Et stoung an der Zeitung

Auswiel vun Texter, déi um Forumsfest virgedroe goufen

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Virun en etlech Wochen
haat en Här dra geschriwen
hei an der Kiirch zu Lëtzebuurg
géif et e schaarfe Viirdenker gin.
Dat esou eppes passéière
… d’Zensur passéière konnt
doriwer misst een emol nodenken.
Et wir jo nét auszedenken
wann et daat hei zu Lëtzebuurg géif.

Well an däer Zeitung
zu däer t’Vollek ganz einfach d’Zeitung seet
iwregens grad wéi an däer aanerer Zeitung
déi sech selwer
d’Zeitung vum Vollek nennt
komme nëmme Viirdenker zu Wuërt
déi nét hei zu Lëtzebuurg wunnen.
All déi aaner hun hinnen nozedenken.
An d’Iddiën vun de Viirdenker
z’exékütéiëren ouni selwer ze denken.
Wann een zu dene gehéiert
déi am am leschte Krich
iwer praisesch Kasärenhäff gerobbt sin
dann erënnert een sech un d’Enneroffizéiër
déi ee gedrillt hun
de Pärd d’Denken z’iwerloossen.

Wéi kënnt e Lëtzeburger Här drop
ee Kolleg als e Viirdenker
… e schaarfe Viirdenker …
ze verdächtegen.
Et wärt een dach nét unhuele mussen
d’Inquisitioun sollt opmiërksam gemaach gin
op eng immens Gefoor
déi hai vu Lëtzebuurg kënnt ausgoën.

Oder kënnt et sin
dat do nét schaarf genug
nogeduëcht gi war.
Well dat et am Hei-elei-kuck-elei-land
grad ewéi an der Kiirch vun dem Land
e schaarfe Viirdenker kënnt gin

daat as statistesch gesin absolut onwahrscheinlech.

Duërfir haate mir jo och
… wa nach een sech drun erënnert
an der Kiirch vu Lëtzebuurg
virun en etlech Joër
… eppes fir an d’Guiness-Buch
déi längst Synod vun der Welt.

Zeng Joër haat se gedauert.
Déi Synod huet nämlech gudd missen oppassen
näischt Nais op de Maart ze brengen
fir dat et er nët géing
wéi dem hollännesche Pastoralkonzil.
Daat haat sech ze weit viirgewoot
Roum huet misse bremsen
… wuer wire mer soss hikomm? …
a bremst nach ëmmer
a schéckt Bremsbëschoofen
op hollännesch an éistreichesch Bëschofsstill
a wië weess
wuer däer soss nach iwerall higeschéckt gin.
Ais Synod hei zu Letzebuurg
wollt déi réimesch Bremsklatz nët dämpen
an och nët stenke loossen.
Et as er geroden.
Sii huet näischt Nais op de Maart bruët.
Roum as ganz zefridde mat aiser Kiirch.
An esou soll et och bleiwen.
Mir wëlle bleiwe waat mir sin.

An der Zeitung stoung
den atheistesche Kommunismus wir drop aus
iwer t’ganz Welt Meeschter ze gin.
Et stoung nach nie an däer Zeitung
de Kommunismus wir daat illegitiimt Kand
vun der Kiirch an dem Kapitalismus.

Et stoung nach nie an däer Zeitung
dat eng Kiirch hautjesdaags
nëmmen da kann eescht geholl gin
wann se dem Kommunismus
de Wand aus de Segelen hëlt
wann se sech
vun der Leeschtungsgesellschaft distanzéiert
wann se nët méi hir Näipercher mecht
virun denen do uëwen
mä wann se sech béckt
zu denen do ënnen.

Et stoung nach nie an däer Zeitung
dat ais Kiirch hautjesdaags
eréischt erëm kann eescht geholl gin
wann se Demokratie viirmecht.

Daat geet nët
steet an däer Zeitung
t’Kiirch huet eng hierarchesch Konstitutioun
an der Kiirch kann nët driwer oofgestëmmt gin
op et am Gott zwou oder dräi Persounen gin
waat
… ënnert ais gesoot …
dee meeschte Katholiken zimlech egal as.

An da gët an däer Zeitung bestridden
dat an der Kiirch Pluralismus mëiglech wir.

