Wéisou gëtt et (nach) kee Rietspopulismus zu Lëtzebuerg?
Dëse Summer hunn ech meng Dokteraarbecht zum Thema Rietspopulismus an de Beneluxstaaten ofgeschloss. Spezifesch goung et ëm d’Fro, wéisou rietspopulistesch Parteie relativ vill Succès an Holland an a Flanderen hunn, awer net an der Wallonie an zu Lëtzebuerg.
Rietspopulistesch Parteie si bekanntlech a ganz Europa am Opschwong. Wann ee méi genee kuckt, gesäit een awer, datt se net iwwerall d’selwescht staark vertruede sinn: a Polen an an Ungarn sëtze si mat an der Regierung; a Portugal an an Irland kënnen se dogéint kaum Fouss faassen. Deen Ënnerscheed faszinéiert mech.
A menger Dokteraarbecht fokusséieren ech mech spezifesch op d’Beneluxstaaten. Dës Länner hunn änlech politesch Systemer. Grouss Ënnerscheeder ginn et awer wéi gesot, wat de Rietspopulismus ugeet. Wéi mäin Numm et villäicht scho verréit, komme meng Elteren ursprénglech aus Holland. Ech selwer sinn awer zu Lëtzebuerg gebuer an opgewuess. Holland huet laang géint de Rietspopulismus „immun“ gewierkt, ma säit 2002 huet d’Land awer e groussen Opschwong vun esou Parteien erlieft. Wéisou do an net hei?
Wann ee kuckt, wat dotëscht läit, gëtt de Puzzle nach méi komplex. Eis belsch Noperen hunn nämlech scho säit Ufank den 80er Jore mam Vlaams Belang (fréier Vlaams Blok) ze dinn, enger regionaler Onofhängegkeetspartei, déi an den 90er Joren ëmmer méi an de rietspopulisteschen Eck geréckelt ass. Bei de Walloune gëtt et awer keng erfollegräich rietspopulistesch Partei – an dat obwuel déi südlech Regioun méi aarm ass, et méi Aarbechtslosegkeet gëtt an och méi Awanderung.
An dësem Bäitrag wëll ech e puer Resultater vu menger Aarbecht presentéieren. Ech wäert mech dobäi virun allem op Lëtzebuerg fokusséieren. Fir eise Puzzle ze léisen, brauche mer fir d’éischt eng kloer Definitioun vum Rietspopulismus. Duerno kucke mir eis verschidden theoretesch Modeller un, déi erklären, wéisou rietspopulistesch Parteie sou erfollegräich sinn. Am drëtten Deel komme mer dann zeréck op Lëtzebuerg.
1. Definitioun
Wann een iwwert Rietspopulismus schwätzt, da kënnt ee quasi net dolaanscht, de Begrëff genee ze definéieren. Et ass e Wuert, wat säit e puer Joer iwwerall opdaucht – virun allem an de Medien. Do gëtt den Term oft mat Opportunismus oder Demagogie gläichgestallt; et ass eng Aart vu Kampfbegrëff, dee gebraucht gëtt, fir de politesche Géigner ofzeschéissen.
An der Wëssenschaft huet d’Wuert awer eng relativ kloer Bedeitung. Am Kär baséiert Populismus op der Iddi, datt eis Gesellschaft aus zwee Deeler besteet: engersäits engem gudde Vollek – den „normale Bierger“– dat d’Roll vum „Underdog“ spillt, an anerersäits enger moralesch korrupter a béisaarteger Elite. Fir de Populist ass d’Zil vun der Politik, de Vollekswëllen zum Ausdrock ze bréngen.
Populismus ass awer eng „dënn Ideologie“, well se net op all gesellschaftlech Froen eng Äntwert ka bidden. Dofir kënnt de Populismus seelen eleng: et ass een also quasi ni „just“ e Populist, ma meeschtens entweeder e Lénks- oder Rietspopulist. Populismus ass also e bësse wéi e Chameleon, deen d’Faarf verännert, deemno a wéi engem Kontext e sech befënnt. Konkret ass Populismus also eng „dënn Ideologie“, déi sech un aneren, „méi décken“ Ideologië festklamert: lénks um Sozialismus a riets um Nationalismus.
Ech si virun allem um Rietspopulismus interesséiert. Rietspopulistesch Parteien hunn an Europa méi Erfolleg ewéi lénkspopulistesch Parteien. Dobäi handelt et sech ëm Parteien, déi hire populisteschen Discours un eng radikal-riets Ideologie koppelen. Dës Ideologie setzt sech aus zwou verschiddenen Tendenzen zesummen: engersäits dem Nativismus, dat ass eng Mëschung tëscht Nationalismus a Friemenhaass, an anerersäits dem Autoritarismus, dat ass de Glawen un eng strikt geuerdent Gesellschaft.
