„Bei Grandücks doheem“
Zu enger mëssgléckter Ausstellung am Staatsmusée
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
"As dat alles?", "Wat e Krëpëng!", "Wann dat alles as, as onst Herrscherhaus awer wierklech nët räich", "E puer verstëpste Lepper … ‚T feelt nach jhust de Potschamp!", "An dofir deen Opwand …", "Du kënns Der fir wi an engem Prisong". Dat si nëmmen e puer spontane Reaktioune vu Lëtzebuerger, di d’Ausstellung am Staatsmusée iwert 100 Joer Dynastie kucke woren. Ausser e puer eelere Leit, déi bei dësem oder deem Objet un al Anekdoten erënnert goufen, huet de Koschter keng Stëmm vu Bewonnerung oder nëmmen Zoustëmmung héieren. ‚T gesäit su aus, wi wann di selwecht Architekten engagéiert goufe wi bei der grousser Onofhängegkeetsausstellung um Lampertsbierg, fir d’Leit mat där hirem Succës ze lackelen a gläichzäiteg den Aarmut vun den ausgestallten Objetën ze verstoppen. Den Effet wor éischter ëmgedrëit. An och de Jean-Luc Koltz muss sech den Ofschlussartikel am Katalog, an deem e soll di schéinste Stécker aus de Sammlunge vum groussherzoglechen Haff nach eng Kéier erfirsträichen, richteg aus de Fangere suckelen. D’Ausstellung verstéisst géint all Prinziper, di e Geschichtspädagog oder Museesdidaktiker am éischte Semester béibruecht kritt: Si setzt eenzeg op dat Spektakuläert an op anekdoteschte Kreemchen statt d’historesch Dimension vun enger Monarchie z’erklären. Nieft zwee Diademen, di heechstens e sentimentale Wäert hun, kënnt en Iechernacher Codex aus dem 10. Jorhonnert iwwerhaapt nët eraus.
Firwat dann di Ausstellung, wa näischt ze weisen as? Wee wollt do der Lëtzebuerger Monarchie e schlechten Dëngscht erweisen? Zejoert bei der Onofhängegkeetsausstellung wor gesot gin, den Haff wëllt nët hun, dass dëst Joer di 100 Joer Dynastie nach zousätzlech sollte gefeiert gin; dorobhin wor d’Sektioun Dynastie an där Ausstellung mat besonnesch schéine Stécker e bësschen ausgebaut an op eng zentral Plaz placéiert gin. Firwat dann elo dach di Ausstellung am Musée, vun där am Fréijoer nach kee wosst, ob a wou se sollt sin. Dem Staatsminister no huet se ronn 50 Millioune Frang kascht. Fachleit gin dervun aus, dass d’Wourecht ongeféier beim duebele Chiffer diert leien. Déi Suen huet
d’Regirung ausgin, ouni di mannste parlamentaresch Kontroll. Hat d’Regirung dat néideg, fir dem Haff hir monarchistesch Iwerzeegung ze beweisen? Oder stëmmt ët, dass e Beamten aus der Chamberverwaltung, deen schon dax mat theatraleschen Iddeën opgefall as, di nëmme fir di iewescht Zéngdausend gemënzt woren, der Regirung an dem Musée d’Hand forcéiert huet? Wéisou gëtt weder an der Chamber nach an der Press iwert esou Froen eescht diskutéiert? Wisou man och lénks Journaliste – ofgesi vum "GréngeSpoun" -, wi wann all Kritik un der monumentaler Ausstellung eng Kritik un der Monarchie als sollech wär?
Mat deene 50 Millioune (wa nët méi) hätt de Musée jiddefalls kënne bal zéngmol méi Konschtwierker akafen wi mat deene lächerlechen fënne an eng hallef Milliounen, di en am Budget 1990 zur Verfügung hat, fir am Konscht- an am historesche Beräich nei Wierker anzekafen, an dovun hätte nach Generatiounen eppes gehat a nët nëmmen di puer dausend Visitören am Dezember-Januar 1990. An dofir hätt kee Couturier vu Paräis missen ageflu gin, fir dass d’Räck dee richtege Pli kriten an der Vitrin; dat kann och e Fënstermeedche vum Bram oder vum Freddy Eisen. Deen deieren Embau am Musée a virdrun, dee no der Ausstellung neess huet missen eweggerappt gin, wor zwar eng Grëtz pompös geroden, weist awer dass och op héijhere Plazen de Musée als architektonesch Katastrof ugesi gëtt: wéi wär ët da, wann deen endlech géif neigebaut gin, well um Gebei wäert sech näischt ännere, wann di naturhistoresch Sektioun endlech an de Gronn ka plënneren. Am neie "Musée-info" deit den Direkter Paul Reiles un, dass en och där Meenung as.
Am Verglach zur Ausstellung vun zejoert sief awer och ee Fortschrëtt verzeechent: De Katalog as déi Kéier e Buch, dat säi Numm verdéngt huet a säi Präis wäert as. Nieft dem eigentleche Katalog mat der Beschreiwung vun allen Ausstellungsstécker gin ët eng ganz Rëtsch Artikelen, di zum Deel zwar opgewiemmte Kaffi sin, di awer ouni Zweiwel en Informationswäert hun, dee sech liese léist. m.p.
"forum"-Index
Jahrgang 1-14, Nummer 1-104, September 1975 bis Juli 1988
2100 Artiekl, 120 Stichwörter, ca. 6000 Eintragungen, ca. 40 Seiten
zu bestellen gegen Überweisung von 100 F auf das Postscheckkonto 61154-44 mit dem Vermerk:
"Index"
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!