An der Angscht — Hoffnung

Wat seet d'Bibel dozou?

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

WAT SEET D’BIBEL DOZOU?

Am Februar 1984 hat de ‚Centre Chrétien d’Education des Adultes‘ en dräideelegt Forumsgespräch organiséiert iwert den Thema "RELIOUN AN ANGSCHT". Mir bréngen hei an e puer Suiten dräi verschidden Approchen zu dësem interessanten Thema – déi theologesch mam Fränz Koedinger, déi marxistesch mam André Hoffmann an déi philosophesch mam Hubert Hausemer.

Aféierung:

De Psalm 26 fänkt u mat de Wierder:
"Gott as mäi Liicht a mëng Rettung. Viru weem soll ech Angscht hun? Den Här as d’Kraft vu mëngem Liewen. Viru weem soll ech zidderen?"
Bestätegt d’Bibel dës Iwerzeegung oder erweist se sech als falsch?

A 15 Minuten missen en Iwerbléck iwer de Message vun der Bibel ze gin, déi an 35 150 Versen d’Geschicht vun iwer 2000 Joer erzielt, dat grenzt un Iwerhieflechkeet.

D’Bibel as d’Kristallisatioun vun der mënschlecher an der reliéiser Erfahrung, déi e Vollek an 2 Joerdausende gemaach huet, an déi souwuel d’Judden (fir d’A.T.) wéi d’Chrëschten als normativ, als grondlegend fir hiirt eegent Glawensliewen ugesin.

Eng Geschicht: et muss een also mat Bewegung, Entwécklung, Réckschléi, Positiounen a Géigepositiounen rechnen.

Fir en Iwerbléck iwer deen Urwald ze kréien, kämpfe mer eis net durch d’Gestrëpp, wou mer géife riskéieren, eis ze verlafen; mee ech invitéieren iech, iech mat mir an en Düsenjet ze setzen, an da fléie mer driwer, d.h. ech schematiséieren.

Eng 1. Auswiirkung vum Schematiséieren:
Vun alle mëigleche Forme vun Angscht gin ech vun der Scholdangscht aus (déi eis nom J. Delumeau sëngem Virtrag sécher di meeschte Froen opgët):
aner Forme begéine mer ënnerwee:

  1. De Gott, deen Angscht mécht

Et wir falsch, dat Gottesbild, dat ech elo gläich an e puer Stréch zeechnen, als dat geschichtlech ursprünglecht unzegesin. Wann ee primitiv Religioune studéiert (mat den Donneën, déi mer haut hun), muss een éischter son, et wir eng Zerfallserscheinung, déi éngem a bal alle Religiounen op verschiddenen Entwécklungsstadie begéint. Ech setzen dës Form un den Ufank wéint mënger Schematisatiounsabsicht.

Gott as de Garant vun der kosmescher an der sozialer Uerdnung. Hie steet hannert de Gesetzer, garantéiert hir Autoritéit a sanktionéiert d’Iwertriedungen.

An deem Kontext as sech ënnerwerfen a follechen déi eenzeg verstänneg Haltung. Mee Sollicitatioune vu baussen a Pulsioune vu bannen drängen de Mënsch ëmmer erëm an di entgéintgesate Richtung, déi d’Gesetz verschreiwt.

Eng Verfeelung, sief se gewollt oder souguer nëmmen durch Onopmierksamkeet oder Schwächt geschitt, versetzt de Mënsch an eng Situatioun vu Schold. Wäert den iwermächtegen Garant vun der Uerdnung strofen? oder nosichteg sin? An där Verfaassung huet een d’Tendenz, jidder onglécklecht Ereegnes als Strof ze verston. D’Angscht gët e Grondmotiv vun der Existenz. Angscht, et kënnt ee sech verfeelen; Angscht virun der Strof, wann et geschitt as.