Dat en iëwer tatsächlech besteet
well déi meescht Gedeeft haizuland
sech fir kiirchlech Dogmen
nët interesséieren
a sech esou gudd ewéi u kenge kiirchleche Gesetzer
méi stéieren
gët ënnerschloën.
Well géif een daat ernimmen
da kënnt ee jo déi Kleng veronsecheren.

Kann eng Kiirch déi Kleng veronsecheren?
Doriwer misst emol nogeduëcht
… oder viirgeduëcht …
gin.

Mä haat da nët ewell ee viirgeduëcht
deen sech ganz vill
… baal exklusiv …
däer Klenger unhoul?

Nët nëmme kleng Kanner ware fir hië kleng
mä all
déi näischt ze soën haaten
all
déi kleng gemaat gi waren
vum Liëwen
vun hiren Nooperen
vun hire Patrongen
vun de Verwaltungen
vun de Gesetzer
vun denen do uëwen.

Do war dach emol eng këlër e Mann gewiëscht
deen déi hierarchesch Gesellschaft
vu senger Zäit transforméiere wollt
zu enger Gesellschaft vu Fraën a Männer
déi matenaaner wéi Gesëschter ëmgin
wou kee Mann an och keng Fra mengt
et wir ee méi wéi déi aaner.

Et waren nët déi Kleng
déi duërch esou eng Iddi veronsechert goufen
zweemol am Konträr
déi Kleng krouchen Courage gemaat an Hoffnung
an déi Grouss goufe veronsechert
esou veronsechert
dat se dee Mann ëmbruëten.

Habemus papam

Wir haben einen neuen Papst
Jausa
einen neuen Papst
der neue Papst ist besser
ja besser
als der alte Papst
jeder neue Papst ist besser
wir wollen täglich einen neuen
frischen Papst
jausa
ja täglich
täglich
einen neuen
funkelnagelneuen Papst
schon morgen fangen wir an
morgen schon wollen wir einen niegelnagelneuen
Papst
und den alten schaffen wir ab
und übermorgen schaffen wir den neuen ab
zuerst einen neuen
und dann abschaffen
jausa
jausa
wir schaffen gleich am besten alle ab
bevor der Neue da ist
wird er abgeschafft
dann sparen wir Geld
und Gebete und Tränen
und dann verkaufen wir den ganzen Vatikan
zum Schleuderpreis
zum ersten
zum zweiten
zum dritten
zum Schleuderpreis
Vatikan gefällig
frisch erhaltene Pieta
Juwelen, Fresken und Ornate
Papste
konzilerprobt
und heilige Banken
und Häuser und Straßen und Seen und Palasto
billig abzugeben
kaufen Sie sich einen Papst
oder wenigstens einen Kardinal

oder einen Erzbischof
vielleicht fürs Parteibüro einer christlichen
Partei

und dann verschenken wir das Geld
nein
nein
wir geben es zurück
geben es einfach wieder zurück
jausa
das wird ein Fest
wenn die Jahrhunderte Schlange stehen
die Armen
die Krüppel
die Rothaarigen
die Schwulen
die Alchimisten
und die Frauen
die seelenlosen Frauen
halt
nein
1400 sowieso haben sie ja eine bekommen
bravo bravo
und ein Recht aufs Himmelreich
bravo bravo
alle stehen sie an
und trommeln mit den Fingern
und stampfen auf und klappern mit ihren
Blechnäpfen

die Zahnlosen
die Aussätzigen die Diebe die Hexen die Huren
alle wollen sie was zurück
ihr Geld
und ihre Seligkeit
und ihre Herzen
und Hirne
alle stehen sie Schlange
aber es ist ja genug da
jausa
jetzt wird verteilt
in nomine patris
et filii
et spiritus sancti
und so wird das alles ja nun auch mal gemeint
gewesen sein

denk ich immer
ungefähr so
ungefähr so
muß das ja wohl mal gemeint gewesen sein
als die sich damals prügeln ließen
und kreuzigen und steinigen
und foltern
soviel unbeschreibliche Schmerzen
all die Sanften
während sie singend auf die Löwen zuschritten
im Namen des Menschen
die müssen das nämlich alle so gemeint haben
und manchmal
aber nur wenn man sich sehr bemüht
hört man sie schluchzen
in ihren Katakomben
immer nur nachts
wenn die Heiligenbildverkäufer
ihre Stände abgebaut haben
und strahlend betreten am nächsten Morgen die
Ehrwürdens

die Bühne
behängt und geschmückt und beringt wie die
Christbäume
und sprechen das Agnus Dei.
Und wenn sie ihre Hände zum Segen erheben
mach ich mich ganz klein
um auch ja nichts
abzukriegen davon.

