Buergermeeschter — e full time Job
Interview mam Rob Roemen, Buergermeeschter vu Leideleng
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
forum wollt och eppes iwwert den Alldag vun engem Buergermeeschter am Gemengerot gewuer ginn. Mir hu mam Rob Roemen geschwat, dee laang Joren als Journalist Oppositiounspolitik huet misse maachen an dunn als fréipensionéierte Chefredakter eng Majoritéit am Gemengerot fonnt huet, déi en zum Buergermeeschter vu Leideleng gemaach huet.
Här Buergermeeschter, an enger klenger Gemeng wéi Ärer, wou all Mënsch jiddwere kennt, gëtt et secher keng Oppositioun. Dir sidd also eleng Meeschter am Duerf oder!
Rob Roemen: Déi Duerstellung ass net grad realistesch. Et gëtt keen, den „eleng Meeschter am Duerf“ ass, net hei an net anerwäerts. Et gëtt bei eis awer e gutt, munchmol och kritescht Mateneen. Dat bréngt méi fir d’Leit wéi eng Zort Flicht-Oppositioun, wou sech dës an déi Grupp(en) e Sport draus maachen, een deem aneren de Fouss ze setzen. Wann een déi kommunalpolitesch Gestaltung reng konstruktiv a sachlech, och ouni Virbehalter a falsch Rücksichten, ugeet, dobäi Wäert op gréisstméiglech Transparenz leet, ass een als Buergermeeschter natierlech zimlech gefuerdert.
Et gouf also wierklech an Ärer Gemeng keng Oppositioun géint deen héchste Waassertuerm am Land! Aus purem Lokalstolz war jiddwereen d’accord! Oder sinn déi Gemengeréit kaf gi mat anere Kadoen!
R. R.: Dir kommt awer op gelungen Iddien. Et gouf Oppositioun géint dese Waassertuerm. Bal d’Halschent vun de Gemengerotsmemberen haten zolitt Argumenter géint d’Baukonzeptioun. Ech hat selwer géint de Projet gestëmmt, wéinst dem horrende Käschtepunkt a wéinst der Ausrüichtung. Aus Iwwerzeegung! Well awer en neie Waassertuerm gebraucht gouf, wat kee Mënsch a Fro gestallt huet, hunn ech matt menger neier Majoritéit de Projet dach gebaut… a bezuelt.
Et ass eben net méiglech an och net gutt, datt ëmmer dann, wann d’Majoritéitsverhältnisser änneren, alles op d’Kopp gehäit gëtt, wat déi Equipe vu virdrunner vertruen huet. Et sollt een aus allem ëmmer dat Bescht maachen.
„Wien zerguttst Buergermeeschter wëll sinn, ka kaum eng aner Beschäftigung dernieft maachen.“
Är lescht Remarque, datt Gemengeréit, déi fir eppes stëmmen, sech matt Kadoe kënnte kafe loossen, deet mech schudderen. Dir sollt net liichtfankeg esou Saachen an d’Welt setzen.
Wéi ass et da mat de Baugenehmegungen! Déi däerf dem Gesetz no de Buergermeeschter ganz eleng ginn. Dat wäert jo dann e Genoss sinn, fir do seng Muecht voll spillen ze loossen!
R. R.: De Genoss hält sech a Grenzen. Et muss een d’Gesetz an d’Praxis betruechten. Baugenehmegunge brauchen d’Leit, awer si musse sech strikt un d’Baute-reglement halen. Wat sécher net ëmmer einfach ass. Alles wat géint d’Reglementer verstéisst, kann ëmmerhin viru Geriiht op d’Kopp gehäit ginn. Mir hunn eng dichteg Bautekommissioun agesat, an däer Fachleit (Architekten, Geometer, Ingenieuren, Techniker…) all Demande genee ënersichen. De Buergermeeschter orientéiert sech un hire fachlechen
Avisen an un de geneeën Analysen, déi den technesche Service vun der Gemeng virhelt. De Genoss ergëtt sech dann aus der Gewëssheet, datt déi Genehmegungen korrekt ausgestallt sinn.
Dir sidd fréipensionéiert an hutt duerfir och all Zäit, déi ee brauch fir de Buergermeeschterjob…
R. R.: Dat mengt Dir esou. Eng Pensioun bedeit soss, datt een no enger erfëllter aktiver Zäit soll eng Grimmel méi lues trëppelen. Mir ass et ëmgedréit ergaang. Ouni Fréipensioun wier et ni méiglech gewiescht, dëse kommunalpolitischen Job esou z’erfëllen, wéi et elo funktionéiert. Dat huet net nëmmen domatt ze dinn, datt mir zu Leideleng eng besonnesch éiergäizeg Equipe sinn, déi sech e gewaltege Programm opgelueden huet an dësen och mordikus fäerdeg maache wëll.
Oh, Dir haalt wat Dir verspriecht!
R. R.: Dir wonnert Iech! Kommt Iech iwwerzeegen, datt mir esouguer méi realiséiere wéi mer versprach haten.
Intressant. Awer Dir klot, datt de Buergermeeschterposten esou komplex gouf, datt en als Niewenjob net méi ze maachen ass.
R. R.: Ganz genee: Wien zerguttst Buergermeeschter wëll sinn, ka kaum eng aner Beschäftigung dernieft maachen. Oder et geet op Käschten vun der Leeschtung an der Gemeng. Buergermeeschter ass eng Vollzäitaarbecht ginn, well ëmmer neess Neies gefuerdert gëtt.
Dat ass e Plädoyer fir méi Congé politique,
gell!