Dat Gottesbild kann een och an der Bibel begéinen – awer nët als Norm, mee als en Irwee, dee muss corrigéiert gin.

Mir modern Mënsche liesen et souguer oft an d’Bibel eran, do wou et guer nèt steet, well mer dat Wuert Gesetz nèi oder manner onbewosst verstin am Horizont vom réimesche Recht; mee dat as nèt sêng Bedeitung an der Bibel.

2. De Gott vun der Allianz

An der Bibel geet et nèt un éischter Stell ëm Anhalen oder Iwertriede vu Gesetzer.

Gott weist sech do als een, dee fir d’éischt mol sech dem Mënsch zoukéiert an e fräi mècht (Typ: Auszug aus Ägypten). Da proposéiert en deem elo fräie Vollek, aus kenger anerer Ursaach wèi sêng Viirléift fir hat, e Bond, eng Allianz. D’Vollek as fräi, se unzehuelen oder nèt. Wann et se un-hèllt – an d’Uddevollek mècht dat – engagéiert et sech zu enger Relatioun vu Léift vis-a-vis vu Gott a vis-a-vis vun de Matmënschen.

D’Tora (nèt d’Gesetz am moderne Sënn) as eng Weisung, wèi an enger konkreter Situatioun déi duebel Relatioun vu Léift ka réaliséiert gin. D’Formel, déi déi Relatioun ausdréckt, kënnt xmol an der Bibel erëm: "Ech sin däi Gott, an du bass mäi Vollek." Si gëlt och fir d’Zukunft: Gott engagéiert sech, säi Vollek ze leeden a sêng Geschicht zu engem gudden Enn ze bréngen.

An deem Kontext gin d’Weisungen nèt verstan als arbiträr Beschränkunge vun der Fräiheet, déi vu baussen operluegt sin, mee als Weër, fir dass d’Liewe glécke kann; als Uweisungen, wèi ee ka Meeschter gin iwer déi donkel Kräften, déi am Besëtz, an der Muecht, am Wëssen, an der Geschlechtlechkeet asw. matgeschwemmt gin, an déi derzou féiere kënnen, dass d’Liewen a Sakgaassen gerëit.

D’Sënd as hei nèt d’Iwertriede vun engem Gesetz, mee d’Ofbriechen oder Nègligëiere vun enger Relatioun vu Léift. D’Schold geet och hei nèt ouni Angscht; mee si as ëmfaasst vun enger Art "Urvertrauen" (Erikson), dass Gott, well en trei as d.h. zu sênger Allianz steet, de Mënsch a kenger Situatioun fale léisst.

3. Ir- an Holzweër

Och d’Israelite ware Mënsche wèi mir; dofir huet dëst oder dat misse schif gon. D’ganzt Vollek oder Deeler vun him hu sech zäitweis nèt op deem Niveau gehalen; z.B. gouf d’Viriléift vu Gott fir Israel ausgeluegt als e Verwerfe vun den Nèt-Israeliten; oder als e Privileg, deen eng Virherrschaft iwer anerer, begrënne géif. Oder dat "Urvertraue" gouf verstan als eng Garantie, déi géif spillen, egal wèi d’Verhalen zu de Matmënschen, bes. de Benodeelegten wir, wann nëmmen e prächtege Kult Gott géif zëssen.

Da si Propheten opgestan an hun d’Vollek, sêng politesch a reliéis Autoritéite virun hir Verantwortung gestallt, si zur Emkéier opgeruff an hinnen – fir de Fall vun der Verhärtung – d’Gericht ugekënnegt: e Gericht, dat sech logesch aus der Allianz ergët: also nèt well Gott sech rächt, mee well sou d’Vollek a säi Verdierwe leeft. ‚T’as klor, dass déi Gerichtsried Angscht ervirgeruff huet; hei huet d’Angscht hir normal Fonktioun: virun enger Gefor ze warnen.