KONSTANTIN WECKER

Gudd gesoot
mä en huët Pech.
Esou kleng ka nämlech keen sech maachen
dat de Segen hiën nët treffen kënnt.
Ganz modern Transportmëttel gin nämlech naierdengs
vum Segen a sengen Abläss benotzt:
d’Radios- an d’Televisiounswellen.
Daat stoung an der Zeitung.
Esou kleng ka kee sech maachen
dat en nët vun aisen Televisiounsantenne gesi géif
de Segen urbi et orbi et Gorbi kënt op en erooof
op e wëllt oder nët.
Oder wéi aanescht erklärt Dir lëch
dat den bayëresche Monarch Franz Josef
no Chrëschtdaag onbedengt drop gehaalen huët
der Duuzfrëndschaft vum Roni a vum Michail
bäizetriëden?

Komme mer also hannescht
bei déi Kleng an der Kiirch.
Sii wiren alleguër Laien
an daat misst esou sin
well et wir Gottes Wëllen
soën déi Grouss zu dene Klengen.
Esou steet et dann och an der Zeitung.

Am leschten Oktober
waren der zweehonnertdrësseg
vun dee Groussen aus der Kiirch
… se si liicht z’erkennen
well se dun sech méi grouss Hitt op
wéi déi Kleng an der Kiirch …
zweehonnertdrësseg vun de Grousse waren zu Roum
fir iwer déi Kleng
déi fir näischt gefroot gi waren
ze beroden.

Mä et schengt dee Groussen
dach eng grëtz koppeg gewiëscht ze sin

an du haaten se dann och siéchzeg däer Klenger
… daat si siiwe komma
… ech haat mei Compiuter gefroot …
siwe komma foffzeg milliounstel Prozent
vun all dene Klengen an der Kiirch …
pro honnert Millioune kleng Katholiken
waren siwen an eng hallef Persoun invitéiert
… et waren also och
esou ëm déi zwee Gramm Lëtzebuurger derbäi …
fir nozelauschteren
waat déi Grouss
dene Klengen iwer déi Kleng
viirdenken wollten.

Déi Kleng
konnten zu Roum och alt emol de Mond opdin
nëmmen ze soë krouchen se näischt.
Daat wir jo secher scho schlëmm genuch gewiëscht
mä och déi Grouss hu leschten Enns
nët méi vill soë wëllen
sii ënnerschreiwe blannemännches
waat de grousse Viirdenker
iwer déi Grouss an déi Kleng
demnächst nidderschreiwt.

Et as ze färten
dat do esou gudd ewéi guër näischt viirgeduëcht
mä nëmmen hannendru geduëcht gët
dat déi aal
déi sakra(a)l Positiounen gehaal gin.

Et wärd ganz lëtzebuurgesch hirgoën:
mir gin näischt op vun dem waat mer nach hun
mir bleiwe waat mir sin.

Virun e puër Joër schons
haaten eng Rëtsch däer Grousser aus der Kiirch
konstétéiert
et géing biërgoof.
Sii hun sech dru gin
a schliesslech d’Ursaach och fonnt:
"Daat Sakralt geet der Kiirch verluër"
hun sii an t’Welt posaunt.

Mä wann déi Grouss
hir Nuëss nëmmen eng grimmelche méi déif
an daat Buch gestreckt hätten
vun dem se behaapten
et wir daat sakralst Buch vun der Welt
dann hätten se misse miërke
wéi dem Mann aus Nazaret
seng Sprooch wéi seng Taktik

alles aanescht ware wéi sakral:
"Wärft är Pärelen nët virun d’Sai"
soll e gesoot hun
an de Grousse senger Zäit soll e gedreet hun
méi no bei der Härschaaft Gottes wéi sii
wiren d’Houëren an d’Kollaborateuren
… déi demols
fir den Ökküpant d’Staïeren agedriwen hun …

Dee Mann huet sech nët mat Zeremonien oofgin
mä en huet Leprakranker ugepaakt
an dem sakrosankte Sabbat
seng mënschlech Fonktioun erëngin
mat Randfiguren huet en sech un een Dësch gesaat
mam Liëwen vun de Klengen
huët hiën sech ausenaanergesaat
weder an engem Palä
nach an engem Büro soutz en op d’Lait ze waarden
nach an engem Beichtstull.
Vu Gott huet e vill geschwaat
mä mat Vokabele vun all Daag.

