Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Zum Lëtzebuerger gehéieren anscheinend Marienkult, Dynastie, Europaiwerzeegung a Sprooch: an engem neien Heft vu "nos cahiers"(2/84) gët versicht d’Lëtzebuerger Nationalgefill ze definéieren, woubäi wesentlech Aspekter vergiess gi sin.
Am Jongelycée um Lampertsbierg huet am Schouljoer 1983-84 e Reliounsprof sénge 7e-Schüler an d’Heft diktéiert: "Durch die besondere Fürsprache der Trösterin der Betrübten wurde Luxemburg am 10. September 1944 durch die Amerikaner befreit." Ech wëll mech hei nët mat där magescher Opfaassung vu Relioun beschäftegen, di an deem Saz stëcht, mä éischter mat där Vermëschung vu Relioun a Patriotismus, di fir verschidde Leit typesch ze si schéngt. Dat geet och aus enger Extranummer vu "nos cahiers" ervir, di "forum" zur Bespriechung vun der St.-Paulus-Dréckerei kritt huet.(merci…!)
Du sentiment national des Luxembourgeois = nos cahiers. lëtzebuerger Zäitschrëft fir kultur, Nr. 2/1984, 272 SS., 550 F
Dem Prof säi Saz kënnt nämlech heidran am Edouard MOLITOR séngem Artikel stoen, deen – och e fréiere Reliounsprof am LGL – horgenee an dee selwechte Krack heet! Säin Artikel, grad wi dem Amerikaner John DUNNING säin, gehéiere guer nët an dës Nummer well si am Fong nëmme subjektiv e bestëmmtent Nationalgefill ausdrëcken a nët objektiv dat Gefill analyséieren.
Mä och de Gilbert TRAUSCH schwätzt vum Mariekult a versicht nozeweisen, wéi deen zur Formatioun vun engem Nationalgefill bäigedroen huet. Hien zitéiert eng ganz Rei Texter, di weise, wi d’Oktav, no 1842, zu engem Fest mat nationalen Dimensioune gin as. Mä ganz iwwerzeegend fannen ech säng Beweisféierung nët, wëll bal nëmmen d’"Luxemburger Wort" vun der Oktav iwwerhaapt schwätzt, an deem säng Verbreedung a Repräsentativitéit gëtt nët analyséiert.
Dat zweet Phänomen, dat de G. TRAUSCH ënnersicht, fir no engem Lëtzebuerger Nationalgefill ze fuer-schen, as d’Unhänglechkeet vum Vollek un d’Dynastie. Dobei gëtt en awer selwer zou, daß dat zum Deel e Mythos as, dee bewoßt vun den Autoritéiten an d’Gespräch bruecht gëtt an dee nët onbedängt enger Realitéit entspreecht, besonnesch zur Zäit vun den hollänsche Kinnéken. Di politesch Absicht vun su engem Mythos gëtt grad da ganz kloer, wann de Respekt virum Kinnék mam Respekt viru Gott an een Déppe gehäit gëtt. De Sträit ëm der Marie-Adelheid hire "faux-pas" gëtt am G. Trausch sängem Artikel och elegant ëmgaang. Jhust ee Saz deit un, daß d’"Gauche" anescht geduecht huet an deem Zesummenhank (S. 109). Zielt si da nët zum Vollek, deem säi Nationalgefill soll ënnersicht gin? Hat e Republikaner vu 1918-19 (19 vun 43 Deputéiert!) kee Nationalgefill?
Wann also dee patriotischen Aspekt vum Marienkult nëmmen e Nieweprodukt wor vun enger reliéiser Bewegung (di nët ze leegnen as), e Produkt, dat wi de G. Trausch weist, haaptsächlech op de Kont vun enger bestëmmter Press an eventuell de kierchlechen Autoritéite geet, wann zweetens d’Unhänglechkeet un d’Dynastie éischter en Thema vu politesche Riede wi eng populär Realitéit wor, da muss ee sech froen, op di zwee Kritären, di de G. Trausch gewielt huet, fir e Nationalgefill nozeweisen, nët grad esou gutt de Konträr beweisen. Vun engem "grand thème mobilisateur au niveau national"
(S. 110) gäng also nët eréischt an onsen Deeg keng Ried méi.
