„De Staatsrot verdrankt seng Existenz senger seriöser Aarbecht“
Interview mam Paul-Henri Meyers (CSV), President vun der Chamberkommissioun fir d’Verfassungsreform an d’Institutiounen
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Interview mam Paul-Henri Meyers (CSV), President vun der Chamberkommissioun fir d’Verfassungsreform an d’Institutiounen
Här Meyers, Dir sidd ee vun deene wëinegen, déi d’Erfahrung vun denen zwee Gremien hunn, d’Chambre des Députés an de Conseil d’État. Wat bréngt déi Erfahrung Iech, wéi erlieft Dir den Iwwergang!
Paul-Henri Meyers: ‚T erlaabt engem déi Argumenter an och déi Attitude vun deem engen a vun deem anere Gremium ee vis-à-vis vun deem anere vläicht besser z’appréciéieren. Well de Staatsrot säin Avis muss gin, ir d’Projeten an d’Chamber kommen, kritt de Staatsrot oft virgeworf, e géif d’Dossiere verschleefen. Eng Rei Deputéierten gesi net gär, wann de Staatsrot eng formell Oppositioun mécht. Op der aner Säit, wann ee beim Staatsrot war an ‚t huet ee gesi, wéi do geschafft gëtt, mat wéi enger Suergfalt d’Dossieren duerchgekuckt ginn, da kann ee besser verstoen, datt de Staatsrot dat ganz minutiéis wëllt maachen an eng ganz seriéis Aarbecht wëllt ofliwweren. E ka sech et och net leeschten, dat net ze maachen. Wann de Staatsrot dat net méi géif maachen, da géif natierlech ganz séier de Staatsrot selwer a Fro gestallt ginn. Well datt e besteet, ass am Fong geholl senger Aarbecht ze verdanken, déi e gemaach huet an dem Rôle, deen en an dem ganze Gefüge duerch seng Aarbecht och anhëllt.
Wéisou gëtt et vu Säite vun Deputéierten a souguer vu Regirungsmemberen déi Angscht virun der Oppositioun vum Staatsrot! Wéisou gëtt dat net als positive Beitrag zu engem legislative Prozess gesinn!
P.-H. M.: Ech géif net soen, datt et eng Angscht ass, et ass éischter, datt d’Deputéierten an d’Regirung sech als déi legitim gewielte Vertrieder an enger parlamentarischer Demokratie gesinn, während de Staatsrot ernannt gëtt. Doduerch gëtt de Staatsrot, besonnesch
Well de Staatsrot säin Avis muss gin, ir d’Projeten an d’Chamber kommen, kritt de Staatsrot oft virgeworf, e géif d’Dossiere verschleefen.
wann et sech em politesch motivéiert Oppositions formelles handelt, e bessen ugesinn, wéi wann de Staatsrot sech eppes géif umoossen, woufir en eigentlech net do ass. An dofir gëtt och bei deenen Oppositiounen, den Oppositions formelles, déi Fro gestallt, ob een net déi Pouvoir vum Staatsrot misst aschränken op déi Fäll, wou et sech wierklech em constitutionnel Froen handelt. De Staatsrot kann ëmmer eng Opposition formelle maachen, wann en denkt, datt se ubruecht ass. E motivéiert se jo och ëmmer, e misst dat emol net maachen. E misst se och net ukënnegen. Wat ass d’Opposition formelle? Dat ass, wann de Staatsrot net d’accord ass, datt e Projet de loi, deen d’Chamber gestëmmt huet, kann a Kraaft trieden, ouni datt den zweete verfassungs-
meissege Vote intervenéiert. Dat ass eigentlech de normale Wee: en éischte Vote a no dräi Méint en zweete Vote. D’Chamber ka sech vum zweete Vote entbannen, mee de Staatsrot muss d’accord sinn. A well vill Leit d’Dispens haut als de normale Wee ugesinn, gëtt d’Blockade vum Staatsrot als net gutt emfonnt, éischtens well d’Regirung heiansdo séier wëllt Projeten a Kraaft setzen, an zweetens well d’Chamber mengt, si wir den éischte Pouvoir am Staat an ‚t dierft keen aneren hier um Zeug flécken. Mee déi sériö Aarbecht vum Staatsrot gëtt eigentlech vu kengem a Fro gestallt, au contraire, déi gëtt appréciéiert. Mee et ass natierlech net flott, wann ee Regirungsmember e Projet de loi eragëtt an dee kritt en dann e bessen an engem Avis zerzaust oder e kritt de Punkt op den i gesat. Wann een eng Aarbecht mécht an et kritt een se vun engem anere kritiséiert oder verbessert, dann ass ee ni frou driwwer.
