De 25. September 2018 huet d’Fabienne Gilbertz déi éischt Dokteraarbecht an der Lëtzebuerger Literaturgeschicht op der Uni Lëtzebuerg mat Brio verdeedegt. An där Aarbecht iwwert Professionalisierungsprozesse der Luxemburger Literatur in der zweiten Hälfte des 20. Jahrhunderts (ca. 1945-1980) weist di jonk Wëssenschaftlerin no, dass d’Lëtzebuerger Schrëftsteller laang Zäit ënnert dem Syndrom vun enger self-devaluation gelidden hunn an eréischt an der 60er-70er Joeren lues a lues Selbstvertrauen kritt hunn, sech hire Qualitéite bewosst gi sinn, e Selbstbewosstsinn entwéckelt hunn, mat Kollegen am Ausland Kontakt opgeholl hunn a festgestallt hunn, dass och déi „nëmme mat Tënt schreiwen”, wéi de Roger Manderscheid et ausgedréckt huet.

Mir hunn d’Impressioun, dass dat feelend Selbstwäertgefill, dee permanente Mannerwäertegkeetskomplex ee vun den Haaptproblemer vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ass, deen elo ënnert dem Drock vun der Globaliséierung, vun den offene Grenzen, vun der deeglecher Migratioun ëmmer méi Leit a Panik fale léist. An dovu profitéiere gär gewësse nationalistesch Kreeser fir politesche Gewënn doraus ze zéien.

Et gëtt genug Artikelen a Sendungen, déi de Phänomen vum Rietspopulismus an der Lëtzebuerger Politik (a natierlech och an der däitscher, franséischer, italienescher, schwedescher, tschechescher, …) analyséieren. Si weisen all, wéi falsch Aussoe sinn, wéi déi, dass ëmmer manner lëtzebuergesch géif geschwaart ginn oder dass fir fräi Aarbechtsplazen Auslänner privilegiéiert géife ginn oder dass di meescht Flüchtlinge verkappte Wiertschaftsmigrante wären asw. forum-Lieser brauch een net ze beweisen, dass esou Aussoe Quatsch sinn. Mä leider fale munnech Wieler dorop eran, well se einfach Erklärungen fir reell Problemer natierlech méi séier verstinn. An dofir gleewen se och u simplistesch Léisungen à la „Wa mer de Wuesstem vun der Bevëlkerung bremsen, léise mer och de Mobilitéitsproblem, den Ëmweltproblem, de Wunnengsproblem asw.“ a sinn da bereet, d’Auslänner als Sënnebock fir all individuell a kollektiv Problemer unzegesinn.

Mat rationalen Argumenter loossen déi Leit sech leider net méi iwwerzeegen. Dofir misst eng vun den Haaptaufgabe vu verstännege Politiker a vu kritesche Journalisten dodra bestoen, aner Weeër opzeweisen, wéi een deene Leit hiren Ängschte kann entgéintkommen, hir Mannerwäertegkeetsgefiller ka begéinen, hir Identitéitsfroe ka beäntwerten. Do happert et allerdéngs souwuel an der Politik wéi an der Press. Deen aktuelle Walkampf weist kloer, dass suguer liberal oder gréng Parteien éischter de nationalistesche Sproochgebrauch iwwerhuelen wéi dass se kloer deem Discours géifen entgéinttrieden an Alternativen opweisen. Si schéngen grad esou paraliséiert wéi 1930 di demokratesch Parteien an Däitschland, wéi d’NSDAP mam Hitler de Judden d’Schold an d’Schong geschott huet fir d’„Verstümmelung Deutschlands“ duerch de Versailler Vertrag vu 1919, fir d’Massenaarbechtslosegkeet an der Suite vun der Weltwirtschaftskris vu 1929, oder fir d’Regirungskrisen an de Parteiesträit an der Weimarer Republik. Och deemools sinn d’Wieler en masse op déi simplistesch a rassistesch Erklärungen eragefall. Och deemools hunn aner Parteie gemengt, si missten déi rietsradikal Sprooch nomaachen.

