„Wéi hues de d’Zäit dann erëmkritt?“
Wat? Keng Televisioun?
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
«Wéi hues de d’Zäit dann erëmkritt?»
Ausschnëtt aus dem Jhemp Hoscheit senger Ried bei der Iwwerreechung vum Servais-Präis 1999 (fir de Roman ‚Perl oder Pica‘) den 2. Juli 1999 am Centre national de littérature zu Miersch (an der neier Lëtzebuerger Schreifweis).
(…) Do koum de Schoulwee. Ech war um gudde Wee. An ech hat e Joer Zäit. Fir den Nationale Literaturconcours. Vu Juli 1996 bis Juli 1997. Ech konnt also chronologesch virgoen. D’Zäit huet mech matgeholl. Ech si mat de Joreszäit mat virugaangen.
An ech si jo dertëschent och nach an d’Schoule liese gaangen. Mat de Plogeschter. An d’6. Schouljoer. An no der Liesung hunn d’Kanner mer Froe gestallt. Si wollte wëssen, wëini ech gebuer wär, wëivill Bicher ech scho geschriwwen hätt, ansouweider. Ech hunn hinne vu mengem 6. Schouljoer geschwat. Vu mengem Gaalgebierg. Vu mengem Papp, deen e Bicherbuttek hat. An datt ech mer all meng Bicher do ausgeléint hunn. Datt ech vill gelies hunn. Datt mer de ganzen Dag an eisem roude Fiels gehaust hunn. An datt mir keng Televisioun haten. An da sinn s’erféiert. Si, déi Méindes moies dacks midd vum ville Stuerke waren. «Wat? Keng Televisioun? Wéi hues de d’Zäit dann erëmkritt?» Dat konnten se sech net virstellen. Eng Kandheet ouni Televisioun!! Dann hunn ech hinnen erzielt, datt meng Frënn an ech mer eis Helden selwer gesicht hunn, datt mer se selwer gi sinn, datt mer selwer d’Regisseure vun eiser eegener Fantasie waren, d’Acteuren an engem Dréibuch, dat mer eis selwer ausgeduecht haten, d’Produzente vun eisem eegenen Abenteuer.
An doheem hunn ech mer Notize gemeet… fir mäi Roman kéint nëmmen
déi Zäit a Fro kommen. An ech hunn dobäi un d’Fünf Freunde geduecht a mer virgestallt, datt ech ni e Roman fäerdeg kritt hätt, wann ech als Bouf de ganzen Dag virum Fernseh gesiess hätt oder wann ech keng Geheimbréiwer mat Picaschréft op enger Schreifmaschinn getippt hätt, mee op enger Playstation an de sou-an souvillte Level bei de Phantasiekiller geland wär.
Wat mer vergiessen: d’Recht op kreativ Flemmsegkeet, d’Recht op produktiv Latzegkeet. D’Recht op Rou.
Ech hunn op eemol de Pillem gespuert, deen um Stull loug, op deem ech deemools gelies hunn, a mer geduecht, datt nëmmen e gënschtegt Emfeld Freed um Liese bréngt. E Pillem geet duer, e bëssche Sëtzlieder an engem Fräiraum, an deen een sech zréckzéie kann, wéi op eng Insel: e fräie Raum, wou ee seng sougenannt Fräizäit net vu gestressten Eltren iwwerorganiséiert a verplangt kritt, mee wou déi kreativ Intimsphär geschützt ass, wou ee kengem Fräizäitstress ausgeliewert ass, oder wou een an e Fräizäitvide trëllt, a wou keng technologesch Stëppler, keng digital Eefalten a keng globaliséiert Medieguruen engem seng individuell Phantasi zerstéieren an engem seng eege Kandheet klauen.
Mir rechnen, mir plangen, mir zielen zesummen. Notes profil. Nei Critëren.
