Dieser Inhalt wurde anhand eines gescannten Dokuments mithilfe von optischer Zeichenerkennung (OCR) und künstlicher Intelligenz (KI) digitalisiert. Er kann Fehler oder Ungenauigkeiten enthalten.

Här Bëschof,

Bis elo hate mer nach nët d’Gellënheet fir mat Iech ze schwätzen an duerfir schreiwe mer Iech dëse Brëif.

Wéi den Här Wagner der Por gesot huet, dass Dir hien am Gespräch vum 25. Abrëll opgefuerdert hätt, séng Demissioun als Paschtouer vun Nidderaanwen anzerechen, du hu Leit aus der Por zu him gesot, hie soll dat nët maachen, dat géng heeschen bei der éischter Schwieregkeet opzegin, dat wär ewéi e Kapitän, dee säi Schëff an der Nout géng verloossen.

Mir als Por wëssen, dass den Här Wagner 1987 séng Pensiou gefrot hat (an nët séng Demissioun ugebueden hat, wéi am Communiqué vum Bistum steet) aus der Iwerleeung, dass hien och mat manner Suen zefridde wär. Hien hat sech deemols awer bereet erklärt, souwäit him séng Gesondheet ët géng erlaben, sech weider ëm d’Por ze bekëmmeren.

Mir hun den Här Wagner gefrot, ob hien, no allem wat an deene leschte Woche geschitt as, nach ëmmer bereet wär, sech ëm d’Por ze bekëmmeren, an hien huet gesot, dass dat fir hien nëmmen a Fro kënnt, wann Dir et erlaabt. Duerfir froe mir als Por Iech ëm dës Erlabnis. Mir hoffen, dass mir geschwënn mat Iech kënnen e Gespräch driwer féieren, wéi mir eis d’Zukunft vun eiser Por virstellen, well fir eis as et kloer, dass mir nët kënnen dat Stéck Wee zréckgoen, wat mir an deene 19 Joer gemaach hun, an et as eis och kloer, dass fréi oder spéit den Här Wagner déi Arbecht, déi hie bis elo gemaach huet, aus gesondheetleche Grënn net méi ka maachen.

An der Hoffnung, dass geschwënn e konstruktivt Gespräch méiglech as, schécke mir Iech dëse Brëif.

Mat beschte Gréiss,

D’Por Nidderaanwen-Sennéng-Sennéngerbierg

Brëif un den Doumkapitel

Un all Memberen vum Doumkapitel MM. J.Heinisch, N. Wirtz, M.Schiltz, A.Heiderscheid, H. Goergen, C.Juncker, G.Vuillermoz, G.Gevigné, M.Schmit

Dir Hären,

Den 18. Mee war an der Press eng "Mitteilung des Erzbischöflichen Ordinariats" ze liesen iwert e Gespräch, dat den Här Erzbëschof Fernand Franck an den Här Generalvikar Mathias Schiltz mam Här Joseph Wagner, Paschtouer vun Nidderaanwen, den

  1. Abrëll 1991 geféiert hun. Et geet do hapsächlech iwert dem Här Wagner séng Meenung zum Thema Religiousunterricht an de Schoulen, déi hien an der Öffentlechkeet vertrat huet. Den Här Erzbëschof Fernand Franck huet duerfir den Här Wagner gefrot, seng Pensiou anzerechen.

Am läscht Abschnëtt vum Communiqué steet, dass den Här Wagner schon 1987 dem Här Bëschof séng Demissioun ugebueden hätt. Dat stëmmt an där Form nët. 1987 hat den Här Wagner séng Pensiou gefrot (an nët séng Demissioun) mat der Iwerleeung, dass hien och mat manner Suen zefridde wär; zugläich hat hien sech awer och bereet erklärt, sech als Pensionéierte weider ëm d’Por ze bekëmmeren, souwäit him séng Gesondheet dat géng erlaben.

Am Pressecommuniqué vum Bistum vum 16. Mee 1991 seet den Här Franck, dass Hien an der Saach vum J.Wagner, Paschtouer vun Nidderaanwen "im Einvernehmen mit dem Domkapitel" gehandelt huet.

