public forum den 14. Oktober: Eng Diskussioun mat jonke Kandidaten

Sou jonk komme mer net méi zesummen

14. Oktober 2013 um 18 Auer 30

am Exit07/Carré Rotondes (1, rue de l’Aciérie)

Eng knapp Woch virun de Wahlen organiséiert d’Equipe vum Wahlbureau zesumme mat forum eng ofschléissend Debatte. No insgesamt 4 Live-Debatte mat 9 Kandidaten um Radio ARA a weidere Gespréicher a Reportage wëlle mir eng läschte Kéier jonk Kandidaten zur Diskussioun alueden.

Kënnen déi jonk Kandidate wierklech nei Impulser an d’Partei matbréngen an och jonk Wieler iwwerzeegen? Wat sinn d’Themen, déi si wëllen opwerfen? Ënnerscheeden se sech iwwerhaapt vun den Eeleren? Wéi grouss ass den Upassungsdrock? Dat si just e puer Froen, déi mer de Kandidate stelle wëllen. Mee och vum Public wëlle mer wëssen, op a wéi se sech vu jonke Kandidate vertruede fillen.

Just 6 Deeg virun de Wahlen huet d’Publikum d’Geleeënheet an engem oppenen Austausch mat jonken opstriewende Lëschtekandidaten vun all de Parteien ze diskutéieren:

 Bis elo confirméiert sinn :

Gina Árvai (Déi Gréng),

Christian Kirpach (Déi Lénk),

Marc Ruppert (DP),

Cátia Gonçalves (LSAP),

Jerry Weyer (Piratepartei).

public forum gëtt organiséiert vun der Zäitschrëft forum. D’Diskussioun fënnt am Kader vun der Veranstaltungréi OPEN SQUARE vum CarréRotondes (www.rotondes.lu) statt. D’Reportagen an d’Live-Debatte vum Wahlbureau kann een integral op Soundcloud nolauschteren.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code