Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Zur historescher Ierfschaft ("patrimoine") vun on-sem Vollék gehéiert secher un éischter Plaatz ons Sprooch. Grad wi dee neie Veräin dat a sênge Publi-katioune wëllt man, soll dofier och dësen Artikel op lëtzebuergesch geschriwe gin.

Den Interessi vu ville Jugendlech fier ons Geschicht besteet ganz bestëmmt. Vläicht nët esou séier an der Schoul, well do vill Proffen d’Geschicht nach als Bëxfach behandelen an anersäits die lëtzebuer-gesch Vergaangenheet vernoléissegen, sou dass de Schüler sech oft nët direkt ugesprach fillt. Wuel awer as nët un deem Interessi ze zweiwelen, wann ee weess dass vill Kandidaten bei de "Camps archéolo-giques", di de "Service National de la Jeunesse" all Joers organiséiert, mussen ofgewise gin, dass d’Be-geeschterung fier d’archäologesch Aarbechtsgruppen an de Lycéen Michel Rodange zu Lëtzebuerg oder zu Iechternach, Dikrech, Didelêng grouss ass, dass de Protest géint d’Zerszéierung vun historesche Gebei-lechkeeten (Lëschenhaus, Réimervilla zu Iechternach, e.a.) oft vu Jugendleche gedroe gët.

Bis elo haten di Jugendlech awer nach keng Méiglech-keet, deem Interessi an der Fräizeit regelméisseg nozegoen. Kee Veräin huet sech hierer besonnesch u-geholl a versicht, hinnen eng systematesch Forma-tioun fier den Emgank mat der historescher Ierfschaft ze gin. Dat wëllt elo e neie Veräin, dee mer de 24. November 1979 gegrënnt hun: "Jeunes et Patrimoine". Wuel gët ët schon eng Rei vun "historesche" Veräi-ner wi d’"Amis de l’Histoire", "Sauvez la Ville", "Antiquités Nationales" asw. Mä engersäits sin d’Entréespräisser fier hier Konferenzen (besonnesch bei den "Antiquités"!) an d’Kotisatiounen oft zimlech héich, anerersäits as d’Sprooch di geschwaacht gët oft nët fier jiddereen ze verstoen, de Publikum an d’Organisateuren sin zevill al a schrecke Jugendle-cher of matzeman, an och an hierem Protest géint Ugrëff op ons historesch Ierfschaft kënnen se oft nët iwerzeegen, well se aus beruflechen oder soziale

Grënn éischter zu deenen gerechent gin, di ofrappe wëllen. "Jeunes et Patrimoine" wëllt dofier fier d’alleréischt mat Hëllef vu Konferenzen, Stagen, Se-minären, Ausflig sêng Memberen an enger dem Alter ugepasster Form an di lëtzebuergesch Geschicht an an di wëssenschaftlech Methode vun der historescher For-schung aféiren. Grad wi "Jeunes et Environnement" – mat deenen dee neie Veräin wëllt enk zesumme schaf-fen- no enger Phase vun Interner Informatioun ge-schwënn zu engem Drockgrupp gin as, deen di Verant-wortlech op hier Verantwortung fier d’Erhalen vun onser Emwelt an d’Verbesserung von onser Liewensqua-litéit opmierksam gemacht huet, sou as ze hoffen, dass och "Jeunes et Patrimoine" sech zu engem Veräin entwëckelt, deen an di politesch Aktualitéit agräift, fier die kulturell Ierfschaft ze verteidegen, di och zu onser Liewensqualitéit gehéiert an duerth d’Profitdenken an d’Konsummentalitéit a Fro gestallt gët. Dass ët an däer Hinsicht nët un Aktiounsméig-lechkeete feelt, sief nëmmen un e puer Beispiller gewisen:

  • Et gët nach ëmmer keng komplett Lëscht vun alle kulturelle Objeten(Haiser, Dierfer, Ruinen,…) di misste geschützt a restauréiert gin.
  • En Historiker, deen Dokumenter aus sou wichtigen däitsche Archiven wi dem Bundesarchiv Koblenz, dem Militärarchiv Freiburg oder dem Geheime Staatsarchiv Berlin brauch, ouni déi ons jénger Geschicht nët z’erfuerschen as, muss nach ëmmer op ége Käschten dohifueren, well ët kee Kulturofkommen mat der Bun-desrepublik gët.
  • De Staadtgronn riskéiert lues mä secher ze verfa-len oder verbaut ze gin (cf. "forum" Nr.29/79). Dat selwecht gëllt fier Al Esch.
  • Nach ëmmer gët ët keng Zesummenarbecht tëscht Mu-sée an "Office du Film Scolaire" fier Diassérien zuer lëtz. Geschicht ze produzéieren (cf. "forum" Nr.23/78).
  • Et gët héich Zäit, dass de Geschichtsunterricht an de Schoulen duerch mi aktiv Methoden opgewäert gët. All Schoulgebei brauch dofir eng Rei vu Kre-diter (fier Ausflich, audio-visuell Mëttelen, asw).

Et bleiwt also nëmmen ze hoffen, dass dee neie Ver-äin geschwënn vill aktiv Memberen kritt, di an dee-nen eenzelnen Aarbechtsgruppe matschaffen, an esou mat Nodrock d’Oeffentlechkeet iwert de Räichtum awer och d’Problémer vun der historescher Ierfschaft zu Lëtzebuerg kënnen informéieren. Wee nach keng 35 Joer huet a wëllt Member gin, soll w.e.g. 150 Frang als Kotisatioun op den CCP 64235-21 vu "Jeunes et Patri-moine", Lëtzebuerg iwerweisen. E kritt dann all néi-deg Informatioun iwert d’Aarbechtsgruppen. Wee méi wi 35 Joer huet, därf als Eieremember mat enger Ko-tisatioun vun 300 Frang dat selwecht Uleies ënner-stëtzen. "forum" jiddefalls hällt sêng Kolonnen op fier "Jeunes et Patrimoine", sief et fier en "Dos-sier", sief et fier aktuell Artikelen an der kultu-reller Rubrik.

»Den kleinen, nackten Pharao in der Mitte nehmen wir mit!«

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code