40 ans de route partagée
de l’ASTI et de Guy W. Stoos, Luxembourg, ASTI, 2019, 96 p., 19 €.
Parmi les manifestations mises en route pour célébrer les 40 ans de l’ASTI figure un livre publié en hommage à Guy W. Stoos, qui a accompagné de ses caricatures les luttes de l’Association de soutien aux travailleurs immigrés durant ces 40 ans. Introduits par un « clin d’œil complice » de Guy Rewenig, traduits et expliqués, si nécessaire, par Serge Kollwelter, ces plus de 100 dessins donnent l’impression que rien n’a changé au Luxembourg en matière de politique d’accueil et d’intégration : toujours la même exclusion du droit de vote, toujours les mêmes expulsions de demandeurs d’asile, toujours les mêmes inégalités pour ce qui est des chances scolaires, toujours la même pénurie de logements, toujours les mêmes préjugés et discriminations. Cette continuité misérable aurait encore gagné en visibilité si les dessins avaient été publiés par ordre chronologique, du moins dans chacun des chapitres. La continuité, cette fois-ci heureuse, caractérise aussi le trait de Guy W. Stoos : durant 40 ans, il n’a cessé de fustiger avec son crayon les injustices dont sont essentiellement victimes les étrangers qui cherchent refuge et/ou travail au Grand-Duché, sans parler d’autres abus de pouvoir que le caricaturiste ne cesse de dénoncer dans d’autres publications, e. a. de 1983 à 1987 sur la couverture de forum. La rétrospective publiée par l’ASTI permet de reconnaître une évolution dans le trait corrosif du dessinateur : depuis 2000 à peu près, il caricature bien plus souvent « ces malades qui nous gouvernent » (G. Rewenig), faciles à reconnaître sous sa plume, alors qu’auparavant, il dessinait plutôt le citoyen lambda, bien nourri ou porteur du béret basque. Les caricatures de Guy W. Stoos font toujours sourire, mais comme le dit si bien son compagnon de route Guy Rewenig, « vu de près, le rire n’est que la version affinée des larmes ». mp
Pir Kremer – ZesummegePIKtes
vum Pascal Seil (Hg.), Miersch, Centre national de littérature, 2019, 144 S., € 25,-.
De Pir Kremer war e Lëtzebuerger Phänomen. Dëst huet d‘Generatioun vun de spéide Babyboomer schonns an hirer Kannerzäit bekäppt: Wa Sonndes owes um UKW Kanal 18 den Intro vum Staminet gelaf ass, war an der Stuff, der Kichen oder am Auto kee Piipcheswuert méi toleréiert. Dann haten d‘Elteren, besonnesch awer de Papp, just nach Ouere fir de Michel an de Frënd Meyer, fir d‘Emmeli an d‘Tatta Sidonie, déi um Radio hir Spiichten zum Beschte ginn an dobäi nawell vill Miseler gedronk hunn. An och wann een als jonke Mënsch villes vun deem, wat do gesot gouf, net ganz verstanen huet, sou war et dach kloer: De Pir Kremer a seng Leit waren op hir Manéier Perséinlechkeeten, fir net ze soen Autoritéiten, déi duerch de Brëll vun den einfache Leit mat der héijer Politik de Spunnes gemaach hunn. Dat war ni beleidegend oder béisaarteg, hat awer vill kritesche Witz an Esprit, woubäi d‘Staminets-Ekipp sech och alt mol selwer – an domat de brave Lëtzebuerger Nolauschterer – op d‘Schëpp geholl huet.
Mä de Pir Kremer (PIK) war nach vill méi wéi seng Kultsendung, an där hie 35 Joer laang wéi keen zweeten den „R“ gerullt huet. Dat weist dee flotte Katalog fir d‘Ausstellung Pir Kremer – ZesummegePIKtes, déi nach bis den 20. Mäerz am Mierscher Kulturhaus ze gesinn ass. D‘Expo an d‘Buch zeechnen e Réckbléck op Liewen a Wierk vun dësem groussaartege Kënschtler bei Geleeënheet vu sengem 100. Gebuertsdag. De Pascal Seil, Conservateur am Literaturarchiv, huet sech all Méi ginn, fir an dësem gutt geschriwwenen a räich illustréierte Buch all Facette vum PIK sengem kreative Schaffen ze beliichten: seng Emissiounen um Radio an op der Televisioun, seng satiresch Gedichter a Prosastécker, seng Sketcher, Lidder a Revuë fir den Theater an, wat manner gewosst ass, seng Texter fir d‘Publicitéit. Als Bonbon gëtt et dann nach en CD mat Pärelen aus dem Archiv an neie musikalesche Vertoununge vum Georges Urwald. lop
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!
