem System ëmfunktionéiren? Wee bréngt dat fäerdeg? Wéi gesi
Dir dee Wee? (…) Ech hun zu Frankfurt de von Nell-Breuning, dee jo gewëss nët als Reaktionär gëlt, gelauschtert, wou en déi These entwéckelt huet: "Wir müssen reicher werden, um mehr zu helfen". Wat den Här Seywert schon uklëng gelooss huet, dass ons Besëtzverhältnesser do wiren, fir eng gréisser Leeschtung fir déi aner alleguerten. Dir gitt jo aus, Här Pauly, vun der Viraussetzung, dass den Zoustand elo radikal falsch a schlecht as. Dat maach zum gudden Deel stëmmen. Mä hutt Der Tech schon d’Pro gestallt, op dee System, wéi mer en elo hun, dee Besëtzsystem, nët och positiv Elementer huet. Ech perséinlech verdanken enger Rei vun Aktiegesellschaften, dass ech e Knapp kann drécken fir muerges de Baart ze maachen, asw. ; d’Entwécklung vun der Technik, d’Entwécklung vun eisem Liewen, wat duerchaus positiv Elementer sin, berout op dem Vermëigen vu villen anere Leit.(…) Ech perséinlech gesin den Appell vum Evangelium zum fräiwëllege Verzicht als Zeeche vum Glawen. Dat as nët d’Affär vun den Mënschen allegur, an dat as an séch kee strenge gesellschaftleche Prinzip an deem Sënn, dass en direkt realiséierbar wir. (…)
Es genügt jedoch nicht, nur das naturgegebene Recht auf Privateigentum auch an Produktionsmitteln, zu betonen. Mit gleichem Nachdruck muss alles unternommen werden, damit alle Kreise der Bevölkerung in den Genuss dieses Rechtes gelangen.
Mater et Magistra, 113
Här Charles WARINGO (…) D’Alternativ dozou (zum Privatkapitalismus) déi läit do, dass d’Egentom effektiv nët dem Eenzelne gehéiert, mä an d’allgemeng Hand iwerdroe gët, an deem Sënn dass mer dann e Staatskapitalismus krëien, wou jiddereen am Prinzip ka soen: "Déi Schmelz do gehéiert mir, déi gehéiert mir och". Do hu mer dann awer eng gewëssen Erfahrung an deem Sënn dass just do, wou déi Experienz gemaach gin as, se absolut schlecht ausgaang as, an där Richtung dass se esougur esou wäit komm sin, dass nët nëmmen déi wirtschaftlech Fräiheet, mä och nach déi perséinlech Fräiheet matt verluer gaangen as (…).
abbé Jos CADE (…) Ech mengen, ganz am Ufank huet den Här Pauly den Isaïas ugefouert. Den Isaïas war e Prophet. Mir als Kiirch, mir hun och eng prophetesch Aufgab. Mir als Synod hun och eng prophetesch Aufgab. Soll et eiser Kiirch, eiser Synod nët méiglech sin, eng Utopie dohinnerzestellen, déi mer als richteg erkennen an déi sech an den Dokumenter vun eiser Kiirch fixéiert huet, an ëmmer nees nei fixéiert, soll eis dat onméiglech sin? Dat soll kengem Politiker oder iirgendenger Institutioun, sief se gewerkschaftlecher oder politescher Aart, an de Krom geriet sin, mä mir hun als Synod d’Aufgab an d’Recht, prophetesch eng Utopie durzestellen, wou et dem eenzelne Mënsch a sénger Ganzheet gutt geet, wou en och séng Relatioune kann entwécklen, a wou en Ökonomesch nët deejéinegen as, deen d’ganz Belaaschtung vun engem Egentumswiesen a vun enger wirtschaftlecher Macht erdroe muss. Ech menge mir kënne nët einfach d’Aen zoumaache vrun enger Wiirklechkeet wéi se as. Mir erliewen se vläicht nët, well mir gehéiren nët zu deenen, mir gehéiren zu enger anerer Portioun Leit (…).