Et as bestëmmt nët einfach, sech e Bild ze maachen iwert d’Pastoralaarbecht an d’Porliëwen vun 19 Joer. Souwäit mir bekannt as, hut Dir nët mat dem Här Wagner an nët mat de Leit aus der Por Nidderaanwen geschwat. Vläicht mengt Dir och, dat wär net wichteg, dat wär nëmmen dat einfacht Foussvollek. Ech fannen, dass esou Methoden nët nëmme géint déi elementar Mënscherechter verstoussen, mee op d’laang Weil en Iwerliëwe vun der offizieller Kirch onméiglech maachen. Et kënnt een et z. Bsp. mat engem Bam vergläichen, wou d’offiziell Kirch deen Deel as, deen ee gesäit an dat normalt Kirchevollek d’Wuerzelen. An engem Bam fënnt en Zesummewierken statt vun den Nährstoffer, déi aus dem Buedem kommen an erop gin, a vun den Nährstoffer aus der Loft an der Energie, déi d’Blieder aus dem Liicht gewannen an domat liewenswichteg Substanze maachen. Wann een duerch e Schnëtt an der Schuel déi Kanäl ënnerbrécht, déi vun uewen no ënne gin, dann as dat net direkt ze gesin, mee no an no stierwt de Bam of.

Wann dat normalt Kirchevollek Iech nët wichteg genuch as, fir mat hinnen ze schwätzen, da sollen och hir Suen Iech net wichteg sin. Et wär gut, wann jidfereen selwer kënnt entscheeden, op hien nach wellt Steiere fir esou eng Kirch bezuelen. An ärer Fonctioun hut Dir d’Méiglechkeet, déi Diskussioun an d’Rullen ze bréngen. Ech kann op alle Fall eng offiziell Kirch, déi esou mat hire Memberen ëmgeet, nëtt méi ënnerstëtzen an hätt gär d’Méiglechkeet, déi Suen Leit zoukommen ze lossen, déi duerch hirt perséinlecht Engagement eppes beidroen zu méi Fridden, Gerechtegkeet an Erhale vun eisem Planéit.

Och wann Dir de Moment nach vun de Steiere vun alle Bierger kënnt profitéieren, as dat eng Situatioun, déi op d’laang Weil nët méi tragbar as an eiser Gesellschaft vun haut, an et wär vläicht nach nët ze spéit,

Et wär gut, wann jidfereen selwer kënnt entscheeden, op hien nach wellt Steiere fir esou eng Kirch bezuelen.

sech Gedanken ze maachen iwer en "Austausch" mat der Basis ( de Wuerzelen).

Am viraus villmols merci fir Är Mathëllef zur Léisung vun dësem Problem.

Josée Reichling
Izeg, den 10. Juni 1991

P.S. Dëse Brëif hun ech un all Memberen vum Doumkapitel geschéckt an zur Informatioun och un d’geschriwwe Press an un de Radio. Et betrëfft jo all Bierger, déi Steiere bezuelen.

Mir kënne nët bleiwen!

Här Erzbëschof,

Dir hutt de Paschtouer Jupp Wagner zwangspensionéiert (oder demissionéiert – kloer as den Ennerscheed bis elo nach nët).

Mir sin entsat a rosen iwert d’Ursaachen an d’Emstänn vun dëser Decisioun. Ganz schlëmm schéngt eis – datt keng Glawensfroen Ursaach vun deem Uertel sin, mä ausschliesslech Problemer vun der Stellung vun der Kierch an der Lëtzebuerger Gesellschaft, also Machtfroen. – datt d’Argumenter vum Jupp Wagner, déi hie säit Jore publik mécht, – a Gott weess, datt der eng Hällewull derbäi sin, déi fir d’Kierch iwerliwenswichteg wären – matt kengem Wuert vun der Kierchenhierarchie opgegraff an diskutéiert si gin, si goufen ignoréiert an elo duerch Är Decisioun ipso facto vum Dësch gewëscht. Och d’Démarche vun enger ganzer Porgemeinschaft iwer Joren eraus gouf kal iwersin, hir Fro no Dialog blouf bis elo onbeäntwert. – datt de Jupp Wagner op esou eng rabiat Manéier fortgeschéckt gët. An enger x-beliebeger Firma wären déi Emstänn do mënschlech gesi knapps ze entschëllegen, an enger Gemeinschaft, déi sech traut, sech selwer chrëschtlech a Kierch vu Christus ze nennen, huet dat do keen Numm. Sou geheit een en Hond eraus.