D’Kiircheschwindsucht
diërft deemno nët un der profaner
… daat as de Konträr vun der sakraler …
Sprooch laiën oder doran
dat en etlech Paschtéier Krawatten undin.

Nammel kënnt et jhüst de Konträr sin:
sou laang Kiirchen
sëch haaptsächlech dermatt beschäftegen
Zeremonien ze fabrizéieren
déi kaum nach eemësch eescht hëlt
esou laang geet et weider biërgoof.

Esou laang wéi Kiirchen
eng Onmass Zäit a Personal a Geld
verpolleferen fir Kanner
déi sech nët wiire kënnen
mat Froë vollzestoppen
déi se nët hun
fir hinnen dann Antwerpen viirzetrooteren
déi se nët verstin
grad esou laang
geet et matt alle Kiirche weider biërgoof.

Wann een also de Groüssen an der Kiirch
e Root därft gin
wéi een de Kiirchen hëllefe kënnt
… wann hinne seriös eppes doru léig …
dann hätt daat erëm eppes mam Denken ze din
nët onbedengt mat Viirdenken
mä mat Emdenken
mat Perestroika
mam Erausrappe vun aalen Denkschinnen
mat dem Tröppele vu ganz naien Denkpiëd.

De Paulus as vläicht daat däitlechst Beispill
fir esou en nait Denken.
Virun Damaskus as e vum Pärd getroll
e Bild fir seng persëinlech Perestroika
fir säi radikalt Emdenken.

Et gët daks gesoot
de Paulus géif hautjesdaags
e Verlag an eng Dréckerei ufänken.
Daat stëmmt vläicht
mä de Paulus woust eppes
waat vill chrëschtlech Dréckereibetrieber
haut nët méi wëssen:
dem Jesus säi Message as esou eppes Nais
an esou onwahrscheinlech
esou utopesch
dat ee kee Mënsch derzou brenge kann en unzehuëlen
wann een nët viirmëcht wéi daat goë soll.

De Paulus stoung senger Zäit
op der Agora zu Athen.
Do huet e probéiert e Message ze soën
den hië selwer geléiert haat
deen him antëschend geleefeg gi war
no dem hië säi Liëwen ageriicht haat.

Mä an der griechescher Sprooch
gouf et nach keng Vokabelen dërfir.
De Paulus huet sech dru gi
fir déi Vokabelen z’erfannen.
Daat as him nët op den éischte Coup gerooden.

En as op d’Agora gaangen
op de Maart
mat sengem naie Message.
Esou laang ais Kiirchen nach
nom gesellschaftleche Schnëttmuster
daat aus dem Mëttelalter staamt

hir Modeller schneideren
soulaang spillen se sech selwer
ëmmer mei an den Abseits.
Daat wir jo nët esou schlëm
wann der Welt dobei kee Message verluer géing
den se bluddnëideg huet.

Wou méi wéi um Maart
kënnt een a Kontakt mat de Lait?
Maart heescht op griechesch Agora
an op latëngesch Forum
mä daat as
Gott siëf et gekloot
kee …
… Lëtzebuërger Wuërt.

Jupp WAGNER

Fir de Fridden

FIR DE FRIDDEN

Mär sin dat Land wat am meeschte fir de Fridde mécht
Mär planze Beem fir de Fridden
Mär tute 5 Minute fir de Fridden
Mär baken Tuarte fir de Fridden
Mär man eng Tombola, e Bal, e Bazar fir de Fridden
Mär bieden a mär sange fir de Fridden
Mär hale Masse fir de Fridden
Mär spenden fir de Fridden
Mär gin zu Fouss, lafen an jogge fir de Fridden
Mär machen e Sit-in an en Die-in fir de Fridden
Mär schlofe fir de Fridden
Mär erwache fir de Fridden

