Dëst ass leider keng Allusioun op dem Pol Greisch säin éischt Theaterstéck, och wann s Du e grousse Frënd vun der Lëtzebuerger Literatur waars an am Hannergrond munchem Schrëftsteller säin Text lektoréiert hues. Dëst ass leider e leschten Äddi un Dech, Charel (Staudt), deen s Du dës Zäitschrëft matgegrënnt hues, och wann sech haut net méi vill dodrun erënneren. Du waars mat ee vun den Organisateuren, déi viru genee 50 Joer d’Jugendpor Lëtzebuerg an d’Liewe geruff hunn an Du hues 1976 am gesellschaftspoliteschen Aarbechtsgrupp vun der Jugendpor dofir gesuergt, dass aus där hirem Informatiounsblat de forum entstan ass. Du waars vun Ufank un op Publik-Forum abonéiert, déi s Du als Virbild gesinn hues an där hire Grënner, den Harald Pawlowski, och dëser Deeg gestuerwen ass. Du hues deen éischten Editorial formuléiert, deen d’Konzept vun där neier Zäitschrëft erkläert huet: forum sollt am Ënnerscheed zur deemools dominanter Dagespress e Forum sinn, „eng Plattform vun Dialog, eng Maartplaz vun de Meenungen”. Du hues mat Denger Schoulmeeschteschschrëft op der Hand Tippfeeler verbessert a wann néideg Sätz ergänzt. Du hues de Logo entworf: déi matenee verschränkte Feiler an den Numm an enger vergréisserter Times-Schrëft. Bei Dir a beim Christiane doheem hu mer getippt, geschnidde, gepecht an Du hues d’Mise-en-pages gemaach. Du waars den éischte Grafiker vu forum. Du hues als passionéierte Schoulmeeschter net nëmmen an der Schoulbibliothéik zu Gaasperech an an Denger riseger CD- an Dias-Sammlunge fir Uerdnung gesuergt, mä och d’forum-Archiv organiséiert. Du hues an onse Redaktiounssëtzungen den Diskussiounen nogelauschtert an um Schluss d’Conclusioune gezunn, mat deene jiddereen d’accord war, an déi dann als Introduktioun oder Ofschlossartikel vun engem Dossier ausformuléiert. Du hues besonnesch eng ganz Partie Dossieren iwwert d’Lëtzebuerger Schoul koordinéiert, déi schonn an de 1970er Jore gefuerdert hunn, dass de Sproochenunterrecht sech sollt um Modell vun den Europaschoulen inspiréieren, fir d’Integratioun vun de villen Auslännerkanner ze meeschteren. An Du hues deen décken Dossier Nr. 10/1976 zesummegesat an zum groussen Deel selwer geschriwwen, deen sech virun allen anere Veräiner a Publikatiounen zu Lëtzebuerg géint d’Atomenergie ausgeschwat huet, well Du di ganz international Literatur zu där Gefor opgeschafft has: Et gouf deen éischte forum-Bestseller. En Thema, op dat s Du ëmmer nees zréckkomm bass, grad wéi op d’Oprëschtung an d’Friddensbeweegung.

Du waars ee vun deene villen, déi am Hannergrond eng konstant Aarbecht geleescht hunn, ouni déi forum net hätt kënnen all Mount erauskommen. Wou d’Redaktioun sech lues a lues professionaliséiert huet, hues Du Dech zréckgezunn. Du hues och déi berüümt Wort-Analys koordinéiert an ons gewise, wéi mer technesch sollte virgoen. Du bass 1991 aus der kathoulescher Kierch ausgetrueden, wou déi hire beschte Paschtouer, de Jupp Wagner zu Nidderaanwen, ofgesat huet, well hien d’Zukunft richteg virausgesinn huet an d’Pastoral a senger Por un déi modern Welt, wou net méi jiddereen automatesch gleeft, ugepasst huet. Och wann Dir eppes iwwert d’Liewer gelaf ass, hues Du de Kapp gerëselt, mä als echte Stoiker waars Du ni aus der Rou ze bréngen. Du hues aus Dengen Iwwerzeegunge keen Ophiewes gemaach an Dech léiwer op Izeg an Däi Gaart zréckgezunn.

Charel, mir wäerten Dech ni vergiessen!

michel a Serge

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code