Mir wëllen Iech awer virun allem schreiwen, Här Erzbëschof, fir Iech ze soen, datt mir déiselwecht Sënne gemaach hun, a weider maache wäerten, wéi de Jupp Wagner: – Mir liesen och "aner" Zeidungen, dorënner d’"tageblatt", de "journal" an d’"Zeitung" a fanne gutt a wichteg, wann sech Chrëschte mat engem Nelly Moia z.B. auserneesetzen. Eng chrëschtlech Kierch dierft näischt ze verstoppen hun, en Ignoréiere vu Géigenargumenter schéngt eis gläichzäiteg fäertereg an arrogant. (Déi Zeidung, déi dem Bistum gehéiert, reduzéiert dogéint dat Chrëschtlecht, fir dat se astoe soll, op ee klenge Karo vum kathoulesche Spektrum.) A schliesslech gët et den Antiklerikalismus, well et de Klerikalismus gët (och hei an haut). – Mir wëlle souwuel eise Glawen, wéi och d’Kierch an hir Stellung a Fro stelle kënnen. Erwuesse Chrëschten, dorënner och d’KatechetInnen, hun eiser Meenung no d’Recht drop, heiansdo veronséchert ze gin. – De Reliounsunterricht gehéiert, aus enger Rei vu Grënn, déi de Jupp Wagner zënter Joren iwerzeegend duerleet, nët an d’offentlech Schoul. Hiféiren zum Glawen as nëmme méiglech an enger lieweger chrëschtlecher Gemeinschaft. Et as eis, nach ëmmer mam Jupp Wagner, kloer, datt eng glafwierdeg Lëtzebuerger Kierch gefuerdert as,

eng kloer Trennung vu Kierch a Staat erbäizeféiren, mat allen néidegen, och finanzielle Konsequenzen.

Och wann dëst alles näischt dermat ze din huet, wat a wéi mir gleewen, sou stéiert et awer, wéi d’Ofsetzung vum Jupp Wagner weist, ganz uerg d’Uerdnung an d’Eenheet vun der Lëtzebuerger Kierch, sou wéi Dir se offensichtlech verstitt.

Et as eis kloer, Monseigneur, datt Dir ët also nët méi veräntwerte kënnt, weider eisen Erzbëschof ze sin. Mat Ärem Kiercheverständnes an eisem Gewëssen as dat nët méi an Aklank ze bréngen. Mir wëllen a mussen eis mam Jupp Wagner eens fillen. An där Lëtzebuerger Kierch, déi hie vrun d’Dir setzt, kënne mir nët bleiwen. Schued.

Christiane a Charel Staudt-Blanche
Izeg, den 3. Juni 1991

Des parents chrétiens ont exigé l’instauration d’un cours de morale laïque

Monseigneur,

Suite aux différents articles parus récemment dans la presse et plus particulièrement au communiqué de presse de l’ordinariat épiscopal du 16 mai 1991, les soussignés tiennent à vous clarifier les points suivants.

Notre démarche prise au mois d’octobre dernier auprès de l’Administration Communale de Niederanven, soutenue par d’autres parents de la commune (signatures de 40 familles) pour demander l’introduction du cours de morale laïque dans notre commune, est une initiative proprement privée issue de plusieurs considérations:

  • Nos sommes persuadés que l’éducation religieuse de nos enfants doit être enseignée et vécue dans le cadre de la famille et de la communauté chrétienne. Cet enseignement ne doit pas être lié à l’école primaire qui doit respecter les libertés fondamentales de chaque être humain, dont la liberté des cultes, garantie par ailleurs par notre constitution. C’est dans cette optique que nous avons demandé à l’Administration Communale d’instaurer la seule alternative actuellement prévue au plan d’étude de l’enseignement primaire, à savoir le cours de morale laïque.

