31 Vorschläge für eine Politik der Resilienz (Reaktion auf Vorschlag 24: Nathalie Entringer)

Vorschlag 24 der forum-Redaktion: Vorrangiges Ziel der Schulbildung kann nicht mehr allein die Wissensvermittlung, sondern muss insbesondere die persönliche Stärkung junger Menschen sein, damit sie die kommenden Unsicherheiten verkraften. In Zukunft muss es in der Schule viel mehr um die Vermittlung von lebenspraktischen Kompetenzen gehen wie Kommunikationsfähigkeit, Kooperationsbereitschaft, Kreativität und kritischem Geist sowie von gegenseitiger Anerkennung und Respekt.

Reaktion 24 von Nathalie Entringer:

„Non scholae, sed vitae discimus“ ass de Leetsproch, deen den haitege Stellewäert vun der Bildung an der Gesellschaft an engem Saz zesummefaasst. D’Iddi, Kanner duerch Schoulbildung op d’Liewe virzebereeden, ass u sech awer nach guer net al. Si huet zesumme mat der Aféierung vun der Allgemenger Schoulflicht am 19. Joerhonnert Agang an de Bildungsoptrag vun der Schoul fonnt. Onofhängeg dovu stoung hei awer schonn ëmmer virun allem d’Vermëttlung vu Wëssen am Vierdergrond. Dëst war an enger Zäit, an där Wësse Muecht bedeit huet, och novollzéibar. Haut gesäit d’Welt allerdéngs anescht aus: Wëssen ass quasi onmëttelbar verfügbar an d’Uwendung vu Geléiertem geet net méi duer, fir fir d‘Liewen an der haiteger Gesellschaft gerëscht ze sinn. Gefuerdert ginn och Liewenskompetenzen1, d. h. eng Rei vu psycho-soziale Kompetenzen an tëschemënschleche Fäegkeeten. Wann d’Schoul deemno op d’Liewe virbereede soll, geet Wëssensvermëttlung eleng bei Wäitem net duer. Fir déi Jonk op Erausfuerderunge vun der Zukunft virzebereeden, muss d’Vermëttlung vu Liewenskompetenzen, zu deenen z. B. och Kommunikatiounsfäegkeet, interpersonal Bezéiungsfäegkeet a kreatiivt a kritescht Denken gehéieren, mat am Zentrum vun der Bildung stoen.

Dowéinst ass och ze begréissen, datt an der Vergaangenheet schonn déi eng oder aner Reform sech dësem Sujet zumindest zum Deel ugeholl huet. Sou si bestëmmte Kompetenzen an der Evaluatioun am Fondamental scho verankert an och global gesinn, gëtt den Acquis vu verschiddene Kompetenzen an de Curricula zumindest erwäänt. Fir d’Vermëttlung vu Liewenskompetenze fest an der Schoulbildung ze verankeren an d’Schüler.innen an hirer Entwécklung zu staarken, mëndegen an och kritesche Mënschen, déi an der Lag sinn, zesummenzeschaffen a sech mat Respekt ze begéinen, ze ënnerstëtzen a soumat fir d’Erausfuerderungen an der Zukunft ze rëschten, geet dat awer natierlech bei Wäitem net duer.

