Denkanstöße

E puer perséinlech Viraussetzungen fir d'Praxis vun der Toleranz

Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

E PUER PERSÉINLECH VIRAUSSETZUNGEN FIR D‘ PRAXIS VUN DER

TOLERANZ

"Eine Ethik, die dem Menschen einpredigt, sie sollten um Himmelswillen einander lüben, ohne dass dabei gefragt wird, wie die Liebe sich durchsetzen soll, eine solche Ethik macht sich selber zum Komplizen des Bösen." Arno Plack: Die Gesellschaft und das Böse

Dat gällt ähnlich fir d’Toleranz. Vill Menschen sin der Fuerderung no Toleranz net gewess. Muench groussarteg Iddi, wéi och d’Toleranz eng ass, déi a sech gesin e mënscheche Fortschrëtt war, huet sech doudgelaf oder as oofgebremst gin, well hir Promoteuren nët mat de perséinleche Viraussetzungen gerechent haten, vun deenen hir Realisatioun ofgehaangen huet.

De Mënsch huet den eegenartegen Drang, dass all di aner mat him sollten iwereneestëmmen: si sollen diselwecht Usiichten hun, diselwecht Interessen asw. Dat Friemt, dat wat anescht as wéi ech selwer, gët ëmpfond wéi eng Gefor. Dann hëllefen ech mer oft driwer ewech mat Intoleranz géintiwer vun deem Friemen, deem Neien.

Jidder Meenungsverschiddenheet, jidder Ausernanersetzung rifft am Mënsch eng Spannung ervir. Dorop kann ee verschidde reagéieren:

  1. am Gespräch gët eng Iwereestëmmung erreecht.
    D’Spannung as verschwonnen..
  2. Deen aneren get zréckgewissen
    a- durch Flucht, em-aus-dem-Wee-goen;
    b- durch irgendeng Form vu Gewalt gët en ënner-dréckt oder souguer éliminéiert.
    D’Spannung verschwënnt och an dësem Fall (och wann ongudd Gefiller, wéi Schold, kënne nowiirken).
  3. An der Mëtt vun deenen zwou Léisungen läit d’Toleranz: Mir gi nët eens, mee mir loossen een deen anere gëllen. D’Spannung bleiwt. Dat as eng ongemittlech Situation. Dofir huet d’Toleranz ët sou schwéier, iwer länger Zeit ewech nët ze entaarten entweder a Veruechten oder an Indifferenz.

Mir hun et schwéier, länger Zäit mat Spannungen a Froen ze liewen. Dat ze léieren wir eng 1.VIRAUSSETZUNG fir d’Praxis vun der Toleranz.

Jidderee vun ons huet sech mat vill Méi en Deel vu Welterklärung ugëegent, sech e Weltbild opgebaut, dat eenegemoossen der Wiirklechkeet standhält. Dann huet ee nët gär, wann doru gerëselt gët, wa pertinent Froen gestallt gin, déi eng Aennerung géifen erfuerderen. D’Angscht virum Emdenken erstéckt bei villen de gesonde Virwëtz an den Drang no neiem Wëssen. Oft féiert (souguer an der Wëssenschaft) d’Verdeedegung vum eemol Erreechten durch Intoleranz virum Neien a Saakgaassen an zu Absurditëiten.

Besonnesch hefteg wire mer eis géint Froen, déi eis Perséinlechkeetsstruktur oder eis Liewensgrondsätz a Fro stellen. "Wa mer eis net méi dodru kënnen halen, verléiere mer dann net de Buedem ënnert de Fëiss?"

Mir wieren ons och hefteg géint Froen, déi iwer laang keng Aentwert erla-ben (Sexualmoral; Grenzen vum

Wirtschaftswuestem…).

  1. Mir sichen da méiglechst séier eng Pseudo-Aentwert
  2. oder mer verdrängen d’Fro
  3. oder mer strofen de Frosteller mat Veruechtung a man e lächerlech.