  • Il s’agit d’une demande d’instauration d’un cours alternatif tout en laissant le libre choix aux parents d’inscrire leurs enfants soit au cours de religion soit au cours de morale laïque.

  • Nous proposons à l’Administration Communale de suivre le chemin tracé par d’autres communes de notre pays.

  • La brochure du Ministère de l’Education Nationale et de la Jeunesse de mai 1989 concernant l’enseignement primaire au Grand-Duché de Luxembourg cite à la page 57:

"Vom innersten Wesen her kann die Laienmoral sich nie gegen eine Religion wenden, die die Menschen und das Leben im allgemeinen achtet. Die ihr inhärente Toleranz verbietet dies."

Et as eis
kloer,
Monseigneur,
datt Dir ët
also nët méi
veräntwerte
kënnt, weider
eisen
Erzbëschof
ze sin.

  • Cette alternative allège la tâche des parents ayant une autre confession et qui jusqu’à présent étaient obligés d’assurer la garde de leurs enfants pendant 3 heures de cours par semaine

Au vu de ce qui précède, il est évident que cette initiative ne peut nullement être mise en relation avec les accusations formulées de votre part à l’encontre de Monsieur Jupp Wagner, curé de la paroisse de Senningen-Senningerberg-Niederanven.

Nous vous prions d’agréer, Monseigneur, l’expression de nos sentiments distingués.

Signatures de 5 familles

"Monseigneur, ech si schockéiert"

Un den Äerzbëschof vu Lëtzebuerg

Monseigneur,

Als glewege Krescht, als alen an nach ëmmer Jocist, sin ech schokéiert, iwwer dat wat de Moment zu Nidderaanven a mat der Kiirch vu Lëtzebuerg geschitt.

Et war an de Joëren 1964-1969, wéi de Jupp nach Paschtouer an der Buerg war, a Gonneréng keen "Här" méi hat, wéi ech als deemolege President vun der JOC-Sectioun Gonneréng (an zäitweileg och als Bezierkspresident vum Bezierk Zentrum) hie kenne geléiert hun.

Hien hat sech nämlech bereet erkläert fir mat eis als Aumônier zesummen ze schaffen.

Scho viru 25 Joër hu mir ënnert anerem och iwwer d’Problemer vun der Lëtzebuerger Kiirch diskutéiert an deelweis kritesch analiséiert.

Gewëss, och schon déi Zäit war nach laang nët all Mënsch der selweschter Menong wéi de Jupp, a méi wéi eemol hu mir laang iwer ons Differenzen d’Käpp zesumme gestreckt. Mee um Schluss hu mir ëmmer séng Menong respektéiert an hien eis, an esou si mir gutt matenee gefuer.

An engem demokratesche Stat kann all Mënsch séng Menong haart a fräi soen. An enger demokratescher Kiirch, schéingt dat nët de Fall ze sin, oder as eis kiirchlech Gemeinschaft vläicht keng Demokratie méi?

Et schéingt, dass déi Fënsteren déi dat 2. Vatikanescht Konzil opgemat hat fir ze léften, nees méi fest verriggelt wiren ewéi je virdrun.

Wann eis Kiirch haut schwéier krank as, dann as dat bestëmmt nët d’Schold vun engem Paschtouer. De Mikrob vun dëser Kränkt sëtzt nämlech nët an enger eenzelner Rief vum Drauwestack, mee ganz ënnen an der Wuerzel.

Duerfir as d’Krankheet vun der Lëtzebuerger Kiirch de 25. Abrëll och nët geheelt gin, si krut jhust déi falsch Pëll verschriwwen, déi de Patient elo nach méi krank mecht ewéi e schon as.

Här Bëschof!

An de leschten 30 Joër hun ech méi ewéi 2.000 Masse matgefeiert, hun also grad esouvill Priedegte vu villen "Hären" nogelauschtert, an ech muss leider feststellen, datt ech an denen 30 Joër vill méi schlëmm Saachen héieren hun, ewéi dat wat Dir, Monseigneur, dem Jupp elo reprochéiert.