Een Usaz wier, sech fächeriwwergräifend, amplaz just punktuell mat bestëmmten Theemen ze beschäftegen, déi Jonk sech am Kader vu Projetswochen iwwert e längeren Zäitraum kooperativ mat ausgewielte Sujeten ausenanersetzen ze loossen. Dës Praxis, déi net wéi zu Lëtzebuerg a villen auslännesche Bildungssystemer scho fest verankert ass, bréngt direkt e puer Virdeeler mat sech. Sou fërdert e längere kooperative Projet d’Selbstorganisatioun vun de Schüler.innnen an och hir Kompetenz, mat aneren Individuen zesummenzeschaffen, Meenungen auszehandelen an hir tëschenzäitlech Roll an enger Ekipp ze fannen. Dës Weideren ass et méiglech, de Schüler.innen an dësem Kader e Methodekoffer ze weisen an uwenden ze loossen, déi hinnen den Ëmgang mat ënnerschiddlechste Quellen an Theeme bäibréngt. Et ass elementar, dass Jonker léieren, Texter ënnerschiddlechster Aart ze interpretéieren an ze entschlësselen a soumat d’Komplexitéit vun Theemen ze erkennen, opzeschaffen an ze verstoen. Dat selwecht gëllt fir Recherchemethoden. Wou kënnt een u vertrauenswierdeg Informatiounen a wéi ënnerscheede sech dës vu sougenannte Fake News? Ausserdeem sollt d’Léierpersonal, dat hei an éischter Linn ënnerstëtzend op de Plang trëtt, de Schüler.innen dobäi hëllefen, déi richteg Froen ze stellen an net just Äntwerten op virgefäerdegt Froen ze fannen. Generell sollt d’Entwécklung vun dëser Kompetenz eng méi grouss Roll spillen. E kritesche Geescht gëtt een nämlech net doduerch, datt een op all Fro eng Äntwert huet, ma virun allem weess, wéi eng Froen ee stelle muss. Ofschléissend läit de Virdeel vu Projetswochen och doran, datt een aktuell Thematiken, déi d’Gesellschaft beweegen, opgräife kann an d’Schüler.innen duerch eng länger Ausenanersetzung mat dëse längerfristeg fir e bestëmmte Sujet begeeschtere kann.

E weideren Usaz wier deen, sech net weider vun enger statescher Institutioun lämen ze loossen, d. h. d’Schoulprogrammer méi dynamesch ze gestalten an d’Wëssensinhalter, déi vermëttelt ginn, op de Leescht ze huelen, woubäi d’Vermëttlung vun den ugeschwate Liewenskompetenzen am Allgemenge méi konkreet mat an de Léierplang afléisse sollten. Inhaltlech ass et onbedéngt néideg, eise Bléck vun engem themateschen a methodesche Standpunkt hier ze wäiten, well et och hei u reeller Diversitéit feelt. Sollt d’Wëssensvermëttlung an der Schoul net onbedéngt der Villfältegkeet vum Wëssen an der Gesellschaft gerecht ginn? Op der anerer Säit ass et awer och wichteg, eise Bléck méi op déi lokal Geschicht a Kultur ze fokusséieren. De kulturelle Mannerwäertegkeetskomplex, dee leider bis haut net iwwerwonne gouf a jo och de Grond dofir ass, firwat lokal Schrëftsteller.innen a Kënschtler.inne keng wierklech Plaz an eise Léierpläng hunn, kann och doduerch weider ofgebaut ginn, andeems ee sech an der Schoul mat der lokaler Kultur genausou beschäftegt wéi mat der globaler. D’Vermëttlung vun der lokaler Geschicht spillt hei och eng wichteg Roll, well just déi erlaabt et engem, mat der eegener Vergaangenheet kritesch ëmzegoen an d’Regioun, an där ee lieft, besser ze verstoen. Schliisslech muss der politescher Bildung vill méi eng grouss Plaz ageraumt ginn. De Cours (Instruction civique resp. Education à la citoyenneté), wéi en de Moment stattfënnt, léisst kengesfalls genuch Plaz fir eng eescht Ausenanersetzung mat politeschen Thematiken. Dës ass awer immens wichteg, fir datt d’Schüler.inne sech zu mëndegen an engagéierte Bierger.innen entwéckelen, déi dat gesellschaftlecht Liewe matbestëmme wëllen an domat d’Demokratie stäerken.

D’Individualiséierung vun der schoulescher Bildung ass an deem Kontext natierlech ze begréissen, well se d’Schüler.innen an net d’Inhalter an de Mëttelpunkt setzt, allerdéngs dierf d’Schoul den aktuellen Entwécklunge vun der Gesellschaft net weider esou hannendru lafen. Dëst ass awer nëmme méiglech, wann déi festgefuere Strukturen endlech opgeweecht ginn an d’Vermëttlung vu Liewenskompetenzen an ëmmer erëm nei innovativ Methoden a Sujeten hir Plaz an der Bildung kréien.

 

D’Nathalie Entringer ass Doktorandin an der lëtzebuergescher Sproochwëssenschaft (Universitéit Lëtzebuerg) an zweet Sekretärin vun der JDL.

  1. Dëse Begrëff gëtt hei an Uleenung un d’Konzept vun de „Life skills“, dat ë. a. am Pabeier „Skills for health“ vun der WHO 2003 festgehale gouf, benotzt.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code