Liesen léiren fänkt an der Maternité un
E Gespréich mam Martine Schoellen, Däitschprofesser am Lycée technique Michel Lucius a Mamm vun dräi Bouwen
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
E Gespréich mam Martine Schoellen, Däitschprofesser am Lycée technique Michel Lucius a Mamm vun dräi Bouwen
Dëng Kanner liese gär…
Ganz gär. Ech weess net, ob dat mäi Merite ass. Mä et ass sécher, dass ech se vun Ufank un domatt konfrontéiert hunn, dass se heheem quasi iwwert d’Bicher trëllen. Domat fänkt ee net eréischt op Septième un, wéi ech dat heefeg erliewen, wann d’Eltere mech froen: Wat kann ech elo maachen, dass se Intressi um Liese kréien? Ech sinn der Meenung, dass dat scho ganz fréi ugeet, bei den éischte Billerbicher wou nach keen Text derbäi ass, wat ganz flott ass fir „Sprechanlässe“ ze provozéieren, fir se doriwwer eraus op ganz vill Saachen opmierksam ze maachen, déi ronderëm se do sinn, fir dass se iwwerhaapt schwätze léieren. An da si ganz vill Situatiounen, wou et sech einfach ergëtt, dass ee mat hinnen e Buch liest. Dat Zesummesinn an e Buch liese sinn och privilegieiert Momenter, déi ee ganz intensiv erleift a genéisst. An dat net nëmmen owes virum Aschlofen, wou dat zwar och ganz wichteg ass an zu deene ganz flotte Ritualer gehéiert, deen herno och bestoe bleift!
… wou se net méi virgelies kréien, mä selwer liesen, mat der Tâscheluucht ënnert der Decken.
Jo, genau. Dat gëtt dann e fléissenden Iwwergank. Dann ass et jo och esou, dass hir Virwëtzegkeet ganz grouss ass. Wann een z.B. mat hinnen eng Ausstellung kucke geet an de Naturmusée, da kann een och dovu profitéieren, fir dat herno am Buch ze verdéiwen. Dat
heescht via Lektür kann een e gemeinsamt Erliefnis nach eng Kéier opbereeden, fir dat net alles un der Oberfläch ze loossen. Da kann een och besser op hir Froen agoen, d’Äntwerte nosichen, well ee jo net an all Sachgebitt alles ka wëssen. Ech si souwisou der Meenung, dass Liese net nëmmen eng Saach vu Fictioun ass, mä och ganz vill vu Sachbicher. Da fällt et munche Leit och vill méi liicht fir ze liesen. Dat ass och den Tuyau, deen ech menge Schüler ginn: Ech erwaarde mer net, dass der Literatur am Senn vun de grousse Nimm liest, mä liest genau dat, wat iech intresséiert.
Ech si […] der Meenung,
dass Liese net nëmmen
eng Saach vu Fictioun ass,
mä och ganz vill
vu Sachbicher.
Och Bandes dessinées!
Bei de BDen sinn ech immens virsiichteg, well ech déi eegen Erfahrung gemaach hunn, dass wou ech ugefaang hunn, BDen ze liesen, ech enorm liesfaul gi sinn, well ech gemierkt hunn, dass et vill méi ustrengend war, en Text ouni Biller ze liesen. Dat ass meng Erfahrung. Anersäits sinn ech der Meenung, dass et grad am Franséische sënnvoll ass, BDen ze liesen – ech denken z.B. un Asterix an Tintin, zwee absolut Klassiker – fir Loscht op d’Liese vun der franséischer
Sprooch ze kréien. Mä ech si bei BDen immens virsiichteg.
Fir mat klenge Kanner op Sachproblemer anzegoen, z.B. no enger Ausstellung, ass aller-dëngs net ëmmer einfach, well et fir déi net ëmmer Sachbicher gëtt.