forum huet sech Gedanke gemaach wéi een där breeder Tendenz no riets kënnt entgéinttrieden, wat ee misst man, fir dass déi Tendenz sech net nach weider radikaliséiert a wéi an den 1930er Joren zu Diktatur a Krich féiert. Sécher si Kartheiser (ADR) a Keup (Wee2050) nach keng Mussolini oder Hitler. Sécher gëtt et nach keng Neonazi-Partei. An der ADR ass dem Gast Gibéryen seng sozial Oder awer scho vun deenen zwee ofgeschnidde ginn. „Wehret den Anfängen!” ass eng historesch berechtegt Fuederung. Ëmmerhin hat den Här Kartheiser kee Problem dermat, fir op sengen Blog den heitege President vun de „Konservativen“ Morddrohungen vis-à-vis vum Jean Asselborn publizéieren ze loossen oder fir Texter vun der AfD z’iwwerhuelen, déi jo zu Chemnitz definitiv hir Maske fale gelooss huet a sech mam Mob solidariséiert huet, dee Juegd op Flüchtlingen a Auslänner gemaach huet. De Fred Keup – a mat him den ADR – iwwerhëlt bewosst an ausdrécklech de Sproochgebrauch vun der AfD, dass ee net vu Flüchtlinge mä just vu Migranten dierft schwëtzen (100,7: 28.8.2018), an dat mat Bezuch op Mënschen, déi hiert Liewe riskéieren fir iwwert d’Mëttelmier ze kommen. Op dem public forum vum 21. September huet d’Corinne Cahen (DP) ganz offen hir Angscht als Jüddin zouginn, wéi se viru kuerzem op enger Biergerversammlung mat ähnlechen Haassriede géint Auslänner zu Lëtzebuerg konfrontéiert war. Géint déi ongeheierlech Aussoen kann ee wéi de Jean Asselborn (LSAP) aus dem Bauch eraus reagéieren an dat deet sécher muncheree nodenken. Et ass sécher eng méi mënschlech an éierlech Reaktioun wéi dem Horst Seehofer seng Ausso, et misst een d’Reaktioun vun de Leit zu Chemnitz verstoen. E Gefillsausbroch geet awer net duer.

Mir sinn am forum zur Conclusioun komm, dass dräi Weeër musse gaange ginn: Éischtens geet et drëm, de Bierger nees Ursaach ze ginn, mat Hoffnung an Zouversiicht an d’Zukunft ze kucken, also fir Vollbeschäftegung a sozial Gerechtegkeet ze suergen. Wee just di national a sozial Kohesioun beschwiert a se mat nationale Symboler wëllt erbäi-féieren, verstoppt, dass en di eigentlech Léisung, d’Schafe vu sozialer Gerechtegkeet, eigentlech net wëllt upaken a weider gewäerde léist, dass Bankdirekteren Milliounebeträg an d’Täsch stiechen, während d’Aarmut an d’Ongläichheet am Land zouhëlt a Sue feele fir Wunnengen ze bauen. Soulaang d’Steierpolitik als ongerecht ëmfonnt gëtt, well een all gudden Dag gewuer gëtt, dass international Entreprisen a Finanzmanager bal keng Steiere bezuelen, dee klenge Mann an di kleng Fra, besonnesch déi ëmmer méi grouss Zuel Allengerzéier, awer och déi kleng Betriber trotz Steierreform sech ongerecht behandelt fillen, hëlleft et näischt d’Lëtzebuerger Sprooch an d’Verfassung anzeschreiwen oder der europäescher Bürokratie z’imposéieren, fir de Populisten de Wand aus de Segelen ze huelen.

Eng gerecht Steierpolitik muss och d’Aarmut bekämpfen, vun där mëttlerweil 16% vun den Awunner an 30% vun de 16-24-Jähregen bedrot sinn. Well et ass kloer, dass no engem Sënnebock nëmme gesicht gëtt, wann et de Mënsche net gutt geet. Och dat war schonn an de 1930er Joren esou an Däitschland.

Zweetens muss een awer och d’Identitéitsfro seriö huelen, déi net nëmmen e Reflet vu sozioekonomesche Veronsécherungen ass, mä och e selbstännege Problem duerstellt. Dat gesäit ee jo schon dorun, dass d’Protagoniste vun der rietser Ideologie gutt bezuelte Staatsbeamte sinn, deen een en Ex-Offizéier an Ex-Diplomat, deen aneren e Geosprof.