R. R.: Fir déi Leit, déi am Beruff stinn,
gewëss. Awer de Congé politique eleng,
deen zënter Jore versprach gëtt, ass keng
schlësseg, jiddwerfalls net déi eenzeg
erfuerderlech Léisung. Buergermeesch-
ter a Schäfferot musse vill méi Zäit fir
d’Gemeng opbréngen wéi de Congé po-
litique ausmecht.
Heescht dat, datt kleng Gemengen esou net
méi ze féiere sinn!
R. R.: Guer net, och wann Zentraliséie-
rungsspezialisten gären an déi Richtung
denken. Gemengen kann een och net,
jiddwerfalls net ëmmer, no Kategorië
grouss a kleng andeelen, mä no hirer
Funktiounskapazitéit. Woubäi och d’Ën-
nerschiddlechkeet vun de Gemenge
Prioritéit behale muss. Et kann een z.B.
eng ländlech Gemeng net mat deene
selwechte Miessinstrumenter bewäer-
ten a behandele wéi eng Stad.
Dir haalt demno näischt vun de Gemenge-
fusionen!
R. R.: Falsch! Virun e puer Jorzéng-
ten hat ech esouguer eemol e fervente
Plädoyer fir d’Fusionen geschriwwen.
Fusionéiere sollt een d’Gemengen awer
net aus deem eenzege Grond, datt ee gär
méi eng kleng Zuel vu Gemengen hätt.
Dat Gantt muss och e praktesche Sënn
erginn.
Do gëtt et dach d’Iddi fir „communautés
urbaines“ ze schafen. Eng gutt Saach!
R. R.: Prinzipiell schéngt et eng gudd
Iddi ze sinn, fir Problemer – z.B. am
Verkéiersberäich – an de Grëff ze krëien,
déi iwwert déi kommunal Grenzen
eraus bestinn. Dat géing landesplane-
resch Sënn machen. Sollt sech dohan-
nert awer de Versuch vu verkappte
Fusionen verstoppen, ginn ech der-
vunner aus, datt näischt drauss gëtt. Et
léisst keng Gemeng sech zwangsfusio-
néieren! Ënnert wat fir engen Ëmstänn
och ëmmer.
Wou soll den Hiewel dann ugesat ginn!
R. R.: Déi gréisste Mëssstänn an de Ge-
menge si leider weder mat Fusionen
nach mat „communautés urbaines“ ze
léis. Virdrunner mussen d’Hausaufga-
ben anerwäerts gemaach ginn.
Wat sinn déi!
R. R.: Et wier wichteg, wann endlech déi
allgemeng administrativ Schwéierfäl-
legkeet radikal ofgebaut géif. Et wier net
vu Muttwëll, wann déi bürokratesch
Schikanen ewechgeraumt géinge ginn,
well an der aktueller Situation all ver-
stänneg Entwécklung ënnerbonne gëtt.
Hutt Dir e Beispill!
R. R.: Gewëss: An eiser Schäfferotser-
klärung hate mir eis duerfir ausge-
schwat, datt deene Leit, déi an eiser
Gemeng schaffen, d’Méiglechkeet sollt
gi ginn, och hei ze wunnen. Déi Hel-
lewull vu Barrikaden, déi opgebaut ginn,
fir dëst esou schwéier an esou komp-
lizéiert wéi méiglech ze machen, ass
net am Kader vun desem Gespréich
duerzeleeën.
Sinn et da nëmmen de Schefferot an de
Buergermeeschter, déi iwwerfuerdert sinn!
Fehlt et net och a ville Gemengen un däer
technescher Kompetenz fir d’Problemer vun
haut ze léisen! Ech denken z.B. un d’Ëm-
setze vun deem neie Gesetz iwwert den
Aménagement communal oder un den IVL
[Integratives Verkehrs- und Landesent-
wicklungskonzept].
R. R.: Fir d’Ëmsetze vun deem neie Ge-
setz iwwert déi kommunal Entwécklung
gëtt et leider nach ëmmer keng verbind-
lech Äntwerten op all kommunal Froe
bei deenen zoustännegen Instanzen.
Et fehlt demno u Kompetenz, mä net
onbedéngt op kommunalem Niveau.
Dat gëllt jiddwerfalls och fir den IVL,
deen esou laang net gräife kann, wéi
eenzel Ministèren sech net eens sinn.
De Minister vum Intérieur, och fir den
Aménagement du territoire zoustänneg,
huet aner Virstellungen wéi säi Kolleg
aus dem Transportministère. A wat de
Logementsminister verträtt, entsprécht
net ëmmer deem, wat den Inneminister
priedegt.
Awer vläicht kënnt enges Daags déi
grouss Erliichtung an et gëtt dach nach
alles gutt…
Dir sidd Optimist!
R. R.: Dir hutt et geroden! Duerfir ginn
ech d’Hoffnung net op, datt irgendwéi
eemol eng elementar Disziplin sech
duerchsetze wäert: de gesonde Mën-
scheverstand. De léisst sech weder mat
strammen, sech zum Deel widdersprie-
chende Regelen, nach mat komplizéier-
ten, meeschtens iwwerdeieren Etuden
entfalen.
Hutt Dir eppes géint den Inneminister!
R. R.: Glad a guer net. Seng Adversairé
sinn anerer. Ech fannen et jhust net gutt,
datt och den aktuellen Inneminister den
Afloss vun de Gemengen aschränke
wëll, andeems d’Gemengenautonomie
stéckerchesweis ënnergruewe gëtt.
Wëllt Dir Député-maire ginn!
R. R.: Ech hunn aner Péng!
(Interview vum 30.6.2008/mp)
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!