- Musik
„Ab engem gewësse Momentgëtt et keng Grenzen“
Am Gespréich mam Pascal Schumacher
Tëschent engem Concert a Japan an engem an der Philharmonie treffe mir de Pascal Schumacher a sengem Studio: e Raum voller Instrumenter, Erënnerungen a Meilesteen vun enger internationaler Karriär. Mat eis deelt hien Impressioune vu sengen Ufäng, sengem Wee als Museker, Komponist a Proff a Gedanken zu der Monetariséierung vu Musek op digitale Plattformen.
Stellt Iech wgl. kuerz vir. Wéi géift Dir Är musikalesch Biografie zeechnen?
Ech si Vibraphonist. Ech hunn ugefaangen an der Harmonie an an der Museksschoul zu Schëtter. Duerno war ech am Stater Conservatoire. Parallel dozou war ech dann am Lycée op der Musekssektioun (F) am Kolléisch. A vun do aus ass da mäi Wee op Stroossbuerg gaangen, wou ech klassesch Perkussioun a Vibraphon beim Emmanuel Séjourné studéiert hunn an och parallel op der Uni Musikologie. An där Zäit hunn ech mech ëmmer méi fir den Jazz interesséiert an hunn dunn decidéiert, op Bréissel ze plënneren an do am Conservatoire Royal Jazz-Vibraphon ze studéieren. Duerno sinn ech nach op Den Haag gaangen, wou ech mäi Master of Music gemaach hunn.
Parallel hunn ech och scho relativ jonk Coursë gehalen am Stater Conservatoire. Dat huet mer erlaabt, e bësse Suen ze verdéngen an Instrumenter, en Auto, Computer an alles, wat ee brauch, fir seng Musekskarriär ze lancéieren, kënnen ze finanzéieren. An dëse Bréisseler Joren hunn ech mat Jazzgruppen ugefaangen, mech ëmmer méi op de Bünen ze weisen a Concerten ze spillen. An dat ass e Momentum gewiescht, wou ech relativ schnell international vill Opportunitéite kritt hunn. Ech hat och e coolt Quartett, mat deem ech wärend 15 Joer duerch d’Welt gereest sinn.
Eng Zäit, déi fir mech, mengen ech, op d’mannst genau sou wichteg war wéi déi Joren an de Conservatoiren an an de Musekshéischschoulen, well ech do op der Bün geléiert hunn, wat de richtege Metier ass. Dat ass eppes aneres wéi dat, wat een an engem Examen oder an enger Auditioun erlieft. All Dag iergendwou spillen, heiansdo ënnert deenen onméiglechste Konditiounen. Dat waren am Fong déi richteg Léierjoren.
Äert Instrument ass keent, wat een all Dag gesäit oder villen ee Begrëff ass, wéi hutt Dir Iech fir dat Instrument decidéiert?
Grouss gi sinn ech mat der Perkussioun. Dat ass en Ensembel vun all den Instrumenter, wou ee mat engem Bengel drop schléit: Dat geet vu Pauken iwwer Batterie, kleng Tromm, awer och Triangel bis hin zu de melodesche Perkussiounsinstrumenter wéi de Xylophon, de Marimba an eben och de Vibraphon. Quasi all Perkussionist huet iergendwann eng Affinitéit, déi méi staark ass fir een Instrument: Deen een ass dann herno Pauker am Symphonie-Orchester, deen aneren Drummer an enger Rockband. Ech hu mech éischter um Vibraphon wuel gefillt a si Vibraphonist an engem Jazz-Ensembel ginn.
Meng Relatioun zu deem Instrument kann een als Hassliebe beschreiwen. Zum enge bass de natierlech total ewech vun deem Sound, dee Klang, deen dat Instrument huet, wann et ënnert deene richtege Konditioune ka gespillt ginn. Gläichzäiteg ginn et awer och Restriktiounen a Limitatiounen, wéi z. B. mechanesch Problemer, déi kënne beim Transport vum Instrument entstoen, oder wann iergendwou eng Schrauf labber ass an ee se net festgezunn huet virum Concert. Dat ass en endlose Chantier u Problemer, deen een natierlech och léiert ze händelen.
