Jugend a Kiirch
Eng Emfro bei de Studente vum Lycée Michel-Rodange
Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.
Eng Emfro bei de Studente vum Lycée Michel-Rodange
Am Virfeld vun der Poopstvisite goufe Sätz gebraucht wéi: "D’Jugend erwaart de Poopst", "D’Jugend zitt et op Iechternach" … Eis deeglech Erfahrung mat eise Studente war iwwer ganz anescht. Wie louch dernieft? Mir wollten dat wëssen; dofir hu mer am Februar 1985 an eiser Schoul eng Enquête gemaach.
Et war vu virera klor, dass mer an eiser Emfro eis nët op de Poopstbesuch géife beschränken, dee jo nuren ponktuelle Charakter kënnt hun, mee eis Haaptopmiirksamkeet dem reliëisen Hannergrond géife schenken, ouni deen d’Poopstvisite kee Sënn hätt.
De Questionnaire gouf virbereed vun alle Reliounsproffen, déi sech e ganze Sonndag mat fënnef fräi-wëllege Schüler zesummegesat hun, fir dass et de Schüler hir Froe wieren, déi zur Sprooch kéimen. De Froebou gouf an de Reliounsklasse vu IVe bis Ire verdeelt, ma och d’Studente vun Néant a Morale laïque konnte e kréien. D’Matmaache war fräi-wëlleg.
Verdeelte Frobéi: 317
Ausgefëllte Frobéi: 160 (50,47%)
(6 koumen der nom Schlussdatum zeréck; si konnte bei der Auswäertung nët matberücksichtegt gin).
| Jongen: | 71 | Morale laïque: | 0 |
| — | — | — | — |
| Medercher: | 89 | Néant: | 23 |
| | 160 | Instr. rel.: | 135 |
| | | ouni Angab: | 2 |
| | | | 160 |
Duerchschnëttsalter: 16,25 Joer
Vill Äntwerte sin sou breet ausgefouert, dass eng ausféierlech Publikatioun e Buch géif gin. Mir konzentréieren eis hei op déi Donnëen, déi an Zue-len ausgedréckt kënne gin. Fir de Rescht resuméi-ere mer sou objektiv wéi méiglech.
I. Op wat hues du zolitt Vertraue fir déng eegen Zukunft opzebauen, a fir d’Zukunft vun eiser Welt?
(Maach nët méi wéi 4 Kräizer)
(D’Zuel an der Klammer gët d’Plaz vun der Rubrik um Froebou un)
| (12) Ech selwer: | 108 | (2) Politik: | 24 |
| — | — | — | — |
| (1) Matmënschen: | 80 | (5) Economie: | 22 |
| (7) Wëssenschaft: | 72 | (9) Musek: | 21 |
| (10) Elteren: | 55 | (8) Relioun: | 10 |
| (4) Technik: | 49 | (3) Konscht: | 10 |
| (6) Gott: | 37 | (11) Kiirch: | 6 |
Dat massivt Betoune vun "Ech selwer" kann entwéck-lungsbedéngt sin; et spigelt awer och en déift Mësstrauen an déi gesellschaftlech Instanzen erëm (cf. Politik + Economie 46). Relativ gutt ewech kommen déi direkt matmënschlech Beziehungen (Mat-mënsch + Elteren 135). Wëssenschaft an Technik hun och hir Verfechter (121). De reliëise Beräich kënnt u virleschter Plaz (Gott + Relioun + Kiirch 52), wat natiirlech besonnesch eis selwer ze denke
Zeichnung: Jais Ln: PF 5/83
gët. D’Vertrauen, dat eis Jugendlech an d’Kiirch setzen, schwätzt Bänn!
II. Hues du d’Bedierfnes no Kontakt an enger Ge-meinschaft?
Ouni Äntwert: 2
Neen: 21
Firwat nët?
Ech si gär eleng (3)
Ech hun nëmme Vertrauen op mech (3)
Et féiert zu näischt (2)
Jo: 137
Wéi soll déi Gemeinschaft ausgesin?
Géigesäiteg Hëllef (26)
Offenheet, Toleranz (25)
Freed, Vertrauen (18)
Versteesdemech (17)
Offe schwätzen dierfen (15)
Vill Diskussiounen (12)
Vill Aktivitäten (11)
D’Äntwerten op dës Fro relativéieren e wëineg d’Be-toune vun "Ech selwer" a Fro I. Mee et as ze be-miirken, dass an der Fro II d’Zesummesi mat Gläich-altregen am Mëttelpunkt steet; d’Mësstrauen an d’Erwuessegesellschaft gët nët zeréckgeholl. Vergläicht een d’Äntwerten op dës Fro mam Of-schneide vun der Kiirch a Fro I, da muss ee soen, dass et de Jugendlechen nët am geréngsten afällt, d’Kiirch kënnt eng fir si nëtzlech Gemeinschaft sin.
III. Hues du heiansdo de Wonsch, eng reliëis oder Glawenserfahrung mat Frënn, Bekannten, Familljen ze delen an ze bespriechen?
Ouni Antwort: 7
Neen: 93
Firwat nët?
Keen Interessi, verlueren Zäit,
Spënnereien, ech hun es sat
(23)
Ech hu kee Glaf, keng Erfahrung
(12)
Glaf as e perséinleche Problem
(12)
Jo: 60
Wellech Reaktiounen erwaarts
du, wann’s de domat un d’Leit
eruntrëtts?