Mär liewe praktesch nëmmen fir de Fridden

A wann déi aner nach net gestuerwe sin da stierwen se nach haut

jhemp hoscheit (6.11.87)

Mär sëtzen all an engem Boot

Du sooss wëini
mär missten zesummenhalen
besonnesch a batteren Zäiten
mär sëtzen all an engem Boot …
Ech weess net ob s de do sou Recht hues
Besonnesch dat "Sëtze" gefällt mer net
Do get et dach Ennerscheeder
oder net?
Et gin der déi sëtzen huart
a rudderen
Déi aner sëtzen mëll
a kucke no:
déi sëtzen gemittlech
An hei an s do stin se op
a jätzen, et misst méi sëier geruddert gin
Während déi eng d’Aarbécht man
loossen déi aner sech féieren
a schaukelen sech um Deck an der Sonn
"An engem Boot"
sooss de

De Kapitän ësst net mat de Matrousen
Sécher: de Kapitän dréit Verantwortung
a senger Kabin
mee wat wär de Kapitän
ouni Matrous?
Mär sëtzen all an engem Boot?
Mengs de da wirklech
si hätten all an deem Boot
déi selwecht Angscht virun engem Stuerm?
Si hätten all déi selwecht Angscht
dass d’Boot kéint kippen
an ënnergon?
Et gin der
déi gin éischter gewuer
wëini e Stuerm opkënnt
Déi wëssen virun all deenen aneren
wëini de Wand sech dréint
wëini d’Wolleke baschten
a wëini d’Wellen ufänken ze scheinen
A wann d’Mir dann seng Strass opräisst

Poleus

auserhégert
da gin et der
déi wèsse gläich wou d’Rettungsréng leien
Déi hun se bei Hand
Si huelen sech der zwee
A fir déi meescht bleiwe keng méi iwwreg
Mär sëtzen all an engem Boot?
An deem Moment
wou d’Mir dat Boot wëll schlécken
mat Mann a Maus
da sëtzen der e puer schon am Rettungsboot
Déi haten sech virdru schon
hir Plaz reservéiert

jhemp hoscheit (29.8.87)

Eng Woch

Méindes muerges de Vater unser gebiet
Méindes owes de Papp, dee kee verrode wollt, verhafte gelooss

Dënschdes muerges den hellege Segen ausgedeelt kritt
Dënschdes owes déi zwee Kanner vun deem Papp, dee kee verrode wollt,
an e Lager gestach

Mëttwochs muerges bei enger Priedegt nogelauschtert
Mëttwochs owes d’Fra vun deem Mann dee kee verrode wollt an
d’Mamm vun deene zwee Kanner déi an e Lager gestach goufen, mat
enger Zigarett gepéngecht

Donneschdes muerges an der Mass d’Kommunioun empfaang
Donneschdes owes de Mann, dee kee verrode wollt, nieft déi Zell,
wou séng Fra mat enger Zigarett gepéngecht get, agespuart, fir
dass e séng Fra soll jätzen héieren

Freides muerges engem Journalist en Zitat aus der Bibel virgelies
Freides owes déi zwee Kanner aus dem Lager geholl an se niewent
hire Papp an eng Zell agespuart, fir dass se hie solle kräischen
héieren, well niewent senger Zell d’Mamm mat enger Zigarett
gepéngecht get

Samschdes muerges d’Kräiz hannert séngem Schreifpult stöpse gelooss
Samschdes owes déi zwee Kanner aus hirer Zell geholl an se bei
hire Papp an d’Zell agespuart, fir dass se allen dräi sollen héieren,
dass niewendrun d’Mamm, déi mat enger Zigarett gepéngecht gouf,
opgehalen huet mat jätzen

Sonndes muerges mat engem Begriefnes matgaang
Hannert der Doudelued mat der Fra vun deem Mann dee kee verrode wollt
an der Mamm vun den zwee Kanner déi an déi selwecht Zell wéi hire Papp
agespuart goufen

Sonndes owes an dem Papp a séngen zwee Kanner hir Zell eragaang,
d’Dir hannert séch zougespuart an séch eng Zigarett ugefaang …

jhemp hoscheit (18.8.87)

Poleus

D’Kommioun zu Paräis

BOUF: Paaapp! So Papp. Ech géif d’Kommunioun gär
maachen…
PAPP: Du weesdach dass mer déi Zäit fortfuerren.
BOUF: Soss fuere mer och ni. Virwat ausgerechent
wann ech d’Kommunioun machen?
PAPP: D’Rees as reservéiert. Wa mer se annuléieren,
da musse mer 10% vum Präis bezuelen.
B: D’Maggy fiert och net fort.
P: Well seng Elteren sech keng Rees leeschte kénnen.

