Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
De Koschter as a leschter Zäit e puer Mol vu Lieser gefrot gin, wat hien da vum L.W. géif halen. E wor iwert déi Froen zwar verwonnert, mä nei Lieser kënnen do eventuell Zweiwele gehat hun, well "forum" tatsächlech viru ronn engem Joer mat senger Kritik e bëssche mi gedam gin as. Mä gewëssen Hoffnungen hun sechemol méi als Illusioun erwisen. An Tëschenzäit gin ët ëmmer méi wichteg Vereenegungen, di un der eesäiteger L.W.-Politik Ustouss huelen. Och sou onofhängeg Veräiner wi d’APESS oder NATURA, di jo bestëmmt nët als CSV-feindlech oder suguer lénks zu bezeechne sin, kréien hir Communiqueën nët mi ofgedréckt. No där penibler Hetzkampagne géint d’Proffen, am Juli, huet esuguer den Här Generalvikar et fir néideg fonnt, de Kathecheten öffentlech ze versecheren, dass den Här Bëschof an hien, a nët d’LW a säin Direkter iwert hier Aarbecht ze jugéieren, a si fir gudd ze fannen hätt. Wi laang dauert ët nach, bis di Diktatur am L.W. en Enn kritt? Wéivill Schued muss d’Kierch nach leiden? m.p.
De Koschter deelt heimat dem Här Minister Boy Konen mat, dass e nach ëmmer un énger Aentwert interesséiert as op d’Ufro fir en Interview, iwert d’Stroossebaupolitik zu Lëtzebuerg, déi en dem Här Minister zesumme mam "Kéisécker" virum elo engem Joer geschéckt huet. (vgl. forum, Nr.35/17.11.79) De Koschter versteet allerdéngs, dass et vläicht nach e puer Deeg dauert, well ënner anerem di 27 Bréiwer Prioritéit hun, op déi den Här Minister nach énger Geméng äntwerten muss, di säit de läschte Gemengewahlen nach nët mol en "accusé de réception" krit huet. christ
De Koschter as frou, matdeelen ze können, dat hien op séng Interventioun hin an der Campagne vun de Mënscherechter am Zaïre (cf. forum Nr. 42 S.24 ) eng Aentwert vum Ministère des Affaires Etrangères‘ kritt huet. De Minister schreift eis:
"… Je voudrais vous faire savoir que le Gouvernement luxembourgeois est fondamentalement attaché
aux droits de l’homme et qu’il fait tout ce qui est en son pouvoir pour en assurer le respect compte tenu des circonstances. Nos moyens d’action sur le plan international étant évidemment très limités, nos interventions ont le plus de chances et de succès si elles peuvent s’exercer en commun avec nos partenaires dans le cadre des Communautés Européennes, ou aux Nations-Unies.
Wat soll een do nach vill soen?! Et as dëst allerdëngs déi eenzeg Aentwert, déi dem Koschter zoukomm as. Wëllt dat heeschen, datt eis lëtzebuerger Firmen an dem Här Werner säi Ministère schon aktiv an de Kampf vir d’Mënscherechter getruede sin? All Hoffnung as erlaabt! christ
Well di grouss Press sech su ongewinnt eens wor, wi se di jëngst Polizeirazzia géint di Lëtzebuerger Drogenszen kommentéiert huet, wëllt de Koschter op e längeren Artikel verzichten a jhust dem Kollektiv "Spackelter" säi Communiqué oofdrécken. E gouf zwar vill zitéiert, awer nëmmen an der "Zeitung" integral bruecht. De Koschter hofft, dass di Eestëmmegkeet an der Press, suguer op der Regierungssäit, dem Polizei- a Gesondheetsminister E. Krieps endlech ënnert di soss leider onempfindlech Politikerhaut geet. Als Mëttel, fir virun der Interpellatioun vun der Madame V. Reding (CSV) ze weisen, dass "hien dach eppes mécht", hat di Razzia jo éischter d’Géigendeel als Wierkung, well esou huet en d’öffentlech Meenung kloer géint sech opbruecht an d’Drogenszen fir di zoustänneg Polizeibeamten fir laang Zäit onduerchsichteg gemach. Dat muss ee fäerdegbréngen! Mä e ka sech zimlech liicht e Stéck erëmkafen: De Kollektiv "Spackelter" krut vun der Gemeng Lëtzebuerg en Haus zur Verfügung gestallt, an der rue des Etats-Unis, 23, Tel. 495682 (nei!!) wou en e "Sleep in" fir 12 Leit ariichten kann. Fir dass deen awer einigermoose gudd fonktionéiert, misst "Spackelter" onbedéngt zwou weider Persounen fest astellen. Den Här Minister kënnt endlech säi Subsid ausbezuelen… m.p.
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!