„Mir mussen eis bewosst sinn, wéi wichteg esou eng Resistenzplaz ass.“

E Gespréich iwwert den Documentaire-Film La Fourchette à gauche

024 ass op der Escher Strooss zu Hollerech d’Gebai ofgerappt ginn, an deem d’ASBL Circolo Culturale e Recreativo Eugenio Curielzanter méi wéi 50 Joer hire Siège an hir stadbekannten Trattoria hat. Zesumme mat de Membere vun der Associatioun an de ville Leit aus der politescher, militanter a kultureller Zeen, déi an deem Haus an- an ausgaange sinn, huet den Donato Rotunno dunn den Documentaire-Film La Fourchette à gauche gedréint, iwwert d’Memoire vun engem Lieu, an deem vill diskutéiert, gestridden, geléiert, giess a gedreemt gouf. 

D’Viviane Thill huet sech mam Realisateur iwwert d’Fro ënnerhalen, wat mir aus der Geschicht vun där ASBL léiere kënnen, an enger Zäit, wou et ëmmer méi schwéier gëtt, op eng respektvoll an opgeschlosse Manéier iwwert Fakten a Meenungen ze diskutéieren.  

© Philippe Reuter / forum

Wéi ass den Circolo Culturale e Ricreativo Eugenio Curiel entstanen?

Den Circolo Curiel ass 1971 entstanen op Initiativ vun italieenesche Migranten, déi politesch engagéiert waren, haaptsächlech an der kommunistescher Partei an Italien, mee net nëmmen. Wat se zesummebruecht huet, ass dat antifaschistescht Denken. Si hunn deemools eng Plaz gesicht, fir zesummen ze kommen an ze debattéieren, a se hunn déi op der Route d’Esch fonnt. 1978 koum dunn d’Iddi, sech zesummen ze engagéieren, fir dat Haus am Numm vum Kollektiv ze kafen, mat Suen aus der eegener Täsch. Dat Ganzt ass esou ideologesch zesummegewuess an huet sech iwwer 50 Joer weiderentwéckelt.

Wéi bass du un dee Sujet komm a wéi ass d’Iddi entstanen, de Film ouni Archivbiller, just mat den Erënnerunge vun de Leit ze maachen? 

De Sujet ass bei mech komm. Ech war iwwer 15 Joer laang do aktiv, an der Zäit, wou ech am Comité politique vum CLAE matgeschafft hunn. Den Circolo Curiel war du ganz natierlech dee Lieu, wou mer eis getraff hunn, fir eppes z’iessen a weider ze diskutéieren. Et war och eng relativ grouss Bibliothéik do, wou mer Filmer gekuckt an Debaten organiséiert hunn. Ech sinn am Circolo politesch grouss ginn an hunn d’Plaz also gutt kannt.

De Kommitee vum Curiel huet mech ugeruff a gesot: „A sechs Méint gëtt dat Haus ofgerappt. A wat hannerloosse mer de Leit? Wat hannerloosse mer fir eis selwer? Kanns du der mol e puer Gedanke maachen, fir eventuell e Film doraus ze maachen?“

Dat éischt, wat een da mécht, ass no Archivbiller sichen. Mee wat hu mer dann do alles gemaach? Mir hu giess, diskutéi­ert, Iddien ausgetosch. Alles Saachen, déi näischt Materielles hannerloossen. Ech sollt also e Film maachen iwwert eng Plaz, déi et a kuerzer Zäit net méi wäert ginn, ouni Archivbiller. An dunn ass d’Iddi komm, dat Ganzt erëm opzebauen am Studio, an eeben net d’Archivbiller, mee d’Leit schwätzen ze loossen. Esou ass de Film entstanen.

Du hues trotzdeem e Montage gemaach, mat deene puer Biller, déi et ginn. Dee kruten d’Leit da gewisen ier se interviewt goufen. War dat net awer eng Manéier, bewosst oder onbewosst, hir Erënnerung ze orientéieren?

Natierlech, Kino ass souwisou net objektiv. D’Iddi war einfach, e klenge sechs Minutte-Film ze weisen, dee mir als Spectateur net gesinn, mee deen awer wierk­lech do ass, fir dass déi Leit, déi sech am Interview dann duerno mat eis austauschen, eng Ureegung kréien, fir lues a lues hir Gedanken zu där Plaz erëm zesummen ze fannen. 