Vu Leit déi fäerten, hir Identitéit ze verléieren, kann ee keng multikulturell Akzeptanz erwaarden. Fir am Dialog mat anere Kulturen ze bestoen, fir duerch den Échange mat anere Kulture selwer méi räich ze ginn, muss ee sech senger eegener Identitéit sécher sinn, seng eege Kultur kennen. Et fält op, dass an deene rietse Kreeser déi Lëtzebuerger Kultur op d’Lëtzebuerger Sprooch reduzéiert gëtt. Dat hänkt domat zesummen, dass si nach als läscht Symbol erlieft gëtt, das de Lëtzebuerger vum nët-Lëtzebuerger ënnerscheet. Well all déi aner kulturell Wäerter: d’Lëtzebuerger Literatur an den dräi wa net fënnef Sproochen, d’Lëtzebuerger Musek, d’Lëtzebuerger Konscht gi net (méi) als Identitéit stëftend erkannt. An der Schoul gëtt net dervu geschwaacht an an der Ëffentlechkeet gi se als manner wäert wéi di däitsch, franséisch, englesch … Wierker ugekuckt.

Domat si mer nees beim Fabienne Gilbertz sengem Begrëff vun der self-devaluation, deen et vum Paul Dirkx iwwerholl huet, deen domat d’Situatioun vun der belscher Literatur vis-à-vis vun där franséischer beschriwwen huet. Déi Lëtzebuerger Bourgeoisie huet jo zwee Jorhonnerte laang op Goethe a Victor Hugo geschwuer a blaséiert op Dicks a Michel Rodange erofgekuckt. Deen Afloss ass bis haut an de Schoulprogrammer z’erkennen. Roger Manderscheid, Guy Rewenig, Nico Helminger a wéi se all heeschen hunn et där Bourgeoisie zwar säit den 1980er Joren zréckbezuelt, mä an der Ëffentlechkeet hunn se nach ëmmer net déi selwecht Unerkennung wéi Günther Grass, Max Frisch oder André Malraux. Fir déi jonk Leit vun deem Mannerwäertegkeetsgefill ze befreien, geet et net duer op den Uertschaftsschëlter dee lëtze-buergesche Numm uewen ze setzen. Et muss een hinnen ze verstoe ginn, dass déi Kultur an déi era si gebuer goufen, et duerchaus mat deene Wierker aus Däitschland, Frankräich, Italien, Portugal, … kann ophuelen, och wa se villäicht eréischt méi spéit déi Maturitéit erreecht hunn. En oppene Geescht fir di lëtzebuergesch wéi fir di europäesch Kultur vermëttelt een, andeems een an der Schoul di däitsch, di franséisch, di englesch, di portugisesch an di lëtzebuergesch Sprooch, Geschicht, Kultur, Literaturen gläichberechtegt behandelt.

Dat heescht net, dass ee misst nach méi Sproochunterrecht aféieren, mä vir all Sprooch ongeféier dee selwechte Programm, ugepasst un di verschidde Schoulpopulatiounen an en differenzéierte Kompetenzniveau pro Sprooch a Sektioun respektiv je no berufflecher Ausriichtung. Op den ieweschte Klasse kënnt ee sech virstellen, dass z. B. Literatur an engem Cours vergläichend mat Wierker aus de verschidde Sprochraim enseignéiert gëtt. Firwat soll och net z. B. dat eent oder anert Fach offiziell (dax geschitt et jo souwisou) op Lëtzebuergesch enseignéiert ginn? Firwat soll ee net Musek mam Serge Tonnar & Legotrip kenne léieren statt matt „Peter und der Wolf“‘?

Et kënnt een hoffen, dass e Bob Jungels den Tour de France gewënnt, e Su-Mei Tse op internationalen Ausstellungen ausgezeechent gëtt, e Jules Hoffmann de Nobelpräis kritt, fir dass nees méi Leit houfreg sinn, dass se Lëtzebuerger sinn. An engem Land vu manner wéi enger Millioun Awunner ass dat awer statistesch onwahrscheinlech.