Do ass dann eben den „Elterekommentar“ méi gefuerdert. Dat geet z.B. iwwert Biller, déi een zesumme kuckt. Liese fänkt a mengen Aen net mat den éischte Buschtawen am éischte Schouljoer un. Liese fänkt u mat deem Visuellen. Dozou seet engem dann e Groussen den Text. Niewebäi bemierkt hunn ech ménage Kanner och ëmmer den Text an der Sprooch vum Buch virgelies, well ech der fester Iwwerzeegung sinn, dass dat hiert Sproochgefill fördert.
Ech muss dobäi soen, dass mäin Eelsten d’Chance hat, an der Schoul no der Schwäizer Method „Lesen durch Schreiben“ ze léieren. Doduerch konnt hie no e puer Wochen alles schreiwen, wat hie konnt soen, an e konnt och deemno alles liesen. Ech hu fonnt, dat hat en eenorm gudden Afloss. Doriwwer eraus muss ech soen, dass onst Léierpersonal am Primaire immens gudd Aarbecht leescht. Si hunn oft am Klassenzëmmer eng Kuscheleck, wou déi Schüler, déi fréizäiteg mat enger Aarbecht fäerdeg sinn, sech däerfen e Buch eraussichen. Dat ass eng Belounung a keng Strof. De Kader vun deem Liese muss och stëmmen: e bësche méi gemittlech. D’Léierpersonal huet och geleëntlech eng Liesnuecht organiséiert. Do war
da natierlech och eng immens Spannung derbäi. Ronderem d’Liese ginn et am Primaire vill luewenswäert Initiativen a Beméungen. Primaireschüler a souguer deels Préscolaireschüler hunn och oft hir eege Schoulbibliothéik am Klassesall, wat staark motivéiert a scho fréi Kontakt mat Bicher erméiglecht an d’Ausléine manner komplizéiert mecht.
Tragesch ass jo awer, dass wa s’an de Secondaire kommen, dass hinnen dann oft d’Loscht um Liese vergeet. U wat hänkt dat dann!
Dat ass eng schwiereg Fro. Do misst ech jo scho bal mat Scholdgefilter reagéieren. Ech weess net, ob dat net virun allem alters- oder entwécklungsbedéngt ass, well se da vill ofgelenkt sinn duerch aner Saachen. Ech denken, si ginn duerch d’Schoul, besonnesch am Secondaire classique, och scho genuch mat Bicher konfrontéiert, sou dass se keng Loscht méi hunn, iwwert dee Pensum eraus nach ze liesen, mä déi Zäit léiwer fir aner Saache notzen, Sport maachen oder relaxen. Ech denken, do kënnt duerch d’Schoul scho bal en Effet vun Iwwerfuerderung.
Well d’Léiere scho gréisstendeels aus Liese besteet, gëtt d’Liesen dann op eemol mat enger negativer Erfahrung associéiert. Liesen ass do keng Belonung méi.
Et stëmmt, dass och män Eelsten, deen elo am dretten Trimester op Septième ass, manner Zäit mat Liese verbréngt. Do muss ech Der leider recht ginn.
Et ginn der jo awer och, déi spéider neess zum Liese kommen. Ass Televisioun kee Facteur, dee vum Liesen ofhält!
Ech mengen net. Sécher fördert d’Tëlee net, mä si schléisst awer net aus, dass ee liest. Et hänkt do dervun of, wéi labil een ass. Et ass sécher méi einfach, sech vrun d’Tëlee ze setzen wéi e Buch ze huelen fir z’entspanen.
Wichteg ass och, dass d’Kanner ëmmer déi Bicher kréien, déi hirem Alter oder Entwécklungsstand entspriechen, dass se also weder ënner- nach iwwerfuerdert ginn.
Ginn et dann am Secondaire Initiativen, fir d’Liese bei de Schüler ze förderen!
