„Serenitéit“ ass deen éischte Begrëff, dee mir beim Betruechte vum zum Sandra Biewers sengem Konschtwierk am Trapenhaus vun der Escher Bibliothéik, kuerz BESA, an de Kapp kënnt. Déi roueg Gesiichtszich an deen no ënne geriichte Bléck strale fir mech eng immens Geloossenheet a Rou aus. Op de Lëpse läit e liicht a verstoppt Laachen. D’portraitéiert Persoun wierkt a sech gekéiert a reflektéiert, bal schei. Am hekteschen Alldag ass et e Referenzpunkt, deen een ëmmer erëm kuerz pauséiere léist.
Am Kontrast zu deem a sech rouende Gesiicht steet d’Wëllheet um Kapp, déi reegelrecht ze explodéiere schéngt. Sinn et Gedanken, déi sech ausbreeden, sech iwwerschneiden, sech ëmmer weidere verästele wéi d’Beem an der Natur? Ass et dee vill ze volle Kapp, deen een heiansdo mat sech dréit an deen een owes net schlofe léisst? Ass et d’Kreativitéit, d’Imaginatiounskraaft an d’Gedankefräiheet? Oder ass et de Gedankestuerm hannert zouen Aen, deen ee sech net wëll umierke loossen? Sinn et d’Suergen an d’Gedankespréng, déi een heiansdo net a Wierder gefaasst kritt? D’Lëpsen an d’Ae vum Portrait bleiwen egal wéi zou a versigelt. D’Rou am Stuerm.
All Dag ginn ech laanscht dëst Bild, e puer mol d’Trap erop an d’Trap erof. All Kéiers bleift mäi Bléck un deem Portrait hänken – mol méi kuerz, mol méi laang. Wärend d’Gesiicht en direkte Bléckfang ass, ginn engem déi aner Detailer eréischt duerch eng méi laang an intensiv Betruechtung bewosst. Zum Beispill, dass de Graffiti sech just aus dem Kontrast vu schwaarz a wäiss zesummesetzt an duerch dëst Schietspill entsteet a lieweg gëtt. An dass d’Interpretatioun vun dësem Kontrast genausou kontrasträich ka sinn.

D’Artistin hannert dësem fresque murale ass d’Sandra Biewers. Als Kënschtlerin huet d’Sandra ënnert anerem bei enger Rei vu CUEVA-Ausstellunge matgewierkt, als Tätowéierin bedreift hatt net nëmmen säin eegenen Tattoo-Studio Inktologie zu Déifferdeng, mee ass och als „de Moldokter“ aktiv an erméiglecht duerch d’Tätowéiere vun 3D Aerola-Tattoos Patient:innen no enger Broscht-OP e neit Kierpergefill. Seng éischt Fresk huet hatt am Kader vum Kufa’s Urban Art zu Esch realiséiert, eng zweet zu Ettelbréck.
D’Iddi, Konscht-Projeten an der Escher Bibliothéik ze realiséieren, ass am Kader vun den 100-Joer-Feierlechkeeten opkomm, wärend deenen och iwwert d’Roll vun enger ëffentlecher Bibliothéik an der haiteger Gesellschaft nogeduecht ginn ass. Bibliothéike sinn haut net just eng Plaz fir Bicher an aner Medien auszeléinen, e lieu de rencontre oppe fir jiddereen, mee genausou och e lieu de création. Eng Plaz, wou nei Iddien a Konscht kënnen entstoen. Eng Plaz fir Kreativitéit. E lieu d’échange, wou een Zougang zu alle méiglechen Informatioune kann hunn a wou ee sech fräi entfale kann.
Dem Sandra Biewers säi Graffiti war dat éischt Konschtwierk an der BESA-Art-Rei. An Tëschenzäit si fënnef weider Biller, Graffitien oder plastesch Figure vu ganz ënnerschiddleche Kënschtler:innen an hire Stiler dobäikomm. Si all hu sech vun der Escher Bibliothéik, déi zanter 1946 an der Villa Deitz doheem ass, inspiréiere gelooss an e Konschtwierk an hirer Disziplin erschaf, fir d’Gebai nach méi eenzegaarteg maachen.
Dem Sandra Biewers säi Graffiti passt sech perfekt un. E Gesiicht, dat wierkt, wéi wann et ëmmer schonn do gewiescht wär. Eng stëll Begleederin. E Bild dat hänke bleift. Dat net stéiert, mee trotzdeem e Bléckfang, deem senger Wierkung ee sech net entzéie kann, wann een duerch d’Trapenhaus vun der Bibliothéik geet.
BESA-Art
De BESA-Art Projet gouf 2020 vun der Escher Bibliothéik an d’Liewe geruff fir d’Bibliothéik als lieu de création ze promouvéieren. Kënschtler:innen aus verschiddene Beräicher a Konschtrichtungen hu sech vun der Bibliothéik inspiréiere gelooss an e Konschtwierk fir d’BESA an hirer Disziplin erschaf. D’Konschtwierker kënnen all wärend den Ëffnungszäite vun der Bibliothéik besicht ginn. Bis elo sinn Deel vun der Rei: d’Sandra Biewers, den Andy Genen, d’Lisa Junius, d’Sarah Khardani, d’Sabrina Kaufmann an d’Valérie Minelli.
D’Tamara Sondag ass Bibliothecairin, huet Bibliothéikswiesen zu Köln studéiert a leed zanter 2015 d’Escher Bibliothéik, kuerz BESA genannt.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
