„Ech sinn e ganz happy Bëschof.“
De Kardinol an Äerzbëschof Jean-Claude Hollerich, den 30. Oktober 2021, am Background-Gespréich iwwert d’Erausfuerderunge vun der Kierch an d’Roll vun der Relioun am 21. Joerhonnert op RTL Radio

*

„Wéi grouss muss dach d’Verzweiflung vun denen ADR-Strategen sinn, déi all déi Leit, déi net dat maachen wat si wëllen,‚Ieselen‘ ze vernennen. Also, an denen hieren Aan sinn ech gäer en Iesel, dat ëmsou méi, datt ech Pätter vun enger ganz sympathescher Ieselin, dem Lola, sinn.“
Den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo, de 4. November 2021 op Twitter

*

„Dat ass eng Ausso, déi fir mech niveaulos ass an ze wäit geet. Mir wollten ni Esch botzen.“
Den Escher Député-maire Georges Mischo (CSV) an engem Interview mat Radio 100,7 iwwert de Virworf, Colocatiounen zu Esch verbidden an den Zentrum vun der Staat esou gentrifizéieren ze wëllen, de 4. November 2021

*

„Eis Positioun ass versprach, ass versprach a gëtt net gebrach!“
Den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser an engem Interview mat Radio100,7 iwwert der CSV hiert Verspriechen, bei 25.000 Ënnerschrëften e Referendum ze declenchéieren, den 8. November 2021

*

„Ech stellen Iech elo eng Géigefro: Wann Dir eng Redaktiounskonferenz hutt, hei bei 100,7, da setzt Dir zu 10 oder 15 ronderëm den Dësch. Kommt Dir alleguerten an de Sall eran an hutt déi selwecht Meenung? Deen een huet eng Meenung, deen aneren huet eng Meenung an da kënnt entweder ee vun uewen – de Chefredakter – an da seet deen Iech: ‚Esou maache mer et‘ oder aus der Diskussioun ergëtt sech e Konsens.“
Dem Käerjenger Député-maire Michel Wolter seng Reaktioun op d’Fro vum Maurice Molitor, ob hien am Reflexiounsprozess vun der CSV iwwert d’Prozedur vun engem Referendum (k)eng Roll gespillt hätt, den 9. November 2021 op Radio 100,7

*

„De Michel Wolter ass prinzipiell der Meenung […] datt d’Chamber en éischte Vott soll maachen an dass dono e Referendum soll kommen.“
De Michel Wolter am selwechten Interview

 

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code