Schnatt

Frisch gedruckt

vum Guy Rewenig, Lëtzebuerg, éditions guy binsfeld, 2022, 341 S., 22 €.

All Joer e Buch vum Rewenig fir d’Walfer Bicherdeeg? Ëmmer nees dem rewi seng absurd Geschichten? Neen, dës Kéier ass alles anescht. Dës Kéier steet „Roman“ hannert dem Titel a net „Kuerzgeschichten“. Jee no Kapitel liese mer, wat fir eng Gedanken de Leo Schummer, fréiere Bréifdréier, sech mécht oder wat säi Fiss Nikla sou denkt. Wann an de Kuerzgeschichten eng alldeeglech Situatioun dack an dat Groteskt ofdrift, da bleiwen am Roman déi zwee Protagoniste mat béide Féiss um Buedem. Jo, de Leo gesäit seng Liewensaufgab grad dodran, derfir ze suergen, dass alles seng Uerdnung huet, keen aus der Roll fält. Als Bréifdréier huet de Leo jo eng Uniform, an dem Nikla muss d’Mamm schonn a jonke Joren eng bitze, fir mam Papp op Tournée ze goen. Esou eng Uniform steet fir Uerdnung, fir Respekt, fir net ze soen: fir Autoritéit. An déi deet de Leo och nach an der Pensioun un. Ëmmer méi dack, well et net anescht geet, wéi e seet. Well Onuerdnung gëtt et genuch zu Tilt, dat ee liicht als Esch erkennt. Sief et an der Post, wou sech ëmmer méi lügüber Gestalte ronderëm dreiwen. Oder an der Rue de la Fonderie, wou kee sech um d’Vitesselimitt hält. Oder am Kleederbuttek, wou d’Vendeusë matenee schnëssen amplaz d’Clienten ze zerwéieren. Oder Freidesowes no zéng, wou ee muss fäerten, duerch de Park oder iwwert de Kierfecht ze trëppelen. Oder well d’Leit hir Bréif­këscht verraschte loossen. Oder well déi auslännesch Noperen net emol Moie soen an d’Hausdier net zoukréien. Merci seet souwisou kee méi… Mä an der Reegel gëtt just eng Fauscht an der Täsch gemaach, ausser wann ee falsch parkt: deem säin Auto kritt eng Zickzacksträif opgesprayt.

Och de Nikla gëtt net ëmmer eens mat der neier Welt, och wann en am Ufank ëmmer nees de Kapp iwwert säi Papp muss rëselen. Dass dee seng Relatioune spille gelooss hätt, fir him eng Plaz beim Stat ze verschafen, wollt en op kee Fall. Siwwenzéng Joer laang huet en Duschkabinne verkaf, bis de Sanitaire Bertani faillite gemaach huet. A vum Nathalie gouf en och op d’Schëff geschéckt. Géint d’Dauschen an den Oueren hëlleft eng Kuer am Elsass näischt, an d’Dünen an Holland sinn och net méi sou propper, wéi se mol waren. An der Musek, wou säi Papp op d’déck Tromm geschloen huet, ass et dem Leo ze blöd, fir sech un d’Nouten ze halen an op der Klarinett e Solo ze blosen. Ëmmerhi gewënnt en de Krich fir sengem Papp en Zëmmer am Fleegeheem ze verschafen. A bei ImmoSplendid verlount e Wunnenge mat sou groussem Erfolleg, andeems en déi laang Rëtsch vu potenzielle Locatairen op seng Manéier séier gekierzt kritt, dass ImmoSplendid him eng Plaz ubitt.

D’Buch geet ouni Héichpunkt op en Enn: kee spektakuläert Attentat fir deem Tilter Schlamassel en Enn ze setzen. Schnatt: Dann ass de Film eriwwer. Ech hunn nach keng politologesch oder soziologesch Etüd gelies, déi besser beschreift, wéi ADR-Wieler ticken. Dobäi heescht et just niewelaanscht, et géifen ëmmer manner Lëtzebuerger zu Tilt wunnen. Et ass dee klengen Ierger am Alldag, dass et net méi sou ass wéi fréier, deen d’Leit an d’Hänn vun autoritäre Regimmer dreift. Am Buch gëtt net eng Partei ernimmt oder Allusioun op déi politesch Verhältnisser gemaach, an dach huet de Guy Rewenig en duerch an duerch politescht Buch geschriwwen. Villäicht gouf et dofir nach keng Rezensioun vu Schnatt an der kommerzieller Press.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code