Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
D’Kierch as fier en Ofbau vun hiere Privilegien. Sou steet ët am Konzilstext "Gaudium et Spes". De Koschter huet scho méi wi eng Kéier drop hingewisen, dass also d’Kierch vu Lëtzebuerg sollt op d’staatlech Gehälter verzichten, fier op hier ëgen Mëttelen zréckzegräifen. De Koschter as awer nët verwonnert, dass d’Amtskierch mol nët bereet as, déi Privilegien zuer Diskussioun ze stellen. – Direkt erschrecken muss een awer, dass wéinst der Oktavschlussprozessioun de Chantier an der Neipuertsgaass freides owes zougemacht gouf, dat déift Lach opgefëllt an d’Strooss gudronneiert goufen, fier méindes, no der Prozessioun neess opgerappt ze gin. Dëse Privileg huet d’Geméng loo oode vu Frange kascht, oder huet éieren d’Kierch se mam Oktavaffer bezuelt? Et as iwrengens égal, ween dës Décisioun ugestiwelt huet, op et e Wonsch vun der Kierch selwer oder vun de Politiker aus wahltaktesche Grënn wor. Suguer wann d’Kierch dëst Privileg nët ugefrot hat, hätt se vun sech aus di Verantwortlech vun sou enger Sueverschwéngsung missen ofhalen. m.p.
WAHLPROGRAMM – NËT WICHTEG
De Koschter hat scho Gelëenheet festzestellen, dass bei de Wahlen vum 16. Juni d’Persounen méi wichteg woren wi d’Programmer, vun der Mannschaft méi Attraktivität erhofft gouf wi vun de Spiliregelen. Wi pénibel dat as, huet den Ennerzechneten och missen beruflech feststellen.
Den 4. Abrël 1979 hat ech d’Parteien ugeschriwen fier eng zwou Dozen vun hiere Programmer ze kréien, well ech am Lycée Michel Rodange e Fakultativcours als Aféierung an d’politescht Liewen zu Lëtzebuerg gehalen hun. Jhust d’Lëscht 10 huet direkt geäntwert, ech kréich di Programmer "en temps utile". D’Programmer vun der alternativer Lëscht a vun der LCR krut ech Enn Abrël. Dënen anere Parteien hun ech ëm den 4. Mee telefonéiert a krut dun déi vun der DP an der KPL
hier zweet Wahlzeitungsnummer (soss keng). D’SdP huet mer Hëtt Mee een Exemplar vun hierem 5. Programmentworf geschéckt. D’LSAP huet mer hier 20 Programmer an der Pängschtvakanz zoukommegelooss, privat hat ech vun engem Parteimember allerdéngs schon 8 Dëg éischter e puer Exempläre kritt fier auszedëlen am Cours. D’Lëscht 10 vun den "onofhängegen Sozialisten" huet geméngt, den 8. Juni wär "temps utile" fier hier Programmer enger Klass zur Verfügung ze stellen, fier se vergläichend z’anauséieren. An d’CSV hat anscheinend keen offizielle Programm oder hat se mäi Bréif an Telefon vergiess?
Onnëtz ze soen, dass e seriöse Programmvergläich am Cours nët méiglech wor. E private Verglach huet mech awer berouegt: keng Partei huet gefuerdert, d’Schoul misst an Zukunft och zur Erzëiung zum Bierger an zur politischer Opklärung vun de Jongwieter bäidroen! m.p.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!