De Problem fir e Nationalgefill nozeweisen as natierlech dee vun der Dokumentatioun: Wéi wëllt der Historiker dem einfache Vollek säng Gedanken a Gefiller erfaassen? Et schängt mer, wi wann di meescht Lëtzebuerger Historiker dovir nët di nëideg soziologesch Method géife matbréngen. Da gëtt sech eben op d’Ausoe vun de politesch féiernden Kreesser limitéiert an déi gin dann als repräsentativ fir d’ganzt Vollek ausgin.
Zum Deel gëtt dat och fir dem Christian CALMES säin Artikel. Am allgemenge limitéiert och hie sech op de "pays légal", d’politesch Kaderen an och di wirtschaftlech féiernd Kreesser, wat bal dat selwecht as, deenen hir Politik a Reaktiounen vis-à-vis vum däitschen Afloss (an Ofhängegkeet) oder vum belschen Annexionismus e studéiert. Hie miert awer ganz kloer, daß "pays légal" a "pays réel", also d’Vollek am Géigensaz zu sängen (durch Zensuswalrecht bestëmmte) Vertrieder, nach laang nët iwwereneestëmmen. Dat erlaabt ëm dann zu däer ganz fortschrëttlech kléngender Theess zu kommen, d’Vollek hätt a Krisestonnen (1867, 1870, 1919) d’Land gerett (SS. 37 ff.). Wann 1870 43.773 Persounen (op 197 528 Awunner), also bal all Familje-päpp, Pétitiounen ënnerschreiwe fir d’Onofhängegkeet vum Land a säng Neutralitéit z’erhalen, dann as dat eng kloer Sprooch. Daß beim Ausgank vum Referendum 1919 zugonschte vun der Großherzogin, an domat vun der Egestännegkeet, d’Aféierung vum allgemenge Stëmmrecht eng Roll gespillt huet, as sécher och richteg. Mä di Theess schängt dem kritesche Lieser dach e bëschen ze wëineg nüancéiert. Keng Kéier gëtt no sozialen oder regionalen Ennerscheeder am Vollek gekuckt. Tendenzen, di an eng aner Richtung gewisen hun – z.B. pro-nazistesch Tendenzen a bestëmmte Kreesser virum leschte Krich, e.a. am "Luxemburger Wort" – gin ënnerschloe, well se nët an d’Bild passen. Och d’Resistenz am Krich gëtt op reng patriotesch Gefiller reduzéiert: hätten diselwecht Leit, 50 km mi wäit am Osten gebuer, also nët fir Fräiheet an Demokratie agestan? A fir de schéinen Ofschloß gëtt dem Vollek nach bestätigt, daß säi Nationalgefill nët nationalistesch as, mä an enger staarker Europawwerzeegung opgeet: "(…) dans le chef du Luxembourgeois (wi wann ët dee géif gin!) la composante européenne du sentiment national rééquilibre et conforte en quelque sorte son sentiment national de base." Daß de Joseph Bech dergéint wor, zevill europäesch Institutiounen op Lëtzebuerg ze kréien – haut kräische mer, daß se nët wëlle kommen -, well en eng Iwwerfriemung gefaart huet, seet de C. Calmes nët. Reiwereien tëscht Ausländer a Lëtzebuerger, där ët seit iwwert loo Joer gëtt, gin och iwwersin, obschons si jo och als en Zeeche vu Nationalgefill kënnten interpretéiert gin. Mä dat gäng de Begrëff Nationalgefill an engem geféierleche Liicht erschänge loossen.
Beispiller vun esou negativen Erscheinunge vun engem Lëtzebuerger Nationalgefill fënnt een awer an anere Bäidreeg vun dësem Heft, di dann ongewollten den zwee Historiker hir Etüde staark relativéieren. Sou erënnert z.B. e Fernand HOFFMANN un di eendei-teg nationalistesch Agitation vun der Nationalunion mam Siggy un der Spëtzt; beim C. Calmes gëtt si vergiess! Dee selwechte F. Hoffmann notéiert: "Der Integrationsfaktor (in der Resistenzbewegung) war nicht die Exil-Regierung und auch nicht das abstrakte Vaterland, sondern Großherzogin Charlotte." Kann een dann awer nach vu Nationalgefill schwätze, wann een d’Uersaache vun der Resistenz analyséiert?
