Den C an den S vun der CSV

Et hat zwar bis den 23. Dezember 2023 gedauert, bis de Weibëschof Leo Wagener op RTL säin Desaccord mam Heescheverbuet ausgedréckt huet, an de Kardinol Jean-Claude Hollerich huet eréischt deen Dag, wou d’Repressioun géint Heescherten ugelaf ass, op 100,7 virun engem repressive Stat gewarnt a gemengt, et sollt een net deene Leit nach méi wéi doen, deenen et souwisou scho schlecht geet. D’Regierung hätt och a sengen Ae sollen déi karitativ Organisatioune consultéieren, déi vill besser wëssen, wéi een deene Leit kéint hëllefen. Domat ass dem neie Luc seng Reunioun mat Caritas a Croix-Rouge beim Optakt vun de Koalitiounsgespréicher als dat entlarvt, wat se war: just en Alibi. Déi nei Regierung mécht just wéi wann d’Aarmut, déi am Land zouhëlt, hir géif Suerge maachen.

Déi selwecht Attitüd huet de Premier jo a Saache Klima­kris a sengem Neijoerschinterview mam Caroline Mart gewisen: Jo, et gëtt eng Klimakris, sot en, mä et presséiert net fir dergéint virzegoen. Och dat gëtt der Urgence vun der Situatioun net gerecht, mä ass politesch ze verstoen, well seng aktuell Wieler wäerten effektiv ausser e puer méi waarme Wanteren a staarkem Reen nach net sou vill vun der Klimakris ze spiere kréien. Mä déi zoukënfteg Wieler, déi nächst Generatioun, wäert ganz kloer hefteg ënnert der Hëtzt an dem Verschwanne vu villen Insekten a Vigel an dem Dout vun onse Bëscher ze leide kréien. Mä dat ass der aktueller Regierung anscheinend egal, sou wéi et hir och egal ass, dass elo schonn d’Gletschere schmëlzen oder dass elo schonn Inselen a Länner beim Mier spieren, dass de Mieresspigel am gaang ass ze klammen. Et ass dofir absolut noutwenneg, elo ze handelen, well déi Mesüren, déi haut géint de Klimawandel geholl ginn, wäerten eréischt an 30 bis 50 Joer derzou féieren, dass d’Äerd sech net ëm 2,9 Grad erhëtzt, op déi mer am Moment histeieren, mä nëmmen ëm maximal 1,5 Grad. Dat ass keng Ideologie, wéi e fréieren LSAP-Wirtschaftsminister all gudde Samschdeg am Wort behaapten däerf, mä Naturwëssenschaft: Geophysik.

Ersterscheinung in forum 430 vom März 2023 zum Thema „Armut“.

Hien an de Premier géife gutt drun dinn, dem Poopst Franziskus seng Exhortatioun Laudate Deum vum 4. Oktober 2023 ze liesen, déi déi wichtegst wëssenschaftlech Argumenter gutt zesummefaasst. (Dat sollten allerdéngs och déi Responsabel vun der Lëtzebuerger kathoulescher Kierch maachen: An engem anonymme Plädoyer, dat se virun de Wale publizéiert haten, dat awer Gott sei Dank an der Press iwwerhaapt net recipéiert gouf, hu se zwar fir de Schutz vum Liewe plädéiert, awer mat kengem Wuert dem Poopst säin Uleies a puncto Klima a Biodiversitéit ernimmt. Dobäi stellt déi Kris d’Liewen op der Äerd méi radikal a Fro wéi all Avortement an Euthanasie.)

Ech géif haut just eng Fuerderung un d’CSV riichten, déi forum säit bal 50 Joer ëmmer nees widderhëlt: Huelt den C an och den S aus ärem Numm! Sot ganz éierlech, dir wäert eng konservativ, wirtschaftsliberal Partei, mä gitt net méi mam C a mam S Stëmmen heeschen! Déi ganz Press, mä och vill Bierger, déi am Geescht vun der chrëschtlecher Nächsteléift erzu goufen, a vill anerer, déi mam Chrëschtentum näischt um Hutt hunn, hunn an de leschte Wochen drun erënnert, dass en Heescheverbuet mat de Mënscherechter net kompatibel ass. De séiere Succès vun der Petitioun 2991 fir eng allgemeng Erlabnis ze heeschen, weist eemol méi, dass de Walerfolleg vun der CSV ganz limitéiert war. Wann d’CSV sech aus elektorale Grënn net wëllt un déi chrëschtlech Fuerderungen nom Virrang fir déi Aarm a nom Erhale vun der Schöpfung halen, da soll se dach op d’mannst esou éierlech sinn, an hire Numm un hir Iwwerzeegungen upassen. 


Dësen Text ass eng liicht erweidert Versioun vum Fräie Mikro, deen den 23. Januar 2024 um radio 100,7 gesent gouf.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code