Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Hubert Hausemer
Tierkei an Europa
De Moment gëtt a ville Länner, och bei eis, hefteg doriwwer gestridden, ob d’Tierkei wierklech soll Member vun der Europäescher Unioun ginn. Den Ulass ass natierlech, datt am Dezember soll den Ufank gemaach gi vun eppes, worunner eigentlech kee sou richteg gegleewt huet, nämlech Verhandlungen tëscht der EU an der Tierkei iwwer där hire Bäitrett. An elo plëtzlech, zumindest kënnt dat fir déi meeschte Lëtz plëtzlech, si mir mat dëser Aussicht konfrontéiert.
Déi éischt Reaktioune gläichen engem Stuermlaf géint d’Aglidderung vun der Tierkei. Et reent nëmme sou vu Géigenargumenter, an dat vun deene verschiddenste weltanschaulechen a politesche Borden.
Vun deenen engen, déi dem Chrëschtentum no stinn, héiert een, Europa wär jo awer vu senge Wuerzelen hier sou stark vun dëser Relioun markéiert, datt en islamescht Land do seng Plaz net hätt. Fir déi laizistesch Säit ass d’Chrëschtlechkeet vun Europa natierlech keen Thema a keen Argument, mä si kommen zum selwechte Resultat, allerdéngs iwwer en deelweis anere Wee: och hinne mécht den Islam Angscht, an zwar op villfach Aart a Weis. Eischtens ass et eng Relioun, an dat ass fir si schonns schro genuch. Mä doriwwer eraus ass et och nach eng méi oder manner theokratesch Relioun, déi fir e reliéis inspiréierten a geféierte politesche System antrëtt. Ganz schlëmm ass dann awer och nach dem Islam seng Fraefeindlechkeet.
Aus beide Richtunge kënnt en anert Argument: an der Tierkei géifen d’Mënscherechter net beuecht, besonnesch géif do ë.a. systematesch gefoltert ginn, a Minoritéite géifen ënnerdréckt, sou z.B. d’Kurden.
Anerer gesinn den Haaptproblem an der Bevëlkerungszuel: iwwer 80 Millioune Leit kommen op eis duer. En plus sinn et aarm a réckstänneg Leit, déi net nëmmen eis Aarbechtsplaze weghuele kommen, mä zugläich och nach Milliounen Euro Krediter, Subventiounen an aner Hëllefe kréien.
Nach anerer rëm beruffe sech op d’Geographie fir d’europäesch Integratioun vun der Tierkei ze refuséieren: just e winzegen Deel vun dësem Land leit op europäeschem Terrain, de Rescht gehéiert zu Asien bzw. dem Vorderen Orient.
Sou wäit sou gutt. Nu kënnen awer all dës Argumenter mat woul sou gudden aneren Iwwerleeungen gekontert ginn. Gewëss huet Europa vrun allem chrëschtlech Wuerzelen; mä wann een dat seet, däerf een net déi jiddesch an islamesch Apporten zur europäescher Kultur an Identitéit vergiessen, déi sech duerch d’ganz Mëttelalter zéien, an
net nëmme fir Spuenie gëllen. De Laiziste léisst sech äntwerten, datt d’Tierkei jo selwer e laizistesche Staat ass, ouni Theokratie. Wat een éischter dierft beonrouegen ass, datt d’Militär an dësem Land sou eng fundamental Roll spillt. Gewëss ass den Islam zënter dem Ufank eng fraefeindlech Relioun. Awer dat war jo och de Fall vum Chrëschtentum, dat sech op dësem Punkt vill geännert huet; woufir soll dat net, op mannst an engem europäeschen Islam, och méiglech sinn? Wann d’Tierkei wirklech wëllt Vollmember vun der EU ginn, muss si jo hir Gesetzgebung änneren an upassen, och a punkto Gläichberechtegung vun de Geschlechter. Dat selwecht gëllt natierlech och fir de Respekt vun de Mënscherechter iwwerhaapt. Iwwregens si, schonn eleng duerch d’Hoffnung op Bäitrettsverhandlungen, op dësem Gebitt an de leschte Joren immens Fortschrëtter gemaach ginn.
Wat d’Bevëlkerungszuel an d’Aarmutt ubelaangt, sou stellen si fir eis kee prinzipielle Problem duer, well och ënnerhalb vun Europa Immigratiounsregelungen a -gesetzer a Kraaft sinn a bleiwen. Eng Iwwerschwemmung ass deemno net ze fäerten.
A Punkto Geographie géif ech mat der Geopolitik äntwerten: wier d’Türkei net weiderhin, wéi schonns bis elo an der NATO, e wierksame Schutz vun Europa an ëstlecher Richtung? Wéi dee spueneschen Ausseminister vru kuerzem sot: ‚Ech hunn d’Tierkei léiwer dobanne wéi dobaussen.‘
Ass also alles an der Rei mat dem Bäitrett vun der Türkei an ouni Problem? Ech gesinn eng Schwieregkeet, déi awer net mat de Besonneschheete vun der Tierkei ze dinn huet: ech mengen d’europäesch Unioun ass amgaang, wann net zënter dem Mee vun dësem Joer schonns längst esou wäit, sech ze iwwerfuerderen, an duerch ze vill Vollmemberen onregéierbar ze ginn. Besonnesch wann ee bedenkt, datt an zwee Joer schonn erëm zwee nei Memberen derbäikommen, Bulgarien a Rumänien. An de ganze Balkan ass um Spronk, fir sech och nach zouzegesellen.
Wéi soll esou e Mammut nach funktiounsfäheg sinn? Ech mengen, et wier héich Zäit, un eng differenzéiert, ofgestufte Memberschaft ze denken, an am Fall vun der Türkei ass e vläicht nach net ze spéit, dëse Modell virzeschloen an ze probéieren. Eng Rei islamesch Mëttelmierlänner waarden iwwregens och op sou eng Aart vu Regelung. Dat huet näischt ze di mat Ofgrenzung an Exklusiun, mä mat gesondem Mënscheverstand a Saachen Organisatioun a politeschem Management.
Fräie Mikro um radio 100,7 all méttwochs um 07.50
D’europäesch Unioun ass amgaang, wann net zënter dem Mee vun dësem Joer schonns längst esou wäit, sech ze iwwerfuerderen, an duerch ze vill Vollmemberen onregéierbar ze ginn.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!