Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
An hirer Generalversammlung vum 29. Januar 1994 hu "Jeunes et Patrimoine" décidéiert, de "Gëllene Bagger" fir d’Joer 1993 un déi politesch Verantwortlech a staatlech Verwaltungen ze vergin, di responsabel si fir d’Ofrappen an d’Verschampléiere vum alen Hospice Saint-Jean am Gronn, an deem fir d‘-Lescht de Fraeprisong war.
Et geet dermat un, dass hei e Gebei, dat am Kär op d’17. Jorhonnert zréckgeet, eng nei Funktioun kritt huet, ouni ze préifen, ob de Programm vum naturhistoresche Musée géif an di al Mauere passen. D’Resultat as, dass nët de Programm de Gebeilechkeeten ugepasst gouf, mä d’Maueren hu bal all misse verschwannen, fir gewëss museographesch Virstellunge kënnen ze réaliséieren. Ier ugefaang gouf mat schaffen, gouf och eemol méi verpasst, e kompletten archeologeschen Inventär vum Haus a vum Terrain ronderëm ze man, obschons de Gronn deen eelste Stadvéierel as. Fir béid Décisiounen as an onsen An de Kulturministär verantwortlech, an dat bei engem Gebei, dat als historescht Monument klasséiert wor. Wéi e Schutz bréngt esou e Klassement da nach?
Als Responsabel gesi mir weider d’Bauteverwaltung, di sech nët un d’Oplage gehal huet, di si vun der "Commission des Sites et Monuments" kritt huet: Si huet ganz Deeler vum historesche Gebei ofgerappt an duerch Betongsmauerens ersat. Si huet dat eechent Gespär vum Daach erofgehäit an duerch Dännenholz ersat, ouni d’Konstruktiounstechnik an den Alter vun deem Gespär ze studéieren. Si huet den Daach och ëm en halwe Meter gehuewen, ouni een ëm d’Erlaabnis ze froen, wat eng kloer Illégalitéit as. Si huet also weder di historesch Bausubstanz nach den historesche Bauvolumen respektéiert. Als speziell mutwël-
leg muss ee nach ernimmen, dass ët dono ausgesäit, wi wann d’Inschrift, di iwwert der Paart an der Mënstergaass stong, ouni Grond mam Schloper eweggeklappt gi wär.
Den Direkter vun der Bauteverwaltung wollt sugouer dat ganzt Gebei, dat als historescht Monument klasséiert as, ofrappen a jhust di viischt Fassad stoe loossen. Wat mecht deen Här nach an der "Commission des Sites et Monuments" sëtzen?
Nët onschëlleg sin awer och d’"Commission des Sites et Monuments" an de "Service des Sites et Monuments", di averstane woren mam deelweisen Ofrappen an domat weisen, dass si nët verstin, dass en historescht Monument, deem séng Maueren ofgerappt goufen a nees opgebaut gi sin, ob aus Beton oder aus Natursteng, keen historescht Monument mi as. Dat gëllt iwregens och fir d’Wenzelsmauer tëscht Tute-sall a "Criminel", di op Uerder vum Direkter vum "Service des Sites et Monuments" ofgerappt a nees opgebaut gi war. Wann de selwechte "Service" sech haut iergert, dass d’Bauteverwaltung séng Oplagen nët agehal huet, muss ee froe, firwat dann eréischt réagéiert gouf, wu ët vill ze spéit war, a firwat d’Gerichter da nët ageschallt goufe, wi Illégalitéite geschitt sin?
Schliesslech sin déi Leit am naturhistoresche Musée an am Kulturministär nët ze vergiessen, di duerch falsch an onkomplett Planung responsabel sin, dass déi Embauaarbechte sech elo schon zéng Joer hischleefen, sou dass verschidde Mauere vläicht wierklech mat der Zäit gefault sin, sou dass eng Restauratioun méi schwireg a méi deier goufen.
Jeunes et Patrimoine asbl Lëtzebuerg
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!