Wéi gesäit dat konkret aus? Bei der Alternative für Deutschland (AfD) fënnt een all dës Elementer relativ einfach erëm. Ech hunn hei als Beispill en Tweet vum Alice Weidel vum 4. Februar 2019, eng vun de Spëtzekandidatinne vun der AfD, an deem riets geet vun enger dekadenter politescher Elite, déi dat einheimescht Vollek verroden huet andeems se méi Ressourcen an Awanderer investéiert ewéi an dat däitscht Vollek.
Wichteg ass op dëser Platz vläicht nach ze ënnersträichen, datt Rietspopulismus theoretesch gesinn net dat selwecht ass ewéi Rietsextremismus. Anescht wéi rietsextremistesch Parteie si Rietspopulisten nämlech net anti-demokratesch: si ruffen zum Beispill net zur Gewalt op an acceptéieren am Allgemengen d’Spillreegele vun der Demokratie.
2. Ursaachen
Et ginn immens vill Studien a Fuerschungsaarbechten iwwert d’Ursaachen hannert dem Opschwong vum Rietspopulismus. Déi Theorië kéint ee folgendermoosse resuméieren: Allgemeng hänkt de Succès vu rietspopulistesche Parteie vun der Nofro an Offer um Wielermaart of. Fir datt eng rietspopulistesch Partei Succès kann hunn, brauch se en Nierbuedem. D’Iddi hei ass, datt breet Verännerungen am internationalen Ëmfeld ewéi Globaliséierung, Immigratioun oder europäesch Integratioun kënnen Onsécherheet an Onzefriddenheet mat den etabléierte Parteie generéieren. Dëst kreéiert eng Nofro no rietspopulistesche Parteien, déi sech als eng erfrëschend Alternativ presentéieren. Nieft der Demande muss awer och d’Offer do sinn: Et brauch ee politesch Entrepreneuren, also Parteien, déi dësen Nierbuedem kënnen ausnotzen. Do kucke mer dann engersäits op strukturell Facteuren ewéi zum Beispill de Walsystem. Et ass fir kleng Parteien e gutt Stéck méi einfach, Sëtzer am Parlament ze ergatteren a Länner mat Walsystemer, déi op proportionaler Representatioun baséieren ewéi a Länner mat Majoritéitswalsystemer. Anerersäits kucke mer bei der Offer awer och op déi rietspopulistesch Parteie selwer, virun allem dorop, wéi si sech finanziell an organisatoresch opstellen.
A menger Aarbecht ginn et zwee zentral Acteuren, déi dësen theoretesche Modell ergänzen: engersäits sinn dat déi etabléiert Parteien – domadder mengen ech déi grouss dräi Parteifamilljen an Europa: Chrëschtdemokraten, Sozialdemokraten an déi Liberal – an anerersäits d’Medien. Zesumme si si eng Aart „Türsteher“ oder „Gatekeeper“, déi decidéieren, wéi eng Theme politiséiert ginn a wéi eng Parteien an d’Arena eran dierfen. Domadder hu si Afloss op souwuel d’Nofro ewéi och d’Offer.
3. Lëtzebuerg
Mat dësem theoretesche Kader komme mer elo zeréck bei eis Fro: wéisou gëtt et (nach) kee Rietspopulismus zu Lëtzebuerg? Wann ee sech verschidde Meenungsëmfroen ukuckt, da gesäit een, datt de Lëtzebuerger net onbedéngt méi weltoppen oder tolerant ass ewéi aner Europäer. Trotzdeem ginn et e puer Facteuren, déi d’Demande nom Rietspopulismus ofschwächen.
An éischter Instanz ass dat de Wuelstand vum Grand-Duché. Wuelstand eleng ass natierlech keng Garantie géint de Rietspopulismus. Et gi vill räich Länner, an deenen et vill Rietspopulismus gëtt – zum Beispill d’Schwäiz. Et ginn och méi aarm Länner, wou et quasi kee Rietspopulismus gëtt – zum Beispill Portugal. Ma d’Demande nom Rietspopulismus ass awer am Duerchschnëtt méi grouss bei de sougenannte „Verléierer vun der Moderniséierung“, zum Beispill bei der traditioneller Aarbechterklass, well hier Aarbechtsplaze méi ufälleg si fir auslännesch Konkurrenz.