Nei Horairen. Zuelen. Stonnen. Wat mer vergiessen: d’Recht op kreativ Flemmsegkeet, d’Recht op produktiv Latzegkeet. D’Recht op Rou. D’Kandheet verdréit keng Zuelespillereien. D’Kanner hunn e Recht op e Buch, op e 6. Frënd. An d’Elteren hunn e Recht op e literaresche Babysitter. D’Education culturelle précoce ass eng Flicht! Elteren, déi hire Kanner ni virliesen, schléissen se vun der Welt aus. D’Welt huet 1001 Steckdousen, awer d’Eltere ginn de Kanner keng Steckere mat op de Wee. Wéi kann e Kand, dat ouni Buch opwisst, den Uschloss fannen!
An doheem, iergendwou an engem Buch, liesen ech, datt de Saint Exupéry sot, et ass een net aus senger Heemecht, mee aus senger Kandheet. An ech gesinn ronderëm nëmmen digital Pseudopädagogen, audiovisuell Babysitteren a Cyberkropemänner sech ëm d’Kanner këmmeren an se mat kënschtlechen an iwwerflächlechen Erliefnisser fidderen.
Mäi Schreiwen ass och zu mengem Erliefnis ginn. De ‚P‘ a mengem Papp senger Agenda war och wéi e Poufert. Ech hunn de Fred erfonnt. Fred wéi Freed – mat zwéin ‚e‘! A mam Fred sinn ech op d’Sich nom ‚P‘ gaangen. Ech wollt mir en Abenteuer schreiwen. Ech wollt iwwrem Schreiwen eppes erliewen. Soss hätt et kee Spass gemaacht.
Aus engem Buch zitt een Erliefnisser. Liesen ass en Erliefnis. A mir plangen a verplangen de Kanner hir Zäit. ‚Lire‘ läit no bei ‚élire‘. Wielen! Wann een net
méi wiele kann, gëtt et keng Fräiheet. E Buch mécht fräi. Wie liest kritt Ae wéi eng Lupp. Beim Liesen ginn der d’Aen op wéi Gënzeschkecken. Du kriss ëmmer nei Knäpp. Nei Bléien. Du blitts op! Du lies der d’Aen aus dem Kapp. Du kriss e bessere Bléck. Du blécks duerch alles erduerch. Du kanns tëscht den Zeile liesen. Du bass der Welt hiren Detektiv. Du gesäiss hannert honnert Saachen. D’Fräiheet brauch Leit mat schaarfen Aen. An der Onfräiheet ginn d’Leit verblennt.
Ech wollt Detektiv gin. Detektiv an enger Geschicht. An engem Buch. A mengem eegene Buch. Ech hunn nach ëmmer Geschichte gär.
Kommt! Mir verzichten op onproduktiv Sondesrieden, wou et heescht, et misst een d’Buch ënnerstëtzen, et sollt een d’Lieskultur stäipen!
Kommt mir maachen et! Mir erzielen de Kanner nees Geschichten! Wann si de Kontakt zum Buch verléieren, dann ass et geschwënn mam Buch eriwwer.
Dofir brauch e Buch e Virlieser, deen eng Geschicht wielt. E Lieser as e Wieler. Lecteur-Electeur! Kommt, mir sichen nei Wieler! Mir maache Bicherfëschten! Mir gin de Bicher eng Stëmm! Et muss een souguer panachéieren! An de Wahlprogrammer, an de Wahlémissioune gouf net vun der Kultur geschwat. Vun der Literatur scho guer net. Lo sinn d’Wahlen eriwwer. Lo hu mer nees Zäit, fir ze liesen. Kommt mir schwätzen nees iwwert d’Bicher. Haut gëtt iwwert eent geschwat. Muar geet et weider. Et gi vill gutt a wichteg Bicher geschriwwen. Och zu Lëtzebuerg. Glécklech deen, deem säi Buch, haut, als dat wichtegst vum Joer erkläert gëtt. E Buch wëllt jo nëmmen dat eent: datt et gelies gëtt.
