„Nie wieder“ huet et 1945 geheescht. An haut?

Enn Januar woren e puer historesch Datummen: Den 20. gouf den Donald Trump vereedegt, de 27. gouf un d’Liberatioun vum KZ Auschwitz erënnert an den 30. wor den 92. Joresdag vun der sougenannter „Machtergreifung“ duerch den Hitler.

Wou ech nach am Secondaire Geschicht enseignéi­ert hunn, sinn ech reegelméisseg mat Schüler d’KZ Natzweiler-Struthof am Elsass besichtege gaang, wou och mäi Papp agespaart war. An da koum ëmmer nees d’Fro vun de Schüler: Wéi war dat méiglech?

Wann ee gesäit, wéi den Trump un d’Muecht koum, da muss ee feststellen, dass dat haut net vill anescht ass wéi deemools:

  • Finanzéiert goufen d’Walcampagnë vun de Nazie wéi vun de Republikaner an den USA vum Grousskapital;
  • Vum Hitler gouf de Versailler Friddensvertrag als „Diktatfrieden“ vernannt, den Trump fënnt, Europa, Mexiko a Kanada géifen d’USA „demütegen“;
  • Wéi dem Hitler säi Putsch vu 1923 ass dem Trump säi vum 6. Januar 2021 gescheitert, mä hir respektiv Unhänger hu se mat staarke Minoritéiten nawell gewielt;
  • Wat fir d’Nazien de „Volksempfänger“, also de bëllege Radio, an d’Wochenschau am Kino waren, si fir den Trump d’Social Media vun Elon Musk a Kollegen;
  • Den Trump verlaangt vu Beamten an Arméi absolut Loyalitéit zu him, sou wéi den Hitler se op seng Persoun ageschwuer huet statt op d’Verfassung;
  • An deenen zwee Fäll gouf d’Gewaltentrennung ofgeschaf, doduerch dass all Staatsorganer just mat Parteileit besat goufen;
  • Wärend den Hitler nach op Gielemännercher huet misse setzen, krut de Privatmann Elon Musk d’Kontroll iwwert de ganzen digitalen Informatiounssystem vun der US-Regierung an domat och iwwert d’Staatsfinanzen;
  • Den Hitler huet a Mein Kampf d’Eroberung vu „Lebensraum“ fir d’däitscht Vollék ugekënnegt an den Trump versprécht, Grönland, Kanada an de Panama-Kanal ze annexéieren, wann et muss si mat Gewalt;
  • Sou wéi den Hitler sech mam Mussolini
    zesummegedoen huet, deit sech eng Allianz tëscht Trump a Putin un, fir d’Welt ënnert sech opzedeelen;
  • Grad wéi Goebbels an Hitler huet den Trump e respektlose Sproochgebrauch, deen zur Ver­allgemengerung vum hate speech op de soziale Netzer gefouert huet. Si verdréinen de Sënn vun de Wierder: Fir den Trump ass eng allgemeng Krankekeess Sozialismus, fir de Musk wor den Hitler e Kommunist; d’Nazien hu vun „Endlösung“ geschwat a Massemord gemengt.
  • Den Hitler huet Millioune Judden deportéiere gelooss, den Trump huet ugefaang, Honnertdausenden illegal Awanderer ze deportéieren.

Wuel plangt den Trump kee Massemord wéi d’Nazien, mä den Austrëtt aus der Weltgesondheetsorganisatioun an aus dem Paräiser Klimapakt kéint den Ënnergang vun der ganzer Mënschheet beschleinegen.

© Carlo Schmitz

Et gëtt allerdéngs ee groussen Ënnerscheed tëscht der MAGA-Ideologie an dem Faschismus. Wärend Hitler a Mussolini en totalitäre Staat opbaue wollten, wou deem eenzelne seng Rechter mat Féiss getrëppelt goufen, sinn Trump, Musk a Konsorten drop aus, de Staat ofzebauen, dem Staat all Verantwortung fir d’Gesellschaft ewechzehuelen, sief et am Beräich Sozial- a Gesondheetspolitik, sief et am Beräich Ëmwelt a Klima oder a puncto Entwécklungshëllef. Deen Eenzelnen, awer och all Entreprise muss an hiren Ae selwer eens ginn a muss keng Steiere fir d’Allgemengheet bezuelen. Si maachen de Wee op fir d’Recht vum Staarken, d. h. vum Räichen; tant pis fir dee Schwaachen, deen Aarmen. D’Resultat fir deen Eenzelnen dierft an deenen zwee Fäll änlech dramatesch sinn.

