Verfassungsreform an Zäite vum Antiimpfterror

Ech hu 25 Joer laang an engem technesche Lycée Instruction civique enseignéiert. Ech hunn dat gär gemaach an dat ëmmer als Cours d’éducation politique verstan. Ech hu menge Schüler ze verstoe ginn, dass Demokratie ëmmer nees op en Neits muss verdeedegt a verdéift ginn, dass ech fir méi Referendume sinn, sou wéi an der Schwäiz, a géint d’Walflicht, déi schwéier mam demokratesche Gedanken ze vereenen ass.

Ech sinn haut anerer Meenung. Spéitstens de Referendum vun 2015 war mer eng Léier, net nëmme well mech d’Resultat enttäuscht hätt, mä well e gewisen huet, wéi sech grouss Deeler vun de Wieler vun engem klenge Grupp vu net emol enger Dose Rietsradikaler verféiere loossen. Well si géint d’Walrecht fir all d’Awunner vum Land waren, hunn se och d’Erofsetze vum Walalter an déi zäitlech Limitatioun vum Ministeschmandat verhënnert. 76 % vun de Wieler, d.h. 28 % vun den Awunner, hu bei deem Referendum haaptsächlech hiren Ierger iwwert déi deemoleg Regierung ausgedréckt. Wa mer keng Walflicht hätten, wär d’Gefor grouss, dass extremistesch Parteien ouni Problem hir Unhänger mobiliséiert kréichen, an déi moderat Parteie géife Plomme loossen, well hire Wieler den Ausgank vun de Walen zimmlech egal wär. An deem Sënn gëtt et keng politesch Neutralitéit. Wee näischt seet, gëtt deem Stäerkste Recht.

Dofir fäerten ech, dass wann d’Unhänger vun der Monarchie, déi fannen, déi nei Bestëmmunge géifen dem Grand-Duc seng Fräiheet aschränken, an d’Verfechter vun enger Republik, an all déi, déi soss en Hoer an der Zopp fannen, géint déi nei Verfassung stëmmen, da fält se duerch a mer mussen nach Jore laang mat enger Verfassung eens ginn, déi a ville Punkten der Realitéit net gerecht gëtt.

Dofir sinn ech ganz frou, dass d’Initiativ fir e Verfassungsreferendum keng 25.000 Ënnerschrëften zesummekrut. Och hei goung et jo manifestement net ëm déi eenzeg Fro, déi zur Debatt steet, nämlech d’Kapitel Justiz an der Verfassung. Firwat stoungen nämlech grad d’Impfgéigner hannert där Initiativ, wou an deem Kapitel dach grad d’Onofhängegkeet vun de Riichteren an dem Parquet endlech an d’Verfassung ageschriwwe gëtt, also d’Kontroll iwwert Regierung a Chamber gestäerkt gëtt? Ech hunn och net gelies, dass d’Initiateure vun engem Referendum zu engem Jo zur neier Verfassung opgeruff hätten. En etlech Impfgéigner hunn net eréischt am Dezember gewisen, wat si vun demokrateschen Decisiounen halen, mä hu mat Hëllef vum ADR bei deem eenzege Ronnen Dësch am Tramsschapp, bei deem d’Chamber wollt iwwert déi Verfassungsreform informéieren, d’Diskussioun monopoliséiert an e fairt Gespréich verhënnert.

Et ass dofir kloer, dass hannert den Impf­géigner Politiker stinn, déi deenen hir Ängschten a falsch Informatioune kal­bliddeg ausnotzen, fir hir Zopp ze kachen. Mä déi Leit, déi haut därmoossen Angscht virun enger Impfung hunn, déi op allméiglech Fake News eragefall sinn, déi kann een net méi mat rationalen Argumenter iwwerzeegen, dass se sech ieren, dass se am Interessi vun ons all sollte bei Verstand kommen.

An anere Wieder: déi ëffentlech Debatt ass am Moment därmoossen emotional opgelueden, dass ech géint e Referendum elo plädéieren. Dofir géif ech mech awer dem Paul-Henri Meyers sengem Vir­schlag uschléissen, deen en an e puer Medien zum Beschte ginn huet. D’Chamber soll déi aner dräi Kapitele vun der Verfassungsreform och diskutéieren, awer eréischt dee selwechten Dag driwwer ofstëmmen. An da soll se gläichzäiteg eng Motioun stëmmen, dass d’Reformkommissioun beop­traagt gëtt, de ganzen Text ze glätten, nei duerchzenummeréieren an eventuell vun engem Schrëftsteller sproochlech iwwerschaffen ze loossen, sou wéi d’Schwäizer Parlament dem Max Frisch deen Optrag ginn hat. An da soll se sech vum Wieler per Referendum bestätege loossen, dass de Souverän hannert deem neie Gesamttext steet. Et wär e staarkt Signal vun den demokratesche Parteien, dass si sech eens a bereet sinn, hir Aarbecht vum Vollek validéieren ze loossen.

Et gëtt Zäit, dass d’Politiker offensiv op d’Wieler zouginn an erklären, firwat mer eng nei Verfassung brauchen. An dat sollen net nëmmen déi juristesch spezialiséi­ert Deputéiert man, mä och déi vun den hënneschte Bänken, déi d’Sprooch vum Vollek villäicht nach besser drop hunn. Souguer de Premier huet an der Chamber zouginn, dass d’Politiker méintelaang geläämt an zerstridden der Radikaliséi­erung vu frustréierte Wieler nogekuckt hunn, grad ewéi 1930 déi demokratesch Parteien an Däitschland keng Äntwert op d’Nazie fonnt hunn, déi vun enger ekonomescher a politescher Kris profitéiert hunn, fir hir rassistesch Märercher ze verzapen. D’Äntwert, fir eng weider Radikaliséierung ze verhënneren, kann net dra bestoen, op auslännesch Experten zréckzegräifen, wéi de Premier ugekënnegt huet. Mä di demokratesch Parteie mussen hir parteipolitesch Interessie vergiessen an zesummen eng nei Verfassung presentéieren, déi den haitegen Erausfuerderungen ugepasst ass.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code