De lëtzebuerger Wäin, fir en anert Beispill ze nennen, wëllt jo och nëmmen, datt e gedronk gëtt. Awer de Konsum vum lëtzebuerger Wäin hëlt of. An dofir gëtt jo e professionnelle Gremium geschaf. Et gëtt e globalt Marketingkonzept ausgeschafft, an de Marché gëtt suivéiert. Investitiounen sinn néideg, heescht et. Wou sinn d’Defiziter, gëtt sech gefrot.
Zeichnung: Michel Demart
Firwat maache mer net dat selwescht fir aner Saachen? E Comité interprofessionnel entwéckelt mar e globalt Marketingkonzept fir d’lëtzebuerger Bichelchen. A wann déi auslännesch Bankhaien an Investoren hiirt Geld op Lëtzebuerg placéiere kommen, kréien s’en Éirebuch. «Kommt Dir aus Frankräich, Belgien, …» Mir sinn net nëmmen eng Bankplaz, och eng Bicherbank. Eist Kapital läit net méi am roude Buedem, net eleng an de Coffres-forten, mee et stécht an de Käpp. Do gëtt et roude Grëtz, kulturell Energien, literaresche Stol. Hei zu Lëtzebuerg gëtt net wäiss gewäsch, mee schwaarz op wäiss geschriwwen. Eriwwer mam Slogan vun der Deutschen Bank Luxemburg: «Reisen bildet – zum Beispiel Kapital.» D’Steierhannerzéier drécken sech net méi laanscht de Fiskus, mee si drécken sech an eisen Theateren, Muséeën, Bibliotéiken, Librairien. Zu Lëtzebuerg gëtt et nieft de Fiskalnischen och gutt gefëllte Bicherschief.
An et gëtt de lëtzebuerger Béier. Deen huet et jo och schwéier. Déi lëtzebuerger Béierbrauer ruffen ëm Hëllef. Drénkt méi lëtzebuerger Béier! Sou wéi e Buch wëllt, datt et geschriwwen, gedréckt, kaf a gelies gëtt, sou wëllt de lëtzebuerger Béier och, datt e gedronk gëtt. Firwat hunn sech soss déi eenzel Brauereien zesummegesat an eng Publicitétscampagne lancéiert?! Firwat kann een net och hallefsäiteg Reklammen an den Dageszeitunge bréngen, fir op d’lëtzebuerger Bicher hinzeweisen. «Liest lëtzebuerger Bicher! Mir hunn
der fir all Geschmaach, fir all Sprooch!»
De Max Kuborn: «Ech liesen e lëtzebuerger Buch, well ech d’Wierder grad sou brauch wéi d’Wieder!»
Oder de John Castegnaro: «Ech liesen e lëtzebuerger Buch, fir mech ze tréischten: ech sinn net dru Schold, datt d’LSAP verluer huet!»
Oder de Leon Zeches: «Ech liesen a rezenséiere all déi Bicher, déi an eiser Bestsellerlëscht vum Mount ernimmt ginn. Och d’Bicher vun deene lëtzebuerger Auteuren, déi an eiser Zeitung doudgeschwëge ginn.»
Oder de Jean-Claude Juncker: «Ech liesen e lëtzebuerger Buch, well als Formateur muss ee fir d’alleréischt mol informéiert sinn. D’Literatur ass e Spill!»
Oder den Alvin Sold: «Ech liesen e lëtzebuerger Buch, well ech deem méi trauen wéi enger englescher Zeitung!»
Oder de Fausti: «Ech ënnerstëtzen d’lëtzebuerger Buch, well et ass besser, et mécht ee Goss mam Bic, wéi mat enger Mosambic.»
Oder d’Lydie Polfer: «Ech liese mer dat Blot vum Himmel mat engem lëtzebuerger Buch!»
Oder d’Madame Erna Hennicot-Schoepges: «E Buch – e Kontrakt mam Lieser!»
Dat wär d’Saach. All déi kleng Editeuren, déi souvill struewele mussen, fir sech iwwer Waasser ze halen, hätten nees Buedem ënnert de Féiss, an de Buchsecteur géif gedeien. (…)
jhemp hoscheit
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!