Zu Lëtzebuerg ass d’Aarbechterklass esou gutt ewéi aus der Wielerschaft verschwonnen. Eise Salariat besteet bekanntlech gréisstendeels aus auslänneschen Awunner a Frontalieren, an déi hu kee Walrecht. Iwwerhaapt ass d’Kompositioun vun eiser Wielerschaft ganz speziell. Bal d’Hallschent vun der aktiver walberechtegter Bevëlkerung schafft am Secteur Public. D’Aarbechterklass ass an der Wielerschaft also ënnerrepresentéiert, wärend d’Staatsbeamten iwwerrepresentéiert sinn. D’Staatsplazen zu Lëtzebuerg si sécher a gutt bezuelt, ma wéinst de Sproochebarriäre sinn dës Plazen awer manner zougänglech fir Frontalieren an Auslänner. Dat kreéiert e „Secteur Protegé“ an eisem Aarbechtsmarché. Doduerch kann et sinn, dat de Lëtzebuerger Wieler sech manner menacéiert fillt duerch den Auslänner. Dat kéint d’Demande nom Rietspopulismus ofschwächen.
Dobäi kënnt och nach, datt mir en immens klengt Land sinn, wouduerch de Kontakt mat Auslänner méi frequent ass. Méi Kontakt féiert bekanntlech zu méi Toleranz a manner Xenophobie. Ausserdeem ass d’Awanderung zu Lëtzebuerg relativ homogeen. Déi meescht Auslänner, déi hei am Land wunnen (85%) kommen aus aneren europäesche Länner. Doduerch ass d’Integratioun bis elo relativ gutt verlaf, wouduerch d’Awanderung bis ewell manner politiséiert ass.
Net just d’Nofro schéngt bei eis méi schwaach ze sinn ewéi an anere Länner, ma och d’Offer. Mir hunn nämlech nach keng richteg radikal rietspopulistesch Partei. Natierlech hu mir eng ADR, déi an eiser Parteielandschaft oft e bëssen d’Roll vun esou enger Partei iwwerhëlt, an déi och heiansdo emol verschidde Stilmëttel vum Rietspopulismus gebraucht, déi een awer op kee Fall mat enger AfD oder engem Rassemblement National an een Dëppe geheien kann.
Datt et bei eis zu Lëtzebuerg nach keng erfollegräich radikal rietspopulistesch Parteie gëtt, ass virun allem dorop zeréck ze féieren, datt eis Medien an déi etabléiert politesch Parteien dësen Tendenze kee Spillraum bidden.
Medielandschaft
D’Struktur vun eiser Medielandschaft ass am Verglach mat aneren europäesche Länner ganz speziell. Eis Press steet den etabléierte Parteien nach relativ no. Ausserdeem hu mir eng staark Pressehëllef fir de Mediepluralismus ze garantéieren. Doduerch ass eis Medielandschaft manner kommerzialiséiert ewéi déi am Ausland, wou d’Medien éischter dozou verleet ginn, fir op skandaléis Aspekter vun der Politik unzespillen. Dat kënnt nämlech de Rietspopulisten zegutt.
Fir meng Dokteraarbecht hunn ech ëm déi fofzeg Vertrieder aus de Medien an de Beneluxlänner gefrot, wéi si mam Rietspopulismus ëmginn. Do zeechent sech eng ganz kloer Tendenz of: zu Lëtzebuerg a virun allem an der Wallonie gesi Journalisten et als hir Flicht, fir dem Rietspopulismus entgéint ze wierken. An Holland an a Flanderen fannen d’Journalisten dogéint, datt et hir Roll ass, fir all déi verschidde Positiounen an Tendenzen an der Gesellschaft an de Medien ze representéieren, ouni en Urteel doriwwer ze fällen. Domadder kréie Rietspopuliste méi Raum fir hir Iddien an Usiichten ze verbreeden.
Etabléiert Parteien
Eng änlech Tendenz gesäit ee bei den etabléierte Parteien: zu Lëtzebuerg positionéiere si sech offiziell bis ewell relativ kloer géint radikal rietspopulistesch Stréimungen. A villen aneren europäesche Länner hunn déi dräi traditionell Parteien an de leschte Jore vill Verloschter gemaach. Dofir probéiere si hir Wielerschaft auszebauen. Dat mëscht een andeems een aner Theme politiséiert. An Holland huet déi konservativ-liberal Partei (VVD) schonn an de 90er Joren ugefaangen, fir Theme wéi déi national Identitéit an d’Awanderung ze politiséieren. Dat war am Endeffekt vu Virdeel fir d’Rietspopulisten, well dat Theme sinn, op déi dës Parteie spezialiséiert sinn.
