Et gët net een eenzége Grond fir de Fändel ze wiesselen. Schonn eleng d’Diskussioun heiriwer ass iwerflësség. Wann der de roude Léif um Match wëllt schwänken, da maacht daat rouég weider! Och op Groussherzogsgebuurtsdag ass en zënter Joer an Dag gär gesin..
Dat modernt Lëtzebuerg ass d’Natioun, déi am 19. an 20. Joerhonnert gewuess ass, mat engem schéinen, harmonischen an einfache Fändel, deen durch di hellblo Farw séch vum hollännéschen ënnerscheed an d’Allure vun engem Staatsfändel huet. E steet fir Fräiheet a Gläichheet, ass an der Welt an an Europa unerkannt a bekannt. Stellt iech emol fir, virun den europäischen Institutiounen oder der UNO géif op eemol ee Fändel aus der Rei danzen, mat engem heraldische Symbol aus dem feudale Mëttelalter!! E Putsch oder waat?
Net ze schwätze vun den onnéidége Käschten, déi daat mat séch géif bréngen!
Firwaat dann net och d’Hémecht durch de Wilhelmus oder de Feierwon ersetzen?. Et dauert vläicht net méi laang bis en Deputéierten vun engem anere Bord op d’Iddi kënnt eng nei Nationalhymn virzeschloen, zum Beispill mam Argument datt d’Heemecht ze paafég oder net schmasség genuch wier, an datt am Feierwon et am Hibléck op d’Frontalier’en prophetésch heescht: „kommt dir aus Frankräich, Belgie, Preisen…“
An Zaite vun der Globaliséierung soll een net un d’Symboler frëckele goen, et sief dann et wëll een d’Natioun just nach als Gadget fir d’Fans vun der Nationalequipe oder als Trouscht fir eenzel antidäitsch Patriote bestoe loossen. De Ruff „Roude Léiw huel se!“ dierft dach awer nu wiirkléch verhaalt sin!!
Eierléch, wéi ech dem Här Wolter säi Virschlag an der Zeitung gesouch, hun och ech méch eng Sekonn misse vergewësseren, datt mer jo réischt am Hierscht, an net schonn den 1. Abrël sin.
Mä wee weess, vläicht läit fir d’Kulturjoer 2007 jo schonn de Fändel vun der Groussregioun an den Tiräng. – Mam bloen Hirsch …
André Grosbusch
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
