Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Am Nr. 6/1980 vum Informatiounsblad vu "Jeunes et Patrimoine" geet de President a sêngem Leitartikel op zwee Doudesurteeler an, di viru kuerzem zu Lëtzebuerg gesprach gi sin: D’Urteel géint de Metzebau zu Eech gouf schon ausgefouert, dat géint de "Ciné de la Cour" an "Hôtel de Luxembourg" an der Waassergaass as gesprach an déi zwéi Gebeier dârften da ganz geschwënn higeriicht gin. De Raymond Linden iergert sech, dass rëm eng Kéier reng wirtschaftlech Ursaachen den Ausschlag gin hun, d’"Comission des Sites et Monuments Nationaux" nët gefrot gin as. Neibauten als "Restauratiounen" higestallt gin, déi se nët sin (vgl. Banque UCL – "Maison de Raville"). Zu béiden Zerstéierungen vu wertvollen a schéinen historesche Gebeier sin awer och "forum" eng Rei Enzelheeten zu Oure komm, di derwert sin, dass een drop zreck kënnt.

Beim Metzebau läit d’Haaptverantwortung sécher beim Staat, deen onbedéngt eng Rennpist huet missen duerch d’Millebaach bauen (fir zu Eech an engem chronesche Verkéiersstau zu landen). D’Kommissioun vum Monumenteschutz konnt näischt ënnerhuele, well nëmme staatlech Gebeier klasséiert gin, esou dass näischt däerf dru geännert gin. Méi Gewiicht hat awer wuel d’Tatsaach, dass de Metzebau enger ARBED gehéiert, déi sech mat Beruffung op d’Kris bei dëser Regierung alles kann erlaben, statt dass de Staat fir sêng finanziell

Geschenker och emol kleng Fuerderung stellt, z. B. op kulturellem Gebitt! Mä neen, d’ARBED wëllt op der Plaz vum Metzebau en Akaafszentrum bauen, suguer wann doduerch den Duercherneen op der "Place d’Argent" och

matzen am Nomëtteg nach méi Téitschen am Autosblech
mat sech bréngt.

Am Ciné de la Cour hat – wi mer aus zwou onoofhängege
Quelle gewuer si gin – de Kulturminister P. Werner op
Wonsch vum Ciné-Club 80 viirgesin, e "Cinéma d’Art et
d’Essai" auszeriichten, deen eventuell vum Ciné-Club
programméiert gi wär. Domat hätt de Kulturminister
endlech e konkrete Schrëtt gemaach fir d’Kinosliewen
zu Lëtzeburg nei z’animéieren (vgl. "forum" Nr.42/80)
a gläichzäiteg wär e Gebei aus dem fréien 20. Johrhon-
nert gerett (a sënnvoll genotzt gin), dat typesch as
fir dee nogemaachten antike Stil aus däer Zäit. No
engem Besuch op der Plaz mat Verantwortleche vum Ciné-
Club soll de Minister suguer seng mëndlech Zouso gin
hun. Doraus gouf awer näischt. Am Regierungsrot wor
d’DP-Säit ënner Leedung vum Bauteminister Boy Konen
dergéint. Well kee private Keefer fir de "Ciné de
la Cour" an den "Hôtel de Luxembourg" sech fonnt hate,
wéinst deenen architektonische Virschrëften an deem
Quartier, hat an Tëschenzäit de Staatsarchitekt C.
Gillardin him anscheinend dee Projet verkaf (! ?),
deen elo virgesäit eng Imitatioun (a net Restaura-

tioun) vu sougenannte mëttelalterlechen Heiser mat
18 Luxusappartementer ze bauen. Et wär allerdéngs
zevill schued, fir di wonnerbar Vue aus deenen Hei-
ser op d’Rumm an de Fetschenhaff nët fir spekulativ
Zwecker ze verwäerten! D’Erhale vun historesche Ge-
beier an en "alternative" Kino sin dozou "keng se-
riös Alternativ". Dat as logesch.

Deeselwechte Staatsarchitekt hat anscheinend och en
Attentat op d’Haus Wiltheim/Mohr – de Waldt beim
"Conservatoire" geplangt. Do soll ët awer leschten
Informatioune no gegléckt sin, d’"Association des
Banques" z’iwerzeegen dat Renaissance-Haus, tëscht
Palais a Regierungssëtz dach fir Repräsentations-
zwecker opzekafen an an d’Rei setzen ze loossen, sou
dass dat Doudesuerteel verhënnert konnt gin an elo
den "Ilöt Clairefontaine", trotz Spekulationen vum
Baupromoteur W. Hein, deen d’hallef Waassergaass
opkaf huet, richteg ze restauréiren. Op och hei, wi
am Gronn (?), un d’Awunner geduecht gët, während
a no den Aarbechten, wor nach nët gewuer ze gin.

m.p.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code