Am Fall vu Nidderaanven geet et dach nët ëm de Jupp, et steet vill méi um Spill, et geet ëm de Prinzip an dee geet eis all eppes un, well de Stat as nët d’Regirung an d’Chamber an d’Kiirch as nët de Bistum an d’Paschtéier, ma mir alleguer.

Mech erënnert déi Aktioun do un d’Methoden aus Länner wou d’Diktatur un der Muecht as. Do léisst d’Kommandozentral och Lei verschwannen déi eng aner Menong hun ewéi déi vum Diktator.

Zum Schluss, Här Äerzbëschof, erlaabt mer nach eng Bemierkung: Ech froe mech nämlech zënter dem 25. Abrëll, wien der Kiirch méi schued. As et e Paschtouer, deen séng éierlech Menong haart seet a verteidegt, oder as et e Bëschof, deen deem Paschtouer mat Gewalt wëllt e Maulkuerf undin?! Mat déiwem Respekt

Albert Kieffer, Gonneréng
in: tageblatt 18.5.91

Jeder Mensch hat einen anderen Weg zu Gott

Bis jetzt konnte ich mich mit der Institution "Kirche", wie sie hier in Luxembourg funktioniert, abfinden. Nun aber, seit der heftigen Diskussion um Herrn WAGNER, seit der manchmal schon hämischen Hetze, die in der Presse sowohl gegen unseren Erzbischof, Herrn FRANCK, als auch gegen Herrn WAGNER geschürt wurde, muß ich meiner Enttäuschung hierob Luft machen.

Meine Enttäuschung ist um so größer, als daß ich feststellen muß, daß die negativen Haltungen gegenüber der Kirche und gegenüber den Christen, die man ja mit der Pensionierung von H. WAGNER vermeiden und unterbinden wollte, nun noch zusätzlich bestärkt wurden.

Wann eis Kiirch haut schwéier krank as, dann as dat bestëmmt nët d’Schold vun engem Paschtouer.

Auch kann ich mich nicht damit abfinden, daß durch Überreaktion aller Parteien der Dialog unmöglich gemacht wird, daß erwachsene Menschen, daß fervente Christen derart miteinander umgehen.

Herrn WAGNER kenne ich nicht persönlich, habe aber des öfteren in Niederanven die hl. Messe mitgefeiert und bin auch mehr oder weniger "auf dem Laufenden" durch Familienangehörige, die dort zur Pfarrei gehören und zeitweilig mitgearbeitet haben.

Beileibe möchte ich hier kein Urteil ablegen, nur möchte ich verdeutlichen, was mir gefällt und was nicht. Imponiert hat mir immer schon die Konsequenz, mit der Herr WAGNER seinen Glauben in der Pfarrei als ihr Leiter und Verantwortlicher lebt. Daß er beispielsweise versucht, überflüssiges und nebensächliches "Tam-Tam" von den hl. Sakramenten fernzuhalten, daß er ablehnt, Menschen in ihrem Geltungsbedürfnis zu unterstützen, wenn diese nach kirchlicher Trauung, Taufe, Kommunion oder Firmung verlangen, weil das "so üblich ist", daß er in der Kirche die hl. Messe zum Ort der Begegnung macht, wo man etwas Konkretes mit ins Familien- und Arbeitsleben nehmen kann…

Klar, manche Menschen fühlen sich durch seine Weigerung vor den Kopf gestoßen. Aber wenn sie ehrlich sind, dann müssen sie seine Argumente anerkennen, dann müssen sie zum Schluß kommen, daß er, wenn er sein Amt und seine Verantwortung ernst nimmt, so handeln muß.

Zu diesem Kampf um Sakramentenverweigerung möchte ich folgenden Denkanstoß geben: Die "Kirche" besteht aus jedem einzelnen, der sich dazugehörig fühlt, der bereit ist, an ihr und mit ihr zusammenzuarbeiten, der sein ganz persönliches "Ich" einbringt. Mir ist dies viel zu wichtig und zu ernst als daß ich zustimmen könnte, daß wir einem Selbstbedienungsladen gleich, jedem Sakramente, die von Jesus selbst uns als (äußeres) Zeichen gegeben wurden, "nachschmeißen".

