Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Dënn, bëlleg Kartongsdeckelen, am DIN-A-4-Format, op groem Recyclingpobeier gedréckt, eng liicht almoudesch Grafik, vill Tipp- an aner Dréckfeeler, ouni zitéierfäegen Impressum, an ‚t kascht näischt… Kann dat alt eppes sinn? Abee no der Lecture vun 300 Säite kann ech nëmme soen:
Dat Buch
Lëtzebuergesch: Quo vadis! Actes du cycle de conférences, organisé par Projet MOIEN! et Sproochenhaus Wëlwerwolz EBLUL Luxembourg asbl., [Lëtzebuerg 2004]
ass eent vun den éischte kollektive Wierker (an der Schlussbibliographie feelt allerdéngs dat eent an dat anert), dat op seriösem, wëssenschaftlichem Nivo – vun Ausnamen ofgesinn – der Fro nogeet, wéi et mat der lëtzebuerger Sprooch bestallt ass, an dat gläich an dräi Sprooche, well di meescht Beiträg, di ursprünglech mëndlech Konferenze woren, goufen op däitsch a franséisch iwwersat, allerdéngs net op lëtzebuergesch, wann se net vu vir eran op lëtzebuergesch gehale gi waren.
Dräi Contributiounen hu mer besonnesch gudd gefal: dem Victor WEITZEL séng iwwert ‚Le statut du luxembourgeois (et ses pratiques orales et écrites)‘, dem Claudine MOULIN séng iwwert d’Lëtzebuergesch als Objet vun enger universitärer Recherche, an dem Germaine GOETZINGER séng iwwert de Literaturbetrib am 19. an 20. Jorhonnert.
Dem WEITZELs Vic säin Text ass an deem Sënn zwar nach vir-wëssenschaftlech, dass en éischter Impressionen erëmgëtt, déi awer op historeschen a soziologeschen Iwwerléunge berouen, di iwwerzeegen. E verzicht och leider op Foussnoute, obschons ee bei muenche Passagen du déjà lu richt. Seng Stäerkt ass di enk Relatioun, di hien tëscht der Sprooch an dem Sproochgebrauch engersäits an der sozialhistorescher Entwécklung anersäits erausschafft. Mat de Methode vun der Literaturwëssenschaft analyséiert d’Germaine GOETZINGER dee literaresche Sproochgerauch andeems et dräi Froe nogeet: 1. wat woren a sinn d’Rahmenbedingungen vum literaresche Schaf-
fen zu Lëtzebuerg, 2. wéini a firwat wiessele Lëtzebuerger Schrëftsteller vun enger Sprooch an di aner (lëtzebuergesch, däitsch, franséisch), 3. watfer Motiver, Topoi a Mythe behandelt di lëtzebuergesch Literatur. An der Entwert op dës drëtt Fro analyséiert et besonnesch d’Ausernansetzung vun de Lëtzebuerger Literate mam Zweete Weltkrich.
Als éischt Professorin fir Lëtzebuerger Linguistik op der Uni Lëtzebuerg erkläert d’Claudine MOULIN un e puer Beispiller, wat eng akademesch etabléiert Sproochfuerschung an eng universitär Formatioun am Lëtzebuergeschen alles ze dinn an z’offréieren hätten. Leider huet säi Pladoyer näischt mi gedengt: weder de Verwaltungsrot vum Centre Universitaire nach d’Kulturministesch ware bereet, him di minimal Mëttelen (haptsächlech Personal) zur Verfügung ze stellen, fir dass hatt di Hellewull Projetën hätt kënne realiséieren. Dunn ass et eben op d’Uni Tréier ausgewach. Do schafft och de Joseph REISDOERFER un engem Projet mat, fir en etymologeschen Dixonär vun de franséischen Elementer am Lëtzebuergeschen z’erschaffen. A sengem kuerze Beitrag zielt e nach eng Kéier op, watfer linguistesch a literaturwëssenschaftlech Aarbechtsinstrumenter mer nach brauche, fir kënnen eng seriö Formatioun an der Lëtzebuerger Sprooch unzebidden. Dat gëlt besonnesch da, wann ee wëllt Lëtzebuergesch als Friemsprooch enseignéieren, wi de Staatsminister et gär hätt. Eleng an dësem Buch stinn e puer Bauzegekeeten, di weise, wéi néideg eng sproochgeschichtlech Fuerschung wär: Den Henri HOSTERT behaapt zum Beispill, zu Lëtzebuerg géif et säit dem 1. Jorhonnert no Christus eng „situation trilingue“. Fir de Jean-Louis KIEFFER wore schon d’Treverer an en Deel vun de Mediomatriker „germanisées avant l’arrivée de César“ an e geheit dann d’Keltesch mam Germaneschen an een Déppen. Och de
michel pauly
WEITZELs Vic iert sech, wann e schreift, éischt Spure vum Lëtzebuergesche géif een a Bréiwer a Notärsakten aus dem 18. Jorhonnert fannen: Mir sinn am gaang an engem Projet op der Uni Lëtzebuerg, dee vum Claudine MOULIN a vu mir geleet gëtt, nozeweisen, dass schon an de Kontebicher vun der Stad Lëtzebuerg aus dem 14.-15. Jorhonnert probéiert gouf, eng lëtzebuergesch Phonetik ze verschrëftlechen.