Ausserdeem waren déi Geriichtsusoen ëmmer gekoppelt mat der Zouso, dass Gott verzeie wëllt. Wat sech beim Hosea sou duerstellt: Gott gët verglach mat engem Mann, deem sêng Fra em ontrei gouf a sech prostituéiert huet; trotzdeem invitéiert en se erëmzekommen, well e vu sênger Léift zu hir nèt lasskënnt.

Beim Jesaja klënkt dat esou: "Kann eng Mamm d’Fruucht vun hirem Leif vergiessen? Souguer wann se hiirt Kand vergiesse géif, ech vergiessen déch ni" (Is. 49,15).

Angscht – jo. Iewer ëmfaasst, gedroe vun enger Relatioun vu Léift. – Mee eng Relatioun vu Léift muss gegleeft, gelieft, verdéift gin! Domat as de Ball am Camp vum Mënsch.

4. De Mënsch virum Gott vun der Allianz Verschidde Perspektiven

Dee Gott vun der Bibel, gesin z.B. als Papp, als Mamm (!), als Partner am Bestiednes – dat as jo schéin a gudd. Mee ech gesin en anescht, je nodeem watfir e Brëll ech opdin. Dee Brëll dat si mëng Opfaassungen, mëng Stëmmungen, ‚t sin d’Wirkunge vun determinanten Episoden aus mënger Liewensgeschicht, d’Erzéiung déi ech krut, d’Kultur an déi ech sozialiséiert gouf, mëng Interessen, Mënsch asw… Dee Brëll verfeinert oder verzerrt mëng Siicht vu Gott.

E Beispill aus der Bibel:

Gott versprécht, ëmmer bei sêngem Vollek ze sin, et ni aus den Aen ze loossen. Am Laf vun der Zäit gouf déi Zouso vun der Gemeinschaft op den Eenzelnen iwerdron. Déi Zouso rifft nun, je no der Verfaassung vum Mënsch, verschidde Reaktiounen ervir.

  • Ps. 138 (I-3.7-8.14):

"Ob ech sëtzen oder stin, du weess et, vu fären erkenns de mëng Gedanken.

Klammen ech an den Himmel: du bas do.

Verstoppen ech méch an der Ennerwelt: och do bas du.

Ech sin der dankbar fir all dëng Wiirker – ech sin eent dervun."

Fazit: Gebuergenheet, Bewonnerung, Dankbarkeit.

Eng aner Klack: Job 7 (17-20a):

"Wat as de Mënsch … dass d en e musters all Muergen,

an e préifs all Ablack?

Wèi laang nach, bis de eemol ewech kucks vu mir, bis de méch a Rou léiss, dass ech eng Kéier schlécke kann?

Hun ech gefeelt? Wat hun ech der gedin, du Mënschewiechter?"

Fazit: Angscht, Ierger, Revolt.

Zwou ganz ënnerschiddlech Reaktiounen op deeselwechte Gott, zwee verschidde Gottesbiller.

Doraus follecht, dass ech mäi Gottesbild, dat vu ville subjektiven Facteuren ofhänkt, dem Gott vun der Allianz muss progressiv ugläichen. Dat as ee

Moment vun der Bekëierung – fir eis haut vläicht dee wichtegsten, well di moralesch Emkéier dach vun där vum Gottesbild ofhänkt.

Mir sin hei vläicht um Fong vum Problem: Stellen ech méch op als Riichter iwer Gott – oder loossen ech Gott Riichter sin iwer méch? Iessen ech vum Bam, deen an der Mëtt vum Gaart steet, huelen ech d’Plaz an der Mëtt an a loossen alles, och Gott, rondëm méch dréien. Dat heescht wëll ech sin wéi Gott? – oder loossen ech Gott d’Plaz an der Mëtt d.h. ech relativëiere méch an orientëiere méch un him: dat as d’Positioun vum Glaf: ech bauen op ee méi Groussen wéi ech.