Statt sech géint den Opbau vun enger Diktatur ze wieren, gouf an den 30er Joren op appeasement gesat. Keen huet deemools Mein Kampf seriö geholl, obschonns den Hitler doran déi ganz Katastroph ugekënnegt hat. Haut hëlt keen dee Verurteelten am Wäissen Haus seriö. Déi eng soen e wär dement oder geckeg a kee lauschtert op säin eegene fréiere Chef d’état-major Milley, deen en als Faschist bezeechent. De Lëtzebuerger Premier fënnt d’Amëschung vum Elon Musk an déi brittesch an däitsch Politik „speziell“, den Ausseminister setzt op dem Trump seng „Vernunft“. Statt eeneg géint déi rietsradikal Parteie virzegoen, streiden sech déi aner, wéi deemools an der Weimarer Republik, haut a Frankräich, Éisträich, der Slowakei asw. a maachen de Wee op fir d’Regierungsbedeelegung vu Rassemblement national, FPÖ etc.

Si maachen de Wee op fir d’Recht vum Staarken, d. h. vum Räichen; tant pis fir dee Schwaachen, deen Aarmen.

Ëmmerhin hunn zu Lëtzebuerg véier Jugendparteien sech zesummegedoen, fir d’Desinformatioun op de soziale Medien ze verurteelen an eng Stäerkung vun der Demokratie ze fuerderen. Dat kann nëmme geléngen, wann se zesummen Aarmut a Wunnengsnout bekämpfen, statt sech géigesäiteg Virwërf ze maachen. A wann hir Mammeparteie klipp a kloer soen, dass se mat engem kriminelle President an den USA oder mat extrem rietse Regierungen an Europa net wëllen zesummeschaffen!

Bei dësem Bäitrag handelt et sech ëm eng erweidert Versioun vum Fräie Mikro, deen de 6. Februar 2025 um Radio 100,7gesent gouf.

P. S. vum 10. Februar 2025:

Well op Facebook en Zelot gemengt huet, mäin Text op 100,7 missen ze kritiséieren, well ech duerch de Verglach vum Trump senger Deportatioun vun illegalen Auslänner mat dem Hitler senger Deportatioun vun de Judden d’Verbrieche vun den NS géif verharmlosen, géif ech hei gär eppes kloerstellen:

  • Wann een en Text kritiséiert, muss een en als Ganzt liesen a net eenzel Sätz aus dem Zesummenhank rappen.
  • Och an der franséischer Press gëtt dat amerikanescht deportation mat „déportation“ iwwersat a net nëmme mat „expulsion“, wéi de Kritiker op Facebook behaapt.
  • Ech wiere mech dergéint, dass ee Grupp an der Gesellschaft en Definitiounsmonopol vu Wierder soll hunn.
  • Ech hu ganz bewosst „deportéiere“ gebraucht an der Hoffnung, dass eng Rei Nolauschterer a Lieser un d’Juddendeportatiounen a Richtung KZ erënnert géifen an sech da géifen d’Fro stellen, ob dem Trump seng Politik déi selwecht grujeleg Konsequenze kéint hunn. Dofir hunn ech am nächste Saz d’Äntwert geliwwert: Dem Trump seng Politik géint illegal Awanderer féiert (nach) net zu Massemord wéi de Nazien hir, mä seng Klimapolitik riskéiert déi ganz Mënschheet a Gefor ze bréngen. Firwat soll da soss d’Erënnerung un d’Shoah héichgehale ginn, wann et net ass, fir virun enger méiglecher Widderhuelung ze warnen.
  • D’Zeloten, déi anere Bierger op Schratt an Tratt Antisemitismus ënnerstellen, leeschten der jiddescher Saach e schlechten Déngscht, well wann all Mënscherechtler (oder och Israel-Kritiker) als Antisemitte vernannt ginn, ass kee méi Antisemitt an déi echt Antisemitten kënnen sech eng Fauscht an d’A laachen.  

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code