Kënn der e Beispill ginn vun engem politesch motivéierten Avis vum Staatsrot!
P.-H. M.: Et ginn der a leschter Zäit e puer. Wann ech mech net iren, da war dat beim Projet de loi iwwert d’OPA [offre publique d’achat] de Fall. Do gouf et eng Opposition formelle vum Staatsrot. D’Chamber huet e Réckzieher gemaach an d’Oppositioun ugeholl.
De Staatsrot géif wahrscheinlech äntwerten, dat ass net politesch motivéiert, mee dat ass an der juristesch Logik.
P.-H. M.: Neen, de Staatsrot kann et mat soziale oder mat wirtschaftliche Grënn motivéieren. E muss net mat Argumenter vun der Verfassungsméissegkeet vun deenen eenzelne gesetzlechen Dispositiounen motivéieren. De Staatsrot huet sech an der Vergaangenheet schon öfters opposéiert géint Projeten, déi zu Ausgaben féiere géifen, déi net ze veräntwerte wieren, duerfir soll d’Chamber nach eng zweete Kéier doriwwer befannen. Et muss net néidegerweis e constitutionnelly Argument sinn, mee eng Bestëmmung, déi zu juristesch Onsecherheete féiert, geet am Fong geholl duer, fir eng Opposition formelle ze maachen.
Mee ass et da net och eng Aufgab vum Staatsrot, fir d’Cohérence juridique z’iwwerpréifen, net nëmmen mat der Verfassung mee mat der gesamter Gesetzgebung!
P.-H. M.: Dach, dat ass eng Aufgab vum Staatsrot. Mä d’Fro ass, firwat e muss di „Waff“ vun der Opposition formelle benotzen. Wann en dat géif argumentéieren an e géif op Onsecherheeten opmierksam maachen, an deem Moment wir wahrscheinlech d’Chamber och d’accord, fir déi Propositioun vum Staatsrot unzehuelen. Mee wat e bessen als en Agréff an déi legislativ Prozedur emfonnt gëtt ass, datt de Staatsrot dat dann och nach duerch eng Opposition formelle ënnersträicht, fir ze weisen: Hei behalen ech d’lescht Wuert, da musst der eben dräi Méint waarden.
An deem Sënn gi dir am Wort vum 1. Juni 2006 zitéiert mam Saatz: „Die Abgeordneten ärgern sich über zunehmend politisch statt rein juristisch formulierte Gutachten“. Op der anerer Säit argumentéiert awer d’Chambre des Fonctionnaires an hirem Avis iwwert d’Reform vum Staatsrot genee ëmgedreint. Si fannen, de Staatsrot soll mol rëm nees méi Zäit kréien, fir sech inhaltlech mat de Gesetzer auserneen ze setzen an net nëmme juristesch.
P.-H. M.: Dat hängt natierlech dovunner of, vu wéi enger Säit een et gesäit. Et ass richteg, datt d’Chambre des Fonctionnaires dat gesot huet an de Staatsrot mécht dat och. De Staatsrot ass eigentlech do, fir alles ze gesinn, souwuel den Inhalt wéi och déi juristesch Säit, souwuel de Contenu wéi och d’Form.
Sidd Dir also der Meenung, et sollt een déi zwou Fonctionen trennen! Wä mer dem Staatsrot déi méi juristesch loossen, stellt sech d’Fro, ob mer niewent der Chamber en
zweet Organ brauchen, wat sech méi géif mat de politesche Froen auserneesetzen.
P.-H. M.: Ech sinn net der Meenung, datt ee se soll trennen, et muss ee just kucken, ob een déi legislativ Prozedur, wéi mer se
De Staatsrot ass eigentlech do, fir alles ze gesinn, souwuel den Inhalt wéi och déi juristesch Säit, souwuel de Contenu wéi och d’Form.
lo hunn, weider bestoe léisst mat deene jëtzege Bestëmmungen. Dat heescht, et muss ee sech froen, wann d’Chamber d’Dispens vum zweete Vote constitutionnel décidéiert, wéi do de Staatsrot kann ageschallt ginn. Ob een déi Pouvoir vum Staatsrot da limitéiert op verfassungsméisseg Froen, sou wéi eenzel Deputéiert dat an der Vergaangenheet gefuerdert hunn. De Staatsrot dierft sech nëmme formell opposéiere, wann et sech ëm en Text handelt, dee géint d’Verfassung, géint d’Mënscherechter oder géint Verträg verstéisst, mee dierft keng Opposition formelle maachen an anere politesche Froen. Ob een dat esou soll aschränken, weess ech net, well et kann ee sech näämlech och d’Fro stellen, ob de Staatsrot grad bei wirtschaftliche Froen oder bei Projeten, déi zu groussen Dépensé fir de Staat géife féieren, net awer e Rôle huet, fir dorop opmierksam ze maachen. A mengen Aen ass de Staatsrot do a sengem Rôle.