Am Circolo Curiel ass et an den Diskus­siounen och alt emol méi héich hiergaangen. Awer ëmmer an engem géigesäitege Respekt. Haut si mer op engem Punkt, wou dat vill méi schwéier ginn ass. Ass dat, well et Plaze wéi den Circolo Curiel net méi gëtt oder gëtt et déi Plaz net méi, well esou Diskussioune bal net méi méiglech sinn? 

Also ech hoffen, dass se nach méiglech sinn! Dass et schwéier ass an ëmmer méi schwéier gëtt, dat wësse mer. D’Welt ännert sech, ob mer dat wëllen oder net. Déi Form vun der Diskussioun, vun der Dialektik, déi am lénke Spektrum ganz traditionell präsent ass, déi huet sech am Circolo fonnt.

Fir mat Leit ze schwätzen iwwert eng Meenung, déi s du hues, muss de fir d’éischt mol deng Meenung gutt kennen, an och d’Meenung vun dengem Diskussiouns­partner. Wann s de déi net kenns, da gëtt et keng Diskussioun. Dat war wierklech eng Kultur. Sou si mir politesch gewuess. Ech muss jo net nëmme soen, dass ech eppes gutt fannen oder dat an dat denken. Ech muss deem aneren och erklären, firwat ech dat gutt fannen an denken, a wou dat hierkënnt. An op der anerer Säit muss ech och wëssen, firwat mäi Partner eeben net esou denkt.

Sou Plaze wéi den Circolo haten och Reegelen. An déi éischt Reegel war, mir deelen d’Iessen. Mir deelen e Moment zesummen, e Liewensmoment. An dat bréngt eppes, wat et am Internet op jidde Fall net gëtt, dat eis zesumme bréngt oder eis zesummen hält. Online geet dat vill ze schnell. Do ass keng Distanz méi. Haut mengt jiddwereen ze wëssen, wat richteg ass, ouni wierklech den Hannergrond rekonstituéieren ze kënnen oder ouni dat tatsächlech intellektuell fir d’éischt mol selwer ze verstoen. Ech mengen, déi grouss Fro ass: Wësse mer nach, wat mer selwer denken?

Besonnesch am Ufank waren d’Leit, déi sech do fonnt hunn, italieenesch Migranten an haaptsächlech Aarbechter. Dat si Leit, déi haut ganz dacks net méi vun der Gauche ugeschwat ginn. Ass dat och eng Geschicht, déi s de wolls zielen, wéi dat sech entwéckelt huet? 

Jo. Ech kommen aus enger Famill, wierk­lech de Sous-Proletariat, wou Educatioun eppes ganz Komplizéiertes war. An der politescher Traditioun vun der lénker Beweegung, déi mat der kommunistescher Partei an Italie verbonne war, gouf et awer eppes, wat ganz wichteg war: Déi Leit, déi eebe keng Chance haten, an d’Schoul ze goen, konnten duerch d’Partei oder duerch d’Initiative vun der Partei eppes léieren. Schreiwen, liesen, sech interesséi­eren. Eng Bibliothéik ass ëmmer wichteg gewiescht. Den Circolo war eng Plaz, wou d’Leit sech gebilt hunn. Net fir e groussen Intellektuellen ze ginn, mee du konnts op d’mannst eng Zeitung liesen. Du konnts verstoen, ob eppes gutt fir dech wier oder net. Dat gëtt et haut net méi.

Et war awer och eng Plaz, wou Leit sech zesummefonnt hunn, fir e Sënn am Liewen ze hunn. Méi wéi nëmmen Aarbecht, Famill, Kierch. Dat waren am Ufank Italieener, mee net nëmmen. Déi spuenesch Communautéit war ganz proaktiv am Circolo Curiel, iwwer 15 Joer laang war se präsent, well do de Siège vun hirem Circulo Machado war. Mee och d’Lëtzebuerger vun der lénker a vun der grénger Beweegung hunn sech do fonnt.

De Claude Turmes seet am Film: „Politik muss jo och Spaass maachen.“ Ass dat net, wat haut e bësse verluer gaangen ass? 

Ech weess och net, firwat mer dat op eemol esou verléieren. Spaass ass definitiv en Deel vum Liewen. Spaass, envie, j’ai envie. Et dans envie, il y a « vie », an dat alles zesumme muss do sinn. Dat ass den Haaptgrond, fir weider ze liewen oder zesummen ze liewen. Dass mer dat lues a lues op d’Säit leeën, fir aner Prioritéiten ze setzen, déi méi ekonomesch sinn, ass fir mech onverständlech. Kommunikatiounsméisseg muss de op Instagram sinn, du muss déi beschte Foto hunn, du muss dat an dat maachen, du muss, du muss, du muss. Dat ass awer en Desequiliber am Liewe vun de Leit, mengen ech.

