Lëtzebuerg, rassistesch?

Eng jonk Lëtzebuergerin hat hir Carte d’identité verluer. Si huet dunn beim Gemengebeamten eng nei ugefrot. De Beamte sot: „Neen, Dir mengt Är Carte de séjour.“ Si äntwert: „Nee, meng Carte d’identité!“ Mä de Beamten insistéiert: „Neen! Dir wëllt soen: Är Carte de séjour.“ Doropshin insistéiert och di jonk Fra: „Neen! Meng Carte d’identité.“ De Beamte fänkt dunn un um Computer ze tippen a muss feststellen, dass di jonk Fra tatsächlech di lëtzebuergesch Nationalitéit huet, an huet gemengt: „Ah jo, et ass wierklech d’Carte d’identité.“ Entschëllegt, dass en di jonk Fra fir eng Auslännerin gehalen huet, well se eng däischter Hautfaarf hat, huet hie sech awer net.

Dat war eng vun de Geschichten, déi d’Mirlene Fonseca Monteiro (Finkapé, Réseau Afrodescendant Luxembourg) bei der Konferenz erzielt huet, déi d’ASTI zesumme mam CET, der CNDH an dem CLAE den 13. November am groussen Auditoire vum Cercle Cité organiséiert hat. De Sall war struppevoll. D’Madame Fonseca hat deen Temoignage opgeholl, zesumme mat aneren, déi net manner schockéiert hunn, besonnesch aus dem Milieu vun den Enseignanten, am Kader vun hirer Masteraarbecht, an där se ënnersicht, wat fir eng Plaz déi jonk Kapverdianer sech selwer an der lëtzebuergescher Gesellschaft zouschreiwen. Mat deene Geschichte sinn déi Statistiken, déi de Michael O’Flaherty, Direkter vun der Agence européenne pour les Droits fondamentaux, am Rapport vun där Agence vun 2018 iwwert d’Perceptioun vum Rassismus an 18 Memberlänner vun der Europäescher Unioun presentéiert hat, lieweg ginn. Mä wat fir ee Liewen!

An där Etüd steet Lëtzebuerg op der 2. Plaz, mat 52% positiv Äntwerten op d’Fro: Hu Dir Iech an de leschte 5 Joer als Affer vun enger rassistescher Belästegung gespiert? Lëtzebuerg läit souguer op der 1. Plaz, wann 53% vu Leit mat afrikanescher Ofstamung soen, hirer Meenung no wär hir Hautfaarf d’Haaptursaach vun enger Diskriminatioun, an 42% gesinn déi Ursaach an hirer ethnescher Origine. An deene 5 Joer sinn 30% vun den Afrikaner vun der Police kontrolléiert ginn; 12% hunn déi Kontroll als duerch hir Hautfaarf bedéngt ugesinn. Wann zu Lëtzebuerg 8% vun allen Awunner an iwwerfëllte Wunnenge musse liewen, ass dat fir 45% vu Leit mat afrikanescher Ofstamung de Fall. 36% vun hinne soen, si hätten eng rassistesch Diskriminatioun erlieft wéi se eng Wunneng gesicht hunn: bei deem Facteur läit Lëtzebuerg op der 3. Plaz. (Déi Zuele goufen zwar scho vun de meeschten Zeitungen iwwerholl, mä d’Lieser vum LW hate kee Recht op e Reportage iwwert déi Konferenz.)

Déi Resultater confirméieren eigentlech nëmmen eng Etüd vum CEFIS vun 2017 iwwert déi kapverdianesch Diaspora, bei där erauskoum, dass e kapverdianesche Stot am Duerchschnëtt eng Wunneng vu 87 m2 huet, wärend e Lëtzebuerger Stot am Schnëtt iwwert 141m2  verfüügt, dass nëmmen 3% vun de kapverdianesche Kanner an de klassesche Secondaire gi géint 31,5% vun der ganzer Populatioun. Mä déi nei europäesch Etüd ënnersträicht de rassistesche Charakter vun deenen Diskriminatiounen, wou di Lëtzebuerger Responsabel éischter Tendenz hunn, se als sozial bedéngt ze gesinn.

D’Ministesch vun der Famill an der Integratioun Corinne Cahen war grad wéi dee ganze Sall schockéiert vun deenen Zuelen. Si hat net gemengt, dass de Rassismus zu Lëtzebuerg esou staark a schlëmmer wéi am Rescht vun Europa, mat Ausnam vu Finnland, wär. (Déi osteuropäesch Länner goufen an der Etüd allerdéngs net behandelt.) Op déi Reaktioun vun der Ministesch hin huet eng Fra aus dem Sall sech hirersäits schockéiert gesot: „Ma wou war Dir da, Madame? Dat ass dach net eréischt säit gëscht esou!“ Scho viru 15 Joer hätt si rassistesch Belästegungen an der Schoul missen erdroen. Der Ministesch hir Äntwert däerf een effektiv wonneren, well d’Etüd vun der europäescher Agence ass der Regierung säit engem Joer bekannt. An d’Laura Zuccoli, Presidentin vun der ASTI, hat op en anere Widdersproch aus dem Ministère higewisen: am Plan d’action national d’intégration vun 2018 ass näischt méi virgesinn fir géint de Rassismus virzegoen. De Begrëff Rassismus kënnt emol net dra vir. D’Ministesch, déi jo selwer Affer vun Antisemitismus war, huet d’Affer vu rassistesche Belästegungen encouragéiert, eng Plainte ze maachen. Dat ass jo schéin a gutt, mä well et bei där eenzeger, konkreter Recommandatioun vun hirer Säit bliwwen ass, muss een hir de Reproche maachen, hirer liberaler Parteiideologie trei bliwwen ze sinn: Vive den Individualismus, souguer wann et drëms geet, sozial Mëssstänn ze bekämpfen.

