Léist De Pafendall sech ausstellen?

Ronn 50 Objete ginn an enger Ausstellung gewisen, déi säit dem 13. Mee a bis den 3. Januar 2016 am Stater Musée am Hellege Geescht ze gesinn ass. Ouni dass een e roude Fuedem kënnt erkennen, reechen si vum Tableau, deen de Jean-Baptiste Martin (1658-1735) vun der Belagerung vun der Stad Lëtzebuerg duerch d’Truppe vum Louis XIV gemoolt huet, bis bei eng Affiche mat där Déi Gréng hire Grennongskongress (sic) den 23.6.83 am Sall Sang a Klang Pafendall ukënnegen. Erklärunge kritt een an engem schmuele Guide, deen een däerf gratis mathuelen, op Franséisch an op Däitsch. Wann ee vum grousse Lift kënnt, kënnt ee wéi sou dacks an der Mëtt vun der Ausstellung eraus an ‘t fënnt een den Ufank net. En Auslänner — an dat dierfte wuel di meescht Visiteure vum Musée sinn — versteet héchst- wahrscheinlech souwisou näischt, well kee Plang er- klärt him, wou dee Pafendall an der Stad ze sichen ass.

Um Buedem ass e risegt Loftbild vum Pafendall opgepecht, op deem di eenzel Plazen ugi sinn, vun deenen di ausgestallte Géigestänn oder Fotoe kom- men. Schonns am éischte Sall héiert ee permanent de Kaméidi vun Autoen déi laanscht fueren. Am zweete Sall geet engem d’Späicherliicht op: dee Ka- méidi kënnt net vun dobaussen, mä vun der Rouder Bréck, déi hei iwwert d’Käpp ewech nogebaut ass. An am leschte Sall widderhëlt sech di Geräischkuliss, déi Kéiers mam Kaméidi vun Zich di laanschtdon- neren. Donieft ginn allméiglech Saache gewisen, déi aus dem Pafendall kommen: d’Klack aus der Kapell um Siichenhaff, eng Affiche mat de Vaubanstierm fir eng Ausstellung vu 1934, e Modell vun der Reiter- kasär, en Dëppen aus Toun, dat 1989 duerch en Äerdrutsch am Pafendallerbierg zum Virschäi koum, de Fändel vun der Pafendaller Musek, d’Medaillen, déi de ‚Sang & Klang‘ bei Gesangsconcoursë ge- wonnen huet, Fotoe vum Théiwesbuer an eng Statu vu Sankt Matheis, deen dem Bur säin Numm ginn huet, asw. An engem Sall ass eng Computeranima- tioun am Stil vu „Second Life“ z’erliewen, déi de Pa- fendall zur Zäit vun der Bundesfestung wëllt weisen; déi Aarbecht, déi hei geleescht gouf muss immens gewiescht sinn, mä d’Resultat ass grujeleg.

Zwee Filmer musse nach ernimmt ginn. Deen éischte bréngt en Temoignage iwwert d’Explosiounskatastrof vum 30. Mee 1976 am Béinchen, bei där dräi Leit d’Liewe gelooss hunn a ronn 20 Haiser zerstéiert goufen. Net gesot gëtt weder am Film nach soss an- zwousch, dass et kee Katastropheplang gouf, dass d’Affer haaptsächlech Portugise waren, dass d’União spontan huet missen dolmetschen, well di Respon- sable vun der Gemeng kee Portugisesch konnten, dass di Sinistréiert op den Härebierg bruecht gi sinn, dass déi Familljen, déi deemools am Béinche gewunnt hunn, do hu misse fortgoen a provisoresch Wunnengen a Staddeeler kritt hunn, wou se kee kannt hunn, an dass si ni méi erëmkoumen, well et Jore gedauert huet, bis de Béinchen nees opgebaut wor. Dat ass nëmmen ee Beispill wéi d’Ausstellung et verpasst, fir di gewise Saachen ze kontextualiséieren, fir aus Anekdoten eng historesch Erzielung ze man. Par contre ass et flott, nach eng Kéier dee wonnerbare Film vum Geneviève Mersch iwwert d’Rout Bréck ze kucken. An dem Film, deen d’Kontextualiséierung selwer iwwerhëlt, schwätze Leit aus dem Dall an er- klären, wéi si mat de Suiciden ëmginn, déi se bal all Dag hu missen erliewen.

Kee Wuert awer och an der Ausstellung iwwert d’Massekläpperei tëscht Lëtzebuerger a Portugisen op Allerhellegen 1974, déi ëmmerhinn derzou gefou- ert huet, dass d’Regierung Thorn de Conseil national des étrangers an d’Liewe geruff huet. Et vermësst ee grad esou, dass di nei Zuchgare matt der Seelbunn fir op de Kierchbierg an de Lift fir an d’Uewerstad riskéieren de Quartier fir eng nei Schicht vun Awunner attraktiv ze man, sou dass an de nächste Joren eng weider soziologesch Ëmschichtung z’erwaarden ass.

Wee mengt, an der Ausstellung wär forum grad esou vergiess gi wéi an Ons Stad Nr. 107/2014 iwwert di Stater Press, deen iert sech. Ganz um Schluss, ir een da nees an de Panoramalift klëmmt, ginn op enger ganzer Wand Fotoe vu Pafendaller Leit gewi- sen. Wee gudd sicht, fënnt do och Fotoe wou de Jürgen, de Pol an de Laurent aus der Redaktiouns- equipe drop sinn. Dass forum vu 1985 bis 1992 an elo nees säit 2009 säi Büro an der Muerbelsgaass, um Eck bei der Bréck, vis-à-vis vun der Kierch, also matzen am Zentrum vum Pafendall huet, gëtt awer net verroden.

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code