Reflexioun iwwert de „synodale Prozess”

Ureegunge fir e neie Modell vu chrëschtlecher Gemeinschaft a fir éischt Schrëtt an der Äerzdiözees Lëtzebuerg

An all den Entwécklungen a Verännerungen an der Geschicht ass d’Bezéiung vun de Mënschen zum Transzendenten, zu Gott, anescht, méi villfälteg an optional ginn. D’Idealer vu Fräiheet, Gläichberechtegung a Participatioun hunn besonnesch an der Neizäit eng méi grouss Bedeitung kritt. Och ass de Mënsch duerch déi eenzel Liberaliséierungswellen an d’Globaliséierung villfälteg ënner Drock geroden. 

Op déi Erausfuerderungen huet d’Kierch defensiv a net couragéiert genuch geäntwert, an huet doduerch fir vill hir Bedeitung verluer. Si huet sech domadder selwer an eng Kris bruecht an ass matresponsabel un enger Glawens- a Gotteskris ginn. D’kathoulesch Kierch zu Lëtzebuerg a weltwäit steet domadder virun engem néidegen Erneierungs- an Transformatiounsprozess. Sou e Prozess kann nëmme gelénge, wa si resolut a couragéiert zeréck geet op hir Wuerzelen an hiren Ursprong: Jesus Christus.

© canva

1. Plädoyer fir villfälteg chrëschtlech Gemeinschaften

1.1. Vill divers Gemeinschaften

Mir denken, datt en Zeréck zu den Urchrëschten an hiren klengen Gemeinschaften fundamental ass (Walter Kasper). D’Mënsche solle d’Erfarung maachen, datt se sech an de chrëschtleche Gemeinschafte fräi fillen an hiert Mënsch- a Chrëschtsinn an ënnerschiddleche Forme liewe kënnen. Et soll eng Atmosphär vun Offenheet a Freed bestoen. E Geescht vun Authentizitéit an de Wonsch, deen aneren ze verstoe, soll e permanent Uleies sinn.

All dat bedéngt e Prozess vu spirituellem an etheschem Sichen, en Experimentéiere vu neie Forme vu Feieren, vun theologeschem Reflektéieren, vun Iwwersetze vum Evangelium an eis Zäit, a vu gesellschaftlechem a politeschem Engagement fir déi ënnerdréckt, benodeelegt Mënschen, géint de sozialen Desequiliber a fir eis Äerd.

Mir gesinn eng Kierch, déi aus Gemeinschafte vun ënnerschiddleche Charakteren, Strukturen, kulturellen a spirituellen Ausriichtunge besteet. Hir Membere sichen hire Wee, ënnerstëtzen sech géigesäiteg fir an der Nofolleg vu Jesus an aus dem Glawen un d’Léift ze liewen an dobäi e perséinleche Liewensstil als eng eegestänneg veräntwert Optioun ze entwéckelen. Mir plädéiere fir Gemeinschaften, déi sech vernetze, fir sech géigesäiteg ze ënnerstëtzen a gemeinsam Froen an Erausfuerderungen inhaltlecher, organisatorescher a politescher Natur ze beschwätzen an ze entscheeden. Déi Kierch soll an Iwwereestëmmung mat hirer eegener Sozialléier, radikal nom Subsidiaritéitsprinzip[1] organiséiert sinn: vun ënnen no uewen.

1.2. Organisatioun a Strukturen

Di eenzel chrëschtlech Gemeinschafte siche sech Begleeder – gläichberechtegt Fraen a Männer –, Animateuren oder Experte fir se op hirem Wee vu Glawen, Hoffnung a Léift ze ënnerstëtzen.

D’équipe de pilotage vun dëse Gemeinschafte gëtt vun der jeeweileger Gemeinschaft gewielt a mam Averständnis vum Bëschof ernannt. D’Gemeinschafte suergen derfir, datt jiddereen, deen eng Aufgab, Missioun, Responsabilitéit iwwerhëlt, d’Moyenen an d’Hëllef kritt, déi fir d’Ausübung gebraucht ginn: eng modern Formatioun, Begleedung, a materiell Ressourcen. Eng équipe de gestion, déi no lëtzebuergeschem Recht fonctionéiert, suergt sech ëm déi materiell Organisatioun vun der Gemeinschaft.

1.3. Vernetzung

All d’Leedungsfonktiounen an der Kierch stinn am Déngscht vun deene klénge Gruppen, fir datt si hiert eegent Liewe kënnen entfalen. Si suerge fir d’Eenheet an d’Villfalt vum Netzwierk a garantéieren, datt déi verschidde Gruppen sech als komplementär verstinn. Si ënnerstëtzen d’Erliewen a Féiere vun deem Gemeinsamen.