Wann ech méch an d’Mëtt stellen, kann ech d’Angscht nët méi lass gin, d’Angscht, déi Plaz ze verléieren, fir déi ech nët gemaach sin, an déi ech da mat alle Mëttele muss halen, och wann déi Mëttelen méch an di aner zugrond riichten.

5. Christus mécht fräi vun Angscht.

Durch säng Verhalensweis de Mënsche géintiwer, besonnesch de Sënder, an duerch säng Wierder gët de Jesus vun Nazareth dem Gott vun der Allianz de läschte Schläff. Hien offenbart eis e Gott, dee vertrauenswierdeg as, virun deem ech méch nët brauch ofzesecheren, deen ech an der Mëtt vun der Welt an an der Mëtt vu mëngem Liewe ganz Gott ka si loossen, well hie méch ganz Mënsch si lëisst. Virun him kann ech mëng Verkrampfung lëisen, ech ka lassoossen, opootmen, ech brauch net ze fäerten.

Et mag elo vläicht dem Verstand aliichten, virun deem Gott d’Positioun vum Glaf anzehuelen; mee fir se reell am konkrete Liewen anzehuelen, dat as eng aner Gei! Dat erfuerdert Ennerscheedungsvermeigen an Engagement. Mir mussen do mat Taaschten, Progressioun, Irgoen, Réckschléi an och Verweigerung rechnen. Wëini kann ech behaapten, Gott stäng a mëngem Liewe wiirklech a fir zerguttst an der Mëtt, d.h. alles, awer och alles wir relativ zu him, zu sängem Wëllen? Néierens gëng ech méi méch selwer an den Zentrum stellen?

Mir sin an enger Wiesselbewegung dran: mäi Gottesbild beaflosst mëng Haltung him géintiwer; a meng Haltung beaflosst mäi Gottesbild. Ech komme weider, wann ech méch progressiv u Christus ugläichen; an dat kann ech nuren an der Gemeinschaft vun deenen anere Chrëschen, déi deeselwechte Wee man wéi ech.

Dat Ugläichen nennt ee Bekéieren; déi Haltung nennt ee Glawensliewen; d’Resultat dervun a mëngem Liewen nennt een Erlëisung.

E Beispill: Lk. 15 – d’Parabel vum gudde Papp a sängen 2 Jongen.

"D’Zöllner an d’Sënder si bei de Jesus komm, fir em nozelauschteren. D’Pharisäer an d’Schrëftgeléiert hu séch doriwer géirgert: ‚Dee gët séch mat Sënder of a setzt séch souguer mat hinnen un een Dësch.‘

Du huet en hinnen dëst Gläichnes erzielt:"(Lk. 15, 1-2)

(Ech setzen d’Geschicht als bekannt viraus). Am Laf vun der Geschicht bleift de Papp ëmmer deeselwechten. Mee d’Bild, dat säng zwee Jongen séch vun him man, ännert; an domat och hir Haltungen.

Frot iech emol, wéi dee Jängsten säi Papp gesäit, wann e säin Ierfdeel freet a vun doheem fortgeet, fir onofhängeg vum Papp ze liewen? Wéi gesäit en en, wann en am Misär as an nees no Heem verlaangert, mee mengt, säi Papp kënnt e jhust nach als Doléiner ophuelen? Wéi muss dach säi Bléck änneren, wa säi Papp ëm entgéintgelaf kënnt a säng Freed, dass en nees do as, mat engem Fest aus-

dréckt?

Watfir e Bild vu sängem Papp huet deen Eelsten, dee säi Verhältnes zu him nëmmen an de Begrëffer vu Recht a Besëtz ka faassen? Deen aus alle Wollecke fällt a protestéiert, wann de Papp dee Jängste nees ophëlt?