D’Natalia FILATKINA weist an dësem Buch um Beispill vun der Phraseologie no, wat eng Analys vum reelle Sproochgebrauch ka bréngen, nämlech net zulescht de Beweis fir di sproochlech Eegestännegkeet vum Lëtzebuergeschen am Verglach mat Nopeschsproochen an -dialekter, wat een um Nivo vum Vocabulaire z. B. net su einfach ka behaapten. Zu deem eegene Charakter vum Lëtzebuergesche gehéiert och, dass d’Sprooch staark mëndlech geprägt ass. Duerfir wonnert et mech z. B., dass weder de Vic WEITZEL nach d’Germaine GOETZINGER drop hiweisen, dass di éischt a laang Zäit eenzeg literaresch Gattungen, an deene Lëtzebuerger Schrëftseller eng gewësse Qualitéit erreecht hunn, Gattunge mat mëndlicher Traditioun woren: d’Lyrik, d’Lidd, den Theater, den Epos, während de Roman bis an dat lescht Véierel vum 20. Jorhonnert op sech waarde gelooss huet. Duerfir bleiwen a mengen Ae Riedewendungen, wi de Radiosjournalist Jean-Pol RODEN se op Schrack an Tratt gebraucht, ëmmerschlecht Lëtzebuergescht: „Nostoend fann dir d’Stellungnahme vun de politesche Parteien …“ (vu lexikalesche Feeler (stéits, erléieren, …) net ze schwetzen). Esou eng Partizipialkonstruktioun ass aus dem geschriwwenen Däitsch iwwerholl an entsprecht net der Syntax vum Lëtzebuergeschen. Ech menge net, dass een déi friem Sazformatioune kënnt mam Natalia FILATKINA senger Hypothes entschëllegen, dass „die fremden Einflüsse nicht den Verfall dieser Sprache (bedeuten), sondern ihre schnelle sozial-funktionale Aufwertung (beweisen)“, well dat bezitt sech just op d’Lexik an d’Phraseologie. Genau dowéinst, well se stänneg vun der däitscher Schrëftsprooch ausgi fir mëndlech lëtzebuergesch Säzz ze formuléiere, kréie Radio- an Télésjournalisten mat Recht virgehäit, di géife schlecht Lëtzebuergesch schwetzen.
Domat ass awer d’Bewertung vum Lëtzebuerger Sproochgebrauch ugeschwaacht: wat ass richteg a wat ass falsch? Di Fro daucht an e puer Beiträg op, gëtt awer néierens verdéiwt, et pour cause, dora sinn d’Claudine MOULIN an de Jean-Paul HOFFMANN sech eens: Well d’Lëtzebuergescht ganz wéineg norméiert ass an eng héich Varianz opweist (de Jérôme LULLING gëtt dem Lieser eng Iddi dervun, wann en di linguistesch Problemer beschreift, fir e Spellchecker fir d’Lëtzebuergescht z’entwéckelen; vun de politesch-finanzielle Pro-
blemer seet en diplomatescherweis näischt), misst een, ir een eng normativ Grammatik kënnt schreiwe, eng breed Sammlung vun Textmaterial uleën fir eng linguistesch Sproochbeschreiwung z’erméiglechen. Dofir hu bis elo awer d’Mëttele gefeelt. D’Programmkommissioun vun den audiovisuelle Medie gëtt zwar vill Suen aus, fir zu Tréier op der Uni eng Analys vun der Walkampagne 2004 man ze loosse, fir déi Stonnen a Stonne vu Sendungen opgezeechent an ofgeschriwwwe gin. Dass een dat Material och de Sproochfuerscher kënnt zur Verfügung stellen, ass nach bei kengem Fuerschungspolitiker uewen ukomm.