Während d’Toleranz an sou Fäll d’Fähegkeet an d’Bereitschaft gëng erfuerderen, Froen an der Schwiew ze halen bis se fir eng Léisung reif sin, Konflikter nët ze leegnen, d.h. eng Zeit Angscht an Onsécherheet a Kaf ze huelen.

Ech mengen, eng Bedingung dofir as, dass mer eis selwer nët komplett mat eisen Opfaassungen identifizéieren, gläichsetzen. Tëscht eis selwer an onsen Opfaassungen misst souvill Spillraum sin, dass eng Fro iwer eis Usiichte Plaz kënnt fannen, ouni eis Perséinlechkeet aus dem Gläichgewicht ze bréngen. Geschitt déi Identifikatioun, dann as eng Attaque op d’Opfaassungen zugläich eng Attaque op mech selwer; an da wiren ech méch!

Hei huet secher eng falsch Erzéium matgespillt. Schwaach Perséinlechkeete schützen sech gär hannert dem Panzer vun enger Ideologie oder enger Roll. (Mee

misste mir hinne géintiwer nët tolerant sin? Wéi wäit kann déi Toleranz goen?)

Eng 2.VIRAUSSETZUNG fir géintiwer vum Matmënsch tolerant ze sin, dat as Toleranz vis-à-vis vun sech selwer.

Nure wee séch selwer versteet, kann anerer verstoen. Nure wee sëng eege Problemer an Onzoulänglechkeeten nët verleegent a verdrängt, ka Verständnis opbréngen fir deenen aneren hir.

Mir misste léieren, d’Angscht virum den donkle Säite vun eis selwer iwerwannen, déi hire Wee un d’Daaglicht sichen an Dreem, Wënsch, Virstellungen, onkontrollëierte Reaktiounen, Gefillswallungen déi op eemol optrieden, asw.

Wéi sollte mer et färdeg bréngen, een aneren a sëngem Anescht-sin ze akzeptéieren, wa mer ganz Deeler vun ons selwer nët akzeptéieren, mee intolerant ënnerdrécken?

Den Toleranten weess aus eegener Erfahrung ëm mënsch-

in: L. Land 20/78

lech Schwächt a Verletzlichkeit, ëm Iirgoen a Schold. D’Sot vun der Intoleranz geet op am Mënsch, dee seng Onsécherheet verdrängt, deen den Zweivel nët opkomme lëisst, deen a sengem zurechtgestutztene sougenannte ‚gudde Gewëssen‘ iwer anerer zu Geriicht sëtzt.

Fir kënnen tolerant ze sin, misste mer also eis dërs ëmmer méi bewosst gin, wat an eis selwer virgeet. Dat kann ee bis zu engem gewësse Grad, wann ee mat séch selwer liewt an nët nuren no bausse gekëiert, wann een iwer sech nodënkt, mat aneren iwer sech schwätzt an zoulëisst, dass si eis de Spigel virhalen (fir Kranker geet dat nët duer).

Et kënnt een nët tolerant op d’Welt. Tolerant muss ee gin. ‚Wir vertreten die Auffassung, dass Toleranz dem aggressiven Triebbereich abgerungen werden muss, dass sie eine vom Ich gesteuerte Gegenposition gegen aggressiv-destructive Triebwünsche darstellt. Damit erkennen wir an, dass destructive Aggression zwar ein stets vorhandener Anteil unserer Triebnatur ist, aber eben kein unveränderlicher. Die unzähligen Beweise destruktiver Lust, die wir aus der Geschichte kennen, wären nur dann eine trostlose Wiederholung des gleichen, wenn sich nicht das Bewusstsein, das Toleranz und Intoleranz wahrnimmt, entschieden geändert hätte. Solche Ausbrüche der Destruktivität äussern sich gerade in unserer Lebenszeit, aber eben auch die Versuche, ihrer Herr zu werden‘.