Déi schéinst Momenter mam Vibraphon sinn déi, wann ech zwou Wochen an d’Vakanz war an ech hunn net gespillt. Et war kee Vibraphon wäit a breet an da kommen ech heem an ech huelen d’Bengelen a fänken u mat spillen. Dann ass erëm déi éischt Léift zréck.
Dir sidd Museker a Komponist, wéi géift Dir Är Musek beschreiwen? Oder fält et Iech net liicht, do Wierder drop ze setzen?
Et ass fir mech onméiglech, se ze beschreiwen, well ech a ganz ville Genren ënnerwee sinn a mech als Grenzgänger gesinn. Ech pendelen zwëscht Projeten, déi improviséiert, méi klassesch oder komplett am Jazz verankert sinn.
Als Komponist kréien ech nach eng Kéier eng aner Perspektiv op d’Musek. Do maachen ech dann zum Deel ganz verréckt Saachen, wou et an de Multimedia geet a wou ech Musek mat aneren Elementer verbannen. Dat Schéint un eiser Zäit ass: Et ass alles erlaabt. Ab engem gewësse Moment gëtt et keng Grenzen. Ech mengen, dat ass an der Musek méi wéi iergendwou de Fall, dass ee sech an déi verschidden Tiräng kann zerwéiere goen. An dat maachen ech dann och. Natierlech ass och d’Gefor do, dass ee sech verrennt. Ganz oft ass et wichteg, um Ufank eng Limitt ze setzen.
Wat de Genre ugeet, ass meng Musek eng Mëschung aus ganz ville Saachen. Als Perkussionist sinn ech immens beaflosst vun den amerikanesche Minimalisten: de Steve Reich, den Terry Riley oder de Philip Glas. De Philip Glas ass och ee Mann, dee souwisou an alle Beräicher ënnerwee war, wat ech natierlech héich inspiréierend fannen. Zum enge sinn et déi an zum anere sinn et natierlech och meng Jazz Heroes, wéi de Miles Davis, deen och an all méigleche Genren an de Véierzegerjoren am Bebop mam Charlie Parker ugefaangen an zum Schluss elektreschen Jazz gemaach huet, deen avantgardistesch ouni Enn war. Hien huet esou vill Revolutiounen ugestiwwelt. Dat sinn einfach Leit, déi keng Grenze gesinn a déi sech alles getraut hunn.
Ab wéini ass Kompositioun bei Iech mat dobäi komm?
D’Komponéiere war ëmmer u menger Säit. Ech erënnere mech un e Stéck, wat ech als Kand geschriwwen hu fir meng Schwëster a mech, wou mer doheem mat Mini-Klackespill an engem klenge Casio-Synthesizer gespillt hunn. Och hunn ech mech nuechtelaang mat enger Software amuséiert, fir Stécker ze produzéieren, déi Cakewalk geheescht huet.
Et gëtt verschidde Methode fir ze komponéieren an eng ass ganz no bei der Improvisatioun. An de Perkussiounsinstrumenter huet ee relativ schnell Liichtegkeet, Saachen ze spillen, déi net schonn op engem Ziedel fixéiert sinn. Et spillt een d’Saachen, wéi se engem aus dem Bauch kommen, aus dem Kapp oder aus dem Häerz. An dann ass de Schrëtt net wait, fir op eemol eppes an der Improvisatioun ze fannen, wou ee seet: Komm mer maachen eppes doraus.
Et kann een och e Stéck komponéieren, ouni et ze notéieren, wat bei mir zum Beispill ganz vill passéiert a menge Soloprojeten, wou ech mir keng Partitioun schreiwen. D’Stéck bleift doduerch lieweg an et entwéckelt sech vu Concert zu Concert weider.
Wéi war Äre Wee bis bei den éischten Album?