Wat och am Film wichteg ass, ass dee physesche Lieu, dee jo verluer geet, wann s de just nach iwwer sozial Reseaue kommunikéiers. D’Memberen hunn dat Haus selwer restauréiert, si hunn et selwer a Stand gesat, an dat ass fir si eppes wéi d’Ursprongslegend vun hirer Associatioun gewiescht. Brauch de Mënsch esou Geschichten, fir sech zesummen opzebauen? 

Ech menge schonn. Et gëtt dat awer nach. De Film soll och net nëmmen zeréckkucken a soen, wéi flott dat viru 50 Joer war. Wat ass an eiser Geschicht interessant, wat mer haut nach iergendwéi erhale kënnen? Natierlech brauche mer eng Evolutioun. Mee wat brauche mer als Mënschen, fir zesummen ze liewen, zesummen ze kommunizéieren? Firwat funktionéiert de Sport nach gutt? Well s de kollektiv eppes méchs, kollektiv muss de gewannen oder verléieren, mee op d’mannst spillen. 

Du léiss och e Schwäizer Realisateur zu Wuert kommen, deen e Film iwwert eng änlech Plaz gemaach huet. Wéi déi zougaangen ass, stoung an enger Zeitung: „Die Rechte jubelt“. Sinn esou Plazen, oder änlech Plazen, e Moyen, fir vläicht géint den aktuelle Rechtsruck eppes ze ënnerhuelen?

Op jidde Fall! An Italien, zum Beispill, ginn déi Plazen, déi et haut nach gëtt, reegelméisseg vu rietsen Organisatiounen diskreditéiert, attackéiert an zougemaach. Wa mer mengen, dass déi Plaze keng grouss Roll spillen, da leie mer falsch. Well déi aner, déi mierken dat, déi wëssen dat an déi maachen alles, fir dass déi Plazen net weider existéieren oder iwwerhaapt net entstoe kënnen. 

Mir mussen eis bewosst sinn, wéi wichteg esou eng Resistenzplaz ka sinn. Also, ech schwätze léiwer vun Existenz, well bei Resistenz hues de ëmmer d’Gefill, du hues scho verluer. Nee, mir brauchen nach guer net an der Resistenz ze sinn. Mir sinn an der Existenz vun enger Kultur. Mir mussen dat revendiquéieren. Eng Existenz heescht, mir däerfen exis­téieren, mir musse weiderhin existéieren, mat eiser Kultur, mat Valeuren, vun deene mir mengen, dass se eis Gesellschaft weiderbréngen. An dann, wann dat net méi geet, da si mer an der Resistenz. Mee am Moment musse mer fir d’éischt emol an der Existenz sinn. Dofir mussen déi Plaze weiderhin existéieren, an enger Form, déi ze erfannen ass fir déi nei Generatiounen.

© Tarantula Luxembourg

Am Ufank war déi Plaz zimmlech radikal politesch. No enger gewësser Zäit ass dunn och d’Kulturwelt dobäikomm. D’Leit hunn sech vermëscht, mee et sinn der awer och déi soen, se hätten sech ab deem Moment am Circolo net méi wierklech doheem gefillt.

Du kanns awer net 50 Joer laang iwwerliewen, wann s de ganz radikal sees: 1971 ware mer esou a mir bleiwen elo esou. Dat kanns de probéieren, mee ass dat interessant? Ech mengen net, da gëtt et jo keng Evolutioun an der ganzer Initiativ. Den Circolo huet sech opgemaach fir Kultur, fir nei Generatiounen, fir nei Sproochen, fir eng lëtzebuergesch Communautéit, déi op eemol do präsent war. Dat war fir déi Leit, déi am Ufank do waren, absolut nei. Mee dat huet sech gutt vermëscht, an dat huet sech och weiderentwéckelt. Dass et duerno e bëssen eng Aart Bobo-Plaz ginn ass, dass dat sech nach anescht entwéckelt huet, dat ass och evident. Mee wann s de awer de Bilan zitts, iwwer 50 Joer, sees de, c’était le prix à payer, an et ass net schlecht. An dat heescht och net, dass déi Evolutioun hei stoppt, et kann sech jo och nach weiderentwéckelen an eppes aneschters ginn, wat vläicht méi Sënn mécht wéi nëmmen e gudde Restaurant. Also ech fannen, dat ass näischt Negatives. Zum Gléck ass et esou geschitt, well soss wier déi Plaz warscheinlech no zwanzeg Joer zou gewiescht.