Här Lucien SEYWERT (…) Wa mäi Viirriedner gesot huet, d’Synod sollt Utopien dohisetzen, da wir ech do mol nët oofgeneigt, wa mir dat als Missioun vun eiser Synod gesin hätten. Or, wann ech awer déi Dokumenter kucken, déi mer bis elo duerchgeschwat hun, dann hu mer jo awer ëmmer iirgendwéi versicht, eng gewëssen Realpolitik ze maachen. Soss dierften vill Saachen, déi hei gesot gi sin, all déi kleng Arrangementer, wou mer kee wollte géint de Kapp stoussen (…), nët gesot gin. (…) Da kënnte mer einfach d’Léier vun der Kiirch an hierer krasser Form – an déi as krass – dohisetzen(…).
Aus technesche Grënn kënne mer dës Kéier leider d’Aussoen vum Här Jacoby nët bréngen.
Gegen Wachstumsfetischismus
Ein unkontrolliertes Wirtschaftswachstum, das zu Prestige- und Konkurrenzdenken führt und die Kluft zwischen armen und reichen Ländern ständig vergrößert, ist mit christlichen Wertvorstellungen unvereinbar. Das hat die Katholische Landjugend Bayerns festgestellt und als Konsequenzen daraus u. a. die Schaffung von Planungs- und Steuerungsgelementen für die Wirtschaft sowie Forschungsaufträge für Modelle einer Gesellschaft ohne quantitatives wirtschaftliches Wachstum gefordert.
Von den Kirchenleitungen wünscht sich die Katholische Landjugend konkrete Stellungnahmen zur Wachstumsproblematik. Die „Amtsvertreter“ sollen sich nicht länger mit den herrschenden Parteien identifizieren und das kritische, prophetische Element des Christentums stärker zum Tragen bringen. Dazu gehöre auch eine Einbeziehung der Wachstumsdiskussion in die Lehrpläne für Religion und die Theologenausbildung.
Durch die Unterstützung von Bürgerinitiativen und den Beitritt zum Bund Naturschutz will die Katholische Landjugend Bayerns ihren eigenen Beitrag zur Sache leisten.
C. F.
in: Publik-Forum, 13/1977
Här Michel PAULY Ech si frou, datt den Här Seywert d’Thema vun der Aarbechtslosegkeet och an diesem Zesummenhank opwerft. All déi Saachen hänke nämlech zesummen, och dat Kapitel vun der Drëtter Welt, dat eréischt op d’Dagesuerdnung kënnt (…). Ech gin dem Här Seywert recht, wann hie seet, mir hätten de Muergen en Antrag ugeholl, datt d’Aarbechtslosegkeet misst oofgebaut gin. Dat as eng absolut wichteg Fuerderung, direkt d’accord. Ech gëng awer een Hiweis gin: Mir hun nët gesot, nëmmen hei zu Lëtzebuerg. Am Moment as de Problem a mëngen An nët geléist, wa mer nët gläichzäiteg déi gesamt Weltsituation am A hun. An an der Drëtter Welt, gleewt mer es, as d’Aarbechtslosegkeet 100, 1000 mol méi grouss wéi bei eis. An do kënnt dann eise Wirtschaftswachstum! Deen as zum Deel Schold un där Aarbechtslosegkeet. Ech hun hei eng Statistik vru mer leien fir Westafrika (…) déi folgendes seet: tréier goufen fir Sandalen hiirzesetllen do 5000 Handwierker gebraucht, haut gin et do 2 Fabriken, déi brauchen nach 40 Aar-
Här Lucien SEYWERT (zur Erklärung iwer Ëmweltproblemer) (…) Wann den Här