Mäin éischten Album ass an de Bréisseler Joren entstanen, wou ech eng Band hat mat dräi belsche Museker. Fir iwwerhaapt mol unzekommen, hu mir eng Demo opgeholl. Dës Opnam huet zwou Saache gedéngt: Zum engen hu mer se gravéiert an duerch d’Géigend geschéckt, fir probéiere Concerten u Land ze zéien. A mir hu se och un zwou oder dräi belsch Plackefirmae geschéckt, fir eventuell bei hinnen en Deal ze kréien. Bei enger vun deenen huet dat geklappt, Iglu Records, e Bréisseler Label, deen et haut nach ëmmer gëtt, wou och eng Partie Lëtzebuerger entre-temps sinn. Déi Museker, mat deenen ech deen éischten Album Change of the Moon opgeholl hunn, waren alleguerten zwee, dräi Joer méi al wéi ech. Déi hate schonn CDë gemaach an e bësse Fouss gefaasst an deem Circuit an der Belsch, dat war net schlecht.
Dat ass fir mech oder fir vill vun eise Lëtzebuerger Museker flott, well du spills eng Kéier zu Berlin, eng Kéier zu Paräis, da mol zu Bréissel oder Amsterdam, mä gläichzäiteg baus de net esou wierklech an engem Land eppes op.
De Lien mat Lëtzebuerg war dee Moment net terribel do. Ech hat a menger Generatioun keng direkt Virbiller, un deenen ech mech hätt kënnen orientéieren. Déi Zäit war Lëtzebuerg nach net esou opgestallt fir de Museker de Support ze ginn ewéi haut, wou et jo Kultur | lx gëtt. Mir waren awer och zu manner – ech war an enger Zwëschegeneratioun vun Jazzmusiker. Virun eis gouf et den Ernie Hammes, de Jitz Jeitz an de Gast Waltzing, virdru waren et der nach manner, vläicht den David Laborier, de Greg Lamy, déi awer nach an Amerika waren, well se do studéiert hunn. An Europa war dann d’Generatioun vu mir, mam Marc Demuth, déi déi éischt war, déi dat Ganzt iergendwéi un d’Rulle bruecht huet. Duerno ass an der Lëtzebuerger Jazz-Landschaft eng Lawin entstane vu jonken, super ausgebilten Talenter, déi elo alleguerten aktiv sinn.
Wéi wichteg ass haut déi Internationalitéit vun deem Reseau fir Iech?
Ouni Internationalitéit spills de dräi Concerten am Joer, vläicht véier. Lëtzebuerg ass eng kleng Spillwiss. Wann ech en Album erausbréngen, maachen ech ee Release Concert an da vläicht nach een, an da muss ech erëm sechs Méint waarden. An der Belsch huet een awer op d’mannst scho mol fënnef, sechs Stied an den Däitschen, dee kann op Däitschlandtour goen.
Dat heescht, mir mussen direkt dobausse sinn: Wat op eng Manéier schéin ass, well ee wierklech vill aner Saache matkritt an a verschidde Länner eraschnoffelt. Dat ass fir mech oder fir vill vun eise Lëtzebuerger Museker flott, well du spills eng Kéier zu Berlin, eng Kéier zu Paräis, da mol zu Bréissel oder Amsterdam, mä gläichzäiteg baus de net esou wierklech an engem Land eppes op. Et ass awer och net anescht méiglech, well een den Opportunitéiten nogeet an de Kontakter, déi een huet. Et huet een halt iwwerall e bësse Kontakter, mee net esou vill wéi de franséische Kolleeg op sengem Territoire.
An et ass een ëmmer en Auslänner. Et ass een am internationale Pot, wat grad, wann ee jonk ass, schwéier ass. Et kämpft ee géint Amerikaner un, déi vill méi berüümt sinn a vill méi Publikum zéien. Mä mir sinn iwwerall e bëssen an, ech mengen, dat ass de Lëtzebuerger Wee.
