Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

De Koschter entschëllegt sech bei sënge Lieser fir dee Feeler an der "mise-en-page" vun der 1.Kolonn op der Säit 21 an der Nummer 48. Fir erausekommen huet ee missen bei der Zeil 9 ("-gelehnt…") ufänken ze liesen an di éischt 8 Zeilen un de Schluss vun der Kolonn setzen, ier ee mat där 2. Kolonn weidergefuer as.

De Buergermeeschterdag zu Munneref, de 26.Mee 1981, huet sech dëst Joer mam Thema Auslänner beschäftegt. Experten vun allmëigleche staatleche Verwaltungen hun den Häre Buergermeeschteren verzielt, wéi sie de Problem gesin. Nët invitéiert woren awer d’UNIAO oder soss wellech Gruppen, di mat Auslänner schaffen an hier Idéen hätte kënne virdroen, wéi se sech d’Zukunft zu Lëtzebuerg virstellen. Di Responsabel hun anscheinend erkannt, dass sech a puncto Auslänner e Problem bei ons stellt, mä wéi e sech stellt a wéi een e kënnt léise, schéngt se wéineg z’interesséiere, soss géife se jo kaum jhust déi Beamte schwetze loossen, di e jo grad nach nët geléist hun! – Virun 2 Joer wor ët schon ähnlech gaang um Buergermeeschterdag: Deemols gouf op Vierschlag vun der ALCB iwert de Kaméidi diskutéiert an iwert dem Buergermeeschter säng Rechter dergéint virzegon. Mä d’ALCB wor nët invitéiert gin, a wu se trotzdem d’Wuert ergraff huet, goufen hier Vertrieder als Extremiste vernannt.

Ee Liichtbléck gouf ët trotz allem dëst Joer: Den éischte Conseiller vum Innenminister, den Här Jean Thill, huet virgeschloen an de Gemengen Auslännerkommissiounen ze grënden an déi och vun den Auslänner direkt wielen ze loossen. Dat sollt eng éischt Etapp zum kommunale Wahlrecht sin, dat se géif mat alle Lëtzebuerger gläichstellen (vgl. Nr 47). Dat kann een als Iwergangsléisung akzeptéieren, wann ët nët dobei bleift. m.p.

Wéinst engem Eisebunnerstreik an Italien konnt de Koschter leider nët un der 20. a leschter Vollversammlung vun der Synod deelhuelen, sou dass en sënge Lieser och kee Kommentar ka liweren. Allzeschlëmm dierft dat jo wuel nët sin. Op d’Thema komme mer secher mol nach zréck (Geschlechtlechkeet, Lëift, Bestiednis). A wat d’Synod u sech ubelaangt as och op der leschter Sëtzung näischt neits geschitt: en Text, dee nët iwel mä komplizéiert as, gouf mat grousser Majoritéit ugeholl, mä d’Vollék dierft kaum vill dervun ze héiere kréien, well d’kathoulesch Press boykottéiert d’Synod bekanntlech säit Joeren, de Priedegtstull as säit laangem am gaang ze versoen, besonnesch fir déi di ët als éischt ugeet, a nei chrëschtlech Gemeinschaften, di als Beispill kënnte gëllen, huet d’Synod oofgeleent (Kommissioun 4). Och op dee neie Pastoralrot däerf een dofir nët allzevill hoffen, obschon grad di konservativst Kandidaten, besonnesch beim Klerus, kloer ofgewielt goufen. De Koschter waart of.a mecht säng Aarbecht op dëser Plaatz vierun. m.p.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code