Wann ech dat richteg verstanen hunn, kritt den Circolo Curiel elo eng Plaz an engem neie Gebai. Et soll och erëm e Restaurant dohinner kommen, deen awer da vun engem Gerant iwwerholl gëtt. Et sinn net méi d’italieenesch Fraen aus der Associatioun, déi do kachen. Risquéiert dat dann net, ze vill organiséiert ze sinn?

D’Stäerkt vun der Plaz war de Chaos an aus dem Chaos entsteet eppes. Dat ass absolutt wichteg gewiescht. Et war eng Flexibilitéit do, déi fir jiddweree passend war. Wann s du eng Plaz hues, déi organiséiert ass ‒ vun néng bis siwwenzéng ass op, a vun zwielef bis eng ass se zou ‒,
an du muss de Schlëssel froen, an du muss eng Autorisatioun hunn, fir do méi wéi zwielef Leit zesummen ze bréngen, dann ass dat eng aner Aart a Weis vum Zesummeliewen. Am Curiel war dat vill méi chaotesch, an awer ass et gaang, well jiddwereen den anere respektéiert huet.

Ech mengen eppes, wat ze vill organiséi­ert gëtt, huet vun Ufank u keng Chance, well du erstécks dann am System. Eigentlech sollen esou Plaze jo do sinn, fir eppes auszeléisen, fir eppes ze provozéieren, wat sech da selwer entwéckelt. Deen Equiliber ze fannen, ass relativ schwéier. Wéi oppe sinn d’Leit am Ufank vun esou enger Initiativ? Wa se mengen, si wéisste, wéi et misst lafen, da geet et ganz bestëmmt net. Wa se hoffen, Leit zesummen ze kréien, an dann erfanne mer eppes zesummen, dann hu mer eng Chance. Wann s de déi richteg Persoun oder e puer Persounen hues, déi dat gutt upaken, da kann eppes entstoen. Wann s de awer ganz rigid vun Ufank u sees, dat ass e System, an dee System muss der lo eran, da gëtt dat erëm esou en Excel-Sheet-Programm.

De Lieu gëtt et net méi, d’Associatioun besteet zwar nach, mee d’Memoire vun deem Lieu, dat ass elo de Film. Ass e Film e Medium, iwwert deen een dat ka vermëttelen?

Op jidde Fall! E Buch, en Theaterstéck, e Lidd, e Film, dat si jo nëmmen Initiativen, fir dass d’Leit weiderdenken a sech erëm austausche kënnen. Se musse jo net onbedéngt mam Film averstane sinn. Mee wann de Film awer hëlleft, en Debat ze kréien an eis zesummen ze bréngen, dann ass dat e wichtegt Element. E Film ass net nëmmen en objet de mémoire u sech, wou s de sees, dat ass d’Memoire a bei der 52. Minutt ass et eriwwer. Dat wier eng Aart a Weis, Filmer ze maachen. Oder du hues Filmer wéi dësen, déi soen, dat ass eng Provokatioun, provocation de la mémoire, fir dass d’Leit sech da befaasse mat der Saach.

De Film ass jo vill gewise gi mat enger Diskussioun dono. Wat waren déi Reaktiounen, déi dech am meeschten erstaunt hunn?

Jiddereen huet seng eege Geschicht, déi mam Lieu verbonnen ass. Wann ech duerno mat de Leit schwätzen, da kënnt ëmmer een a seet: Jo, mee ech hunn dat esou erlieft, an eigentlech war dat anescht. Dorëmmer geet et jo. Et war net nëmmen eng Geschicht. Et waren Honnerte vu Geschichte vu Leit, déi dat iergendwéi gedeelt hunn. Jiddereen op seng Aart a Weis, an awer mat engem dénominateur commun.

Den Debat no esou engem Film ass ëmmer wichteg. Et wäert elo 2025 och weidergoen, an de Schoulen an och a verschiddene Centre-culturellen. Dat ass dat, wat mech och interesséiert als Realisateur, net nëmmen de Film. 

An d’Reaktioune vu Leit, déi de Lieu net kannt hunn?

Dat meescht, wat ech héieren hunn, dat war: „Je regrette de ne pas avoir connu ce lieu“ an „Je regrette de ne pas avoir mangé la saltimbocca du Curiel“. 

De Film La Fourchette à gauche gëtt de 16. Mäerz am Kader vun dem Festival des migrations, des cultures et de la citoyen­neté an a Präsenz vum Donato Rotunno gewisen. Zäitgläich kënnt den DVD eraus.  

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code