Dat ass dach och de Rôle vun enger Oppositioun …
P.-H. M.: Dat ass och de Rôle vun enger Oppositioun, awer d’Oppositioun ka keen Projet ophalen. De Staatsrot huet do eng Muecht, déi d’Oppositioun net huet. Ech géif éischter mengen, datt ee sech misst d’Fro stellen, ob een deen Délai vun dräi Méint net kéint op ee Mount erofsetzen. Dann huet een en Deel vun der Schäerft vun der Opposition formelle geholl. Da muss zwar en zweete Vote gemaach ginn, mee de Conseil d’État kann dann awer de Projet net iwwert eng gewëssen Zäit zréckhalen. Et steet och néierens geschriwwen, datt de Staatsrot séier misst di Dispens ginn.
Photos : © Fonds de rénovation de la vieille ville
Mer hate scho Fäll, wou de Staatsrot selwer iwwert e Mount gewaart huet. Dono huet en eréischt d’Dispens refuséiert. Et ginn och Fäll, wou d’Opposition formelle net ugekënnegt war, wou d’Chamber selwer dann iwwerrascht war. Wann een den Délai géif erofsetzen, da wir en Deel vun der Schäerft ewechgeholl bei eenzelne Projeten, wou d’Regirung an d’Chamber mengen, si misste séier a Kraaft gesat ginn. Et muss een eng Kéier an aller Rou driwwer schwätzen, ob een déi Pouvoiren aneschter agencéiert oder ob ee carrément op de Wee geet vun enger zweeter Chamber. Des Fro steet am Raum.
Ass eng vun den Uersaache vun deene politesch motivéierten Avisen net och an der Zesummesetzung vum Staatsrot ze sichent. Dee steet zwar offiziell iwwert de Parteie an en ass en Organ vum Grand-Duc, awer de facto ass en eendeiteg parteipolitesch zesummegesat.
P.-H. M.: D’Avise vum Staatsrot ginn zu méi wéi 95 Prozent unanimement geholl. Well an alle Kommissionen, an deenen d’politesch Parteie vertruede sinn, ginn d’Projeten diskutéiert an de Rapporter dréit normalerweis deem Rechnung, wat déi eenzel Leit an der Kommission soen. Jidderee kënnt also zu Wuert a jidderee kënnt, wann e net an der Kommission zu Wuert kënnt, an der Plénière zu Wuert. De Staatsrot versammelt sech all 14 Deeg, wou d’Avisen, déi e mécht, ugeholl ginn, an do kann nach jiddereen Ännnerunge maache, wann e mengt den Avis géif zevill an déi eng oder aner Richtung goen. Déi eenzeg Fäll wou an der Vergaangenheet emol minoritär Avisen geholl gi sinn, dat war natierlech zu ideologesch ganz ausgeprägte Sujeten. Déi minoritär Avisen si ganz rar an da stellt sech nach heiansdo d’Fro, ob déi parteipolitesch motivéiert sinn. Also ech géif menge neen, well aus menger Erfahrung kann ech iech soen, déi 15 Joer wou ech am Conseil d’État war, datt eigentlech do net no de Parteie gestëmmt ginn ass.
En Avis minoritaire maachen een oder zwee Staatsréit. Or, et ass awer keng Partei do, déi nëmmen ee Vertrieder huet, sou datt dat also deem sengen Opfaassunge sinn, an den Avis bezitt sech oft och net op de ganze Projet, mee op déi eng oder aner Bestëmmung, wou een einfach gemengt huet, e misst dozou nach eppes spezifesches soen.
Dat géif bedeiten, datt dee politesche Konsens, deen am Staatsrot do ass, fir eng Opposition formelle ze maachen, mat enger politescher Majoritéit an der Chamber a Widdersproch steet, wou also effektiv dann och innerparteilech verschidde Meenungen do sinn.
P.-H. M.: Jo, dat ass heiansdo de Fall. Et besteet och kaum e Kontakt tëscht dem Staatsrot an der Chamber oder de politesche Parteien. Déi Leit, déi am Staatsrot sinn, hale sech ganz wäit zréck an hirer Aktivitéit an der Partei an hale sech och ganz wäit zréck am Kontakt mat den Deputéierten vun der selwechter Partei.