Wat fir eisen Thema wichteg as, dat as ze gesin, wéi d’Verhale vum Papp Angscht an Distanz a Verhärtung ofbaut an se an Hoffnung a Freed ëmwandelt (‚t as genee dat d’Gudd Nouvelle, d’Evangelium, dat de Jesus verkënnegt huet!) Mir gesin awer och, dass déi Emwandlung, déi Erlëisung nuren zustane kënnt, wann de Mënsch an engem Geste vu Vertrauen séch drop aléisst.

An anere Wierder: Um Dafschäin as nët e Garantieschäin drugeheft, dass ech elo automatesch an ee fir ailemol virun der Angscht ofgesechert wir. Mee ech ka progressiv d’Angscht Meeschter gin, se ofbauen, je méi ech méch op Gott aloossen – an nët op irgend ee Gott, mee op de Gott vu Jesus Christus. Dat as d’Zill, nët d’Ausgangspositioun! Dass dat Zill an dësem Liewen ni e séchere Besëtz ka sin, dat beweist den Doud vu Christus mat sängem dramateschen Emstänn. Mee dass d’Angscht nët dat läscht Wuert as, dat weist och säin Doud, wou e mëten an der Angscht, der Onsecherheet säi Grondvertrauen op säi Papp nët verluer huet. Dat weist besonnesch säin Operstoen: Gott lëisst de Mënsch nët falen, och wa rondëm him an an him alles schängt zesummenzebriechen.

‚T as dat Zill, wat eis am 1. Johannesbrëif (4, 17-18) proposéiert gët: "Doran as d’Lëift bei eis zu hirem Zill komm, dass mer freedeg Zouversicht hun um Dag vum Geriicht… Angscht gët et nët an der Lëift; villméi verdreift déi vollkomme Lëift d’Angscht. Well d’Angscht rechent mat Strof; wie fäert, deem säng Lëift as nach ennerwee (nët vollkommen)".

Wee vun eis ka behaapten, e wir net méi ënnerwee?

6. Conclusioun

Op déi 2 Froen:

  • Huet de Glaf un de Gott vun der Bibel dem Mënsch säng Angscht verschlëmmert,
  • oder huet dee Glaf ëm gehollef, säng Angscht lasszegin,
    kann een also nët einfach mat jo oder mat neen äntwerten.

Vun der Bibel hir gët et op alle Fall fir kee reliëise System eng Justificatioun, Mënschen an der Grondstëmmung vun Angscht ze halen. Et gët am Géigendeel den Opdrag, se dervu fräi ze man. A watfir engem Mooss dat geléngt oder nët geléngt, dat as vu Fall zu Fall mat all den nëidegen Nuancen ze gesin.

Hei geet et nët em Dogmen oder Prinzipien; hei geet et ëm d’Wuel oder ëm d’Ongléck vu Mënschen. Ech kennen een, deen ëmmer da rose gouf, wa Mënschen hiirt Wuel gestéiert oder zerstéiert gin as; deen housch Jesus vun Nazareth!

  • Wann ech dat, wat ech elo virgedroen hun, vergläiche mat der Scholdangscht, déi während e puer

Joerhonnerten dé gréissten Deel vun der laténgescher Kiirch dominéiert huet (cf. J. Delumeau: Le pêché et la peur), da muss ech fir wäit Fläche vun hirem Wiirken e "constat de faillite" man.

Dann drängt séch folgendes op: Iwer all Kompromësser eraus, déi d’Kiirch am Laf vun der Zäit tëscht dem Message vu Christus mat Zivilisatiounen a kulturelle Strëimunge geschloss huet (an där och mir haut méi oder wéiniger onbewosst schléissen), ëmmer erëm de Fong vu Léift an Hoffnung fräileën, dee Christus an d’Welt geséint huet (dofir op wëssenschaftlech a "geeschtlech" Manéier op d’Bibel zeréckgreifen). Déi ideal Kiirch wäert et wuel ni gin; dann heescht et mannstens, drop hin um Wee ze bleiwen.

Fränz Koedinger

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code