Iwwregens empfanne sech net nëmme Mënsche mat faarweger Haut als Affer vu Rassismus. De Michael O’Flaherty sot, mir wäre leschten Enns alleguer Rassisten. Als Beweis kann een dës Zeilen aus dem Tageblatt vum 11. Oktober 2019, Säit 2, zitéieren: Ënnert dem Titel „Talent aber … Portugiesen und der Fußball“ wonnert sech e Journalist, dass kee Futtballspiller mat portugiseschen Originnen et bis elo an d’Nationalekipp oder an eng auslännesch Profiekipp gepackt huet: „Ein Grund dafür könnte die Mentalität sein. Viele Portugiesen in Luxemburg sind technisch versiert und ziehen das schöne dem konsequenten Spiel vor. Auf internationalem Level sind jedoch andere Eigenschaften gefordert. Disziplin, Konzentration, kognitive Fähigkeiten, Laufbereitschaft sind nur einige Faktoren, die den Unterschied zwischen einem Amateur und einem Profi ausmachen.“ Déi Sätz stinn net an engem Lieserbréif, mä an engem Leitartikel a weder de Chefredakter nach de Verwaltungsrot hu sech spéider dervun distanzéiert a sech bei der portugisescher Communautéit entschëllegt, dass hiren Editorialist de Portugisen e Manktem un Disziplin, Konzentratioun, „kognitive Fäegkeeten“… reprochéiert huet.

Et fillt ee sech an d’Joer 1979 versat, wou d’ASTI gegrënnt gouf, oder virdrun d’União. Deemools waren et schonn d’Portugisen, déi bei Reen a Wand am Gruef geschafft hunn an déi an Héngerställ ënnerbruecht waren, déi sech hu misse géint de Verdacht wieren, si géifen di lëtzebuergesch Meedercher belästegen oder/an all Moment Kläppereien ufänken. Kapverdianer waren deemools nach méi rar. Haut si Leit aus Schwaarzafrika Beamte vun internationalen Institutiounen oder Flüchtlingen aus Erythrea derbäi komm. D’Zuel vun de potentiellen Affer vu rassistesche Virurteeler huet also staark zougeholl. Di sukzessiv Regierunge maachen awer d’Aen zou, sou wéi sou deemools näischt ënnerholl hunn fir Dausende vu portugisesche Kanner den Zougank zur Bildung z’erliichteren, wéi wann se net gewosst hätten, dass si aner Schwieregkeeten an der Klass hate wéi lëtzebuergesch Schüler, an dat trotz MAGRIP-Etüd an e puer Dossieren am forum säit de 1970er Joren.

Eng aner Ursaach, firwat de Rassismus sou laang ënnerschat gouf, ass wuel, dass d’Zivilgesellschaft grad ewéi déi politesch Autoritéiten sech domat getréischt hunn, dass et zu Lëtzebuerg Gott sei Dank keng oppe rassistesch oder rietsextrem Partei géif ginn. Et ass net sécher, dass dat nach ëmmer de Fall ass. Féierend Käpp aus dem Veräin Wee2050 goufe vun der ADR mat op d’Lëschte geholl a sëtze geschwënn an der Chamber. Déi Leit däerf een duerchaus rietsextrem nennen. Dat gesäit och de Parquet esou, dee viru kuerzem eng Plainte vun deem zukünftegen ADR-Deputéierte géint en Historiker, deen en als dat qualifizéiert hat, ouni Suite klasséiert huet. D’Commentaire vun deene Gesellen op Facebook an hire linguistesche Fanatismus kommen effektiv engem verstoppte Rassismus ganz no.

Déi Geschicht déi ech am Ufank erëmerzielt hunn féiert mech nach zu enger anerer Conclusioun: Déi déi e Lëtzebuerger Pass reklaméieren, dee jo un d’Beherrsche vun der Lëtzebuerger Sprooch gebonnen ass, vu jidderengem, dee wëllt u nationale Walen deelhuelen, hu kloer näischt verstanen, wat déi wierklech Integratiounsfacteure sinn. Di jonk Fra hat kloer déi lëtzebuergesch Nationalitéit, an dach huet de Gemengebeamten se fir eng Auslännerin gehalen. E pass ass definitiv weder noutwenneg nach geet en duer fir d’Walrecht z’accordéieren. D’ASTI, déi dëst Joer hir 40 Joer Existenz an Engagement feiert, deet gutt drun, net méi vun Integratioun ze schwätzen, well wie soll bei 47% Auslänner an 53% Inlänner a wien integréiert ginn? Lëtzebuerg ass nun emol eng multikulturell Gesellschaft an dorun ännert de Pass guer näischt. Mir sollten der ASTI dankbar sinn, dass se ëmmer nees der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi aus Mënsche mat méi wéi 150 verschidde Päss besteet, hiert schlecht Gewëssen ass. forum wäert ganz sécher an de nächste Méint op d’Verdéngschter vun der ASTI an op déi Engagementer, fir déi se hir Kräfte mobiliséiert, zréckkommen.

michel pauly

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code