Pauly vu Konsequenzen schwätzt, da seet en, mir missten eis bewosst sin, dass z.B. de Wirtschaftswuesstëm misst oofhuelen, oder zumindest d’Wirtschaftswachstumsrate gebremst gin. Ech ka mech awer erënneren, dass vru kuerzem zu London eng Konferenz wor vun de Chefen vun de wichtegste wirtschaftliche Länner, wou als Conclusioun erauskoum, dass, wa mer et nët fäerdegbrëngen, eis Wachstumsrate bei 3 bis 5% ze behalen, dann dierfte mer eis nët wonneren, dass mer matt eisem Liewensstandard fix forcéiert sin, fir eng Aarbechtslosequot vu mindestens 5% z’acceptéiren. Or, de Muergen hu mer oofgestëmmt, datt mer missten eppes géint d’Aarbechtslosegkeet maachen, datt mer d’Aarbechtslosegkeet als e permanente wirtschaftliche Phänomen nët däerfen acceptéiren. (…) All gescheit Käpp vun der ganzer Welt kënnt ee bal soen hu gesot, dass wa mer iirgendwéi nët nëmmen eise Liewensstandard wëllen erhalen, mä wa mer – an dat as, mengen ech, vill méi wichteg – de Liewensstandard vun den ënnerentwéckelte Länner iirgendwéi wëllen hiewen, sou dass déi Leit genuch z’iesse kréien a mënschewürdeg kënne liewen, mir hei musse matt enger Wachstumsrat vun esouvill Prozent schaffen.(…)
Beispiel: Verdrängungsindustrialisierung durch Plastiksandalenfabrik in Westafrika
Früher
Handwerkliche Sandalenherstellung beschäftigt
Heute
2 Plastikspritzpress-Maschinen für Sandalen für 100 000 Dollar beschäftigen
5000 Handwerker
Schumacher
Leder Gerber
Schnur Zwerner
Absatzkern-Wagner
40 Arbeiter
die in 3 Schichten arbeiten und 15 Mio Pzar Sandalen produzieren
Zulieferungen:
Einheimisch Import
Leder
Schnur
Leinen
Holz
Wachse
Zulieferungen:
Maschinen
Kunststoffe (PVC)
Energieträger
40 Beschäftigte
in: H. H. Strahm, Unterentwicklung, Überentwicklung, S. 88
nach Marsden/ILQ
bechter. Do hu mer: dee Wirtschafts-
wachstum, dee grad d’Aarbechtsloseg-
keet ervirrifft. Dat as en immense
Problem, fir eis natiirlech nèt. Mä
wa mer hei vun Aarbechtslosegkeet
schwätzen, da loosse mer dach endlech
och emol un déi Länner denken. An
da sin ech duerchaus nèt der Meenung,
dass e Widersproch do as, wann een
hei fir e Bremsen vum Wirtschafts-
wuestum plaidéiert a gläichzäiteg
géint d’Aarbechtslosegkeet antrett
… op Weltplang.
Här Lucien SEYWERT (zum Antrag
227) (…) Wat
eio Absatz 2 an 3 ugeet, do sin ech
erstaunt, dass den Här Pauly seet,
e wär kee Wirtschaftsexpert an en
zitt awer aus Donnëen, déi deelweis
unzewenne sin an deelweis menger per-
séinlecher Meenung no nèt(…), zu-
mindest wat den Absatz 3 ugeet, ganz
konkret a ganz exigent Fuerderungen.
Et as a mengen A ganz glungen, wa
mer wëllen d’Drëtt Welt condamnëiren,
aarbechtsintensiv ze schaffen, well
mer sin eis do gur nèt de Konsequen-
ze bewosst. Si brauchen och Kapital,
si mussen och kapitalintensiv an
eenzelne Saache schaffen. Mir musse
firun allem och drun denken, dass
mir westlech Welt, awer och vill Län-
ner aus der Drëtter Welt, oofhängeg
si vun deenen anere Länner. Et gët
nèt an all Land all Richessen, mol
nèt déi, déi noutwendeg sin fir kënne
selbständeg ze liewen. Mä wann ech
den 3. Abschnitt huelen, dat as a
mengen An d’Condamnation vun eis
alleguer, wéi mir heibanne sëtzen,
Honger ze leiden, well wa Lëtzebuerg
nèt exportéiert (…), kréie mir
emol nèt genuch Weess kaf fir hei ze
liewen. Mir mussen exportëiren fir
kënnen hei ze liewen. Ech schwätzen
lo mol gur nèt vum Problem Aarbechts-
losegkeet an esou Saachen …
Pauly (Tëschefro) Wou steet, dass ech
en Exportverbot géif wëlle verlaangen?