(Alexander Mitscherlich)

Séch senger selwer méi bewosst gin; kënnt den 1. Schrëtt dozou nët sin, e wëineg Humor iwer sech selwer ze entwäckelen? Iwer seng eege Bossegkeete schmunzelen, entspaant, mecht méi fräi.

(En Hoffnungsschimmer an deem Zesummenhank fir d’Kiirch as vläicht, wann en Doumprobst den ‚Orden wider den tierischen Ernst‘ kritt – op där aner Säit beonroungt ët mech, wa Chrëschten allergesch reagéieren op Karikaturen aus dem kiirchleche Liewen. Eng Karikatur kann eng Hëllef sin zum Distanz-halen.)

Eng 3. VIRAUSSETZUNG fir d’Toleranz as, dass mer eis eegen ënnerlech Problemer, eis Usichten asw. nët op eis Matmënschen iwerdroen (=Projektioun); well da kënne mer deen aneren nët méi a senger Wiirklichkeit zur Kenntnis huelen. Mir kënnen en also och nët méi akzeptéieren, sou wéi en as, d.h. tolerant vis-à-vis vun him sin.

Et as eng Illusioun ze mengen, mir géifen ëmmer eis Emwelt esou gesin, wéi se tatsächlich as; mee mir kucken se durch eise Brëll – an deen déforméiert d’Realitéit.

E Beispill: Zwou Frae gesin hire Mann kräischen. Si gesi nët (reng objektiv) e Mann, deem Salzwasser aus den Aen drëpst; mee di 1.Fra gesäit – oofschätzeg – e Mann, dee seng Gefiller nët beherrsche kann; an déi 2.Fra gesäit – unerkennd – e Mann, dee sensibel as, deen en Härz huet an dat och weist.

Déi zwou Fraen ëmfannen hir Männer je nom Idealbild vum Mann, dat se an sech droen, an dat sécher vu wäit hir aus der Kandheet kënnt. Am selwechte Moment, wou si e Mann gesi kräischen, iwerdroen si op hien hir perséinlech Interpretatioun: si gesin e verwechlechten resp. e sensible Mann. Déi Projektioun geschitt meescht onbewosst. Si verhënnert, dee Mann a senger eegener Wiirklichkeit ze erfaassen.

Wat gëng an deem Fall heeschen, tolerant sin? Dat géif nët heeschen, mëng eegen Interpretatioun ze verheegnen (well déi as jo och reell), mee mer emol bewosst ze gin, dass ech et mat enger Interpretatioun ze din hun (an nët mat enger einfacher Tatsach); dass et eng vun de mëiglechen, ma nët di eenzeg mëiglech Interpretatioun as.

Domat hätt ech souvill Distanz tëscht mir a menger Opfaassung geschafen, dass ech kënnt versichen, ze verstoen, wat an deem anere virgeet, wéi hie sech selwer ëmfpënnt a gesäit. Dann eréischt kann ech en akzeptéieren, e gëlle loossen, och wann ech nët mat em d’accord sin; d.h. ech ka vis-à-vis vun him tolerant sin.

2 Beispiller, déi weisen, wéi steril an zerstëieresch sou Projektioune kënne sin:

  1. En däitsche Politiker setzt sech vehement a gefillsbetount fir d’Wiedervereinigung an. Seng emotional Astellung verhënnert, dass en zougänglech as fir Argumenter a fir eng sachlech Aschätzung vun der Situatioun. An enger Therapie kënnt un d’Daaglicht, dass en op de Problem vun der ‚Wiedervereinigung‘ dauernd säin eegene Problem iwerdroen huet, nämlech dass en d’Scheedung vu sengen Elteren nët verwonnen hat. Dat eemol erkannt a verschafft, huet hien sech nach ëmmer fir d’Wiedervereinigung‘ agesat, mee e konnt elo ouni Emotionen a Virurdeeler no realistische Lësungsmëiglechekte sichen.