Dee Mangel u Norm am Lëtzebuergeschen féiert natierlech dozou, dass vill Leit mengen, et kënnt ee Lëtzebuergesch schreiwe wéi ee Loscht huet. De Josy BRAUN beschreift di verschidde Versich, fir d’Schreifweis ze vereenheetlechen; dat bezitt sech awer ëmmer nëmmen op d’Orthographie, net op aner Elementer vun der Grammatik an och di lescht Reforme sinn alles wi strikt kohärent. Mä dat kënnt dervu, wi d’Claudine MOULIN schreift, wann ee Regelen opstellt nom subjektive Gefill statt opgrond vun enger objektiver Sproochbeschreiwung. Anersäits warnt de Jean-Paul HOFFMANN an engem Ronnedeschgespréich virun där Norméierung, well „d’Sprooch da méi agéngt gi muss, fir weider kënne schrëftlech optimal ze fonctionnéieren“. Domat ass de Problem vum Lëtzebuergeschen an der Schoul gestallt.
Dës laangen an dës breede begrënnt d’Christiane TONNAR-MEYER vum Schoulministär di duebel Aufgab vun der Schoul an där Hisiicht: Si muss engersäits de Kanner „déi beschtréiglech Startchancé fir d’Liewe ginn“ an anersäits ass „d’Schoul awer och déi Plaz wou d’Base fir d’Cohésion sociale geluecht ginn. An engem Land mat esouvill Auslänner, ass dat Wichtegst, d’Zesummeliewen ze léieren. … A fir sech ze versioen, muss een eng gemeinsam Sprooch hunn.“ D’Marie-Paul (14) ORIGER-ERESCH, eng Schoulmeeschesch, liwwert dann eng Rëtsch prezis Beispiller, wéi de Précoce versicht, déi Missioun an d’Praxis ëmzesetzen. Den Inspekter Pierre REDING bleift vill méi am Vage, wann en d’Plaz vum Lëtzebuergeschen am Primär beschreift: vu kritescher Analys vun der Schoulrealitéit am Verglach zum reglementareschen Usproch ass hei keng Spuer. Nach méi schlëmm steet et mat der Sproocherzéiung bei deene Jonken: Keen ee Beitrag beschäftegt sech mat der Situatioun am Secondär, och net der Schoulministesch hir dräi Zeile Virwuert, och net dem Henri HOSTERT säin Artikel, deen als President vum „Europäische Bureau fir manner verbreet Sproochen – Lëtzebuerger Comité“ op d’Fro sollt entwerten
Genau dowéinst, well se stänneg vun der däitscher Schrëftsprooch ausgi fir mëndlech lëtzebuergesch Säzz ze formuléiere, kréie Radio- an Télésjournalisten mat Recht virgehäit, di géife schlecht Lëtzebuergesch schwetzen.