Déi Leit, déi am Staatsrot sinn, hale sech ganz wäit zréck an hirer Aktivitéit an der Partei an hale sech och ganz wäit zréck am Kontakt mat den Deputéierten vun der selwechter Partei.
An däer Partei wou ech sinn, ass heiansdo mol den een oder anere Staatsrot an d’Fraktiounssëtzung komm. An der heier Legislaturperiod hunn ech eigentlech an deene Réunion vun der Fraktioun an der Chamber kee Staatsrot méi gesinn. De Staatsrot wëllt sech eng gewësse Réserve operleeën, fir d’Indépendance d’esprit ze behalen, a fir net a Schwiregkeeten ze kommen. Ech géif och mengen, dat ass eng gutt Saach, de Staatsrot soll an aller Fräheet kënne seng Meenung soen. Wann en dat net méi kënnt a wann dat parteipolitesch operluegt wir, da kënnt e säi Rôle net méi erfellen, an da wir d’Gefor do, datt de Staatsrot net méi kënnt bestoe bleiwen. Ech kann Iech och soen, datt déi Zäit, wou ech am Staatsrot war, vun der Partei ni Drock ausgeübt ginn ass. Ech kann Iech och soen, et hätt kee Wäert gehat.
Dat gëtt awer dann dem Staatsrot sengem Avis e politescht Gewiicht, wat ganz grouss ass. An da verstinn ech och, datt eng Chamber net frou ass iwwert e politeschen Avis vun däer Importenz, déi wäit iwwert eng juristesch oder formaljuristesch Argumentatioun erausgeet.
P.-H. M.: Jo, dat ass richteg. Dohier kommen och déi Susceptibiliteiten, déi dann och bei alle Parteien entstinn. Wa Vertrieder aus enger Partei bis am
Staatsrot sinn, emfanne se oder jugéiere se net als Vertrieder vun enger Partei, mee als Vertrieder vun engem Gremium. Et gëtt ni an de Kommissionen oder an der Plénière iergendwéi parteipolitesch argumentéiert.
Wann ech elo mol provokativ däerf froen: Ass dat dann d’Uersach firwat d’Chamber dat Gesetz zur Reform vum Staatsrot refuséiert huet!
P.-H. M.: Neen, dat ass net de Fall. Mir hunn de Projet de loi iwwert de Staatsrot kritt, an deem nëmme virgesinn war, d’Zuel vun de Staatsréit em sechs Unitéiten eropzesetzen. Dee Projet ass an de Conseil d’État selwer gaangen, an Dir kënnt Iech jo wuel virstellen, datt mer deen an der Chamberkommission net stëmmen ouni säin Avis. De Staatsrot huet e puer Ännnerungen a sengem Avis proposéiert. Énner anerem hätt e gär selwer méi Personal. De Staatsrot wor ganz zréckhalend, wat déi sechs nei Memberen ugeet, si missten och net lauter Juristen sinn. De Conseil huet éischter op méi Personal gepocht an hätt gäre fir säi Personal déi speziell Prime gehat, déi och virgesinn ass bei de Beamte vun der Steierverwaltung an dem Enregistrement. An den Finanzverwaltungen wor et an der Zäit schwireg, d’Beamte unzestrécken, dofir kruten si eng speziell Prime. Déi hätt de Staatsrot och gäre fir sech. Dat ass eng politesch Fro. Dofir hu mir de Projet un d’Regirung zréck ginn. D’Regirung ass net domadder d’accord, si kënnt awer akzeptéieren, datt zwee Leit an der carrière supérieure beim Staatsrot derbäi kommen.
Et huet sech awer nach eng aner Fro gestallt. D’Regirung huet am Exposé des motifs ugekënnegt, d’Pouvoir vum Staatsrot misste geännert ginn en matière réglementaire. D’Chamber huet sech du gefrot, wat d’Regirung dann do wëllt ännneren? Dorops krute mer nach keng Äntwert. Wann d’Pouvoir vum Staatsrot, fir Avisen ze ginn iwwert Reglementer, ageschränkt ginn, brauch dann de Staatsrot nach déi zousätzlech Leit? Mir waarden elo nach drop, datt d’Regirung eis dee Volet och nach gëtt, a wa mer deen hunn, da kucke mer, wat dat da bedeit a wéi mer da weiderfuerren. Et ass nach derbäi komm, datt wéi mer de Projet am Fréijoer diskutéiert hunn, eng Rei Deputéiert an de Premierminister schaart Kritik um Staatsrot geübt hunn. Et war eng politesch denkbar schlecht Situatioun, fir e Projet iwwert
de Staatsrot, dee nëmmen drop eraus-
gelaf wier, fir sechs Leit bäizeginn, zur
Ofstëmmung ze bréngen. Dofir hunn
ech selwer gemengt, et wir besser, de
Projet mol zréckzestellen an ze kucke
bis d’Situatioun sech gekläert hätt a bis
datt d’Regirung eis kënnt soen, wat da
mat dem reglementaresche Pouvoir géif
geschëien.