Wéi eng Roll spille Streaming-Plattformen?
Streaming-Plattforme sinn zum engen eng grouss Plo an zum aneren e Seegen. Mer mussen de Marché immens reegelméisseg beriselen. Virdru konnt een all zwee Joer en Album maachen an dat ass eigentlech scho vill Aarbecht gewiescht, mä dat ass op eng gewëss Manéier duergaang. Hautdesdaags, wann s du den Algorithmen nëmmen all zwee Joer vun dir aacht nei Tracks proposéiers, da vergiessen se dech esou schnell, dass de am Fong komplett ënnergees an dass de och néierens méi eragespullt gëss. Firwat muss de eragespullt ginn? Fir Streamingzuelen ze erreechen, fir eng gewësse Presenz ze hunn, fir och vläicht Veranstalter kënnen ze iwwerzeegen, dech ze buchen. Fir si sinn déi Zuelen eng Manéier, fir ze moossen, ob s de valabel bass. Et gëtt leider ëmmer méi Veranstalter, déi net esou vill Anung vu Musek hunn, déi éischter op esou Saachen oppassen oder op deng Social-Media-Presenz, fir ze decidéieren, ob s du interessant bass fir hire Festival, ob s du wäerts déi Tickete verkafen, déi musse verkaf ginn. Dat heescht, mir profitéiere just dovunner, wa mer wëssen, dass eis Musek iwwerall op der Welt theoreetesch available ass.
Ech kréien awer och Ufroe fir Synchroen iwwert dee Wee, well d’Leit e Stéck vu mer iergendwou fonnt hunn. Ech hunn am Moment d’Chance, dass ech mat enger Partie Danzleit, déi ech ni am Liewe begéint hunn, Projeten hunn, well se meng Musek benotzen, déi se aus iergendengem Grond op enger Streamingplattform fonnt hunn. Do verdéngs de dann och mol Sue fir Saachen, déi existéieren. Dat ass dann immens valoriséierend.

Gläichzäiteg ass et eng permanent Course géint den neien Algorithmus. An déi affektéiert all Mënsch, souguer déi ganz grouss klassesch Pianisten aus der Branche. Déi huelen och elo kleng zwou Minutte Stécker op, déi op enger Playlist Calm Piano Music for Saturday Night eng Plaz fannen a Streamingzuelen erreechen. Dat ass natierlech och en Drock, dee vun de Plackefirmen elo ëmmer méi kënnt: Well si net méi esou vill Tonträger verkafen, misse si dat via Revenu vun de Streamings e bëssen opfänken. Do hues de dann e Stéck an enger Playlist, wou kee Mënsch méi weess, dass dat elo de Pascal Schumacher ass, deen do spillt, well dat leeft just am Hannergrond. Mä et ass d’Mass, déi et mécht.
Dat ass e System, an deem mer am Moment sinn. D’Plackefirmae sinn ëmmer manner um Live-Geschäft interesséiert oder um Developpement vum Artist, wéi dat fréier war, bei mengen éischte Kontrakten. Se sinn elo ganz staark am Digitalen ënnerwee. Se investéieren och do déi meeschte Ressourcen: Fir dech do esou ze pitchen, dass de hoffentlech an eng anonym Playlist rakënns, déi awer herno erëm dat Ganzt hëlleft ze finanzéieren. Mol kucken, wéi dat sech weiderentwéckelt.
Wat ännert sech bei Ärer Musek oder bei Iech, wann Är Musek op ee Live-Publikum trëfft?
Et ass dee Moment, wou meng Musek Sënn mécht, wou se Resonanz huet, wou ech spieren, wat wierklech passéiert. Et ass dee Moment, wous de kanns weisen, dass mer eppes maachen, wat vun Hand gemaach ass, grad an eisem Zäitalter vun artificieller Intelligenz. An dat Handgemaachtend, dat huet awer ëmmer nach eppes Spezielles. Dat spiert ee ganz kloer am Concert – vläicht hautdesdaags méi wéi jee – well d’Leit sech do aner Gedanken driwwer maachen an och dann esou déi kleng Onperfektioune matkréien. Ze wëssen, dass de fir ee spills, dat ass immens wichteg. Wanns de bis d’Publikum ronderëm dech hues an du kriss d’Gefill dofir, dass se mat der sinn, dass se mat der op dee Wee ginn, dass se dech intellektuell och suivéieren: Dat ass immens schéin.