„Pourquoi défendre les langues moins répandues?“, dorop awer mat kengem Wuert ageet, mä di legal a schoulesch Situatioun vum Lëtzebuergesche resüméiert a beim Sproochegesetz vu 1984 hänke bleift. De WEITZELs Vic huet also Recht: „Que l’on cesse donc de pleurer sur le fait que rien n’est fait pour la littérature luxembourgeoise. Il faudrait plutôt s’interroger sur les blocages et les interruptions qu’un patrimoine a subis dans sa transmission qui empêchent qu’une communauté culturelle a accédé (recte: ait accès à) la connaissance de sa subjectivité.“
Muss ee sech da wonneren, wann d’Claudine MUNO als eng vun den Uersaachen ugëtt, firwat vill Jonker keng bewosst Relatioun zum Lëtzebuergeschen entwéckelen, do wär „wahrscheinlech sou ee klenge Minderwäertegkeetskomplex…, dee jidfereen e bessen a sech huet“ grad am Zesummenhank mat der kultureller Produktioun zu Lëtzebuerg. Seng Wieder erënne frappant un dem Jean-Pierre Erpelding seng Sàzz, di d’Germaine GOETZINGER zitéiert: „Überhaupt war die Zeit so geartet, dass sie für das
Heimatliche eine leise Verachtung hatte, und wer einigermaßen in der Bildung hochgekommen war, schämte sich ein bisschen seiner kleinen, niedrigen Heimat.“ (1952). Dat ass e weidere Beweis fir dem Vic WEITZEL seng Zweiweilen, ob et net e Mythos ass, fir vun engem „âge d’or du luxembourgeois“ am 19. oder freien 20. Jorhonnert ze schwetzen. Dem Claudine MUNO seng Aussoë man awer och kloer, dass et manner e sproochleche, mä éischter e kulturelle Problem ass, wa Jonker manner Lëtzebuergesch schwetzen oder sangen. Dat ass bei de jonke Fransouse net anescht! D’Musék vun haut gëtt nun emol vum Engleschen dominéiert. D’Gewënnerin vum Servais-Präis 2004 stellt nämlech fest: „Op Lëtzebuergesch ze rappen oder op Lëtzebuergesch Punk ze spillen … trotzdeem geet et, et ass duerchaus méiglech.“
D’Lëtzebuergescht ass jo vir d’éischt eng oral Sprooch a misst also liicht musikalesch ze verschaffe sinn. Och d’Wëssenschaftler hunn di Sprooch bis haut net entdeckt an dat heite Buch ass wuel dat éischt, dat de Schrëtt wot – mä
www.12345kjt.lu
Berodung an Informatioun
fir Kanner a Jugendlecher
am Internet
12345
Mir lauschteren dir no,
an et bleift alles ënnert eis.
Méindes, mëttwochs, freides
17:00 bis 22:00
Dënschdes, donnëschdes,
samschdes 14:00 bis 20:00
nëmme mat paralleller Iwwersetzung. De forum-Lieser gëtt mat dësem Artikel net su verwinnt. Mä och an eiser Zäitschrëft (méi wi an iergendenger Dages- oder Wochenzeitung!) schreift just de Koschter seng Pefferkären op Lëtzebuergesch oder et sin Transkriptioune vu Radiosémissiounen. Um Radio ass d’Lëtzebuergesch to éischter normal an dem Fernand WEIDES seng Begrënnung vun där Sprooch um 100,7 ass scho bal iwwerflësseg. Méi interessant wär et gewiescht, wann den Direkter vun där anerer Zeitung, di de Konferenzenzyklus als ‚partenaire médiatique‘ gefërdert huet, erkläert hätt, firwat am Lëtzebuerger Land su wéineg Lëtzebuergesch geschriwwe gëtt.
Di ‚défaillance‘ vum Lëtzebuerger Schoulsystem a puncto Sproocherzéiung erkläert villäicht och, firwat de Staatsminister Jean-Claude JUNCKER, dee jo säit enger Rei Joren net midd gëtt ze behaapten, d’Lëtzebuergesch wir noutwendeg fir d’Cohésion sociale, an séngen Interventionen bei deem Ronnedëschgespréch, dat mat am Buch ofgedréckt ass, méi virsiichteg schéngt, manner sécher, dass dem Lëtzebuergeschen och wierklech déi Roll kann zoukommen: „Ech hu gesot, ech géif mengen an 20, 30 Joer géif d’Lëtzebuerger Sprooch sech als eigentleche Ferment vun der Lëtzebuerger Cohésioun kënnen [!] erausstel-
len… Et kann een awer net theoretesch driwwer schwätzen, wéi een dat soll maache [fir Net-Lëtzebuerger Lëtzebuergesch ze léieren], sou laang wéi mer keng approximativ Kloerheet driwwer hunn ob d’Lëtzebuergesch een decisive Facteur soll si vu réusséierter Integratioun a vu réusséiertem Mateneeliewen“.
