„Geschichten aus dem Zirkus Kopplabunz“
E Buch vum Jhemp Hoscheit mat Biller vum Michel Demart
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
E Buch vum
Jhemp Hoscheit
mat Biller vum
Michel Demart.
Dir gleeft mer nët, wéi frou ech sin iwwert dat neit Buch. Et as Mëtt November erauskomm, huet 38, faarweg illustréiert Säiten (Quadrichromie) an erzielt op lëtzebuergesch 17 Geschichten. D’Kanner, klénger a grousser, an och där aler ewéi ech, fanne sech poufteg an enger Welt, déi een op d’Kopp ka stellen, wou alles méiglech as, wou et vu Freed a Liewe nëmmen esou wibbelt a spruddelt. Souguer d’Wierder an d’Texter gi ganz geckeg. Si sprangen a
kopplabunzen, grad sou wéi d’Afen an d’Känguruen vun denen si erzielen. ‚T as eng Welt voller Musek, voller Faarwen, voller Schwong a voller Häerzlechkeet. D’Kanner kréie Loscht um Liewe gemaach. Et gi keng Problemer gewältzt no realistescher Art, wéi dat an der neier Kannerliteratur Moud as, mä dat Béist léisst sech a Guddes verwandelen, Aggressioune gin a positif Kraaft ëmgedréit. Mä lauschtert sëlwer wéi dat geet:
Hokus Pokus
Eng Prima Ballerina mat Spëtzekleed, Balletschingelcher
a mat engem mofe Putsch an den Hor
danzt an dréint, dréint an donzt
op den Zéiwespëtzen
wéi en Dillendapp.
De béisen Zauberer Simsalabim kuckt him no
a.wéll d’Prima Ballerina mat séngem Zauberwuert
"Hokus Pokus" an eng Schlaang verwandlen:
- "Da kanns du nët méi danzen, da muss du krauchen !
Da kanns du nët méi dréinen, da muss du schläiche
wéi eng Schlaang."
D’Prima Ballerina awer pëspert séier en onert Zauberwuert:
Ho KUSS Po KUSS an dréckt dem Zauberer zwee deck Kussen
op d’Baken:
een op dee lénkse Bak
Ho KUSS
an een op dee rietse Bak
Po KUSS.
Do verwandelt sech de béisen Zauberer an e jonken Dänzer
a gët der Prima Ballerina eng Hand.
An si danzen an si dréinen zesummen,
wéi zwee Dillendäpp.
A wann se nët gestuerwe sin,
dann danzen an dréinen se
a kussen se sech nach haut.
Ho KUSS
Po KUSS
Der mierkt, de Rhythmus vun de Wierder, vun de Sätz as groussaarteg. E kënnt am beschten zur Geltung, wann der d’Geschicht de Kanner haart virliest. Natierlech kënnen d’Kanner, déi schons liesse kënnen, och sëlwer mat de Wierder spillen. Fir d’Léierpersonal as d’Buch och ganz praktesch, fir Sproochübungen draus ze maachen. Ech hun d’Buch a verschiddene Klassen an der Schoul virgelies, bis rop bei 14jähreg Schüler, an all si se gär mat mir an d’Zirkuswelt gaangen an hate grad esou vill Freed ewéi ech bei der Mamagei a beim Papagei, der Bomagei an dem Bopagei, beim Feierschlécker a beim Waassersprutzert, beim Elefant um Rutsch-
bried, bei de Kazemusécker, an haaptsächlech beim Uhu, deen e Sproochfeler huet.
Nach e Wuert zu de Biller. Si si kandgerecht, hu kloer Contouren, hu Bewegung a Schmass a Faarwe fir ze dremen… vun enger frouer Zirkuswelt.
Renée Estgen-Mertens
"Geschichten aus dem Zirkus Kopplabunz". Erausgin beim Benjamin Club asbl., Op der Lay, Dikkrech, Esch/Sauer.
Dir kënnt d’Buch an alle Librairie kafen oder bestellen. Direkt Bestellunge kënnt Dir maache beim "Benjamin Club/ GEADE asbl. BP 34, L-9201 Diekirch, duerch Postcheckiwwerweisung: 550.- Flux + 70 Flux Versand. Dir kritt d’Buch da geschéckt.
ISBN: 2-87967-015-2
CCP: 69548-96
Livres: propositions de recensions
Si l’une des publications suivantes vous intéresse et que vous voudriez en faire une recension dans forum, envoyez-nous vos nom et adresse:
forum, 3 Grand’Rue, L-1663 Luxembourg.
-
"De Stater Tram. Histoire des tramways et autobus de la ville de Luxembourg", 260 pages illustrées.
Auteurs: Jean-Paul Hoffmann, Raymond Dhur, René Clesse. -
"Les conflits verts. La dégradation de l’environnement, source de tensions majeures", Edition du GRIP, Belgique.
-
"Der Spanier in meinem Zimmer", Georges Hausemer, Op der lay.
-
"Duurchzuch", Jemp Schuster, Kabarä, Op der Lay.
-
"Patton & Co", Nico Helminger, Phi.
-
"L’anarchiste Bigot", Jean-Marie Biwer, Phi
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!