Stimmen zum Fest

aus der Presse

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Den 10. Gebuertsdag vum "forum" huet gëschter bis spéid an d’Nuecht ugedauert, an muench een, deen och emol vun der spatzer "forum"’s Fieder gepickt gi war, huet dach nach de Wee bei hiert Fest an de Pafendall fond.

Marc Thoma, UKW 8.5.86

Journalisten, die in ihrer (eventuellen) Freizeit einer Beschäftigung nachgehen, die anderen als Beruf dient, beanspruchen ja auch nicht die gesetzlichen Vorteile dieses Berufstandes. Es reicht nicht, beispielweise als Lehrer an den freien Tagen und in den Ferien, noch so gute (alternative) Presseprodukte oder Radiosendungen zu machen, um die Ansprüche und Vorteile der Berufsmedien für sich geltend zu machen zu dürfen.

lz, LW 3.6.86

Ewell sin et zéng Joer hier, datt d’Luxemburger Wort déi eelst a wuel och bescht alternativ Zäitschreift zu Lëtzebuerg gegrënnt huet, de Forum. Wann een nët direkt behaapt, datt hei am Land all Press alternativ as, déi nët an der Joint-venture vu Luxemburger Wort an RTL hänkt.

Et wore jonk Krëschte vun der Jugendpor Lëtzebuerg, déi wuel ni de Forum erausgin hätten, wa se am Bëschof séngem Blat zu Wuert komm wieren. Aachtanachzeg Hefter méi spéit gët de Forum vun enger ganzer Parti Leit gelies, deene soss kreschtlech Publikatiounen nët vill ze soen hun.

Och am Titel "Forum fir kritesch Informatioun iwer Politik, Kultur a Relioun" kënnt dat Reljéist hannen um Wupp. Dobei ass et kee Gronn, fir sech ze schummen. Well et nët déi Zort vun Zynissem as, fir de Leit d’CSV an de Reagan an d’Strass ze stoppen.

Dat Krëschtlech ass fir de Forum eng moralesch Positioun, wann en zoziale Randgruppen, den Entwécklongslänner an dem Fridd d’Parti hält. … Heiandsdo geréit dës moralesch Positioun och zu enger Pos vu politescher Onschold, wou et em gutt deet, tëscht de Still ze klunschen a sech nach selwer dobeier leed ze dinn.

Well de Forum ass houfereg drops eng "alternativ" Press ze sin. Nët datt en et anescht wëllt machen ewéi déi "richteg" Press – en ass nach ëmmer esou steif an drëchen ewéi vu viru Joeren. E wëllt et jhust besser machen – an dorunner gesäit een och, wéivill Schoulmeeschteren a Proffen dohannert stiechen. Wann haut zwielefhonnert Leit de Forum abonnéiert hun, dann as et, well en dat ze offréieren versicht, wat déi aner Press meescht nët wëllt ueder ka maachen: recherchéiert Artikelen.

Haut huet en eng ganz Rëtsch Dossieën opweises, déi vu Palästina iwwert d’Aarbechtsmedezin an de Stärekrich bis bei der Doud féieren. D’Auswiel vun dësen Dossieën as esou wäit "alternativ", wéi se dacks ëm zozial Randgruppen, d’Entwécklongslänner an den zozialen "Iwwerbau" dréinen an bal ni vun ekonomeschen Froe rieds geet. Obwuel dat déi sin, déi wéi dinn, well se no denen Décken hire Sue kucken.

Dat huet de Foprum op jidde Fall um eegene Läif gespuert, well e reegt sech driwwer op, datt am Numm vum "Pluralissem" dat déckt Luxemburger Wort Millioune Pressehëllef aus der Staatskees kritt an de Forum kee Su. Ma vläicht as dat d’Belounong fir d’Luxemburger Wort, well et virun zéng Joer de Forum gegrënnt huet, an da wier et op d’manst e bësse verdengt.

rh., Zeitung 31. 5 86

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code