Seywert "Daraus ergibt sich für uns industrialisierte Völker die Notwendigkeit,
auf einen Export unserer hochtechnisierten und viel Geld voraussetzenden Produk-
tionsweisen zu verzichten".
Pauly Export vu Produktionsweisen, vun Export allgemeng geet gur keng Rieds.
Seywert Mir kënne jo awer hei zu Lëtzebuerg nëmmen héichtechniséiert an "viel
Geld voraussetzende Produktionsweisen" man, well mer soen – Absatz virdrun – dass
Il faut gagner sur le capitalisme. Il
est le grand mal, le péché amoncelé, la
racine gâtée, l’arbre qui produit les
fruits que nous connaissons bien: la
pauvreté, la famine, la maladie et la
mort pour la majorité des gens. C’est
pour cela qu’il faut aller au-delà de
la propriété privée des moyens de pro-
duction (les usines, la terre, le com-
merce, les banques, les organismes de
crédit). Alors que quelques personnes
seulement sont les maîtres des lieux
de travail et des moyens de production,
la grande majorité du peuple est mise
à profit et elle vit sans espoir. La
majorité travaille pour enrichir une
minorité réduite, et celle-ci s’enri-
chit aux dépens de celle-là. Dans notre
région, en particulier, pendant que
quelques personnes seulement sont ou
deviennent propriétaires de la plupart
des terres, la majorité des gens ont et
auront toujours moins de possibilités
pour trouver du travail…
Tout le monde sait et dit que l’Eglise
défend le droit de propriété. V’est
vrai. Mais ce n’est pas le droit des
propriétaires que l’Eglise défend.
C’est le droit de toute personne humaine,
un droit terriblement violé et foulé
aux pieds dans la société actuelle,
puisque la grande majorité, l’immense
majorité, la quasi-totalité des gens
sont privés de ce droit, qui est d’ail-
leurs aussi reconnu par la loi. Est-il
possible de laisser passer au secteur
"privé" les actuels moyens de production
qui sont considérables, sans causer du
tort au droit de chacun? Comme résul-
tat, on voit ce que ça donne.
in: Marginalisation d’un peuple
Le Cri des Eglises (Document des
évêques du Centre-Ouest du Brésil)
an deene Länner vun der Drëtter Welt di arbeitsintensiv Saache solle gemaach gin. Ech maachen eng Verbindung vun deenen 2 Saachen, oder stin déi niewenteneen an hun näischt mateneen ze din? (…) Wat do dra steet, dir Hären, dat as (…) die westlech Welt zur Onselbständegeet condamnéiert. Ech huelen e ganz konkret Beispill: e Land, dat haut zu deenen héichindustrialiséiertsten Länner vun der Welt gehéiert, nämlech Japan. 4% den Uelgepräis gehéicht bedeit 6 Milliarde méi Dépensen fir Japan. Japan muss Energie aféiren, se kënnen nèt aneschtes liewen, si hun näischt. Also sin si condamnéiert, fir kënnen ze liewen, exportträchtig ze schaffen (…). Huele mer Lëtzebuerg, mir hu gur keng Ressourcen. Also kënne mer nëmme kapitalintensiv, also ‚hochtechnisierte‘ a ‚viel Geld voraussetzende Produktionsweisen‘ hei zu Lëtzebuerg praktizéiren.
Pauly ‚praktizéiren‘, awer nèt ‚exportéiren‘!
Seywert Ma mer mussen se exportéiren, well mer dach kee Bauer hun, deen eis eist Brout verschafft.
Pauly Mir exportéiren d’Produkt vun deene Produktiounsweisen, nèt d’Produktiounsweis selwer!
Seywert … Eh … Do sin ech dann awer … Dat ännert am Prinzip näischt. (…) Ech huelen eppes – vu dass hei d’ARBED sou oft zitéiert gin as – ech huelen e Stohlwierk, wou d’ARBED eng gewëssen Technologie huet ; mir wëllen déi exportéiren no – ganz konkrete Fall – Algerien. (…) Fällt dat ënnert deen do Prinzip? (…) Also, ech muss éierlech soen, wa mir dat do acceptéiren, dir Dammen an dir Hären, sid Dir Iech bewosst, wou mir histeiren? Dat do as zu enger Selbstvernichtung quasiment wou mir histeiren!