Wat ass Iech bei Ärem anere Standbeen, der Aarbecht am Conservatoire, wichteg? Wat ass Är Approche an der Museksvermëttlung?
De Conservatoire ass natierlech déi Plaz, wou s de d’Méiglechkeet hues, fir villes zréckzeginn, wat s de an deene ganze Jore kritt hues, a wat s de konnts sammelen un Erfarungen, u Gefiller. Mäi Rôle am Conservatoire ass ganz variéiert: Ech schaffen do a verschidden Departementer, mä ënnert dem Stréch geet et dorëms, deene Leit, déi bei eis kommen, Zäit an dat Bescht vu mir mat op de Wee ze ginn. Gläichzäiteg ass de Cours och fir mech en Exercice fir Wierder fir ëppes ze fannen, wat ech jorelang intuitiv gemaach hunn. Ech sinn ëmmer immens beandrockt, ze gesinn, wéi souguer elo am Moment vun de Premièresexamen d’Schüler awer an de Cours kommen, well se dee Moment brauchen. Si hunn zwou Wochen net gespillt, mä se spillen dann eng hallef Stonn Musek an dat deet hinne gutt; dat fannen ech immens wäertvoll.
Ech hu mat de Jore geléiert, dass ech all Schüler op eng individuell Manéier begéinen a begleede muss: mat aner Repertoiren, anere Froe an och aneren Approchen. Et ass immens spannend fir mech, déi ënnerschiddlech Zorte Museker ze gesinn an ze kucken, wat bei wie passt a wéi eng musikalesch Perséinlechkeet oder Attitüd ee ka bei där Persoun méi fërderen – an dat an enger harmonievoller, awer och kompetitiver Stëmmung. Mir preparéieren d’Schüler jo och op Examen a Concoursen.
Mir hunn am Stater Conservatoire deels Schüler, déi dat wëlle studéiere goen, déi mer preparéieren op dat, wat hannendru kënnt, an deels Schüler, déi do sinn, well se e gudden Niveau hunn, well se sech fir Musek interesséieren an awer elo net domat hiert Liewe wëlle bestreiden. Déi Mëschung vun deenen zwou Populatioune fannen ech immens schéin.
Wéi eng Roll spillt d’Musek an Ärem privaten Ëmfeld an ass dat eng Trennung, déi ee bei Iech iwwerhaapt ka maachen?
Ech mengen net, dass een déi Trennung tëschent berufflech a privat ka maachen. Zum Gléck ass meng Fra net Musekerin, dat heescht, mir schwätzen net nëmmen iwwer Musek doheem, mee se huet natierlech eng ganz grouss Plaz. Wat ech déi lescht Zäit ëmmer méi mierken, dat ass, wann ech e ganzen Dag komponéiert, geüübt oder och nach e Cours gehal hunn, dann hunn ech aktuell eng Tendenz, wann ech am Auto sëtzen, fir keng Musek ze lauschteren, oder wann ech bis heiheem sinn, en Tour an de Bësch trëppelen ze goen. Wann ech eppes lauschteren, da vläicht souguer éischter e Podcast. Ech sichen ëmmer méi déi Momenter, wou keng Musek ass, grad och an enger Welt, wou mer iwwerall mat Musek beriselt ginn. Vläicht wunnen ech dowéinst och bëssen an der Pampa, fir déi roueg Momenter kënnen ze fannen.
D’Anke Reitz huet de 5. Juni mam Pascal Schumacher geschwat – entdeckt och de Video op eisem YouTube-Kanal.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