Domat as e Grondproblem vun dësem Buch ugesprach: Wat as ënner dem Begrëff "sentiment national" ze verstoen? Dräi Mataarbechter jhust sin sech där Schwiregkeet bewosst: De Paul ULVELING setzt e ? hannert de Begrëff scho gläich a sängem Titel a seet aganks: "Nous devons, sans hésiter, remettre en cause tous les préjugés, tous les ‚a priori‘ et poser franchement la question: Y a-t-il seulement un sentiment national se dégageant de la musique luxembourgeoise? (S. 195) Hien entwert mat engem klore Neen. Och de Lex ROTH stellt d’Fro an de Fernand Hoffmann mengt: "Das Nationalgefühl klar zu definieren und seinen Komponenten fest umrissene Konturen zu geben, ist nicht leicht" (S. 134). Souwwel him wi dem Michel SCHMIT fällt ët dann och schwëier, typesch lëtzebuergesch Zich an der Literatur respektiv an der Konscht zu Lëtzebuerg festzehalen. Wat si duerstellen as éischter, wëi d’Thema Lëtzebuerg a säng Geschicht an der Literatur an an der Konscht zum Ausdruck kommen. Op dobei en typesch lëtzebuergesche Stil entwëckelt gët, weist kee vun hinne no. Si hätte wuel missen zum selwechte Schluß wi de P. Ulveling kommen. Et däarf ee mengentwegen de "Mouvement de la Solidarité Nationale" um Kanonenhiwel als Ausdruck vun engem bestimmte Nationalgefill gesinn, mä eng typesch lëtzebuergesch Architektur as e nët, well en erënnert vill ze vill un ähnlech Monumenter zu Paräis (hannert Notre-Dame) an zu Natzweiler am KZ. Vun enger "kulturell-künstlerischen Eigenart einer Landschaft" (S. 188) gëif ech dofir lëiwer nët schwätzen. Dëi schängt ët komescherweis jhust am 18. Jh. ënnert der Keeserin Maria-Theresia beim Bau vu Baurenheiser gin ze hun, also ir ët e Nationalstat Lëtzebuerg gouf.
Och dës interessant Fro, wëiwäit e Nationalgefill scho virun 1839 bestan huet, gët leider jhust vum G. Trausch a F. Hoffmann kuerz opgeworf, mä kaum verdëfft: "(Avant 1789) c’est un patriotisme régional ou provincial à l’intérieur des Pays-Bas (…) On se sent Luxembourgeois à Marche, à Neufchâteau et à Virton comme à Arlon, à Diekirch et à Echternach. Reste à savoir si on se sent Luxembourgeois de la même façon à Neufchâteau et à Echternach." Di selwecht Fro gëlt a puncto Zäit: fille mer ons haut als Lëtzebuerger anescht wi deemols? Sëcher as jiddefalls: "(…) ce genre de question ne s’est pas posée avant 1830-39 et après, elle n’avait plus de raison d’être." (S. 77) Firwat stellt "nos cahiers" se dann? Dorop musse mer nach zréckkommen.
Dass d’Redaktioun och Zweifelen hat iwert d’Définition vu Nationalgefill, gesäit een um leschte Bäidrag: Den Henri KLEES versicht hei e puer abstrakt Begrëffsbestëmmungen, di dem Lieser allerdings kaum mëi Kloorheet gin. Emmerhin mengt hien, eng Natioun wär eng "subjektive Realität" (S. 243). Do fënnt en d’Zoustëmmung vum Fernand Hoffmann dee schreiwt: "Die Summe dieser individuell-subjektiven Identitäten ergibt die nationale Identität" (S. 134).