Och bei eis hunn déi grouss Parteie mat elektorale Verloschter ze kämpfen, ma am Verglach zu anere Länner si si awer nach ëmmer relativ grouss. Konkret heescht dat, datt de Wieler nach ëmmer relativ zefridden ass mat der politescher Offer. Soulaang de Wieler sech vun den etabléierte Parteien nach vertruede fillt, kann dat d’Demande no Rietspopulismus ofschwächen.
Dräi Zenarie fir d’Zukunft
Ech wëll ënnersträichen, datt Lëtzebuerg op kee Fall immun ass géint de Rietspopulismus – e gewëssent Potenzial ass sécher do. Ech wëll dofir ofschléisse mat dräi Zenarie fir d’Zukunft.
Et ass natierlech méiglech, datt mir einfach hannendra sinn. Vläicht ass den Trend einfach nach net bei eis ukomm. Firwat soen ech dat? Ma d’Situatioun an Holland virun ongeféier fënnefanzwanzeg Joer gläicht immens der aktueller Situatioun zu Lëtzebuerg. 1994 war et do fir d’éischt, datt d’Chrëschtdemokraten eng staark elektoral Defaite erlieft hunn a net méi mat an d’Regierung komm sinn. Dat war den Ufank vum Enn fir d’Chrëschtdemokraten: si hu säitdeem hir zentral Positioun als Koalitiounspartner verluer. Duerno koum et zu enger „mofer Koalitioun“ tëscht enger liberaler (bloer) Partei an enger sozialistescher (rouder) Partei. An där Zäit si vill sozial Froe wéi zum Beispill d’Legaliséierung vum Bestietnis tëscht gläichgeschlechtleche Koppelen ofgehandelt ginn. Et ass en neie gesellschaftleche Konsens entstanen, an d’Chrëschtdemokraten hu sech nei misse positionéieren.
Dësen neie Konsens (iwweregens och an ekonomeschen Themen) vun der mofer Koalitioun huet gewëssermoossen den Terrain fir d’Rietspopulisten ëmgeplout, well e Raum kreéiert huet, fir nei Themen ze politiséieren. Wann nämlech eng traditionell lénk Partei mat enger rietser Partei an eng Koalitioun geet, dann heescht dat, datt se op de klengste gemeinsamen Nenner komme mussen. Dat riskéiert, datt d’Wieler sech net eescht geholl fillen, well et am Endeffekt egal ass, op se lénks oder riets stëmmen. Dat kann Nofro kreéiere no politeschen Alternativen – ënner anerem och no populistesche Parteien.
Et kann natierlech och sinn, datt mir weiderhin de Status Quo behalen. Eis Medien esou wéi eis etabléiert Parteie spille weiderhin d’Roll vum „Gatekeeper“; si positionéiere sech konsequent a kloer géint de Rietspopulismus; si politiséieren aner Themen ewéi zum Beispill d’Lëtzebuerger Nationalidentitéit. Domadder suerge se engersäits dofir, datt d’Demande nom Rietspopulismus net nach weider ugefächert gëtt, an datt d’Offer weiderhi keng Platz am politesche Spektrum fënnt.
Ma och dat ass keng Garantie géint eng rietspopulistesch Partei. Et gëtt nämlech nach en drëtten Zenario, an dem Lëtzebuerg och mat enger radikaler rietspopulistescher Partei ze di kritt. Och mat staarke Gatekeeper kënne rietspopulistesch Parteie Fouss faassen, an zwar andeems eng méi moderat Partei sech an esou eng rietspopulistesch Partei verwandelt – an dat nodeems se sech an der Parteielandschaft etabléiert huet. Däitschland ass hei en interessant Beispill. D’AfD ass nämlech net als radikal rietspopulistesch Partei gebuer ginn, ma als anti-Euro-Partei. Si ass ewéi en trojanescht Päerd an d’elektoral Arena erageridden an huet sech dunn eréischt an eng klassesch radikal rietspopulistesch Partei verwandelt. Bei eis gëtt d’ADR oft an de selwechten Eck gedréckt wéi d’AfD, ma si gehéiert awer wéi gesot nach net an déi Kategorie. Mir wëssen awer natierlech net, wéi d’Partei sech an Zukunft weiderentwéckele wäert…
Wéi ee vun dësen Zenarien sech wäert realiséieren, hänkt virun allem dovunner of, wéi eis Parteie sech positionéieren, a wéi eis Medielandschaft sech weiderentwéckele wäert. Et ass also op kee Fall dem Zoufall iwwerlooss
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
