Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
D’Generalversammlung vun "Jeunes et Patrimoine", di den 10. Februar zesumme war, huet décidéiert de "Gëllene Bagger" fir d’Joer 1989 der Gesellschaft "Vieux Luxembourg S.A." an dem "Fond de Logement" z’iwerreechen fir hir Politik am Stadgronn.
"Jeunes et Patrimoine" hu mat Satisfactioun festgestallt, dass hir Sensibilisatiounscampagnen an deem Sënn ufänke Friichten ze droen, dass am Joer 1989 keng gréisser Ofrappaktiounen ze verzeechne waren. Dat heescht awer leider nët, dass all Verantwortlech sech dem Wäert vun alen Heiser bewosst gi wären. Déi di wëlles hun, op Käschte vu gewuessener Bau-
substanz, nei Gebeier opzeriichten, di méi erabréngen, si jhust zu enger neier, manner spektakulärer Taktik iwergaang. Statt ofzeräissen loosse se d’Heiser verfalen amplaz se an d’Rei ze setzen, sou dass se no enger gewësser Zäit esou erofkomm sin, dass se nët mi bewunnbar gemaacht kënne gin ouni se duerch neier z’ersetzen.
Déi Politik kann ee besonnesch kloer um Beispill vun der Gesellschaft "Vieux Luxembourg S.A." a vum staatleche "Fond de Logement" am Gronn observéieren. Si sin do säit Joren am Besëtz vun enger Rëtsch Heiser an der Tilleschgaass (rue Saint-Ulric), an der Plettisgaass (Rue Plaettis) an an der Tréirer Strooss (rue de Trèves), di si verfale loossen, obschon d’Fachleit vum "Service des Sites et Monuments Nationaux" festgestallt hun, dass di Heiser am Kär nach ganz gesond sin. Dat as an hirem Fall ëmsou méi traureg, wou di zwee Organismen de gesetzleche re-
spektiv statutareschen Opdrag hun, sech fir d’Erhale vun historesche Gebeilechkeeten anzesetzen an zum Deel och an der Vergaangenheet positiv Realisatiounen opzeweisen hun.
"Jeunes et Patrimoine" komme nèt derlaanscht, am selwechten Zesummenhank och neess de Buergermeeschter an d’Scheffe vun der Gemeng Hesper z’ernimmen, di schon de "Gellene Bagger" fir d’Joer 1988 krit haten an di ëmmer weider Heiser am Duerfkär zu Izeg opkafen an da verkomme loossen, fir se kënnen ofzerappen.
"Jeunes et Patrimoine" machen awer och d’Regirung
drop opmierksam, dass ët nèt duergeet, weider Gebeier als national Monumenter ze klasséieren, wi dat erfreelecherweis säit e puer Méint systematesch geschitt, mä dass si dem Gesetz no och verflicht as, fir den Ennerhalt vun sou Gebeier ze suergen, an de Propriétäre soll ënnert d’~Aerm gräife, fir di Heiser am nationalen Intressi z’erhalen.
"Jeunes et Patrimoine" bidden och dëst Joer dem Kulturminister hir Mataarbecht un, fir sech zesummen fir d’Erhale vum historesche Patrimoine anzesetzen, z. B. an där neier "Commission nationale des Sites et Monuments".
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!