Här Michel PAULY Déi franzëisch Kommission ‚Justice et Paix‘ bréngt genee déi Iwerleeung, déi den Här Seywert gemaach huet, dass dann eventuell eis Wirtschaft kapottgeet,…fir se ze kritiséiren. Si weist och drop hin z.B., dass wann ee wëllt déi méi aarbechtsintensiv Produktioun auslageren, dass et da bei eis Risikoë gët. ‚Fermetures et licenciements s’ensuivent. Dans l’euphorie du plein emploi jusqu’en 1973 il ne s’agissait que d’accidents supposés réparables (à quels prix individuels?) grâce à l’expansion d’activités nouvelles. Mais il n’en va plus de même quand le chômage atteint, puis dépasse de façon durable le taux de 5%.‘ An da kënnt hir Kritik, da gët s’erëm, wat d’Leit soen. ‚Admettre les productions de pays tiers – nämlech duerch den Import vu Wueren aus der Drëtter Welt, di nèt méi gëngé bei eis crééiert gin – à plus forte raison les aider volontairement est dénoncé – dat huet den Här Seywert elo grad gemaacht – comme suicidaire pour la collectivité, la seule raison en étant la recherche par le capitalisme des profits offerts par l’exploitation de ‚ bassins de main d’oeuvre‘ bon marché‘. D’Fro déi sech stellt bei deem Ganzen, as déi: Weem notzt dat Ganzt? A looss mer eis dach eens sin: Wann eist Grousskapital exportéiert, wann eist Grousskapital Technologie exportéiert, an Algerien oder wou et sief, da kënnt der berouegt sin, et as nèt geduecht fir deem Vollek ze hëllefen, mä dat as fir hire Profit ze vergréisseren, (Gegrommels am Sall) de Profit hei esougutt wéi de Profit vun enger Oberschicht an Algerien. Et as kloer, et gët och an deem Antrag (227) gesot, dass et an deene Länner Oberschichte gët, di absolut nèt d’Intérêts’e vertrieden vun der grousser Mehrheit. Den Här Seywert weist drop hin: Wou gi mer hin? – op eng Selbstvernichtung. Ech mengen nèt, ech si fundamental iwerzeegt, dass dat nèt de Fall as, mir kënne ganz gutt iwerliewen. Mä am Moment hu mir eng ‚Fremdvernichtung‘ duerch eist Wirtschaftssystem. Am Moment vernichte mer déi aner, ‚t as dat, wat ech gär hätt, dass opgehuewe gët.
Ein Afrikamissionar besucht die Kranken in einem Negerdorf. In einem Kral findet er einen jungen Neger, der im Fieber liegt. Er untersucht ihn, gibt ihm eine Spritze und sagt: ‚Du keine Angst haben, du bald wieder gesund und arbeiten wie ein Elefant.‘ – ‚Das sein feine Sache‘, sagt drauf der Neger. ‚Dann ich fahren nächste Woche wieder zu Sorbonne und halten feine Vorlesungen über Sozialpsychologie.‘
abbé A. HEIDERSCHEID Den Här Felten huet lo grad gesot, e géif sech viir-kommen wéi an enger Parteiversammlung, mee ech géif soen, ech kéim mer vir, wéi wann ech an enger marxistescher Versammlung wir, wou schlechte Marxismus dozéiert géng gin, well d’Marxiste vun haut sin intelligent genuch fir dat do nët méi oprecht ze erhalen, wat mir elo hei sollen schlécken; dat muss ech feststellen. Wann awer eppes soll erauskommen, mir maache jo nët nëmmen Theorie wéint der Theorie, et soll jo och besser goen herno, mä da soen ech, dir Dammen an dir Hären, do loosse mer dach kucken: Mir hun dach Faits’en, mir hun dach Länner, mir hu Gebitter, wou Millioune Mënsche begléckt sin matt deem System do. Säit no Joer kenne mer all ee Land, dat dat do duerchgefouert huet, wou et kee Privatbesetz méi gët un de Produktiounsgidder, wou, jiddefalls an der Theorie, wa mir se géng froen, (…) hir Leit allegurten, géngen se soen: "Ma gewëss, mir hun et duerchgefouert, bei eis gehéiert de ganzen Ertrag der Aarbechterschaft, gehéiert der ganzer Kollektivitéit." Ech schwätze vun den Industrielänner, well dat Land bezeechent sech och als Industrieland, dat bréngt et haut nach nët fäerdeg, séng Leit ze ernieren.