Weil wir kein elitärer Verein sind, müssen wir für jeden offen sein, aber zugleich auf Rechte und Pflichten hinweisen. Die allgemeine öffentliche Mentalität krankt daran, daß niemand mehr ein Engagement mit allen Konsequenzen eingehen will.

Könnte diese Fehlorientierung nicht daher rühren, daß Herrn WAGNERs Amtsbrüder es vorzogen, keine Diskussionen, keine Anfeindungen, keine "Skandale" heraufzubeschwören?

Das Argument, Herr WAGNER würde mit seinen Artikeln in "Tageblatt" und "Journal" die Kirchenfeinde zusätzlich anstacheln, kann ich so nicht stehen lassen. Ist es nicht beschämend, daß das "Wort" ganz einfach zensiert, d. h. nicht veröffentlicht, wenn es sich um Herrn WAGNERs Artikel dreht? Schließlich leben wir in einem freien Land mit garantierter Meinungsfreiheit und Pressefreiheit!

Soweit ich das in letzter Zeit überblicken konnte, ist Herr WAGNER bislang der einzige "Vertreter der Kirche", der sich die Mühe macht, auf "antiklerikale" und antireligiöse Meinungsäußerungen und Anfeindungen auf fundierte Weise zu reagieren.

A propos Meinungsfreiheit: Daß Herr WAGNER unkonventionelle Ansichten insbesondere in Sachen "RU" hat, dürfte ihm nicht auf diese Weise angekreidet werden. Auch ich habe meine Schwierigkeiten mit dem, was er propagiert! Auch ich bin mit manchem nicht einverstanden! Aber er hat doch genauso das Recht, seine Meinung frei zu äußern und darzulegen, wie andere das Recht haben, ihm seine Argumentation zu widerlegen und anderer Ansicht zu sein.

Jeder Mensch hat einen anderen Weg zu Gott, weil jeder Mensch andere Veranlagungen, andere Talente hat. Jesus selbst war unkonventionell, eckte mit Seinem Benehmen an. Aber Er hat konsequent Seine Mission erfüllt. Und so machen es die Geistlichen und alle Menschen, "die guten Willens sind" heute, mit dem kleinen, aber wichtigen Unterschied, daß Jesus vollkommen ist und wir Menschen mit unseren Unzulänglichkeiten zu kämpfen haben. Also besteht für jeden die Möglichkeit, daß er sich irrt!

Als ich den Bericht von Herrn WAGNER las ("Wéi et get, wan e sech selwer schässen däerf") mußte ich schallend lachen. Denn hier war – nicht ohne Talent – die Unterredung vom 25.04.91 satirisch verarbeitet worden. Nur – die Art und Weise, wie Herr WAGNER hier mit seinen Vorgesetzten umgeht, kann ich nicht gutheißen. Diesen Umgangston dürfte es bei Christen nicht geben! Immerhin ist auch ein Vorgesetzter zuallererst Mitmensch, "Nächster" wie Jesus sagt.

Wenn Herr WAGNER nicht mit der Wahl unseres Erzbischofs einverstanden sein sollte, so ist das sein gutes Recht. Nur: seine Freunde kann man sich aussuchen, Arbeitskollegen und Vorgesetzte nicht… Ich finde es eher eines Christen würdig, wenn er durch überzeugende Argumente und durch Dialog und Willen zur Zusammenarbeit glänzt anstatt von Anfang an auf Kollisionskurs zu gehen. Aber wir sind alle, ausnahmslos zu gegenseitigem Respekt verpflichtet! Jeder von uns ist nun mal in eine Hierarchie eingebunden, der man nicht unbedingt bis aufs Äußerste hörig sein muß, aber in der jeder das Seine dazu beitragen sollte, daß das Ganze zur Zufriedenheit aller abläuft.

Schlußfolgernd sehe ich in den Reaktionen, die ich zum Thema "Jupp WAGNER" gelesen habe, als begrüssenswert und wichtig, daß alle mit dem ernsthaften Gesuch um Dialog und um Aussprache schließen. Diesem möchte ich mich hiermit anschließen.

dL (29.05.91)

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code