D’Koordinatiounsinstanzen (Diözeesanleedung) an d’Réit resp. d’Décisiounsgremië stinn am Déngscht vun de vernetzte Gemeinschaften an dirigéieren net einfach vun uewen erof. Si decidéieren nom Subsidiaritéitsprinzip iwwer déi grouss Ausriichtungen an déi konkret gemeinsam Projete vun de Gemeinschaften aus der Diözees.

Pastoral Programmer an Entscheedunge betreffend d’Lëtzebuerger Kierch ginn also participativ”beroden an entscheet. Déi Gremien, déi aus gewielte Membere vun de Gemeinschafte bestinn, sinn un den Decisioune bedeelegt. Hire Rot muss gehéiert ginn a kann net iwwergaange ginn.

Bei der Sich an der Propositioun vun engem neien Bëschof sollen esou vill Leit wéi méiglech aus de Gemeinschafte bedeelegt sinn.

An der Kierch huet d’Monopoliséierung vun der Muecht en Enn. Et besteet op alle Niveauen eng kloer Gewaltentrennung. Domadder menge mir net einfach d’Opdeelung vun Aufgaben, d’Asetze vu Réit oder d’Froe vun Avisen. Grondsätzlech spillt hei och de Prinzip vun der Subsidiaritéit. Eng fundamental Ënnerscheedung vun dem Legislativen (z. B. Synodalréit), dem Judikativen an dem Exekutiven ass noutwenneg.

Och déi administrativ a pastoral Organisme fonctionéieren esou, datt et kloer an transparent Reegelunge fir d’Astelle vu Personal gëtt an datt eng beispillhaft participativ Leedung duerch Fraen a Männer geséchert ass. De Bëschof an d’Responsabel vun deenen Organisme mussen hir Aarbecht virun den diözeesane Gremie veräntwerten.

Hëllef an Ënnerstëtzung vun de klenge Gruppen duerch déi diözeesan Gemeinschaft gëtt net ofhängeg gemaach vu Konformitéit” (Trei, Rechtgläubigkeet…), mä vum Geescht, innovativ mat der Erausfuerderung ëmzegoen, de Glawen an der haiteger Gesellschaft liewen ze kënnen.

2. Zum synodale Prozess an der kathoulescher Kierch

Mir sinn der Meenung, datt d’Weltkierch an hir Leedungsgremien och nom Prinzip vun der Subsidiaritéit an der Transparenz funktionéiere sollen. Synodalitéit däerf kee Moyen ginn, fir e Schäi vu Participatioun ze affichéieren. Si soll e permanente Stil vun der Kierch sinn. Natierlech wäerten do ënnerschiddlech Interessen a Visiounen openee stoussen, wéi et jo schonns am Galaterbréif (2, 2-11) beschriwwe gëtt. D’Zukunft vun der Kierch ass ze wichteg, fir datt se nëmme vun uewen erof gefouert gëtt.

Mir sinn der fester Iwwerzeegung, datt d’Léiere vun dialogesche, subsidiareschen a participative Strukturen an der Kierch dozou bäidréit, datt d’Gemeinschaften sech mat neiem spirituellem Elan fir d’Heel, d’Fräiheet, d’Solidaritéit an d’Gerechtegkeet an der Welt asetzen.

3. De synodale Wee zu Lëtzebuerg
3.1. Virbemierkung

Mir fannen, datt dat responsabelt Team vum synodale Prozess zu Lëtzebuerg e schéinen Effort gemaach huet, fir dee Prozess an eiser Diözees ze geréieren, fir all d’Dokumenter, déi am Kader vum synodale Prozess erakomm sinn, ze publizéieren an en Dokument fir Roum auszeschaffen.

Mir waren awer enttäuscht, datt et net méiglech war, d’Zesummefaassung nach eng Kéier ze diskutéieren an eventuell op Grond vun engem Vott, verschidden Elementer ervirzesträichen.

Mir si verwonnert, datt d’Kierch vu Lëtzebuerg et net fäerdeg bruecht huet, fir de Pastoral- a Priesterrot an déi Leit, déi sch an der éischter Phas un dem synodale Prozess bedeelegt hunn, anzeluede, fir d’Aarbechtsdokument fir déi kontinental Phas(publizéiertam Vatikan, den 24. Oktober 2022) ze diskutéieren. De Lëtzebuerger Kommentar ass vun „engem interne Grupp” ausgeschafft a vum conseil épiscopal, de 27. Januar 2023, approuvéiert ginn. Ass dat de synodale Wee, dee mer zu Lëtzebuerg wëlle goen?