An hie mecht direkt dee logesche Schrëtt, deen d’"forum"-Redaktioun scho 1982 vorgeschloen hat (Nr. 58, S. 23), a freet säng Studenten um "Institut" an um "Cours", wat fir si d’Nationalgefill as. Dësen 2. Artikel vum Fernand HOFFMANN as deen eenzegen, dee mat soziologesche Methoden un d’Fro erugeet. An d’Antwerte vun de Studente man definitief kloer, daß Nationalgefill u sech seelen as, mä daß vill éischter mißt vun Heemechtsgefill (dat op en Duerf, eng Landschaft limitéiert as), oder wi den Alain Atten am "forum" (Nr. 58, S. 4) sot, vun engem "Aarbei voll Gewunnechten, Iddien an Erënnerungen" geschwat gin, di nët u Staatsgrenze geöonne sin, wa nët suguer vu materielllem Interessi. Jiddefalls gët dës Enquête bei Studenten der "forum"-Redaktioun recht, di um Schluß vum Dossier iwert d’national Identität (Nr. 58-
25.9.1982 – as nach ze kréien!) geschriwen huet: "Gerade weil sie diese Werte wie Liebe, Solidarität, Gerechtigkeit, Freiheit durch den Streit um Landesgrenzen in Gefahr sehen, ist vielen Jugendlichen heute der Wert einer nationalen Identität nicht mehr unbedingt einsichtig" (S. 24). De F. Hoffmann iwwersäit a sängem durchaus nüancëierte Kommantär, daß säng Studente keng Kéier national Grenzen an Zesummenhank mat hierem Nationalgefill brängen.
Eng soziologesch "Approche" vum Thema hätt vläicht och emol de Sport als konstitutivt Element vun engem Nationalgefill analyséiert. Si wär och néi-deg gewiescht, fir en anere Saz vum H. Klees un der historischer Realität z’iwwerpréiwen: "Nationale Identität vermag dadurch, daß sie formale Gleichheit in Aussicht stellt, bestehende Ungleichheiten individueller oder sozialer Art zu verdecken (S. 246). Daß d’Historiker där Fro nët nogaang sin, hun ech jo schons uewe bedauert. Daß e Soziolog ënnert den Auteure feelt, as ëm sou mëi verwonnerlech wu ee vun de wichtegste Lëtzebuerger Soziologen an der St-Paulus-Dréckerei um Direkteschstull sëtzt.
D’Fro as allerdings och, ob di sozial Nüancen am Nationalgefill nët bewoßt vun der Redaktioun iwwergaang gi sin. An domat komme mer zréck zur Fro, firwat esou eng Spezialnummer iwwerhaapt geschriwwe gouf. Si mer haut mat Stolkris, TDF – a Coronet-Pläng, asw. an enger Zäit, wu ons national Identität besonnesch gefuerdert as? Dem Carlo HURY säng ausféierlech Bibliographie weist, daß d’Thema nët nei, awer op kee Fall vereelst as, daß ënner neess Auteuren ët opgräifen: meeschtens konservativer, di ëm d’Ennergoe vu Lëtzebuerg fäerten, mä och "forum" hat jo virun zwee Joer en Dossier doriwer. Deemols gong ët der Redaktioun drëm,
engem Argument op de Fong ze goen, dat an der Diskussion iwert d’Stëmmrecht fir d’Auslänner ëmmer neess gebraucht gouf: ‚Da verliëiere mer ons national Identitéit‘. A ’nos cahiers‘ kënnt de Begrëff Auslänner oder Immigratioun jhust dräimol vir: De C. Calmes as zouversiichtlech, daß d’Immigratioun di lëtzebuergesch Gemeinschaft nët bis op der Dout a Fro stellt, well bis elo hu mer d’Auslänner nach ëmmer assimiléiert (S.71). De Lex Roth betount, wi kënnt ët anescht sin, d’Wichtegkeet vun der Sprooch fir d’Auslänner, di sech abiergere wëllen: 10 ooo hun der säit 1976 dovir scho Lëtzebuergesch Courë besicht (S. 211). (A wëivill sin der dovu Lëtzebuerger gin? – 1024 vu 1978 bis 1982!) An drëttens schwätzt de F. Hoffmann vun den Auslänner, hie warnt dervir, d’auslännesch Kanner an hirer Mammensprooch liesen a schreiwen ze lëieren, well dann di sproochlech Assimilatioun onmëiglech gët (S. 131). Wann een awer drun denkt, daß d’Sprooch haut deen eenzegen Ennerscheed tëscht Lëtzebuerger a Nët-Lëtzebuerger ausmeecht – doriwer sin d’Auteure vu ’nos cahiers‘ sech all eens – da versteet een dem F. Hoffmann sëng Angscht. Sëng Studente sin als eenzeg (typesch?) anerer Meenung: fir si as d’Méisproochegkeet d’Haaptcharakteristik vum Lëtzebuerger (4,07 vu 5 mëigleche Punkten). Jiddefalls droen haut Fakteure wi Mariekult, Dynastie, gemeinsam Resistenz géint d’Preisen nët mei zur nationaler Integratioun bäi; do as och de G. Trausch averstan.