Deen anere soll sech och mat-
delen (19)
Ech muss mech verstane fillen
(15)
E soll mer EESCHT nolauschte-
ren (14)
Offenheet, Toleranz (7)
Et fällt op, dass am Verglach mat Fro II d’Ver-
hältnes vun de positiven zu den negativen Antwer-
ten ëmpskéiert as, wann et ëm Relioun geet. En
zimlech staarkt Bedierfnes (60) no reliëisem Aus-
tausch mellt sech un; dass en sou oft nët zustane
kënnt, läit un den Ufuerderungen, déi un sou en
Austausch gestallt gin.
Brécht fir den Erzëier mat dësen Antwerten nët
och d’Fro op, wat Reliounsunterrecht eigentlech
kann erreechen, wann nët méi Interessi do as?
Heemlech stellt een sech och d’Fro, firwat dës
Schüler dann op Relioun sin, wann se kaum Interes-
si derfir hun? Oder as fir si Relioun nure Wëssen,
ouni Erfahrung?
IV. Di 4. Fro war esou gestallt, dass am 1.Deel
déi positiv Antwerte sollte formuléiert gin,
am 2. Deel déi negativ. Mee am 1.Deel as schon
souvill Negatives iwwer d’Kiirch ausgedréckt gin,
dass mer déi Fro anescht mussen opschlësselen. Op-
fälleg sin och déi vill Enthalungen zum 1. Deel.
in: Publik-Forum
- Wat gefällt dir un der Kiirch vu Lëtzebuerg?
Ouni Antwort: 61
Positiv Antwort: 63
Negativ Antwort: 36
- Wat stéiert dech un der Kiirch vu Lëtzebuerg?
Ouni Antwort: 15
Antwerten: 145
POSITIVES: Gët vill Geld fir ze hëllefen (9)
Jugendmassen (8)
‚T as ee fräi, derzou ze gehéieren
oder nët (8)
Verschidden engagéiert Geeschtlech (3)
‚T gët versicht, mat de Jugendlechen
ze schaffen (3)
NEGATIVES: Si as langweileg (19)
Distant, rigid, nët zäitgeméiss (19)
Këmmert sech nët ëm d’Jugend (18)
Nët engagéiert an aktiv genug (14)
‚T gin der vill an d’Kiirch aus Tradi-
tioun, fir gesin ze gin (13)
Keng Spur vu Gemeinschaft (11)
Ze konservativ (11)
Ze räich (4)
Dës Antwerte weisen drop hin, dass tëscht der
"Institutioun" Kiirch an de Jugendlechen e Gruef
besteet, souguer bei denen, déi hir favorabel ge-
sënnt sin a sech fir si engagéieren.
V. Wat war dëng éischt Iwwerleeong, wéi’s de ge-
héiert hues, de Poopst këm op Lëtzebuerg?
Positiv Antwort: 25
Negativ Antwort: 95
Onentschidden: 40
Wat kann dënger Neenung no Positives aus deem
Besuch entstoen?
Positiv Erwaardung: 48
Negativ Erwaardung: 90
Onentschidden: 22
Eischt Iwwerleeongen – Positiv:
Et as eng Eier (3)
Endlech kënnt en och bei eis (3)
Immens (3)
Et as gutt fir d’Chrëschten
Negativ:
Geldverschwendung (50)
Wat soll dat Ganzt (29)
Dee Besuch as sënnlos (8)
E soll doheem bleiwen (6)
Wat wëllt en hei? (5)
Erwaardungen – Positiv:
De Glaf kënnt sech verdéiwen (16)
Mir denken da vläicht méi chrëschtlech (10)
Et sin der vläicht frou en ze gesin (4)
Et as gutt dir d’Jugend (4)
Vläicht kënnt d’Kiirch dem Vollek méi no (3)
Vläicht komme mer zum Nodenken (3)
Et kënnte Gemeinschaften entstoen (3)
Negativ:
Et kënnt näischt eraus (46)
Wéineg Erneierung as ze erwaarden (21)
Et gi vläicht e puer besser besichte Massen – an
dann? (4)
Conclusioun
Dës Emfro erhieft keen Usproch op wëssenschaftlechen oder repräsentative Charakter; aus deem Grond hidde mer eis, d’Resultater ze verallgemengeren a Conclusiounen ze zëien iwwer d’Jugend iwwerhaapt. Mir mengen iewer, si géif e getreit Bild vun de Stodente gin, sou wéi mir se an eiser Schoul Dag fir Dag erliewen.
Mat dësem Bild vun der reliëiser Situatioun an eiser Schoul virun Ae fällt et eis schwëier, gewëss Uerteeler eescht ze huelen, déi an der Press an a
kiirchleche Kreeser breet getrëppelt gin iwwer Jugend a Kiirch, iwwer d’Zukunft vum Glawen an eisem Land, iwwer Erwaardungen, déi un de Reliounsunterricht gestallt gin. Mir froen eis, ob net méi Wonschdreem an Illusioune wéi di haart Wiirklechkeet hannert sou Iddien a Bestriewunge stin. Missten nët déi Verantwortlech sech Gedanke man, wéi haut a ganz konkret reliëis Erfahrung (an nët nure Wëssen) kënnt vermëttelt gin als Äntwert op de Jugendlechen hir wiirklech, hir déif Bedierfnësser?
Op jidde Fall, dës Emfro gët eis ze denken – an iech vläicht och.
J.-J. Grosber F. Koedinger
Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.
Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!