Kolibri Kolibra

E Buch vir Kanner vum CDAIC

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

D’Autore stellen hiert Buch esou fier:

"Kolibri Kolibra" as e Geschichtebuch fir Kanner vu 4 Joer un. D’Geschichte kommen aus ville Länner, Leit aus den Länner liewen a schaffe bei eis zu Lëtzebuerg. All d’Geschichten aus dësem Buch si verschidden: mir fannen aner Farwen, aner Téin, aner Biller. Awer all soë se dat selwecht: Wann een deem aner hëlleft, get alles vill méi liicht.

D’Geschichte sin op lëtzebuergesch ëmgeschriwwe gin. Et as also e lëtzebuergescht Buch mat lëtzebuergesche Wieder. "Kolibri, Kolibra" soll hëllefen, datt di auslännesch Kanner Lëtzebuergesch méi liicht ophuelen, well déi Sproch och hir Geschichte verzielt."

Dat wat hei "Geschichte" genannt gëtt, sin zum gréissten Deel Volleksmärercher. Doduerch dass an

dësem Buch Märercher aus aller Welt zesumme gedroen an iwwersat goufen, as a méngen Aen dat Wichtegst, wat e Vollek huet, dat wat et duerch Jorhonnerten erliewt, verspiert a verschafft huet, dat wat et am Déifsten vu séngem Mënschsin ergräift, hei de Kanner duergeluecht. Dat mécht, mengen ech de Wäert vun dësem Buch aus. D’Märercher sin iwregens ganz gutt iwwersat.

Wat mech ëmmer ‚rëm erstaunt, as, datt wann ee Märercher liest, déi sech a ganz anere Kulturkreser, wäit wäit vunenaner erwech entwéckelt hun, een ëmmer ‚rëm déi selwecht Problemstellungen a Léisungsvierschléi fënnt. All Kulturkrees huet séng Materialien, déi en a séngem Emfeld fënnt a benotzt.

D’Grondthemen sin op der ganzer Welt déi selwecht. Wann een also d’Iddi wëllt vermëttelen, déi den

CDAIC sech proposéiert huet, da kann ee kee bessert Mëttel fannen wéi, durch d’Volleksgutt vun de Märercher, d’Vielfalt an d’Enheet vun de Mënschen ze demonstréieren. D’Märercher hun eng Billersprooch, déi d’Kand onbewosst ophëllt, an déi fir d’Entwécklung vum Kand vu gréisster Wichtegkeet as.

"Kinder nehmen diese geheime Bedeutung noch naiv, unbwußt auf, sie wird von ihnen empfunden", seet d’Christa Meves.

"Die Bilder des Märchens dienen also unserer Orientierung. Deshalb müssen wir ein solches Bild mit unserer Phantasie umspielen, um es in unseren Innenraum zu nehmen," schreift d’Félicitas Betz.

  • Die Bilder der Märchen mit unserer Phantasie umspielen – Sou e Märchen, sou eng Geschicht ergraift d’Kand also a séngem Ennersten a soll Biller, ënner Biller bei him produzéieren. Sidd mer nët béis, wann ech elo soen, dass d’Comicbiller wéi se an dësem Buch gemoolt sin, fir mech eng onpassend Art a Weis duerstellen, fir vun engem Märchen op dat anert iwwerzëleden. Och d’Dialogen an d’Sprëchelcher, déi a sech gutt a flott an interessant sin, fannen ech am Buch onpassend als Iwwergang.

Fir e Verglach ze gin, wéi ech dat emfannen: ‚T as wéi wann ee, fir Kanner e Literaturbuch méi schmackhaft ze man, zwëschen all Kapitel e klenge Krimi géing astreën.

Verstitt mech gutt: Ech fannen dem Romain Lenertz seng "Hänkipänki"-Figur gekonnt gemoolt a liesen dem Guy Rewenig séng Texter gär, mä si splécken d’Buch an zwou Welten.

D’Buch as annoncéiert fir Kanner vu 4 Joer un. Ech hun a Klasse mat 7-9jährege Kanner d’Biller gewisen, mat der Comicfigur "Hänkipänki". An där enger Klass hun d’Kanner sech drop gëenegt, dass do eng Kou gemoolt wier, an enger anerer Klass hu se gezéckt zwësche Kou an Iesel. Comicfigure fanne kleng Kanner nët witzeg. Si versti se nët. Méng Kanner an der Schoul konnten och d’Schrëft vum Titel vum Buch nët liesen. D’Kanner brauche kloer Buchstaben, kloer Texter a Biller.

D’Iddi vun enger "Basteldanzrezeptspillerliddersammlung" fannen ech gutt a si sin eng flott Ergänzung zu de Märercher. D’Kanner kënnen déi doheem fir sech profitéieren, oder am Grupp oder der Schoulklass ausprobéieren. Bei engem Spill, engem Danz, enger Bastelaarbecht bleift d’Kand bei sech, et verdéift eppes a sech. Looss mer eis Kanner unhalen, erëm bei an zou sech ze fannen a nët nëmme vu bausse sech opdréien ze loossen.

D’Buch "Kolibri Kolibra" kënnt Der bestelle beim CDAIC (Centre de Documentation et ‚Animation Interculturelle), 10, rue Auguste Laval, L-1922 Luxembourg, Tél: 43 83 33

Renée Estgen-Mertens

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code