An domat si mer bei engem anere roude Fuedem, deen duerch dat ganzt Buch gesponne gëtt: den Zesummenhank vu Sprooch a nationaler Identitéit. Ausser dem Georges CALTEUX, engem Direkter (vu wat gëtt net gesot), vertrëtt keen Auteur mi eng ontologesch oder ethnesch Opfaassung vu nationaler Identitéit, där et Angscht ëm d’Zukunft ass. Well hie sech jo anerwäerts schon dermat gebrezt huet, keen historescht Buch ze liesen, well do zevill Foussnouten dra stinn, weess e net, dass de Begrëff vun enger ‚Fremherrschaft‘, virun där d’Lëtzebuerger geduckt hätten, wëssenschaftlech net haltbar ass. Duerfir kann en och su abtrus Theorien opstellen, dass di feodal an reliéis Monumenter „ënner enger ästhetescher Intentioun entstane sinn“, also Konschtdenkmäler sinn, de ländlechen an den industrielle Patrimoine awer „aus enger Funktioun entstanen“ ass, also aus Kulturdenkmäler besteet. Wi wann den Här vun Useldéng iergendeppes mat Konscht um Hutt gehat hätt. Aus deem selwechte Grond hu weder de Georges CALTEUX nach säi Ghostwriter, dee su gär griechesch Philosophen zitéiert, di rezent Diskussioun iwwert eng dynamesch Définitioun vu (nationaler) Identitéit mat kritt. (De Jean-Paul HOFFMANN: „Eng Identitéit ass .. ëmmer eppes Virleefeges.“) Mä deen ex-Direkter steet iwwert all Kritik, well „all Mënsch, deen … eppes mécht, huet déi géint sech, déi datselwecht géife maachen, déi, déi souwisou de Konträr maachen, a virun allem déi grouss Arméi vu Leit, déi am béiswëllegste sinn a selwer näischt maachen.“ Ech däerf mer just nach eraussichen, zu wéi engem Grupp ech gehéieren.
Och de Jean-Pol RODEN hat wéineg gelies, fir séng Säit Aledung zu engem parteipolitesche Ronnedëschgespréch um 100,7 ze schreiwen. Hie behaapt monter, de Gilbert TRAUSCH hätt gesot, eist Ländche géif seng Existenz just engem historeschen Zoufall verdanken. Dobäi huet den Historiker a séngem Virtrag sech all Méi ginn, fir grad de Contraire ze beweisen: „Cette communauté est certes ballottée par les réalités qui auraient pu être autres, mais en elle-même elle n’est pas le fruit du hasard.“ Di fënnef Säite vum Gilbert TRAUSCH sin allerdéngs nëmmen en Extrait aus engem Buch, dat en am gaang ass ze schreiwen fir op d’Fro z’entwerten, ob Lëtzebuerg nëmmen en Akzident vun der Geschicht ass. D’Roll vun der Sprooch, di en 1989 ganz
Muss ee sech da
wonneren, wann
d’Claudine
MUNO als eng
vun den
Uersaachen
ugëtt, firwat vill
Jonker keng
bewosst
Relatioun zum
Lëtzebuergeschen
entwéckelen,
do wär
„wahrscheinlech
sou ee klenge
Minder-
wäertegkeets-
komplex…“
staark ënnerstrach hat, gëtt an deene puer Säite net ernimmt.
Dass een d’Sprooch net ka mat der nationaler Identitéit gläichsetzen, geet net zu lescht och aus den zwou Contributioune vum Albert CONTER iwwert d’Sproochentwécklung am Areler Land a vum Jean-Louis KIEFFER am Louthrengeschen ervir. Allebëid verlaangen, et misst eppes gemaach ginn, fir dass d’Lëtzebuergescht bei hinne net verschwënnt. A Louthrengen geet et awer net nëmmen em d’Lëtzebuergescht, mä och em aner germanesch Dialekter laanscht d’Grenz mat Däitschland. Mat Recht schreift de Jean-Louis KIEFFER: „(Le problème linguistique) complexifie terriblement les notions apparemment simples de patrie, nation, peuple.“
Duerfir wëllt de Jean-Paul HOFFMANN onbedéngt „déi Saach vum ferment national [deen d’Sprooch soll duerstellen] vun dem Facteur Kommunikatioun trennen“, well déi Vermëschung, déi an der däitscher Romantik opkomm ass, huet „letztlech zu deëer Fro gefouert, déi d’Nazien eis 1941 an der Personenstandsaufnahme gestallt hunn. Dat ass déi Avalanche, nämlech d’Vermëschung vu Rass, Vollekstum a Sprooch, déi dozou kënnt.“ Dogéint wiert sech natierlech de Jean-Claude JUNCKER, deen aus senger Experienz um Balkan geléiert huet: „(Et soll een) d’Sprooch net niddreg hänken, well si huet méi Identitéitsstëftendes an Identitéitzerstëierndes virun allem wéi et engem ka léif sinn.“ Hien entwert domat och dem Vic WEITZEL, dee grad wi de Jean-Paul HOFFMANN derfir plädéiert, identitär Facteuren bei der Définitioun vun der Nationalitéit oder bei der Naturalisatioun ewegzeloossen, „well mir souwisou am gaang sin als eng komplex Gemeinschaft nei Identitéiten am Échange tëschent de Leit ze schafen“ (WEITZEL). „Elo ass et awer un dem Moment, fir … hinzeschaffen op e neit Konzept vun Identitéit. E Konzept wat net op eng Sprooch als eng Natioun baut, mä op eng Multiplicitéit, dat heescht op eng Mehrsprochegkeet, resolut mindestens 3 Sproochen“ (HOFFMANN).