B: Awer eng Kommunioun, dat kénnen se!
P: Looss mech elo roueg!
B(no enger Zäit): Papp! Gell, du spuers net gär?
P: Virwat?
B: D’Maggy sot, säi Papp deen huet all Mount Suën
op d’Säit geluecht fir dem Maggy seng Kommunioun.
P: An ech fir d’Rees.
B: As eng Rees grad esou deier wéi eng Kommunioun?
P: Hmmm… wéi soll ech der dat soen… Du brauchs

kee neie Kostüm… ech net … d’Mamm kee neie Rack, kee neie Mantel, keng nei Schung, keng nei Poche, kee neien Hutt …

B: Ech hätt awer gär e neie Kostüm. D’Maggy huet eng Reklamm heemgeschéckt kritt, wou se him verspriechen, et kéint e Rack kafen wéi soss keen anert Meedchen een unhätt.
P: Dat as jo schéin…
B: Ech hätt och gär e neie Kostüm…
P: Ech schwätze mat der Mamm…
B: mat enger Flätsch …
P: Eng Flätsch??? Dat sin d’Suën zur Fënster erausgehäit. Déi kanns de duerno net méi undon…
B: D’Maggy ka säi Voile och net méi duerno undon, et kritt awer een.
P: Dat sin d’Suë verbëtzt…
B: An deng Méck fir op dee Banquet, d’lescht Woch, déi deess du och net méi un.
P: Gëff dech elo!
B: Du sooss dat selwer…
(Eng Zäitchen)
B: So Papp? Wat kréien ech dann wa mer fort sin?
P: Näischt! Näischt extra. Vläicht eng nei B.D. Virwat?
B: D’Maggy bleiwt hei: an dofir kritt et e Computer. So? Wie schenkt mär dann e Cassetterecorder wa mer zu Paräis sin? An e Globus?
P: A wat méchs du dann mat engem Globus? Do wosst mol net dass Paräis d’Haaptstat vu frankräich wir.
B: Mam Globus hätt ech et gewosst.
P: Wanns du dech elo nët gess, dann … dann… fuere mer och net fort.

Et as 5 fir 12

Seveso

Et as nach ëmmer 5 fir 12

Harrisburgh

Et as nach ëmmer 5 fir 12

Bhopal

Et as nach ëmmer 5 fir 12

Tschernobyl

Et as nach ëmmer 5 fir 12

Basel-Sandoz

Et as nach ëmmer 5 fir 12

Wie kennt do seng Auer nët?

jemp hoscheit

B: Ei!!! Da man ech d’Kommiioun mat.(stolz) Da maa-chen ech eppes fir d’Wirtschaft an de Commerce!
P: Vu wiem hues du dann déi Topechkeeten?
B: Vum Maggy. D’Maggy sot säi Papp hätt gesot, d’Kommiioun wär wichteg fir d’letzebuerger Wirtschaft. Dovu profitéieren Kleedergeschäfter, Restauranten, Schunggeschäfter…
P: A bei eis profitéieren d’Reesgesellschaften.
B: Mär sin déi eenzeg déi fortfueren. D’Maggy sot säi Papp hätt gesot, wann d’Leit et all sou géife maache wéi mär …
P: Wat? Alles op Paräis!!
B: Looss mech mol ausschwätzen. Dat as nëmmen hypo… (iwwerleet)
P: Thetesch. Asou!
B: Wann s’et sou maache wéi mär, dat géif der Economie vum Land schueden. E sot, bei 3700 Kanner, déi d’Kommiioun maachen, mecht dat en Emsaz vun ongeféier enger halwer Milliard…
P: Dem Maggy säi Papp schéngt Wirtschaftsexpert ze sin …
B: Neen, en huet e Schunggeschäft. E sot och, dass d’Kapléin, déi géint d’Kommiioun priedegen an de Prisong misste kommen, well se net wirtschaftlech denken…
P: … awer kreschtlech.
B: Dat as dach net kreschtlech, wann een d’Kommiioun wëll ofschafen…
P: Dat as grad kreschtlech. Hues du nach ni eppes vun engem Tempel héieren, aus deem de Jesus …
B: Ech si jo net an de Virbereedungscoursen. D’Maggy freet sech ëmmer fir dohin ze goen. Si üben wéi een d’Hostie upeekt… So Papp? Weess du wéi eng Hostie schmaacht?
P: Fad.
B: Wéi weess du dat dann?
P: Hmmm…
B: Sin d’Bomi an de Bopi met mat där op Paräis gefuer? Wat?… Du hues d’Kommiioun gemeet an ech däerf net…
P: Déi ware méi kathoulesch erzun…
B: Do hues lo grad gesot, et wär kreschtlech, wann een d’Kommiioun net mécht…
P: Deemols war dee ganze Rummel nach net…
B: So Papp. Da fuer du, als gudde Krescht, mat der Bomi op Paräis. An ech bleiwen hei a maachen d’Kommiioun mat, als gudde Net-Krescht…

