Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Ech weess, lamentéieren huet keen Zweck. Mä ween deen herrleche Fotosband

J.P. Fiedler, Fr. Buny, P. Rousseau, Lëtzebuerg am Zäitvergläich, Editions Schortgen, Esch-sur-Alzette, 1994, 268 S.

an de Grapp hëlt, as geschwë faszinéiert vun onser Stat wi s’eemol war: esouvill Heiser, wu d’Proportioune stëmmen, wu d’Fënsteren der Fassad e Rythmus gin, wu u Fënsterrummen a Balkonskonsollen en onbekannte Skulpteur sënge Spillereie konnt fräie Laf loossen, Heiserzeilen, di enger Strooss eng Eenheet gin hun, Beem mazzen an der Stad, wu och Foussgänger, Trammen a Veloë Plaz haten, …

An haut: véiereckeg Këschten aus Betong a Glas (beim Schwender, virun der Gare, an der Benderstrooss, um Picket – oder um Aldringen, wéi se haut soen), fantasilos Fassaden ouni Ofwiesselung (CECA-Gebei an der Philippsgaass, Hôtel Staar, Westeschgaart, Interbank um Wupp vun der Neier Avenue), e platte Kiosk amplaz vun enger verstoppter Gare (Charlisgare), Schëlter amplaz vun engem Octroisheischen (Al Bréck, Fouerplaz), eidel Stroossekräizungen mazzen an der Stad (Léiwekeller, beim Wintersdorf, op de Siwebueren), Autoë wu fréier Ve-

Voë gefuer oder Foussgänger getrëppelt sin (Stäreplaz), Gréngs un de verdreemte Fassaden (bei der aler Sophie, um Boulevard Royal, an der Aler Avenue, d’Interbank am Eecherbierg), breet Stroosen oder Parkplaze wu fréier Stroossebeem stongen (Arsenalavenue, Boulevard Roosevelt, Areler Strooss, Beggener Strooss) oder Viergärtercher woren (Al Avenue, Boulevard Royal, Stäreplaz, Hollerecher Strooss, Eecher Plaz – a nach feelt de Lampertsbierg am Buch), jhust an der Péitruss si Beem bäikomm. Mä och Gebeier, di no al ausgesin (Waassergaass, Pafendall), gin hei an hirer Kënschtlechkeet entlarvt: sou waren di Heiser fréier ni! Dat si pseudo-historesch Fassaden.

Et hellt een d’Entwécklung vun enger Stad nëp op. De Scheffe Pierre Frieden schreift, d’Stad wär "sujette à la loi du changement" an e beklot "le drame du temps. Il nous prend tout." Kann een sech esou einfach erausrieden? D’Buergermeeschtesch mengt am Virwuert, d’Fotoë wäre jo do, fir di vergaange Schéinheet z’erhalen. Geet ët duer, d’Vergaangenheet a Fotosalbumer oder a Museën anzespären? A firwat as dann d’Politik do, wa nëp fir d’Entwécklung an déi Bunnen ze leeden, di dem Mënsch séngem Wuelbefannen am beschten entspriechen?

An den Ausstellungen "La ville de Luxembourg et son passé récent", di säit enger Rëtsch Jore vun der Stater Fotothéik an de Summerméint organiséiert gin, wor de Wénkel vun de neie Fotoë ni esou präzis deeselwechte wi dee vum ale Virbild. ‚T hat nach ni e Fotograf esou prezis de Beweis geliwwert, dass d’Liewensqualitéit fréier an der Stad e gudd Stéck mi grouss war. Wann d’Buergermeeschtesch schreift, an deem Buch kënnt een och "la beauté … d’aujourd’hui" bewonneren, da froen ech mech, wuer se déi siche geet. Sécher gin ët an der Stad eng Rëtsch modern Gebeier, di eenzel geholl eng Architektur vun

héijher Qualitéit duerstellen, z.B. um Kierchbierg, um Boulevard Royal (vgl. "forum" Nr. 154/Okt. 1994), mä déi feelen hei am Buch; dat war wuel nët den Autören hir Absicht. Hei hun zwee Fotosgecken aus der Stater Fotothéik gewisen, ouni laang Texter, ouni genee Uersaachenanalys, well da géng ët mat den Entschëllegungen fir all eenzelne Fall ugoen, dass een och mat Fotoë eng héichpolitesch a kritesch Ausso ka man. Besser hätt een der UNESCO (?) hir Décisioun, Lëtzebuerg als "patrimoine mondial" ze déclaréieren, nët kënnen an d’Lächerlecht zéien. Bravo! m.p.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code