Duerfir schléit de Vic WEITZEL vir, d‘ Lëtzebuergescht schon ze fërderen „dans un esprit non pas identitaire, mais inter-culturel“. Dat däerf da net vun uewen erof geschéien: „On ne peut décréter de manière autoritaire que le luxembourgeois est la langue d’intégration.“, well da riskéiert et zu Reaktiounen ze kommen, di dat bewosst refuséieren. Nët diskutéiert gëtt am Buch d’Fro, ob an den aktuelle soziale Realitéiten eng voluntaristesch Sproochepolitik iwwerhaapt nach eng Chance huet; an deem Sënn ass vläicht ze bedaueren, dass d’Auteure vun der Étüd Baleine net gefrot goufe, matzeschaffen. Eng Ausernanerset-
zung mat hire soziologeschen Aarbechte wär secher spannend, well si nawell gär dat Faktescht zur Norm erklären.
Och wann et grad net-nationalistesch gesënnte Schrëftsteller wi de Guy Rewenig an de Roger Manderscheid waren, di de neie Lëtzebuerger Roman geschriwwen hunn, muss een sech d’Fro stellen, wéi een dat soll ronn kréien, fir esou Wierker als literaresch Meeschterwierker bekannt ze man, sou dass Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger sech se als Ausdrock vun onser Kultur uneegnen. Well dann eréischt wär d’Lëtzebuergescht och bei deene neien Awunner net nëmmen e Kommunikatiounsinstrument, mä och en Deel vun hirer Identitéit.
Ech hunn den Androck, hei bleift nach villes ze klären. Dem Premier séng Skepsis ass schon ubruecht. Mä dat Buch, dat de Projet Moien! an d‘Sproochenhaus Wëlwerwolz publizéiert hunn, ass e gudden Ausgankspunkt, fir déi Diskussioun sachlech, ouni di nationalistesch Ënnertéin aus der Vergaangenheet ze féieren. Nodeem dee Projet eriwwer war, ass am Kader vum FNR séngem Programm VIVRE op der Uni Lëtzebuerg e Projet ugelaf, deen ënnert dem Titel „Histoire, mémoire et identités [am Plural!]. Étude du rôle des lieux de mémoire dans la constitution des identités collectives luxembourgeoises“ secher zu deem ganze Froekomplex e Wiertche matzeschwetzen hätt. A vläicht kréien dem Claudine MOULIN an anere Leit hir Projetën a puncto Lëtzebuerger Linguistik jo och enges Dags neess eng Chance. Sprooche vergi net vun haut op muer. Et ass derwäert sech Zäit ze huele, fir se sine ira et studio ze studéieren. A muss esou eng Aarbecht da net agebett ginn an eng interdisziplinär Recherche iwwert di Lëtzebuerger Kultur a Geschicht? Gehéiert zur Identitéit net och e Bewosstsin vu wou mer kommen, wéi mer gi sinn, wat mer wëlle bleiwen, egal wéi onrealistesch a geféierlech dee Wonsch no Stëllstand a Permanenz och ass?
Dat Buch kann ee gratis kréien (well d’EU et sponsort) am Kulturministär; wou nach, war net erauszefannen.
Gehéiert zur Identitéit net och e Bewosstsin vu wou mer kommen, wéi mer gi sinn, wat mer wëlle bleiwen, egal wéi onrealistesch a geféierlech dee Wonsch no Stëllstand a Permanenz och ass?
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!