  2. De strengen Erzëier:

‚T ka sin, dass e strengen a sturen Erzëier seng eegen Onzoulänglecheken am Kand bekämpft. E fillt sech als Kämpfer fir d’Wourécht, déi e selwer bei sech nët realisëiere kann. Dem Kand seng Schwächte

Auch die Zreiter,
die man vor dem
Appel hat, können
die Welt bedenken!

bestrofen rifft bei him déif Satisfaktioun ervir. Dat Schrecklecht an sou engem Fall as, dass en dem Kand nèt ka virunhëllefen, well e blann as fir dem Kand sêng Wiirklechkeet, déi e jo awer misst erkennen, fir Weër ze entdecken, déi d’Kand weiderbrengen. Wat e Mënsch méi onräif a schwaach as, wat e mat anere méi streng an haart ëmgeet.

Dir verstitt sécher elo, woufir fir Kommunisten- a Pafefrësser d’Toleranz onméiglech as. Nèt bei de Kommunisten resp. de Pafen, mee bei sech selwer missten d’Verännerungen ufänken! D’Kommunisten an d’Pafen kënnen sech veränneren souvill se wëllen, dat ännert näischt um Haass géint si. Hätten se sech esou verännert, dass een den Haass op si nèt méi kënnt iwerdroen, da fënnt sech ëmmer nees direkt e neie "Sënnenbock". An d’Karussel drëit weider.

Et diirft och klor sin, woufir besonnesch schwaach, labil Mënschen, déi an hirer psychescher Entwécklung gehemmt goufen, sou liicht de Fanatiker vun alle Schattierungen op de Läim gin; an dat besonnesch a Krisenzäiten, wann zousätzlech Ängschten erwächt gin. Si si faszinéiert vun engem, dee behaapt, en hätt d’Léisung vun de Problemer, e wéisst sécher, wou de Wee géif hiféieren; besonnesch, wann dee Wee iwer d’Zerstéierung vun engem reellen oder imaginäre Feind féiert, op deen een ongestrooft all Affekter an Aggressivitéit ka lassloossen.

Nach eng kuurz Bemiirkung: Wann e gesonden, tolerante Mënsch durch d’Emstänn gezwonge gët, intolerant ze gin, dann as en anescht intolerant wéi deen, dee nèt aneschters kann. Den Toleranten weess ëm Geforen an ëm Grenzen, déi en ni iwerschrëtt; e wënscht sech, sou séier wéi méiglech zur Toleranz kënnen zréckzekommen; während deen aneren sech jhust an der Intoleranz wuelfillt.

*

Mir kommen zum SCHLUSS:

Toleranz kann nèt kommandéiert gin! De Wee zu méi Toleranz féiert iwer d’Erzéiung zu Mënschen, déi eng staark Perséinlechkeet hun,

    • dodurch, dass se an engem Kader vu Léift a Gebuergenheet e staarkt Grondvertrauen an d’Liewen entwékkele konnten, a sech selwer akzeptéiere kënnen;
    • dodurch dass se geléiert hun, mat aneren zesummezeliewen an op anerer anzegoen;
    • dodurch dass se fäheg goufen, ouni iwerméisseg Spannungen déi Verzichtner op sech ze huelen, déi d’Zesummeliewe mat aneren mat séch bréngt;
    • dodurch dass hir Wëssbegier gefördert a nèt erstéckt gouf, sou dass se zougänglech si fir ëmmer nei Erfahrungen, fir d’ganz Wiirklechkeet.

Toleranz léiert ee nèt a Bicher, mee am Kontakt mat selbstännege, kritischen an tolerante Mënschen. Dobei huet ee ni ausgeléiert.

Et muss een zougin, dass de gesellschaftleche Klima, an deem mir liewe momentan, fir sou eng Entwécklung nèt gënschteg as; dass d’Erzéiung, déi vill Kanner a Jugendlecher kréien, deem nèt entsprécht, wat ech elo grad skizzéiert hun. Eng Ursaach méi, fir un engem bessere Klima matzewiirken. Fr. Koedinger

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code