Mee ginn et dann do Virstellunge wat
d’Kompetenze vum Staatsrot ubelaangt?
A wéi eng Richtung ginn déi da geännert?
P.-H. M.: Justement net. Mer hunn eis
an der Chamber och gefrot, wat dann
elo d’Regirung um Text vum Staatsrot
wëllt änneren, wat déi do Pouvoiren
ugeet. Well do participéiert de Staatsrot
eigentlech um Pouvoir exécutif. Dem
Staatsrot sengen Avisen iwwer Règle-
ments grand-ducaux gesäit d’Chamber
zu 99 Prozent net. Mee dat sinn Avisen
fir d’Regirung. An do ass d’Fro: Wëllt
d’Regirung keng Avisen méi hunn?
Wëllt se de Pouvoir vum Staatsrot, fir
Avisen iwwert Reglementer ze ginn,
aschränken? Wéi wëllt se dat maa-
chen? Dat wëlle mer wëssen an duerfir
hätte mer gären den zweete Volet vun
dem doe Projet. Wat soll geännert ginn,
wësse mer net. D’Regirungsvertrieder
hunn eis bis elo ëmmer nëmme gesot,
si wiren dobäi z’iwwerleeën, wéi se et
këinte maachen, fir datt och déi Avi-
sen vum Staatsrot méi séier kënne
kommen. Ech kënnt mer virstellen,
datt z. B. de Staatsrot nëmme méi géif
d’Reglementer op hier Compatibilitéit
mat engem Gesetz oder mat der Verfas-
sung iwwerpréiwen. De Staatsrot huet
awer an de Règlements grand-ducaux,
sou wéi bei de Gesetzer, an der Vergaan-
genheet all Artikelen duerchgeholl. En
huet heiansdo e ganz neit Reglement
ausgeschafft.
Méi allgemeng, ofgesi vun deem institutio-
nelle Volet, eng Fro zu der qualité législa-
tive: Gëtt et net e Problem vun der Qualitéit,
wéi d’Gesetzestexter erschafft a formuléiert
ginn.
P.-H. M.: Dach, dee stellt sech, net
nëmmen elo, mee deen huet sech och
an der Vergaangenheet schon ëmmer
gestallt. Wa méi Texter gemaach ginn,
an déi séier musse gemaach ginn, leid
natierlech d’Qualitéit drënner. An et
ginn eenzel Ministèren, wou déi Quali-
téit besser ass, wéi bei aneren. Et stellt
een fest, datt ëmmer déi selwecht Minis-
tèren mat schlechten Texter kommen.
Dat war fréier, an ech mengen och haut
nach, bekannt am Staatsrot. De Staats-
rot huet ausnamsweis och heiansdo,
wann en der Meenung war, et wir net
un him fir e ganz neien Text ze maachen,
Texter zréckginn. Dat ass natierlech fir
dee Ministère eng Blamage, wann en
d’Hausaufgab zréckkritt a gesot kritt,
schréift e neien Text.
Et schéngt awer net extra wéi ze din. Am
forum Nr. 259 hu mer de Projet de loi
iwwert den Denkmalschutz analyséiert.
Dee gëtt et an Tëschenzäit an der fënnefter
Versioun.
P.-H. M.: Do hu Der e gudd Beispill
zitéiert.
Mir soen Iech Merci fir dëst Gespräch.
(Interview vum 16.10.2006. mp/LH)
Wohlfühlen
in den eigenen vier Wänden…
Öffnungszeiten:
Dienstag – Freitag 9 – 12 14 – 18 Uhr
Samstag 9 – 12 14 – 17 Uhr
Montag geschlossen
- Naturfarben
- Tapeten und Wandbeläge
- Naturdämmstoffe
- Parkett, Teppichböden
- Türen
- Innenausbau
- Maschinenverleih
Fachhandel für
ökologisches Bauen
und Wohnen
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!