Här J.Hammerel (…) Ech froe mech also, wat deen Antrag hei wëllt soe. A ménger Optik as et eng logesch Fortsetzung, wat ugaang as schon zimlech fréi hei an der Synod matt der Kritik un all deem, wat eppes matt C ze din huet. Do as bis elo d’CSV passéiert, do as d’Kathoulesch Aktioun passéiert, do si schon eng Partie aner kathoulesch Organisationen passéiert, haut as et un deene chrëschtleche Gewerkschaften, mar as et um Lëtzebuerger Wort, an et muss een sech nëmme froen, wéisou datt an deem Gremium hei ausschliesslich eist eegent Nascht esou beknascht gët, dat muss een sech froen. Mir gin all Kéier hei nëmmen a Fro gestallt.
Mit heinahe dämonischer Genugtuung stellen die Gegner unserer freien Marktwirtschaft — siehe die kommunistische Presse — Tag für Tag die seit Monaten, ja nunmehr seit Jahren kaum widerlegte Unfähigkeit der wichtigsten wirtschaftlichen und politischen Komponenten unseres Systems fest, die Krise zu meistern.
Vordergründig sogar mit Recht. Und beliebe nicht nur die Kommunisten wollen unserer Ordnung einen Strick daraus drehen. Wer hätte nicht bis nach Luxemburg dieses und jenes Wort von saarländischen Kanzeln herab mitbekommen, wo angesichts der rund 1000 Entlassungen in der saarländischen Eisenindustrie ein anderes Gesellschaftssystem gefordert wurde!
Wer so das Kind mit dem Bade ausschüttet, der hat ganz sicher nicht vorher überlegt, daß es keine hundert Möglichkeiten gibt, ja daß der, der unser freiheitliches System ablehnt, ein dirigistisches herbeiruf, mit allen Einbußen an Freiheit, die ja zur Genüge bekannt sind…
- in 24, 6.6. 1877
Wenn ein Laie, eine Ordensfrau, ein Priester oder gar ein Bischof Almosen aussteilt, Kleidung an die Armen gibt, Arzneimittel verteilt, oder gar hilft, Häuser zu bauen, dann ist das eine Heilige oder ein Heiliger. Wenn aber die selbe Person hingeht, die die selbe Arbeit weiter tut, aber darauf hinweist, daß diese Situation Gründe hat, wenn diese Person darauf hinweist, daß es um Recht geht, daß die Frage der Gerechtigkeit im Spiel ist, und dies dann ausdrückt — mit Nachdruck, aber ohne Haß, im Sinne des Evangeliums, — ja, dann wird diese Person gleich als rot qualifiziert und als Kommunist bezeichnet. Aber wir sind nichts von alledem. Wir tun nichts anderes als das Evangelium in einer ganz greifbaren Weise zu leben.
Dom Helder Camara, Altenberg 1877
Et gët ëmmer gesot, Chrëscht sin heescht dobausse Chrëscht sin. Mee wann een dobausse Chrëscht as an ‚t gët een sech nach eng Spéngel, an ‚t seet een, jo ech sin et, dann as ee schon am Feeler, well ee gesot huet, ech sin ee matt engem "C".
Was hindert uns an dem Versuch einer authentischen Verwirklichung des sozialistischen Humanismus?… Wer ironisch fragt, an welchem Ort der Erde diese Utopie bereits versucht worden sei, erweckt den traurigen Eindruck, weder über schöpferische Phantasie zu verfügen noch über Erfindergeist, sondern sich ausschliesslich in eingefahrenen Gleisen bewegen zu wollen.
Dom Helder Camara, München 1872
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!