‚T schëngt also nët wi wann ët bei ’nos cahiers‘ ëm eng Identitéitsbehauptung géintiwwer den Auslänner géif goen, wat sécher ze begrëissen as. Eischter scho schëngt d’Redaktioun e Monument hu wëlle setze fir ons Sprooch, dat eng Rei Iwwer-lëunge weiderfëiere soll, di rondëm dat neit Sproochegesetz gemaacht goufen. Wann d’Auteure awer all d’Sprooch als éischt Identitéitselement betounen, da muss ee sech allerdëngs froen, ob se nët esou duerch eng Hannerdir neess eraschläiche fir den Auslänner d’Haaptportal doch zouzeman. Fir verschidde Leit as jo nëmmen deen e gudde Lëtzebuerger, dee lëtzebuergesch schwätzt, well 1941 bei der ‚Personenbestandsaufnahme‘ gouf dat décidéiert … An deen eleng soll d’Stëmmrecht hun, well en anere Kritär as nët ze fannen. Dem F. Hoffmann sëng Warnung kënnt ee jiddefalls an deem Sënn interprëtéieren, obschons grad hien d’Sproochegesetz kräfteg kritiséiert. (Sëng sozio-linguistesch Aleedung zu sëngem literarhistoreschen Artikel as eng Kamell, besonnesch nieft dem Sproochepurist Lex ROTH sënge Sätz, di wuel als eenzegen Zweck hun op lëtzebuergesch geschriwen ze sin, well eng thematesch Ausso as kaum ze fannen.) Daß all di dichteg Kulturpeepst, di hei zu Wuert kou-men, mat kenger Silb den Auslänner hir Kulturen zu Lëtzbuerg ernimme, schëngt och typesch a lëist ee nodenklich gin. Kënnt een da nët d’Theess opstellen, daß grad di multikulturell Aflëss an hir Assimilatioun duerch d’Lëtzebuerger d’national Identitéit ausman, statt daß ëmmer dat Emgedrëit ugeholl gët? Dem Tun Nosbusch säi Kachbuch iwert d’Kichen zu Lëtzbuerg brëngt schon ex-italiënesch a portugiesch Menüen. Dem F. Hoffmann säin Ausgangspunkt vun enger Lëtzbuerger Literatur, déi sech an dräi Sproochen ausdrëckt (S. 132), kéint vläicht emol an déi Richtung… weiderentwëckelt gin… Dem Pierre GREGOIRE säi Saz: ‚Auch Nationalitäten sind (…) nichts anders als geschichtliche Gebilde, die dem Zeitengesetz der Veränderung unterworfen bleiben und demnach weder Vollkommenheiten noch Unbedingtheiten darstellen können‘ (S. 5), sollt een onbedëngt am Hannerkapp behalen, och wa säin Artikel soss séier konfus ausgesäit.
S. 1. St. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1. 1.
Wann de Lex Roth schreift, daß masseg Effortën nëideg woren, fir säit 1970 eng nei Sensibilisatioun fir d’Lëtzebuerger Sproch ze schafen, dann däerf ee jiddefalls drun zweifelen, daß si en zentraalt Element vun engem spontane Nationalgefill as. A wee sin iwwerhaapt déi sozial Schichten, di sensibiliséiert goufen: di grouss Mass kaum, mëng Schüler sécher nët, éischter e gewësse biergerleche Milieu, deen duerch d’Actioun Lëtzebuergesch‘ e schlecht Gewësse gemat krut, an deen och am Ausland traditioneller Weis sproochpuristesch empfindlech as.
Domat si mer neess bei enger grondlegender Kritik: ët feelt dem Buch di sozial Nüancéierung. Mä als Ausdrock vun enger konservativer Schoul, muß ech soen, as ët héich interessant. Och wann ech nach laang nët all Meenung deelen, dee sachlechen Toun huet mer gefall, ët lëist sech driwer diskutéieren, och wann ech hei nët alles op de Pabeier kréien!
michel pauly
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!