„Jean-Claude Juncker philosophierte über die ,Spaßgesellschaft‘. Xavier Bettel verkörpert sie.“
Robert Goebbels im Luxemburger Wort vom 18./19. Dezember 2021
*
„Wéi déi éischt Demonstratioune waren a se bëssen ausgeaart sinn, hu mir Pirate jo dem Minister [Henri Kox] an der Regierung nach de Réck gestäipt an der Chamber a gesot, dat dote konnt ee villäicht net esou virausgesinn, si waren iwwerrascht. Elo si mir zwee Méint dono a si sinn nach ëmmer iwwerrascht.“
De Piraten-Deputéierte Marc Goergen fuerdert d’Ernennung vun engem neie Policeminister am Kontext vun den Demonstratioune géint d’Corona-Mesuren an der Staat op Radio 100,7 den 12. Januar 2021
*
„Dat doten ass jo net den éischten Dossier, wou den Här Kox an de Sand setzt, bei der Police. […] Dir hutt net genuch Sendezäit, wann ech elo ufänken, Iech alleguerten d’Dossieren opzezielen.“
De Marc Goergen am selwechten Interview
*
„Et muss een eng Kéier soen: Dir sidd doudgeféierlech, dir sidd […] fir iwwerhaapt näischt do, dir maacht dat Land futti. Dir stitt fir näischt, dir sidd nidderträchteg Knaschtsäck – deet mir leed dat ze soen, si kënnen och lo ech weess net wat domat maachen.“
Den Tageblatt-Chefredakter Diraj Sabharwal iwwert verschidde Memberen vun der ADR am RTL-Presseclub den 9. Januar 2022
*
„Dir wësst, dass d’ADR sech nach ëmmer agesat huet fir d’Fräiheet vun der Press – vill méi an och vill méi däitlech, wéi all déi aner Parteien.“
D‘Sylvie Mischel, Presidentin vun den ADR-Fraen a Member vum Exekutiv-Comité vun der Oppositiounspartei, de 17. Januar 2022 op RTL Radio iwwert d’Plainte vun hire Parteikolleegen géint den Tageblatt-Chefredakter Diraj Sabharwal
*
„Bei deenen Diskussiounen an der Chamber, wann et em Fakenews geet an em Hatespeech geet, si mir [d’ADR] amfong geholl déi, déi ëmmer probéieren do ze stoppen […], well déi Zensur, déi schwappt jo herno iwwer – maache mir eis näischt fir – vun deene soziale Medien an déi geschriwwen a geschwate Press.“
D‘Sylvie Mischel am selwechten Interview
*
„Komesch, wann een eng Fro iwwert d‘lëtzebuerger Sprooch an der Chamber stellt a ‚schnell‘ an ‚oft‘ seet….. wat seet dat eis?“
D’Buergermeeschtesch vu Suessem, d’Simone Asselborn-Bintz (LSAP), den 18. Januar 2022 op Twitter
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
