Repsen as gesond

Zu engem Film vun de Beggener Rover

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Repsen as gesond

Di Beggener Rover hun e Film gedreint, deen ee
roueg als gesellschaftspolitesch däerf bezeechnen.
"E rosa Repser oder Scouting for a better world"
gräift eng ganz Rei Mëstänn aus onser Gesell-
schaft op: Sexwell, Isolatioun duerch Technik (Dis
kothëik, Klinik), Egoismus (Amüsement a Statussym-
boler statt Nächstelëift), Gehierwäsch a Verblen-
dung viru chrëschtleche Werter, Kriminalitéit,
Energikris, asw. All déi Themen gin a kuerze Se-
quenzen an engem flotte Rythmus duergestallt a lëi
se sech all Kéier mat positive Sequenzen of: Tech-
nik kann och Kontakter vermëttelen, nieft der
Sexwell gëtt ët och nach Lëift tëschent Jugendle-
chen, d’Scouten als di nei Apostele brënge nei
Bewegung an d’Spill (vun der Kierch), e Grupp
Scouten sin an der Energikris op der Flucht aus
dem Konsumzäitalter an eng illusionär Naturwelt,
mä eng Kan Benzin gëtt hinne neess Hoffnung a si
bréngen de Flemserten nei Energie … Di positiv
Astellung zum Liewe gëtt all Kéier vun Scoute
bruecht – eng vläicht e bëssche graff Reklam fir
dee Mouvement, obschons eng Sequenz mat der "Off-

road-Jeep" weist, dass ët och do op an of geet, an
de Won och alt emol kann ëmkippen oder am Bulli
stieche bleiwen. Di optimistesch Sequenzen schën-
gen engem vläicht muenchmol zevill "rosa", mä et
as erfrëschend, dass si regelmässeg duerch e gud-
de Schot Witz an Humor relativiséiert gin.

D’Sequenze sin all vun enger villschichteger Sym-
bolik: heiandsdo mi graff (z.B wa "mat der Schei-
erpaart gewënkt" gëtt) – awer bewosst esou graff,
dass ët scho neess ironesch as, heiandsdo méi sub-
til wann d’Energi nët nëmme fir Petrol mä och fir
dat psychescht Feier steet, dat ons um Liewen
hällt, oder wann zwee Verléifter iwert e knubbele-
ge Pavé biergop gin. (Dës Sequenz schéngt mer am
allgemengen awer bëis naiv a kaum nach realistesch
fir e Jugendleche vun haut.) Dee Symbolräichtum
meecht de Film allerdéngs schwéier verdaulech: ët
muss een e puermol "repsen" – bei klenge Kanner as
dat jo erwënscht! Leit, di d’Entstehungsgeschicht
nët materlieft hun, versti nët an enger Séance
di surchargéiert Thematik, an dofir däerf ee sech
froen op dëse Film wierklech dat Kommunikatiouns-
mëttel mat Drëttpersoune gin as, dat d’Rover vu
Beggen wollten erreechen. An där Virstellung, déi
ech besicht hun, as nom Film wëineg diskutéiert
fin, a vu Jugendleche scho guer nët. Dat schéngt
mer typesch, well einfach zevill an 51 Minute ge-
sot gëtt, och wann dat ganz flott gesot gëtt.

An deem Sënn schéngt de Film virun allem deenen,
di matgeschafft hun eppes bruecht ze hun: si hu
missen iwert eng ganz Mass Problemer nadenken, si
si sécher als Grupp zesummegewuess, an dofir as ët
fir Aussenstehender méi schwéier gin hir Sprooch –
och hir Billersprooch – ze verstoen. Mä dat Resul-
tat (no bannen) wor secher och d’Experiment wert.

Ech stelle mer jhust d’Fro op hir Reflexioun ëmmer
wäit genug gaang as. Sécher kënnt een eenzel Aus-
soe kritiséieren (sou sin ech z.B. nët averstan
fir e Meedchen, dat op gesond Ernährung hällt,
sech e bëssche fatzeg klufft, gläich mat engem
Hippi deen hascht z’identifizéieren), mä di grav-
ste Fro stellen ech mer beim Opbau vum ganze Film:
ët sin eenzel Sequenzen, di all nom positiv-nega-
tiv-Schema oflafen ouni direkt zesummenzehänken.
As dat nët och symbolesch? Et feelt eng Analys, ob
ët nët eng gemeinsam Uersaach vun all deene Mëss-
stänn an onser Gesellschaft gëtt! An da géng ët
vläicht nët duer mat enger B.A. hei an e bësschen
Optimismus do fir all dene Problemer nozekommen!

Di Beggener Rover hun awer och geléiert mat der
Kamera ëmgoen. Och wann d’Beliichtung an den Toun
am Ufank heiandsdo ze wënschen iwreg loossen, sou

muss een dach besonnesch di mobil Kameraféierung
an dee flotte Schnëtt ervirhiewen, déi de Rythmus
ni langweileg gi loossen. Och d’Trickopnahme wei-
sen, dass di Beggener hir Super-8-Filmtechnik an
3 Joer Aarbecht kapéiert hun, an de Chef Gast Nil-
les sot a senger Aleedung jiddereen hätt däerfe

bei deene verschiddenen Techniken matman.

Wann dëse Film typesch as fir e neie Geescht bei
de "Lëtzebuerger Scouten", da kann ech nëmme soen,
si sin um richtege Wee. Bravo. m.p.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code