Sécherlech ginn et där Usätz och do. D’lescht Joer hat de Ministär z.B. e Lieseconcours organiséiert. Wivill Friichten dat dréit, ass schwéier direkt anzeschätzen. Et wier flott, wa mir äis als Sproocheproffen verstäerkt géngen konzertéieren och zu deem Punkt. Ech géif et z.B. begréissen, wa mer regelméiseg iwwert nei Jugendbicher géifen informéiert ginn. Wat mech ëmmer neess depriméiert, dat ass déi Lëscht vun der Kursivliteratur, déi all Joers ëmmer neess an „Horaires & programmes“ vum Ministär publizéiert gëtt a kaum opgefrëscht gëtt. Wuelbemierkt kritt ee
glécklecherweis eng gewësse Fräiheet beim Choix vun der Kursivlektür, et däerf een op en anert Buch zréckgräifen, dat ee selwer gewielt huet. Duerfir froen ech oft d’Schüler, wat fir e Buch se an der Lescht gelies hunn, dat se ugesprach huet, an da kucken ech mer dat un, ob et als Klasselektür gëeegent ass oder ech tauschen mech mat Aarbechtskollegen aus.
Et wär jo awer einfach, en Internetsite ze creéieren, deen esou Informatioune liwwert.
Sécher, vläicht a Form vun enger Austauschbörse vu Lieserfahrungen. Wichteg ass och, dass d’Kanner ëmmer déi Bicher kréien, déi hirem Alter oder Entwécklungsstand entspriechen, dass se also weder ënner- nach iwwerfuerdert ginn.
Obschonn d’Kanner ëmmer neess gär déi selwecht Bicher a Geschichte wëlle liesen oder erzielt kréien!
Dat gëtt hinnen och Sécherheet. Dat sichen d’Kanner jo. Dat gëllt och bei der Lektür. Dat wat hinne vertraut a bekannt ass, dorops komme kleng Kanner ëmmer neess gär zréck.
D’Gefor vun der Langweil gëtt et do net!
Manner. ‚T ass méi d’Spannung, wann ee weess, elo kënnt neess dee Moment wou dat oder dat passéiert. Déi Erwaardung ass et wat se sichen, dee „Wiedererkennungseffekt“. Duerfir si se jo och ganz stolz drop, wa si wëssen, wat do elo als Nächst kënnt.
A gare la mine, wann de Papa d’Geschicht anescht verzielt wéi d’Mama!
Da si se ganz onzefridden. Duerfir fannen ech et allerdéngs och schued, dass haut d’Kanner déi klassesch Märecher nëmmen an der Versioun als Walt-Disney-Film kennen. Si kréien also just déi fäerdeg Fassung servéiert a kënnen net hir eege Fassung ausmolen. Dat fannen ech erschreckend.
‚T soll een also ëmmer besser d’Buch mam Kand liesen, ier een de Film kucke geet.
Op alle Fall. Ech sinn haut nach vill manner motivéiert e Buch ze liesen, wann ech de Film scho gesinn hunn, wéi ëmgedréint, well ech scho weess wat kënnt. E Bekannte vu mir, de Frank Kaiser, huet do een Ausdrock geprägt, dee mer an deem Kontext afällt: Liesen ass Kino am Kapp.
Bibliothèque Tony Bourg, Troisvierges (© Jean-Marie Reding)
Sollen d’Kanner da Bicher an all Sprooch liesen?
Dat ass ee spezifesch Lëtzebuerger Problem. Wéi motivéieren ech mäi Kand fir e franséischt Buch ze liesen? Do besteet nämlech oft de Problem, dass de Niveau vum Buch an de Niveau vun der Sprooch net iwwerteneestëmmen. Wann eis Kanner bis léiere Franséisch liesen, musse s’oft Bicher kréien, déi vun der Geschicht hier e Bëbeesniveau hunn. Dat ass e reelle Problem. A wann een emol e Buch fënnt, dat se usprecht, dann ass d’Franséischt neess ze komplizéiert. Dat dauert a méngen Aen op d’mannst bis Sixième/Cinquième. Eréischt méi spéit kann ee genuch Franséisch fir déi Bicher ze liesen, déi een och intresséieren. Duerfir drécken sech déi Lëtzebuerger Kanner viru franséische Bicher.
