Strandgut

„Déi Geschicht vum ländleche Raum, dee vernoléissegt ass, déi ass begrenzt glafwierdeg.“

De Frank Engel, Porte-parole a Spëtzekandidat vun der Partei „Fokus“, iwwert d’Gesondheetsversuergung an a baussent de Spideeler, den 23. Mee 2022 op RTL Radio

*

„Mir wëssen och als CGFP […], dat deen Accord hei net onbedéngt ass, fir grouss Freedespréng ze maachen, also et ass net esou, dass mir soe ‚super‘.“

De Steve Heiliger, Generalsekretär vun der CGFP, iwwert d’Nowéie vun der Tripartite, am Hannergrondgespréich mam Nora Back (OGBL) an Dan Kersch (LSAP), den 22. Mee op Radio 100,7 

* 

„An enger Gesellschaft ginn et vill Problemer. An heiansdo si lénks Léisunge gutt, an heiansdo si riets Léisunge gutt. D’Welt ass net schwaarz-wäiss, si besteet aus Gro-Téin. An ech mengen, sou denkt och de Fred Keup.“

Den ADR-Deputéierten a -President Fred Keup, den 30. Mee op RTL Radio

*

„Op Staatskäschten mat Milliardären sech bretzen, an hei Heem den Index klaue, fir dass déi Herren méi Profit maachen 🤮.“

De Piraten-Deputéierte Marc Goergen iwwert dem Xavier Bettel seng Participatioun um World Economic Forum (WEF) zu Davos an der Schwäiz, de 25. Mee op Twitter

*

„Ween ass dann ëmmer nees déi éischt Victime doranner? D’Finanzindustrie!“

Den Nicolas Mackel, Generaldirekter vu Luxembourg for Finance, iwwert den Zesummenhang tëscht Inflatioun a Populismus, den 29. Mee op RTL Radio

*

„D’Warnunge sinn och kloer vum Außeministère… dofir… ech mengen, et kann een natierlech keen dovunner ofhalen, Dommheeten a sengem Liewen ze maachen.”

D’Reaktioun vum Verdeedegungsminister François Bausch op d’Bedeelegunge vun de Lëtzebuerger Staatsbierger un de Kampfhandlungen an der Ukrain, de 19. Mee op Radio 100,7

*

„Dat geet erof bis un d’Krim – dat ass dee Croissant, deen de Putin jo eigentlech och wollt.“

Den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) iwwert dräi Méint Ukrain-Krich, de 26. Mee op RTL Télé Lëtzebuerg

Als partizipative Debattenzeitschrift und Diskussionsplattform, treten wir für den freien Zugang zu unseren Veröffentlichungen ein, sind jedoch als Verein ohne Gewinnzweck (ASBL) auf Unterstützung angewiesen.

Sie können uns auf direktem Wege eine kleine Spende über folgenden Code zukommen lassen, für größere Unterstützung, schauen Sie doch gerne in der passenden Rubrik vorbei. Wir freuen uns über Ihre Spende!

Spenden QR Code