Triggerpunkt Atomkraaft

Den 21. Mäerz haten déi international Atomenergieagence an déi belsch EU-Presidence op Bréissel invitéiert, fir iwwert d’Zukunft vun der Atomenergie ze diskutéieren. Lëtzebuerg huet net zu deenen 13 Staaten gehéiert, déi matgemaach hunn, awer de Luc Frieden, dee fir den uschléissenden allgemenge Sommet präsent war, huet d’Geleeënheet fir e Statement genotzt, deen e Revirement an der Atomfro duerstellt. Den Dag drop hunn ech meng RTL-Carte Blanche opgeholl, déi – obschonn de Premier an Tëschenzäit zeréckgeruddert ass – hei liicht modifizéiert ofgedréckt gëtt, well den Thema nach laang net vum Dësch ass.1

D’Atomkraaftwierk Cattenom läit just zwielef Kilometer (Loftlinn) vu Rëmerschen ewech.
© Philippe Reuter / forum

1973 huet déi deemoleg Regierung hire Plang annoncéiert, zesumme mat RWE en Atomkraaftwierk zu Rëmerschen ze bauen. Et huet fënnef Joer laang hefteg Diskussiounen a Protester gebraucht, bis den Dossier definitiv klasséiert gouf. Déi deemools nach jonk Zäitschrëft forum stoung mat an der éischter Rei, wéi et drëm gaangen ass, d’Ëffentlechkeet iwwer d’Gefore vun der Atomenergie opzeklären. Dat weist e Bléck op déi historesch Nummeren 102 an 203 aus de Joren 1976 an 1977, déi nach ëmmer am Archiv ze fanne sinn. Rëmerschen ass net realiséiert ginn, well sech deemools vill Mënsche mat gudden Argumenter gewiert hunn. Säitdeem gëtt et en nationale politesche Konsens géint d’Atomenergie. An elo kënnt de Luc Frieden a seet, datt hien „manner ideologesch a méi zukunftsorientéiert“ un d’Atomkraaft wëllt erugoen.

Dobäi gëtt all Dag méi kloer, datt d’Atomkraaft keng Zukunft huet: De weltwäiten Undeel un erneierbarer Energie geet permanent an d’Luucht, iwwer­deems dee vu fossillen a nuklearen Energien ofhëlt.4 Esouguer a China, dat verschiddener als Atom-Mekka duerstellen, ass d’Croissance vun den erneierbare vill méi schnell wéi déi vun der Nuklearenergie.5 Et erweist sech ëmmer méi, datt den Atomstroum méi deier wéi dee vun den erneierbaren ass, esouguer wann een déi net chiffréierbar Zukunftskäschten vu Réckbau an Endlagerung net berücksichtegt. Ausserdeem – an dat ass d’Doudschlagargument fir jiddereen, deem d’Zukunft vun onse Kanner a Kandskanner net egal ass – gëtt et bis haut nach keen zefriddestellend Konzept fir d’Endlagerung vum radioaktiven Offall. Länner, déi sech an eng Ofhängegkeet vun dëser Energie verrannt hunn, oder Start­upen, déi hir Neientwécklunge gäre mat Staatssubventioune finanzéiere wëllen, hu natierlech Interessi fir dës Tatsaachen ze verleegnen. Mee firwat elo ons Regierung? 

D’Ausgab 89 aus dem Joer 1986
https://tinyurl.com/Atom-Forum3

D’pronuklear Astellung ass a leschter Zäit en neien Triggerpunkt am politeschen Diskurs ginn. Ursprünglech kënnt dëse Begrëff aus der Medezin a bezeechent déi Plazen, wou een d’Péng vun de Verspanungen an de Muskele spiert. De Soziolog Steffen Mau mat senge Kollege Lux a Westheuser6 huet en op d’Gesellschaft iwwerdroen. Do sinn et déi Themen, bei deenen d’Leit direkt un de Plaffong ginn, wéi Migratioun, Klimakris an Identitéit, well se vun de Krispatiounen vun der Gesellschaft erzielen. D’politesch Entrepreneure benotzen esou Sujete, fir Konflikter ze kreéieren an heiansdo geet ee Stéchwuert duer, fir hir Unhänger ze mobiliséieren, wéi den Hidschab oder d’Abaya an der Schoul oder den halal Menü an der Kantin. Wann e franséische Politiker op en „apéritif saucisson-vin rouge“ invitéiert, weess jiddereen, wat gemengt ass. 

Wann d’Kopplabunze vum Klima schonn net méi ze leegne sinn, da versprécht d’Kärkraaft oder déi ominéis „Technologieoffenheet“ dës ouni grouss Ännerungen am Alldag an de Grëff ze kréien. A mat senger „manner ideologescher a méi zukunftsorient­éierter“ Vue op d’Atomkraaft wëllt de Luc ­Frieden e veronséchert Elektorat u sech bannen. Hien steet domadder net eleng do. Esou huet z. B. Fokus sech a sengem Walprogramm géint eng Verdäiwelung vun der Atomkraaft ausgeschwat. An d’ADR bezeechent an hirem Programm d’Atomenergie an esou guer d’Atomfusiounsenergie, déi bis haut nach kee gemeeschtert huet, als „steierbaart, disponibelt a bezuelbaart Réckgrat“ vun enger zukünfteger Energieversuergung. Steierbar ass d’Zauberwuert vun alle Populisten. Oder Take back control, wéi d’Unhänger vum Brexit gesot hunn. 

D’Erfarung léiert awer, datt d’Parteie vun der Mëtt net gewanne kënnen, wann se den Argumenter vun de Populisten nolafen. Dëst gëllt fir d’Heescheverbuet an och fir eng kontrafaktesch Vue vun der Atomkraaft.  


1 https://tinyurl.com/RTL-Carte

2 https://tinyurl.com/Atom-Forum

3 https://tinyurl.com/Atom-Forum2

4 https://tinyurl.com/Renew-Data

5 https://tinyurl.com/Green-PRC

6 Triggerpunkte. Konsens und Konflikt in der Gegenwartsgesellschaft: https://tinyurl.com/Trigger-Punkte

(alle Internetseiten, auf die in diesem Beitrag verwiesen wird,  wurden zuletzt am 3. Mai 2024 aufgerufen)

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code