Wéi ass et da mat Lëtzebuergesch liesen?
Schwiereg, well dat ass sécher méi ustrengend ze liesen. An der Primärschoul sinn Usätz do. Si maachen och geleeëntlech Liesunge mat Lëtzebuerger Auteuren. Dës Lescht wor z.B. den Henri Losch a mengem Jong senger Klass an huet hinne virgelies aus dem Buch „E Bouf erzielt“. Mäi Fils am 4. Schouljoer wor begeeschtert. A well mir dat Buch och heiheem haten, hunn ech hinnen dunn och owes draus virgelies a mäi Jong huet doropshin och selwer e puer Kapitele fir sech gelies.
Dat ass awer schonn eng Leeschtung.
Et däerf ee ni engem Kand bei engem Buch nee soen. Et ass och eng Saach vu Reflex, deen ee muss kréien. Wa méng Kanner op e Kannergebuertsdag invitéiert ginn, kafen ech z.B. an der Regel e Buch fir als Cadeau matzehuelen. Komescherweis sinn ech awer eng vun de ganz wéinege Mammen, déi dee Reflex hunn. Et kënnt ee mengen, e Buch schenken ass banal, mä a Wierklechkeet ass et eppes ganz Extraes. An England huet de Stat z.B. all Kanner eng Rutsch Bicher geschenkt, well se gemierkt hunn, dass Kanner déi liesen, an der Schoul vill manner Schwieregkeeten hunn, an dass dee Cadeau de Stat also leschten Enns méi bëlleg gëtt.
Ech hunn dat och a méngne Klasse bestätegt kritt. Wann ech froen: Wee krut als Kand owes virgelies? an duerno: Wee liest haut regelméisseg e Buch?, da sinn dat praktesch déiselwecht Schüler. An
ech mengen, et geet net nëmmen duer, dass d’Kanner d’Eltere gesi liesen, als Virbild, dat se dat géife nomaachen. Neen, d’Eltere musse schonn aktiv mat hire Kanner, wa si kleng sinn, zesummen e Buch liesen.
Ech mengen einfach, dass d’Elteren sech musse vun Ufank u bewosst sinn, dass e Buch net einfach e Buch ass, mä dass dat eng privilégiéiert Méiglechkeet ass, a Kommunikatioun ze trieden, en immens intensiven a rouege Moment
mat hire Kanner z’erliewen, hir Kanner och als immens waakreg an intresséiert z’erliewen. Duerfir däerf et net eréischt op Septième lass goen. Wann ech et elo iwwerspëtzt wéilt ausdrécken, misst ech soen: liese fänkt schon an der Maternité un. Wann ech et wéilt realistesch formuléiere, géing ech soen, et wier sënnvoll, den Elteren esou fréi wéi méiglech e Ratgeber an dësem Sënn mat op de Wee ze ginn.
Ech soen Dir villmools Merci.
BIBLIOTHÈQUE NATIONALE DE LUXEMBOURG
37, boulevard F.D. Roosevelt L-2450 Luxembourg
tél : (+352) 22 97 55-1 fax : (+352) 47 56 72 e-mail: bib.nat@bi.etat.lu
online 24h/24h
- catalogue
- réservations
- bibliographie luxembourgeoise
en salles de consultation
- accès gratuit à internet
- accès gratuit à plus de 3800 e-journals et bases de données
- plus de 7600 films vidéo et DVD
heures d’ouverture
bibliothèque: mardi – vendredi 10:30 – 18:30
samedi 9:00 – 12:00
médiathèque: mardi – vendredi: 10:30 – 18:30
Prêt gratuit
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!