Dat huet näischt mat Nation Branding ze dinn, well dee viséiert d’Ausland als Zilpublikum. Et geet och net drëm, d’Kultur fir nationalistesch Zwecker anzespanen, mä et geet drëm, de Lëtzebuerger hier Freed un der eegener Identitéit erëmzeginn, an den Auslänner, déi bei eis wunnen, ze weisen, dass si hei eng Kultur begéinen, déi grad esou räich ass wéi déi, déi si matbréngen. Et spiert ee sech eréischt da staark genug, deem Aneren, deem Friemen entgéint ze trieden, sech mat him ausernaner ze setzen, säi Räichtum schätzen ze léieren, wann ee säin eegene Räichtum kennt an deem Aneren kann op Aenhéicht begéinen. An deem Sënn sinn déi Dokteraarbechten, déi am Institut fir Luxemburgistik op der Uni Lëtzebuerg geschriwwe ginn, ganz wichteg, well se weisen, dass d’Lëtzebuerger Sprooch a Literatur grad esou derwäert sinn, wëssenschaftlech ënnersicht ze ginn wéi di däitsch, englesch oder franséisch. Och dee neie Site www.kulturgeschicht.lu, deen den Erzéiungsministär mat Hëllef vum selwechten Institut am September fräigeschalt huet, ass e wichtege Bäitrag, och wann een d’Breedewierkung vun esou Initiative nach net däerf iwwerschätzen. An et ass och nach ëmmer kee Prof fir Lëtzebuerger Geschicht op der Uni Lëtzebuerg virgesinn.

Doriwwer eraus heescht et awer drëttens, där Natioun, déi aus ville Nationalitéite besteet, gemeinsam Ziler ginn, e neie Mythos entwéckelen. An engem Interview fir ZEIT-Geschichte (Nr. 5 vum 11.9.2018) seet deen däitsche Politikwëssenschaftler Herfried Münkler: „Wir brauchen starke Erzählungen, weil wir Zuversicht benötigen, um die Herausforderungen in einer sich beschleunigenden Welt zu meistern. Zuversicht entsteht zu einem großen Teil aus sinnstiftenden Narrativen, die aus der Vergangenheit in die Zukunft weisen. (…) Alle 25 bis 40 Jahre brauchen Gesellschaften große Herausforderungen, deren Bewältigung dann zu einer mehrere Generationen prägenden Erzählung wird.“ Nom Krich huet d’Land vum Mythos vun de Schrecke vum Krich a vun der erfollegräicher Resistenz gelieft: et wär deemools kengem agefall, eng rietsradikal Partei ze wielen. Du koum de Mythos vum Opbau vun engem gemeinsamen Europa, dat de Fridde géif op Dauer ofsécheren. Béid Mythen haten ee gemeinsamt Feindbild: de Kommunismus, deen de Westen géif bedroen. Dat Feindbild ass ewech gefall an d’Krichserfahrung aus ausgestuerwen, sou dass dee Mythos haut net méi fonctionnéiert. An de 1980er Jore gouf e neie Mythos opgebaut: Lëtzebuerg als erfollegräichste Bankeplaz a Gewënner vun der Globaliséierung, déi lues mä sécher deemools ugefaang huet. Vill Lëtzebuerger hu vun den trente glorieuses profitéiert, mä spéitstens 2007 war dee Mythos zerplatzt. Am Kader vun der Globaliséierung koum Lëtzebuerg ëmmer méi ënner Drock, dass et och emol misst e Beitrag zur Solidaritéit an Europa leeschten a nët nëmme kënnt profitéieren. De wiertschaftleche Wuesstem gouf esou zum neie Feindbild, an d’Politik huet bis haut versot, fir där Natioun e neie Projet ze ginn, eng nei Story z’erzielen, un där een all zesumme kënnt schaffen. No de Stäre gräifen, wéi den Etienne Schneider (LSAP) dat probéiert huet, ass (nach?) zevill onrealistesch an op ze wéineg Acteure begrenzt, fir dass dat kënnt e neie nationale Mythos ginn.

Et ass kloer, dass de wiertschaftleche Wuesstem eleng, opgebaut um Neoliberalismus, net ëmstand ass eng Natioun zesummen ze halen, well am Kapitalismus d’Friichte vun deem Wuesstem ni wäerte gerecht verdeelt ginn. Dofir ass deen éischte Punkt vun deem hei eskisséierte Programm fir de Rietspopulismus ze bremsen, den Asaz fir eng méi grouss sozial Gerechtegkeet, op d’mannst esou wichteg wéi deen zweete Punkt, d’Stäerke vun der kultureller Identitéit. Dee gemeinsame Projet kënnt, jo misst d’Ambitioun sinn, fir aus Lëtzebuerg dat éischt Land ze man, dat sech esou opstellt, dass de Klimawandel ka gestoppt an d’Biodiversitéit kann erhale ginn, fir dass ons Kanner och nach op dëser Äerdkugel kënnen iwwerliewen. Da sicht elo mol an de Parteiprogrammer, ween esou e Narrativ fir d’Zukunft vum Land bitt!

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code