Et ass fir eis och net novollzéibar, datt sougenannten „international Influencer” als Membere vun der Lëtzebuerger Delegatioun online un der kontinentaler Versammlung vu Prag (5. bis 9. Februar 2023) konnten deelhuelen. Esou e Verfaren ass a muencher Hisiicht bedenklech. Ass dat d’Manéier, wéi Mënschen aus der Diözees zur Participatioun solle motivéiert ginn?

3.2. Éischt Schrëtt an d’Zukunft vun der Lëtzebuerger Äerzdiözees

Mir denken, datt et à court an à moyen terme néideg ass, u folgenden Aspekter ze schaffen.

  • Insgesamt brauch d’Lëtzebuerger Kierch en neien Elan. Heifir brauch si en Zukunftsplang an dem Transformatiounsprozess entspriechend participativ Leedungsstrukturen.
  • Et ass néideg, eng Gespréichs- a Sträitkultur (Galater 2, 1-11) ze etabléieren, an eng transparent, professionell a participativ Leedung vun de Bistumsadministratiounen z’assuréieren.
  • D’Pastoralréit solle vun de Katholiken gewielt ginn. Si sollen net nëmme beroden, mee och matbestëmmen.
  • Op ville Punkte solle Konzepter an Zukunftsprojeten ausprobéiert ginn, déi hëllefen, en Zukunftsplang an e subsidiarescht Leedungskonzept fir d’Diözees z’entwéckelen.
  • Insgesamt ass e modernt Konzept vu Bildungsaarbecht, dat dialogesch an erfarungsbaséiert ass, néideg.
  • D’Kierch vu Lëtzebuerg brauch e Pastoralinstitut, dat am Déngscht vun der Diözees steet a souwuel d’Experimentalphasen, d’Pilotprojete vun offener, dialogaler „Pastoral“ wéi och den Transformatiounsprozess vun der Diözees wëssenschaftlech begleet.
  • Et sollt en innovatiivt Konzept vu Jugendaarbecht mat Hëllef vun Experten a Jugendlechen entwéckelt ginn.
  • D’Bistumsleedung soll all Joer e Rechenschaftsbericht virleeën, dee vun de gewielte Gremien seng Décharge kritt. Dëse Bericht ëmfaasst déi eenzel Ressorte wéi d’Pastoral, d’Formatioun, d’Finanzen, d’Kommunikatioun asw. vun der Diözees.
  • D’Funktioun vum aktuellen Bëschofsrot” soll am Kader vun enger Gesamtorganisatioun vun der Diözees nei iwwerduecht ginn, sech aus de Ressortcheffen zesummesetzen an zesummen Entscheedungen treffen.

Mir erwaarden, datt d’Lëtzebuerger Kierch sech am Vatikan wéi och am weidere synodale Prozess aktiv, konstruktiv a kritesch mat hiren Erwaardungen a Froen abréngt. Mir hoffen op eng Atmosphär vun Dialog, och wann et mol schwiereg ass.

E Grupp vu fréieren Aumônieren an Animateurs spirituels vun de Lëtzebuerger Guiden a Scouten


[1] Déi klassesch Definitioun fënnt sech an der Enzyklika Quadragesimo anno vun 1931: Wie das, was von einzelnen Menschen auf eigene Initiative und in eigener Tätigkeit vollbracht werden kann, diesen nicht entrissen und der Gemeinschaft übertragen werden darf – so ist es ein Unrecht und zugleich ein schwerer Schaden und eine Störung derrechten Ordnung, das auf eine größere und höhere Gemeinschaft zu übertragen, was von kleineren und untergeordneten Gemeinschaften erreicht und geleistet werden kann. Denn jede Gesellschaftstätigkeit ist ja ihrem Wesen und ihrer Natur nach subsidiär – sie soll die Glieder des Sozialkörpers unterstützen, darf sie aber niemals zerstören oder aufsaugen“ (QA 79). De Poopst Pius XII (20.2.1946) seet an engem Kommentar zu dësem Text, datt d’Subsidiaritéitsprinzip och fir d’Kierch gëllt: „Wahrhaft lichtvolle Worte! Sie gelten für alle Stufen des gesellschaftlichen Lebens. Sie gelten auch für die Kirche, unbeschadet ihrer hierarchischen Struktur.“


Auteur*innen: Henri Hamus, Michèle Hilger, Fernand Huberty, Marc Hubert, Martin Molitor, Théo Péporté, Jean-Marie Weber

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code