jhemp hoscheit (2.1.88)

Notäurs

Muar?

Fir de Politiker sin ech den treie Wieler vu muar
Fir de Finanzminister sin ech de Steierzueler vu muar
Fir de Krichsminister sin ech de strammen Zaldot vu muar
Fir de Paschtouer sin ech dat braavt Scheefche vu muar
Fir de Psycholog sin ech de spezielle Fall vu muar
Fir den Zeitungsdirekter sin ech de passiven Abonnent vu muar
Fir den Economist sin ech dee gudde Konsument vu muar
Fir de Patron sin ech de rouegen Arbeitnehmer vu muar
Fir mai klenge Brudder sin ech elo schon dat schlecht Beispill
Fir meng Elteren sin ech de gefelerlechen Revoluzzer vu muar
Fir meng Bomi sin ech de klengen Terrorist vu muar
Fir d’ganzt Land sollt ech de Konjunkturopschwong vu muar sin
Mee keen interesséiert et, dass ech Chômeur sin …
de Chômeur … vun haut!

jhemp hoscheit (22.10.86)

Stëmmung

STËMMUNG

Et stëmmt also, dir Dammen an dir Hären, leif Wieler:
Mir gin nees stëmmem.
Dir mierkt et iwwerall an all Ablack:
Wat d’Stëmmung méi no kënnt,
wat manner Stëmmung ënnert de Leit as.
An dofir gët et héich Zäit, fir eppes dergéint ze man,
well eng Stëmmung soll ee frou stëmmen,
och wann naischt méi stëmmt,
well dofir gi mer jo all fënnef Jor nei stëmmen!

Also eent stëmmt mol bestëmmt:
Mir fräi Lëtzebuerger hun nach eng Stëmm!
Mir sin nach ëmmer déi Stëmmgewalteg,
a mir erhiewen eis Stëmm dodurch,
datt mer stëmme gin!

Mir gin eis Stëmm of!!
Mir gin eis Stëmm of!
Mir gin eis Stëmm of.
Mir gin eis Stëmm of?
Mir-gin-eis-Stëmm of??

Mir m u s s e n seguer eis Stëmm ofgin!!
An da si mer Stëmmercher…

Mir geheien eis Stëmm an d’Kescht an dann as se begruewen.
D o f i r heescht dee Stëmmkiwwel eng U r n!

Stëmmvéi!
Do stëmmt dach eppes nët!!

Josy BRAUN (1984)

ZU DEN CARTOONS AN DESER NUMMER:

Eng ganz Rëtsch Zeechnunge vum 1. Lëtzebuerger Cartoon-Concours kënnt Dir schon op de Säiten 1, 3, 5, 8, 11, 14, 15, 25, 27, 28, 31, 32 a 36 vun dëser Nummer fannen. No a no wëlle mer Iech all selectionneiert Wierker vierstellen.

De Gérard Pierson (S. 16 a 17) an d’Katja Wedekind (S. 21, 22 a 23) sin zwee vun deene Kënschtler, déi sech bereet erklärt hun, regelmëisseg fir de "forum" ze schaffen.

D’Cartoons vum Pol Leurs (S. 4, 7, 9, 10, 11 a 12) goufen um "forums"fest zu den virgedroenen Texter als Diaën ageblend.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code